Angscht a Schrecke mam Terror

Den Numm vun dëser Episod hätt och kéinten „Angscht a Schrecke mat Angscht a Schrecken“ sinn. Terror ass schliisslech näischt aneres wéi Angscht. Mä et soll haut net ëm sproochlech Korinte goen, mä ëm den Terror, deen eis säit gutt enger Woch beherrscht.

Zenter den Attentater zu Paräis huet d’LSAP beschloss, si wier lo eng rietspopulistesch Partei. Et gëtt zwar keen Zesummenhang zwëschen deene 16 Fraen, déi zu Lëtzebuerg den Niqab undinn an islamisteschen Terror, mä een bessere Moment, fir am bronge Wieler*innensumpf ze fëschen, hätt sech de Claude Haagen wuel net kënne virstellen. Mä d’LSAP ass net alleng: och den Eugène Berger, dee gäre mol vermummt op Bierger rondrëm leeft, ass elo zum Terrorismusexpert ginn an huet op twitter den immens gescheite Saz hannerlooss, datt een sech zu Lëtzebuerg misst säi Gesicht weisen. D’ADR an den Laurent Mosar, deen net verstanen huet, wisou dat eng aner Partei ass, sinn scho bal rosen, well hiert Liiblingsthema lo vun anere Leit behandelt gëtt an déi lo och nach Applaus vun de Medien dofir kréien.
Et ass also fir ze katzen.

An déi Debatt, déi lo net nëmmen op dem Réck vu 16 Fraen, mä och op dem Réck vun enger ganzer Réi syrescher Flüchtlingen ausgedroe gëtt, huet näischt mam Terror vu Paräis ze dinn. Mir erënneren eis, et gouf en falsche syresche Pass fonnt, wat bei verschiddene Rietspopuliste bal zu enger onkontrolléierter Ejakulatioun gefouert hätt. Leider konnten si hir fiicht Dreem vun enger schéiner, europäescher Mauer mat gutt vill NATO-Stacheldroot nach net realiséieren. Et muss een sech mol virstellen, wéi absurd déi Fuerderung ass, d’Grenze fir déi Leit zou ze maachen, déi viru genee dem Terror flüchten, deen et elo och zu Paräis gouf.

Dobäi ass d’Angscht virum Terror jo just déi läscht Trompkaart am Arsenal vun de Rietspopulisten. Déi wëllen einfach net, datt Leit mat bronger Hautfaarf an moslemescher Relioun op Lëtzebuerg kommen. Si hunn vill Erklärungen dofir, mä am Fong geet et just dorëms, datt si Rassiste sinn, mä dat awer net soe wëllen. Dofir sichen se dann Excusen. Zum Beispill sollen aner Länner sech ëm Refugees këmmeren. Zum Beispill Saudi-Arabien. Datt Leit, déi an Syrien viru Leit flüchten, déi een theokrateschen Gottesstaat opriichte wëllen, dat an een aneren theokratesche Gottesstaat maache sollen, ass un Absurditéit net ze iwwerbidden. Ausser et heescht e Laurent Mosar. Dann twittert een direkt no där Fuerderung doriwwer, datt d’FIFA d’WM am Katar soll ofsoen, well d’Menscherechtslag do net gutt ass.

Den Ujän wollt och mol eppes soen.
Den Ujän wollt och mol eppes soen.

Eng aner vun den Excusen, vir sech net direkt als Rassist erkenne ginn ze mussen, ass d’Kultur. Déi Refugees hu jo eng ganz aner Kultur. An dofir géif Europa quasi erstécken, wann nach méi Leit géife kommen. Datt a Länner wéi am Libanon mëttlerweil eng vu fënnef Persoune Refugees aus Syrien sinn an de Libanon nach net ënnergaangen ass, kann een jo einfach ignoréieren. Och de Fait, datt den UN World Food Programme, deen an de Lagere ganz no un Syrien d’Leit ernähre soll, säit Joeren ënnerfinanzéiert ass, kann een einfach ignoréieren. Et ass een jo kee Rassist, mä et versteet een just net, wisou Leit weider an Europa flüchten, wann se dach am Libanon an engem Flüchtlingslager waren. Do gouf et zwar näischt ze friessen, well déi westlech Länner hir Suen léiwer fir Diäten vun Deputéierten ausginn hunn, mä dat sinn lo awer wierklech Detailer.

An sou gëtt den eegenen Haass an Rassismus Dag fir Dag rationaliséiert. An et sinn net nëmme Politiker_innen op twitter, déi dat maachen, mä och déi berühmten 80% an den Kommentaren op de soziale Medien. Net all Kommentator ass sech dobäi bewosst, datt een domadder de Buedem fir rietsextremen Terror bestellt. Mä den Niwwel vu rietspopulisteschem Gebludder vun der ADR bis zur LSAP an DP mécht et deene Leit einfach, déi net nëmme verbal am Féier spille wëllen.

An Däitschland gouf et bis Enn September op mannst 505 Uschléi op Flüchtlingsheemer, dovun ass de Groussdeel vu rietsextremen Täter ugefouert ginn. Zu Lëtzebuerg gouf et d’läscht Woch den éischte rietse Branduschlag, mat Hakenkräizschmieréiren.
DAT ass eng rietsextrem Terrorwell, déi duerch Europa geet. Doriwwer schwätzt keen, dat léisst keng Warnstuffen eropgoen, dowéinst gi keng Haaptstied gesperrt. Terror ass et trotzdem. Deen ënnert den Teppech ze kiere schéngt zu deenen héichgelueweten europäesche Wäerter ze bestoen, déi et elo ze verteidege gëllt …

Photo cc-by Elliott Brown