Angscht a Schrecke mam “Nee”

Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D’Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d’Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?

Mä de Virschlag, fir d’Wahlrecht Leit mat engem net-lëtzebuergesche Pass ze ginn, déi op mannst 10 Joer am Land wunnen an schonn eng Kéier u Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn, ass fir munch Leit scho schlëmm genuch. Op Facebook kommen Angscht a Schrecken op, wann een sech d’ „Argumenter“ vun deene Leit duerchliest.

Do kommen da Saache wéi „A kengem aneren europäesche Land däerfen Auslänner_inne wiele goen, wisou musse mir dann ufänken domadder?“

A kengem aneren europäesche Land gëtt et een Grand-Duc, wisou brauche mir dann een? Net alles wat hinkt ass een Verglach, mä d’Äntwert läit op der Hand: well mir een enormen demokrateschen Defizit hunn, wann d’Chamber zwar 100% vum Land representéiert, mä just 55% vun der Bevëlkerung kënne wiele goen.

En flott Argument ass och den Satz, deen sech anscheinend selwer erkläre sollt „Säit 100 Joer fonctionnéiert d’Integratioun och uni Auslänner_innenwahlrecht“.

Komm mir fänke mol vu vir un: Et gëtt net réischt säit 100 Joer Migratioun zu Lëtzebuerg. Integratioun ass een Wuert ouni eng schaarf Definitioun, dofir kann een do era-projezéiere wat een wëll an Integratioun ass virun allem keng Een-Bunn-Strooss. Mä et geet net drëms, Leit ze integréieren, well Leit déi 10 Joer am Land wunnen an un Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn, SINN integréiert.
Mäi Lieblingsargument ass dat, wat och vun de konservative Parteien ëmmer erëm kënnt: Et kéint een jo d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an domadder weisen, datt een sech mat der „lëtzebuergescher Identitéit an Sprooch“ identifizéiere géif an eng „emotional Bindung“ zum Land hätt.
Mä net fir all Mënsch ass dat mat der Nationalitéit esou einfach, a ville Länner steet eng Strof dorobber, eng aner Nationalitéit unzehuelen. Och wann ech mäi Liewen zu Lëtzebuerg verbrénge well, hunn ech vläit awer nach Famill, déi ech wëll besiche kenne goen.
En plus ass et enorm onlogesch ze soen datt ech, dee mat engem lëtzebuergesche Pass gebuer ginn ass, mech mat der lëtzebuergescher Identitéit identifizéiere géif oder eng emotional Bindung zu Lëtzebuerg hätt. A wat soll déi lëtzebuergesch Identitéit iwwerhaapt sinn? Kachkéis a Bouneschlupp oder Steierdumping an Schwaarzgeldkonten?

Ech hunn e Stéck Pabeier, wou drop steet dat ech Lëtzebuerger sinn Wisou muss ech näischt beweisen a meng Kollegen, déi een anere Pass hunn, an déi selwecht Schoul gaange sinn, genee esou gutt lëtzebuergesch schwätzen, asw., schonn? Wat rechtfertegt esou eng Ongläichbehandlung opgrond vun engem Stéck Pabeier? An wéi nennt een Ongläichbehandlung opgrond vun der Hierkonft nach emol? Et fänkt mat R un an hält mat Assismus op.

An elo dat Argument, wat ech ëm allerléifsten entkräften, well esou eng schrecklech wonnerbar Croissant-Emotioun dohannert stécht: Wann Auslänner_innen wiele kéinten, géif déi lëtzebuergesch Sprooch verschwannen.
Fir eng Riedensaart vum Claude „Meng Diere stinn ëmmer op mä maacht se hannendrun erëm zou“ Meisch ze zitéieren: De Géigendeel ass wouer.
Ween wiele wëll an eng informéiert Decisioun well treffen, muss op mannst Lëtzebuergesch an Däitsch kennen. Dir wësst sécher, datt dat sprooche sinn, an deenen d’Wahlprogrammer vun de Parteie geschriwwe sinn. D’Debatten op der Tëlee an um Radio sinn op Lëtzebuergesch. Dat wäert sech och net änneren. Wisou sollt ech mir d’Méi maachen, mech fir d’éischt fir eng Gemengewahl ze registréieren, da mech op d’Wieler_innenlëscht fir d’Chamberswahle stellen ze loossen, wann ech sproochlech net verstinn, em wat et geet?

En plus sinn d’Coure fir Lëtzebuergesch ze léieren ëmmer iwwerfëllt, et ginn der ëmmer méi an et ass och nach ni an der Geschicht esou vill Lëtzebuergesch geschriwwen an geschwat gi wéi haut.
Déi ganz Argumentatioune vun “nee2015” sinn duerchzunn vun enger komescher Iddie: Et géifen Auslänner (et sinn komescherweis ëmmer Fransousen, vun deenen et der net esou vill zu Lëtzebuerg gëtt) op Lëtzebuerg komme fir d’Land ze iwwerhuelen, et géif da just nach Franséisch geschwat ginn an iergendwann hätte Fransousen eng politesch Majoritéit a géife Lëtzebuerg u Frankräich uschléissen.

Dat ass kloerwéis eng Erzielung, déi Rietspopuliste gäre benotzen: Eng friem Grupp kënnt an “erobert” een Land. Dat ass d’Geschicht, déi PEDIGA erzielt, dat ass d’Geschicht, déi Nee2015 erzielt, dat ass d’Geschicht, déi d’Nazien erzielt hunn. Mä et ass net méi wéi eng Fiktioun, déi dozou do ass, fir Haass ze schüren an Leit géinteneen opzestëppelen. Wat déi imaginär “invasiv Fransousen” z.B. dovunner ofhale sollt, een lëtzebuergesche Pass ze kréien an da Lëtzebuerg ze erueweren, huet mir z.B. nach keen erkläre kënnen.
Dat schlëmmt un der Saach ass, datt déi progressiv Kräften am Land bis elo keng Geschicht hunn, déi se där vun Nee2015 entgéint setzen. Argumenter, obwuel logesch an novollzéibar ginn an Diskussiounen entweder ignoréiert oder et gëtt einfach esou gemaach, wéi wann dat Meenung a keng Fakte wieren.

D’Fro ass: Wat ass déi positiv Geschicht, mat där mir d’Leit vum Awunner_innenwahlrecht iwwerzeegt kréien?
Wann déi progressiv zu Lëtzebuerg kee positive Spin fir dat Thema kréien, wäert zu Lëtzebuerg weider Angscht a Schrecke regéieren.