Angscht a Schrecken am Steierparadäis

Angscht a Schrecken sinn erëm do! De Site kruut een néie Layout, d’Serie bëssen een aaneren Fokus, mä déi zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken wäerte ni fehlen.

Virun e puer Méint huet de Magazin „forum“ een Dossier iwwert Steierlandschaft zu Lëtzebuerg eraus bruecht. Wat klengt wéi eng Sammlung vun onheemlech langweilegen Aufsätz an enger Massendengerzäitschrëft, war a Wierklechkeet awer richteg interessant: Et ass nämlech ëm déi berühmt-berüchtegt tax-rulling gaangen. Dat war wuelgemierkt scho laang virun #luxleaks an huet vun allen Säiten erklärt, wéi dat funktionéiert an ween dovunner profitéiert. Besonnesch schéin war och d’Titelbild, dat d’Stad voller Palmen gewisen huet.

An do si mir scho beim Punkt: de Grand-Duché vun der Angscht ass am Fong een Steierparadäis. A mir gesinn: ech maachen et och. Dat, wat an deenen leschten Wochen jiddereen*t gemaach huet: Ech relativéieren. Du relativéiers, hien relativéiert, hat relativéiert, mir relativéieren, dir relativéiert, si relativéieren. Do hätte mir erëm eng Disziplin, wou Lëtzebuerg Weltmeeschter kéint ginn. Virbäi ass eis Regierung, déi et jo an engem Joer vun der Hoffnung fir eng progressiv Politik zur der gréisster Enttäuschung gepackt huet. Ech war jo vun der éischter Minutt u skeptesch, virun allem well d’DP esou eng grouss Roll gespillt huet. Mä ech hu mir geduecht: Do sinn zwou Parteien dran, déi am Fong lénks sinn oder sech als lénks verstinn, vläit gëtt et jo awer eppes. Oder vläit gëtt et net esou schlëmm. Dat hunn ech gegleeft, bis se mir de CEDIES gekierzt hunn.

Also, dat mam Kierzen wier U SECH jo nach net esou schlëmm gewiescht, wier d’Regierung net virun engem knappen Joer mat dem groussen „Mir sinn esou transparent, oppen, partizipativ an de frësche Wand“-Symphonieorchester opgetrueden. Haut wësse mir: Enner Matbestëmmung versteet dës Regierung, sech Saachen an engem Referendum bestätegen ze loossen, vun deenen se souwisou weess, wat se maache wëll. Mä dat ass eng aner Geschicht, zeréck zum Relativéieren.

Wéi ech vun #luxleaks héieren hunn, wosst ech am Fong schonn, wat d’Äntwert vun der Regierung an vum eisem Ex-Geheimdengschtchef am Bréissler Exil wier: Et war awer legal!
An dat ass nach déi schéinste Form vun dëser Rechtfertegung, oft heesch et och einfach: „Et war awer net illegal!“. Wéi wann dat een Argument wier. Am léifsten géif een déi Leit huelen, se rëselen an hinnen mat haarder Stëmm soen: „DIR SIDD D’REGIERUNG! NATIRLECH ASS ET LEGAL WANN DIR AN ÄR KOLLEGEN AN DER CHAMBER D’GESETZER MAACHT!“
An jo, dat ass net esou ganz natierlech, well et jo och europäesch Gesetzer gëtt an international Träitéen. Mä ass dat net dat mannst, wat een vun enger Regierung erwaarde kann, dat se näischt illegales mécht?

Esou, dann elo nach eng Kéier an aller Däitlechkeet: Op eppes legal oder illegal ass, huet keng direkt Konsequenzen dorobber, ob et moralesch an ethesch an der Réi ass. Verstanen? Okee, ech soen et zur Sécherheet eng weider Kéier: Op eppes legal oder illegal ass, huet keng direkt Konsequenzen dorobber, ob et moralesch an ethesch an der Réi ass. Am beschte Fall deckt sech dat, mä et muss net esou sinn.

An no dem gemeinsame Lidd iwwert Net-Illegalitéit dovunner, engem Konzern, deen a sengen Lageren AN EUROPA Leit an sklavenähnlechen Verhältnisser beschäftegt manner wéi 1 Prozent Stéieren ze froen ass de Chouer komm.
Ech hunn gemengt, d’Stëmmen vu mengen alen Bekannten Angscht a Schrecken ze héieren, wéi de Gesang ugefaangen huet: „Déi aner maachen et och! Kuckt mol op Holland! Do ass dat RICHTEGT Steierparadäis! Dat ass just eng Campagn géint de Juncker!“
Dat schlëmmst un dem Lidd war, dat et vun deene Leit komm ass, déi am Fong d’Aufgab hätten, d’Regierung ze kontrolléieren: der Oppositioun an der Form vun der stramm-patriotescher CSV an ADR an engem groussen Deel vun Journalist*innen.

Wann engem dat net genuch Angscht mécht, kann een ëmmer nach op de Site vun PriceWaterhouseCoopers Lëtzebuerg goen an sech ukucken, wat si sou iwwer Lëtzebuerg schreiwen. Dat ass nämlech wierklech fir ze fäerten. Si verkafen de Grand-Duché, wéi wann et een Luxushotel wier an se stellen sech esou duer, wéi wann si Deel vun der Regierung wieren. An do geet et net nëmmen ëm „Steieroptiméierung“. Do klickt een op „Biotechnology“ an liest, dat PriceWaterhouseCoopers d’Gesetzer doriwwer matgeschriwwen huet. Immens. Lo hu mir net nëmmen eng Regierung aus der DP an hiren quasi-Ënnerorganisatiounen „déi gréng“ an „LSAP“, mä och nach een Schattenkabinet vun PWC. Angscht a Schrecken hu mech fest an hirem Grëff.

Vläit huet de Steierparadäis Lëtzebuerg keng Palmen, mä genuch Sand, soss géifen sech d’Leit wuel net esou opféieren wei an der Sandkëscht. „Ech däerf dat! Si hunn ugefaangen! Dat ass eisen Patrimoine!“
De Lëtzebuerger Patrimoine ass Kachkéis, Bouneschlupp an Quetschekraut. Wann et gutt geet nach e bëssi Resistenz géint Nazien an wa mer wierklech Chance hunn, een Awanderungsland an eng elo stëllgeluechten Stolindustrie.
Oder awer: säit Éiwegkeeten vun deenen aneren klauen. Dat ass souzesoen een Deel vun eiser europäescher Identitéit. Mir beräicheren eis un deenen äermsten, verpeschten de Klima fir 5 Länner vun eiser Gréisst an froen just 1% Stéieren.
A wann dat Leit rose mécht soe mir: Dat ass awer net illegal!

Vläit kéint een dat jo amplaz vun „mir wëlle bleiwen wat mir sinn“ als Motto an déi nei Verfassung schreiwen.
Mä iwwert déi schwätze mer eng aner Kéier. Bis dohinner bleift just d’Flucht, an sief et just a Gedanken.

2 thoughts on “Angscht a Schrecken am Steierparadäis

Comments are closed.