Angscht a Schrecke mam Generatiounekonflikt

Ech schrummen sou lues awer sécher Richtung Drësseg. Dat ass dee Moment, wou een op de klengen, perséinlechen an leider och wuessende Scholdebierg vun der CEDIES kuckt (Merci fir näischt, Claude!) an sech net méi sou ganz jonk fillt. An ech ziele mech lo awer nach zu den Jonken an muss meng Generatioun verteidegen.

An der US-amerikanescher Soziologie ginn et fir Generatiounen sou flott Bezeechnungen. Meng Eltrengeneratioun wieren d‘Baby-Boomers, also d‘Leit déi nom zweete Weltkrich an virun 1964 op d‘Welt komm sinn. Duerno koum d‘Generation X, wou déi läscht an den fréien 1980er gebuer gi sinn an an hirer Jugend Nirvana gelauschtert hunn. Alles wat bis elo duerno komm ass, ass d‘Generation Y (I-Grec, Ypsilon).

An op d‘Generatioun Y gëtt gäre geklappt. Mir kucken de ganzen Dag just op eis Handyen. Oder setze virum Computer. Mir sinn net politesch, engagéieren eis net, denke just un selwer, maachen de ganzen Dag Selfien oder diskutéieren iwwert vegant Iessen. An liddereg si mir och nach.

Mir wëssen alleguerten, datt „déi jonk Leit vun haut“ e Sproch ass, dee wahrscheinlech erfonnt ginn ass, wéi déi éischt Mënsche vun de Beem erof geklomme sinn. Mir wëssen och alleguerten, datt all neit Medium als Ënnergang vun der gesamter westlecher Kultur gesi gëtt, sou bal jonk Leit ufänken, et ze benotzen. Dat war mat der Schrëft sou, mat Bicher, mat Zeitungen, mam Radio, mat der Televisioun an dat ass et lo och mam Internet an den sëlleche Social Media-Säiten esou.

An obwuel Kulturpessimismus zanter Joerdausenden onrecht kritt, kréie mir de Blödsinn ëmmer nach ze héieren. Zum Beispill: Well mir just nach Tweets an Facebook-Posts liesen, verkënnt eist Gehir an mir kennen näischt méi auswenneg léieren.
Mä ech verroden iech lo eppes: Éischtens, léif Generatioun X an léif Babyboomer: Dir sidd just jalous. Dir sidd jalous, well dir är Jugend domadder verbruecht hutt, Telefonsnummeren auswenneg ze leieren. Doranner sidd dir wierklech gutt, an et ass deelweis enorm impressionant. Mä hautdesdaags ass dat een Talent ouni Notzen. An zweetens: Pokémon. Frot iergendeng jonk Persoun op der Strooss. Déi meescht wäerten op mannst e puer vun deenen 150 éischte Pokémon kennen, vill se alleguerten, mat hirem Element, hiren Entwécklungen an hiren Attacken. Mä haut ka jo kee méi eppes auswenneg léieren, nediert?

An dann dat stännegt „Déi jonk Leit kucke just nach op hir Handyen an schwätzen net méi matneen!“. Ech kenne jo och genuch al Leit, déi sech wann et nëmmen geet hannert hiren Zeitungen, Bicher oder Rätsele verstoppen, fir net mat anere Leit mussen ze schwätzen. An och wann dat net sou wier: An? Wou ass de Problem? Mir liewen an enger vernetzter Welt an mir mussen net méi owes an eng Telefonskabin goen an hoffen, genuch Mënz ze hunn, fir mat eise Kollegen ze kommunizéieren. Et ass jo net sou, wéi wann déi Jonk, déi op hiren Handy kucken, do just mat frieme Leit schreiwe géifen. De Géigendeel ass wouer. An niewebäi gesot: Wann ech de Choix hunn zwësche Beschass iwwer Leit, déi ech net kennen, well se all 30 Joer méi al si wéi ech an Twitter, ech géif ëmmer Twitter wielen. Heiansdo läit et net drun, datt déi jonk Leit vun haut ebe gären op hir Handye kucken, mä datt d‘Gespréich vun deenen „erwuessenen“ Leit sou oninteressant ass.

An dann heescht et, mir Jonk Leit wieren sou onpolitesch.

Aha.

Ech denken dann ëmmer un politesch Demonstratiounen. An da fält mir an, datt déi gréissten Demonstratioun, déi Lëtzebuerg an deene läschte Joere gesinn huet, déi géint d‘Kierzung vun der Aide financière fir Student*innen war. 17.000 Leit waren op der Strooss. An dat net, well se „schoulfräi“ kruten, mä och obwuel et massiv Drohungen vu Strofen, Retenuen, Klassebuch, asw. gi sinn. Iwwregens huet de Streikcomité no der grousser Demonstratioun eng laang an komplex Analys vum Gesetztesvirschlag gemaach an duerno eng eegen Ëmfro ënnert Student*innen gemaach, well de Ministère een Gesetz gemaach huet, ouni déi finanziell Lag vun de Student*innen am Detail ze kennen. Natierlech huet dat kee gelies oder ass drop agaangen, well deene Jonke Leit, déi déi ganzen Zäit just op hiren Handy kucken, deene muss een jo net nolauschteren.

An der Chamber setzt iwwregens genau een Deputéierten, deen zur Generatioun Y zielt. Wann een Leit, déi 1982 gebuer sinn, matzielt, wieren et der dräi. Dat wieren 5 Prozent vun den Deputéierten. D‘Leit zwësche 15 an 29 Joer sinn awer ronn 20 Prozent, also een Fënneftel vun der Bevëlkerung. Dat mir Jonker an der Chamber sou ënnerrepräsentéiert sinn, läit sécher net un eis, mä un den Parteien, déi aus deenen éiweg selwechte Cliquë vun ale wäisse Männer bestinn. An déi suergen dofir, datt dat esou bleift.

