Angscht a Schrecke mat der véierter Fro

vvv_falschenalarmEt ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.

Aus dem ugekënnegte groussen Debat iwwert Verfassung ass zimlech séier ee weidere Referendum ginn, deen aus véier Froe bestoe sollt. Als progressiv-liberal Koalitioun konnt een sech nämlech net drop eenegen, ob een de Wahlalter op 16, een Wahlrecht fir Auslänner*innen, eng Begrenzung vun de Minister*innenmandater an d’Trennung vu Kierch a Staat aféiere sollt. Dat sinn, dir musst verstoen, jo och schwiereg Froen, déi een als progressiv-liberal-Koalitioun mat zwou Parteien, déi sech als „lénks“ verstinn, jo net einfach esou decidéiere kéint …


mp3 download

Nee, et ass net esou einfach, d’Verfassung ze änneren. Dofir brauch een eng 2/3-Majoritéit an der Chamber. Dat ass, fir eng Koalitioun, déi esou grad eng einfach Majoritéit zesumme krut, dach eng Schwieregkeet. Virun allem déi konservativ CSV muss ëmmer erëm besänftegt ginn. Dofir wuel och de Referendum iwwert Froen, déi d’Koalitioun fir sech jo hoffentlech scho beäntwert hat. Am Fong e gudden Trick: Amplaz laangwiereg mat de beleidegte Konservativen, déi de Grand-Duché säit engem Joer mam Gambia verwiesselen, verhandelen ze mussen, freet een einfach d’Vollek an d’Chamber hält sech dann dorunner.

An dem leschte Saz waren e puer Saache vläit komesch, dofir e puer Erklärungen:
Jo, et ass „de Gambia“ an net „d’Gambia“.
Nee, d’Chamber muss sech guer net un de véier-Froen-Referendum halen. De Referendum wäert eng reng berodend Funktioun hunn.

Et hätt een déi ganz Verfassungsgeschicht och e bëssi anescht opbaue kënnen: Zum Beispill hätt een iwwert déi wierklech fundamental Froen vun eisem Staat schwätzen kéinten. Virun bësse manner wéi honnert Joer, nom 1. Weltkrich, gouf et ee Referendum doriwwer, op Lëtzebuerg eng Monarchie bleiwe sollt. Haut ass dat anscheinend eng Fro, déi ze heikel ass, fir se ëffentlech ausschwätze – wann een net grad den offiziellen Theaterclub vun déi Lénk ass.

Mä komm mir kucken eis da lo mol genee déi Fro un, vun där elo net sécher ass, ob se iwwerhaapt nach wäert gestallt ginn: et ass nämlech guer net emol d’Fro vun der Trennung vun Kierch a Staat gewiescht, mä just den Detail, op d’Paien an Rente fir Geeschtlecher weiderhi vum Staat sollte bezuelt ginn. An am Fong ass d’Fro, sou wéi se formuléiert ginn ass, zimlech mëssverständlech. Well et gëtt eben een Verfassungsartikel, wou dat mat de Paien dra steet, an et hätt een och einfach froe kënnen, ob deen sollt ofgeschaaft ginn. Et hätt een och direkt no der Trennung froe kënnen, mä esou vill Mutt haten d’DP an hier roud-gréng Ënnerorganisatiounen awer net.

An elo heescht dann: déi véiert Fro gëtt wahrscheinlech gestrach. D’Regierung féiert, a gewinnter CSV-Staat-Manéier, ontransparent Gespréicher bei zouenen Dieren. D’Fënstere sinn och scho laang nees zou, well ze vill frësche Wand kéint jo d’Fundamenter vun eisem wonnerschéine Grand-Duché un d’wackele bréngen. An zu dem Fundament gehéiert och en gudden Drot no uewen. Domadder mengen ech net d’Eisléck, mä de chrëschtlechen Himmel mat sengem dräifaltege Gott. An wéi bei esou enger Internetverbindung brauch een och dofir ee Service Provider, dat ass an dësem Fall déi kathoulesch Kierch. Well mir jo Reliounsfräiheet hunn, ginn och nach e puer aner méi kleng Glawensgemeinschafte finanzéiert.

Et ass nu awer esou, datt exklusiv mat der kathoulescher Kierch verhandelt ginn ass, déi jo och zum gréissten Deel déi eenzeg Reliounsgemeinschaft ass, déi hier Léier während den offizielle Schoulstonne verbreeden dierf. Dat sollt och elo riwwer sinn. An elo gesäit et esou aus, wéi wann een Deal geschloss gi wier. A wat dat genee heescht, dat weess nach keen esou genau. Well Transparenz ass jo just wichteg, wa schonn alles decidéiert ass.

An elo sinn et just nach dräi Froen. Dat ass vläit gutt fir d’Regierung, wann se hier Mini-Informatiounscampagne kuerz virum Referendum fuere wäert, da kann se soen: „Dräi mol Jo!“, an d’Leit denken un de Geschichtsuntericht an un de Wahlsproch vun der Resistenz fir op d’Volkszählung vun de Nazien ze reagéieren: „Dräi mol Lëtzebuergesch!“.

No engem knappe Joer Regierung kann een elo also soen: Bravo rout-blo-gréng, dir sidd elo genau esou „regierungsfäheg“ wéi d’CSV. Et ass genee dee selwechte System vun Intransparenz, pseudodemokratesche Matbestemmungsinstrumenter, näischt-soen-bis-et-net-méi-geet, verstoppen hannert Spuerzwäng an dem Glawen, datt een nëmmen néirens un-ecken dierft, virun allem net beim Kleeschen.

Léif Regierung: de Mann mat dem komesche spatzen Hutt ass guer net de Kleeschen, mä de Bëschof.

Et ass genee de selwechte System, just gëtt en anescht erklärt. An déi Erklärunge sinn awer net besser wéi dat, wat mer soss servéiert kruten, se si just manner éierlech. An op mannst fir d’LSAP an déi Gréng ass et nach esou, datt een net weess, op se eis beléien oder sech selwer.

Déi nei Verfassung ass ee Prestigeprojet. Mä amplaz eng Prozedure ze huelen, déi wierklech Geschicht géif schreiwen, déi d’Land an eis Demokratie erneiere géif, bleift d’Regierung léiwer bei engem paternalistesche Weltbild vun de „domme Wieler*innen“, deenen een alles erkläre muss. Ausser, et decidéiert ee fir si.

Zum Schluss da nach eng nodenklech Nouvelle: d’ONG Oxfam huet erausfonnt, datt déi 85 räichste Mënschen op der Welt méi räich si wéi déi äermste 50%.
Hoffentlech hunn déi 85 alleguerten ee Konto zu Lëtzebuerg.

Foto: cc Reinhold Behringer

One thought on “Angscht a Schrecke mat der véierter Fro

Comments are closed.

Angscht a Schrecke mat der véierter Fro

vvv_falschenalarmEt ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.

Aus dem ugekënnegte groussen Debat iwwert Verfassung ass zimlech séier ee weidere Referendum ginn, deen aus véier Froe bestoe sollt. Als progressiv-liberal Koalitioun konnt een sech nämlech net drop eenegen, ob een de Wahlalter op 16, een Wahlrecht fir Auslänner*innen, eng Begrenzung vun de Minister*innenmandater an d’Trennung vu Kierch a Staat aféiere sollt. Dat sinn, dir musst verstoen, jo och schwiereg Froen, déi een als progressiv-liberal-Koalitioun mat zwou Parteien, déi sech als „lénks“ verstinn, jo net einfach esou decidéiere kéint …
(more…)