Angscht a Schrecke mat de Radaren

Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand. De Grand-Duché ass vu kalen, emotiounslosen Maschinnen a Geiselhaft geholl ginn. Zanter läschte Mëttwoch sinn déi zéng stationär Radaren aktiv an blëtzen net nëmme fläisseg, mä verschécken duerno dann och Protokoller inklusiv flotter Erënnerungsfoto.

Nodeems d‘Radaren 48 Stonnen – also zwee Deeg – gelaf sinn, sinn schonn 3750 Leit erwëscht ginn, déi ze séier ënnerwee waren. An lo ass d‘Opreegung grouss. D‘Lëtzebuerger_innen fuere gären Auto. An lo kënnt raus, datt se dat och gäre méi séier maache wéi et erlaabt ass.

D‘Léift zu der Vitesse geet esouguer sou wäit, datt verschidde CSV-Politiker_innen fuerderen, et sollt een d‘Toleranz vun den Radargeräter dach bësse méi héich astellen, fir dat Leit, déi net all ze vill ze séier fueren, net géife geblëtzt ginn.

D‘Propose, sech entweder iwwert een aalt CSV-gestëmmte Gesetz (Edit: Okay, anscheinend war et een Reglement vun engem DP-Minister, mä dat ännert näischt) ewechzesetzen an d‘Radaren illegalerwéis op eng Toleranz vu méi wéi 3 Prozent anzestellen oder eben déi Toleranz ze änneren, gëtt och domadder begrënnt, datt d‘Leit sech jo net op hiren Tacho verloosse kéinten an de Radar och scho blëtze géif, wann een nach guer net ze séier wier.

Wann dir 70 km/h fuert an ären Tacho wéist just 65 km/h, dann ass ären Tacho futti oder net richteg agestallt. Et gëtt nämlech eng EU-Direktiv, déi festleet, datt een Tacho ni méi eng lues Vitesse uweisen däerf wéi tatsächlech gefuer gëtt. Wann dir 65 km/h fuer, däerf den Tacho zwësche 65 an (110 % vu 65 + 4km/h =) 75 km/h uweisen.

En weidere Kritikpunkt, deen zum Beispill den Ex-RTL-Journalist an elo-CSV-Member Fränk Kuffer op Facebook bruecht huet: d‘Radaren si net mënschlech. Polizisten drécke fir RTL-Journalisten anscheinend ëfters een Aen zou, dofir hätt den Här Kuffer gären, datt d‘Radare méi „mënschlech“ agestallt sollte sinn. 600 Leit hunn säi Post gedeelt, dorënner och Deputéierter.

Natierlech gëtt des Diskussioun sou hefteg gefouert, well déi fix Radare vun engem grénge Minister agefouert goufen. Keng Angscht schéngt méi lëtzebuergesch ze sinn wéi déi, iergendwéi vun engem Grénge beim Autofueren ageschränkt ze ginn. Wat am Fong zimlech lächerlech ass, wann een bedenkt, wéi vill Stroossen de Minister Bausch sou opmécht an domadder fir nach méi Verkéier suergt.

Ma da kommt mir schwätzen iwwer Vitesse.
An doriwwer, wéi onmënschlech d‘Physik ass.

Vitesse ass de Grond Nummer Eent fir Autosaccidenter an och de Grond Nummer Eent fir déidlech Autosaccidenter. Lëtzebuerg huet op d‘Bevëlkerung gekuckt relativ vill Verkéiersdoudeger, nämlech 65 pro Millioun Awunner. Domadder sinn mir déi éischt an Westeuropa an déi Aacht am europäesche Verglach. Wa mir d‘Doudeger pro gefuerenem Kilometer kucken, relativéiert sech déi Zuel e bëssen, wat awer éischter dorunner läit, datt mir iwwerproportional vill rondrëm fueren.

(Bonuscontenu: Een Tweet vum Nohaltegkeesministère:)


(A wéider am Text!)

Lëtzebuerg huet een relativ modernen an sécheren „Fuhrpark“ an och zimlech vill Sue fir eng modern Infrastruktur. Mä och den séchersten Auto voll mat ABS, ESP, Airbag‘en, an sou weider kann iergendwann näischt méi géint d‘onbaarmhäerzeg Physik ausriichten.

