Angscht a Schrecken am Biergerforum

Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D’Uni Lëtzebuerg wollt, sou d’Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.

An der Chamber fannen se dat all – bis op déi Lénk – gutt, well sou Biergerforen, do hätt een sech kéinten d’Fanger verbrennen. D’Leit kéinte jo dann diskutéiere an ufänken, sech selwer Gedanken ze maachen. An herno géif et ieren nach eng Diskussioun doriwwer, ob een sech mat véier, pardon, dräi Froen iwwerhaapt genuch zur Verfassung äussere kann.

Mä da komm mir spannen den Gedanken mol bëssi weider: Wann Diskussiounsfore schlecht sinn, well een sech un den Diskussiounen d’Fangere verbrenne kéint, da wier et wuel am beschten, wann d’Bierger*innen guer net méi matschwätzen. Mir kéinten d’Wahlen also och ofschafen, well soss geet et eis nach wéi a Griicheland an d’Leit wielen dat falscht. An dat ass de Witz vun all deenen, déi sech grouss „Demokratie“ op hire Fändel hänken: Meeschtens hunn se extrem vill Angscht dovirdrun, datt d’Leit emol wierklech Gebrauch vun hiren demokrateschen Rechter maachen an eppes komplett aneschters wielen. Witzegerweis schéngt d’Reaktioun dorobber ze sinn, datt vill Parteien an déi sougenannt „Mëtt“ réckelen, wat meeschtens einfach eng liberal Wirtschaftspolitik an eng Gesellschaftspolitik, déi méiglechst kengem wéi deet, heescht.

Datt eng rietspopulistesch Partei wéi d’ADR dann déi demokratiepolitesch Mentiounen vun der DP-LSAP-Gréng-schwaarzer Koalitioun matstëmmt an gutt fënnt, dat schéngt keen ze stéieren oder ze erféieren. An dat sollt et awer: d’ADR weess ganz genee, datt se ouni offiziell Diskussiounen vill besser Stëmmung fir hir Zieler maache kann, um internationalen Stammdësch an de Facebook-Kommentaren vun den grousse Medien.

Mir halen also fest:

Eng Fro ass aus dem Referendum gestrach ginn.

Et wäert wann iwwerhaapt just eng Mini-Campagne vun der Regierung iwwert den 3-Froen- Referendum ginn.

Et wäert keng Biergerforen ginn.

Et wäert keng Méiglechkeet ginn, um Recht vun der Verfassungsreform ze partizipéieren.

De frësche Wand, deen versprach ginn ass, war dach just een Feeler an den Meteosprävisiounen.

Ech weess, datt ech mech widderhuelen, mä: Et ass esou fir ze katzen.

Ah, an wat war nach sou an der Lescht? Ahjo! Een Partner vun Ernst&Young, eng vun den big four aus dem Tax-Rulling, setzt lo am Staatsrot. Lo muss deen bestëmmt och keng Stéiere méi bezuelen …

Angscht a Schrecken am Biergerforum

Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D’Uni Lëtzebuerg wollt, sou d’Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.


mp3 download

(more…)