An wann dir lo nach ëmmer net gleeft, datt d‘Generatioun Y eng politesch Generatioun wier, loosst mech et sou soen: Mir hunn all Interêt drun, eng politesch Generatioun ze sinn.
D‘Ongläichheet zwëschen Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss, mä är Rent ass jo sécher.
Wa mir net oppassen, verännert de Klimawandel bis un d‘Enn vum Joerhonnert eise Planéit sou krass, datt et schwiereg wäert ginn, ze iwwerliewen. Iech ass dat egal, well dir musst är Mid-Life-Crisis mat engem decken Auto iwwerwannen.
Eis natierlech Ressource ginn ëmmer manner an dir fannt Recycléieren nach ëmmer ze komplizéiert.
Eis Landschaften si verbaut an dir schëtt ëmmer nach méi Beton drop, well dat jo Wuesstem bréngt an mir kenne jo mat Elektroautoen driwwer fueren. Fir déi ginn et jo och Steiererliichterungen, wann een sech en leeschte kann.
De „lëtzebuerger Modell“ brauch all Joer 3,5 Prozent Wuesstem, an dir hutt gemengt, et wier eng gutt Iddi, sou een Modell an enger Welt mat endleche Ressourcen anzeféieren.
D‘Wahlrecht ab 16 hutt dir fir keng sou gutt Iddi fonnt, oder dir wollt eben der Regierung weisen, dir si net gären hutt an Inhalter iech egal sinn.

Merci fir näischt.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

4 thoughts on “Angscht a Schrecke mam Generatiounekonflikt

  1. Wat ass däin Ziel?

    Ech verstinn deng haassschärfend Ausso net?

    Du weis tatsächlech mat dem Fanger op eng aner Generatioun? An du wëlls awer net, dass déi op eis weisen?

    Come on? Dat doten ass Non-Sense! Ruff zum Dialog op! An net zum Konflikt!

    Déi Léit, déi du erreechs an och nach vläicht rosen mëss, sinn genau déi Leit déi eng engstiereg Siichtweis hunn! DO gëtt et keen “ajo, déi Hasspredegt bekéiert mech zu mengem Verständnis”.

    Ech fannen et extrem traureg, sou Säiten ze gesinn. Nee ech ginn zeguer mäi weit, et mecht mech rosen! Well 0 Basis zum Dialog ginn gett. An ween erreechs domadder, ausser den Hater? Majo ganz einfach, déi, déi an Zukunft dei Aal, an dat ganzt System schéiss fannen! En destruktiven Ausdrock vun Onzefriddenheet!

    Mat mengem leschten Satz widmen ech mech lo rëm menger Ausgangsfro!

    WAT ASS DÄIN ZIEL?

  2. Ziel ass, een gesellschaftlechen Discours ze kréien: iwwert Fro, ween Politik mécht an fir ween déi Politik gemaach gëtt. Dat ass relativ kloer, schonn am éischte Saz geet et genee dorëms. Grad un dem Beispill kann een och gesinn, wéi gutt dat mam “Dialog” geklappt huet, nämlech guer net. Et geet hei net ëm Haass, mä dorëms, datt intergenerationell Gerechtegkeet grad iwwerhaapt net zur Debatt steet. Schued, datt s du dat net verstanen hues, mä diffus vun Destruktivitéit schwätzt. Dat ass iwwregens eng klassesch Waff, fir Kritik monddoud ze maachen: Se ass net fein genuch ausgedréckt, net konstruktiv genuch, et ginn net genuch eegen Iddien, etc. Dat ass am grousse a ganzen just een “tone argument”, bei dem et drëms geet, déi äusser Form vun der Kritik unzegräifen, amplaz sech mam Inhalt ze beschäftegen.

    De Konflikt huet net d’Gen Y ugefaangen, mä déi Generatioun virdrun.

  3. Konflikt ass naicht schlëmmes, Konflikt ass wichteg. Konflikter mussen ausgedroën ginn fir Problemer ze leisen, ze maachen wei wann naicht wär, an wei alles an Harmonie wär ass dach kontraproduktiv. Et geet hei net ëm Haas, mee dorëms, dass een Generatiounenkonflikt besteet. Et geet dorëms, dass mir Jonker eben net onpolitesch sinn, mir wëllen eis un politeschen Prozesser bedeelegen, mee eben op eng aaner Art a Weis wéi et déi aal Generatiounen firginn. Mir wëllen méi Matbestëmmung, mir wëllen mei Selbstbestëmmung, mir wëllen mei Openheet an Transparenz, mir wëllen méi sozial Gerechtegkeet, mir wëllen eng Welt ouni Grenzen,…
    Den Problem ass dass mir een aaneren Dialog wëllen féieren, ënnert aaneren Konditiounen, an dann kann den aalen Generatiounen no keen Dialog stattfannen, ma dann hunn mer eben en Konflikt.
    Ech verstinn net waat daat stännegt “Dialog > Konflikt” soll?

  4. Also den Androck een monddoud maachen ze wëllen, ass wuel iwwerdriwwen.

    Ech sinn och averstanen, mat dengen Grondsätz an Kritikpunkten. An wann s de tatsächlech op en Dialog aus bass, huelen ech all Argument zeréck. Vielleicht ass mein “Verständnis” och einfach en falscht.

    Vielleicht sinn ech och einfach ze “difus” mat mengen Statements. Mee gesinn den Dialog, just op engem vertändnisvollen Bueden wuessen. An net am Wellen dat een Verständnis, duerch dat anert ze verdrängen.

    Sinn deemno, vläicht einfach ze liberal an der Saach oder ze optimistesch, nenn et weis de wëlls.

Comments are closed.