Angscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier Verfassung

Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn. D’Dokument dréit den wonnerbaren Titel „version+13.03.15docx.docx“ an ass ganzer 6753 Wierder laang, dat sinn knapps 18 Säiten. An 131 Artikelen ginn déi zukünfteg Grondlagen vum Grand-Duché duergeluecht. Eng ganz Réi Artikelen beschäftegen sech mam Grand-Duc a senger Famill, vill Saachen sinn net onbedéngt spektakulär Ännerungen. Esou steet elo zum Beispill d’Heemecht als Nationalhymn an der Verfassung. Doriwwer hätt een vläit een Referendum maache kënnen, mä dann wier et herno nach een Lidd vum Fausti ginn.

Dat mat der Nationalhymn steet zimlech am Ufank vun der Verfassung, nämlech am Artikel 4. Do steet och, wat fir een Fändel (rout-wäiss-blo, sorry Mich!) an Wopen (kuck am Gesetz no) benotzt sollte ginn. Mä direkt am éischten Abschnitt steet eppes, wat wierklech nei an … interessant ass.

Do geet et nämlech ëm d’Sproochen, déi zu Lëtzebuerg benotzt ginn. An der aktueller Verfassung, déi am Fong een Dokument vun 1868 ass, steet am Artikel 28, datt d’Gesetz den Ëmgang mat Sprooche regelt. Dat ass dat berühmten Sproochegesetz vun 1984, wou Lëtzebuergesch als Sproch vun de Lëtzebuerger_innen definéiert gëtt.

An der néier Verfassung steet folgendes:

„La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.“

Do rullt et mir d’Fanger an Zéiwenneel erop. Kucke mer als éischt op den zweete Satz. D’Gesetz sollt also den Emgang mat deenen dräi Sprochen reegelen. Domadder ass dat Gesetz vun 1984 gemengt, wat am Fong den éischte Saz e bëssen iwwerflësseg géif maachen. Wann een da net der Meenung ass, datt dat sech widdersprécht, ze soen: „D’Sproch vum Land X ass Y. Ah, an iwwregens, d’Sproch vun de Leit mat der Nationalitéit X ass Y.“

Mä dat si nëmmen Klengegkeeten. Komme mer zum grousse Punkt.

Do steet elo also OP FRANSÉISCH an der Verfassung, datt Lëtzebuergesch d’Sproch vu Lëtzebuerg ass. Ass nach kengem opgefall, wéi onheemlech ironesch dat ass?

Natierlech ass esou een Saz an der Verfassung just Symbolpolitik. Esoulaang keng däitsch Faschisten kommen an e Gesetz aféieren, dat Lëtzebuergesch verbidd, wäert sech keen op en Verfassungsartikel beruffe an iergendeppes akloen kënnen.

Mä och wann een sech dovunner näischt kafe – net emol een Croissant op lëtzebuergesch – kann, ass et enorm geféierlech Symbolpolitik. Si gräift nämlech den dräisproochegen Konsens direkt un an stellt – nach méi wéi d’Sproochegesetz vun 1984 – d’Lëtzebuergescht iwwert Däitsch an Franséisch. Verstitt mech net falsch: Och ech hat meng Problemer mam plus-que-parfait an der concordance des temps an der Schoul. Ech schwätzen net emol immens gären Franséisch, grad well ech keng Übung hunn. Mä dorëms geet et net.

Lëtzebuerg ass een dräisproochegt Land. An och dat ass falsch. Am Fong ass Lëtzebuerg een villsproocheg Land. An dat ass eng Beräicherung. Esouguer fir Leit, déi net polyglott sinn an zwëschen Franséisch, Lëtzebuergesch, Portugisesch, Englesch an LOLCat wiessele kënnen wéi d’ADR hir Nimm ass et vun Virdeel, an engem méisproochege Land opzewuessen. An och wann sech dat – der normativer Kraaft vum fakteschen sief Merci gesot – esou séier net änneren wäert, halen ech den 1. Paragraf vum Artikel 4 fir falsch a geféierlech.

Fir et mat de Wieder vun enger Anti-6670-Demonstrantin ze soen: Si klauen eis zwou Sproochen, fir Suen. Dat ass net d’Accord!

A lo kann een sech iwwert déi Fro vill Gedanke maachen. Sollt dat iwwerhaapt an der Verfassung stoen? Misst een net och zum Beispill dat, wat an anere Länner sougenannten „Minderheitesproochen“ sinn, schützen? Wat ass mat der däitscher Gebäresprooch, déi hei am Land vu Leit, déi net oder net gutt héieren, benotzt gëtt? Muss d’Lëtzebuergescht als kleng Sproch, déi soss bal néirens geschwat gëtt, een speziellen Status kréien? Sollt een net éischter d’Villsproochegkeet, déi Lëtzebuerg an där Form relativ eenzegaarteg mécht, an der Verfassung verankeren?

Doriwwer kéint een elo eng interessant an fundéiert Debatt féieren.

Mä d’Resultat vun där Debatt wäert net an d’Verfassung afléissen, well dat mam onheemlech transparenten an patrizipatoreschen Verfassungsprozess, deen aus ganzer zwee Referenden besteet, einfach net virgesinn ass. Ech widderhuele mech ongär, mä:
Et ass fir ze katzen.

(Foto vum Wolfgang Staudt.)