Mir wëssen alleguerten, datt de Bremswee méi laang gëtt wann een méi séier fiert. Dobäi kënnt, datt d‘Reaktiounszäit am beschte Fall zwar d‘selwecht bleift, bei ongeféier enger Sekonn. Wann ech mat Tempo 70 eng Sekonn laang fueren, sinn dat 19 Meter, bei Tempo 75 sinn et der 21. Ech fueren also knapp 2 Meter méi wäit, iert ech iwwerhaapt mam Fouss op d‘Brems trëppelen. Déi zwee Meter hunn ech manner Zäit fir ze bremsen, wat heescht datt mäin Auto am Eeschtfall mat vill méi Kraaft an een Obstakel rennt.

An den Uertschaften ass den Ënnerscheed nach méi krass: Wann een bei Tempo 30 bremst, steet een Bremswee inklusiv Reaktiounszäit no ongeféier 13 Meter. Bei Tempo 50 fiert een 13 Meter, bis een iwwerhaapt reagéiere kann. D‘Iwwerliewenschancë fir eng Foussgängerin sinn bei engem Impakt mat 50 km/h bei just ronn 30 Prozent.

Et ass zu Lëtzebuerg iwwregens och am europäesche Verglach net immens deier, ze séier ze fueren. An der Belge oder a Spuenien bezilt een zum Beispill dat duebelt wéi am Grand-Duché, an Norwege sinn et esouguer 420 Euro, déi een fir 20 km/h, déi een ze séier gefuer ass, berappe muss. Ze mengen, et géif bei fixe Radaren drëms goen, d‘Staatskeess ze fëllen, ass schonn e bësse paranoid. Virun allem, well déi Radare jo fix an hir Positioune bekannt sinn. Et ginn och net wéineg Studien, déi de Radaren een Effekt fir d‘Verkéierssécherheet noweisen, inklusiv wéineger Accidenter a wéineger Doudeger. Sou Effekter hunn iwwregens och déi reng informativ Tafelen, déi engem déi eege Vitesse weisen.

Amplaz iwwer onmënschlech Radaren ze schwätzen, sollte mir iwwer Sécherheet op der Strooss schwätzen. Zenter laangem fuerdere Verkéiersplaner_innen Tempo 30 an Uertschaften an Tempo 80 op Landstroossen. De Verkéier géif doduerch net just méi sécher ginn, mä och besser fléissen. En plus ginn duerch Tempo 30 an den Uertschafte Chancë fir Vëlosfuerer_innen op.

Et kéint een och méi fir den ëffentlechen Transport maachen, do gëtt och keen, deen dra setzt, geblëtzt. Mä well een an engem sou autobegeeschterte Land wéi Lëtzebuerg – mir sinn Europameeschter am Autobesëtz – kengem rode kann, sech an den Zuch oder Bus ze setzen, hei nach een Tipp: Kaaft iech als nächsten Auto einfach een mat Tempomat.

Iwwregens gëtt et och eng Episod zum Thema Mobilitéit zu Lëtzebuerg.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

14 thoughts on “Angscht a Schrecke mat de Radaren

  1. Hallo,
    Just eng kleng Remarque. Et huet kee verlangt sech iwwert ee Gesetz wäsch ze setzen mä driwwer nozedenken ee Reglement unzepassen. Dir schreift vun engem CSV-gestëmmte Gesetz. Dir mengt awer ee groussherzoglecht Reglement vun 2002 vum Henri Grethen. Den Här Grethen ass mengen ech nach ëmmer an de DP. Et geet zwar hei net drëm vu wiem et ass, mä esou séier huet een einfach emol eppes onkontrolléiert iwwerholl just wëll den Här Bausch dat esou getwittert huet. WANN dat een CSV REGLEMENT vun 2002 gewiecht wär, kéint een elo awer driwwer nodenken et unzepassen. Deemols goufen et nach keng fix Radaren. D’Reglement ass 2015 ugepasst ginn……vum François Bausch.
    Merci a léiwe Bonjour
    Frank Kuffer (nach net geblëtzt)

  2. Hallo Här Kuffer. Merci fir är Remarque an d’Ennerstellungen (“wëll den Här Bausch dat esou getwittert huet”*), mat deene se komm sinn. Ech hunn dat tatsächlech net nogekuckt, mä et ännert och näischt un menger Argumentatioun: Je méi héich d’Toleranzen sinn, emsou méi en geféierlecht Verhaalen gëtt geduld. Dir fuerdert de facto, de Bremswee am Eeschtfall ze verlängeren an huelt domadder méi Doudeger a Kaaf. An dat op enger Argumentatioun (Stëchwuert Tacho), déi einfach falsch ass.

    (*Ech si keen Fan, wat wahrscheinlech och raus kënnt)

  3. Déi, déi “gepëtzt”, pardon “GËBL!ËTZT” gin,sin bëstëmmt nët ze séiër gefuër, just vläit emg Grimmel ze nidderëch gëflunn :-)

  4. Apropos Ënnerstellungen : Dir gitt also dovunner aus, dass Polizist-innen fir RTL-Journalist-innen éischter een Aan zoudrécken ? Dat hunn ech ni gemierkt. Et gëtt och hei gemeet wéi wann all déi Leit, déi sech iwwert d’Toleranzgrenz opreegen dofir wären, dass jideree soll kënnen esou séier fuere wéi e grad Loscht huet. Den Ufank vu mengem Post gëtt net zitéiert, Ech fannen d’Radaren eng richteg a gutt Mesure fir méi Verkéierssécherheet a si sécher, dass mer d’Mentalitéit vun den onverbesserlëche Raser geännert kréien. Et ass just drëm gaang ob een net soll iwwert d’Toleranzgrenz diskutéieren. Do kann een dofir sinn oder dogéint. Ech fannen jidderee ka seng Meenung dozou hunn ouni dass doriwwer muss gestridde ginn.

  5. Dir hutt vun äeren Erfahrungen mat mënschlechen Polizist*innen geschriwwen, déi een Aen zoudrécken, vun “éischter” steet do guer näischt. Wann dat net är Erfahrungen sinn, dann froen ech mech zwar, wéi dir drop komm sidd.
    Ech wéisst net, wou ech sou gemaach hätt, wéi wann “sech iwwer Toleranzen opreegen” géif bedeiten, et wier een fir guer keng Vitesselimiten. Mäin Text hätt dann kloererwéis ganz anescht ausgesinn. An natierlech kann een iwwer Toleranzen diskutéieren, dat maache mir jo hei. Leider hutt dir wéineg bis keng Argumenter an et kritt een den Androck, dir verstitt och net, wat eng Vitesslimite bedeit. Et ass keng Richtvitesse, et ass keng v85, mä eben d’iewescht Limite, no där d’Fueren net méi sécher ass. Et gëllt souwisou ëmmer als éischt iwwerall den Artikel 139 (1) vum Code de la Route, dat heescht verantwortungsbewosst Leit mussen sou fueren, datt se net an d’Verleeënheet kommen, d’Toleranz ausnotzen ze mussen. Wat dir fuerdert, ass eng offiziell Erlaabnis, déi – dacks technesch bedéngen – Vitesslimiten bis un d’Äusserst ausreizen ze kënnen. Dat spillt direkt an de Mindset vun “onverbesserlëche Raser” an ass weder sécher, nach eng gutt Iddi. Vläit kënnt dir erklären, wat dorunner “mënschlech” wier, d’Fueren ronderëm de Radaren erëm manner sécher ze maachen?

  6. Dir hutt jo awer einfach esou RTL-Mataarbechter-innen an d’Diskussioun bruecht,oder ?

  7. Et ass ëmmer erëm erstaunlech, datt Leit, déi dat am Fong vun hirem Beruff hier kéinte missten, enorm wéineg Lieskompetenzen un den Dag leeën. Ech hu geschriwwen “Polizisten drécke fir RTL-Journalisten anscheinend ëfters een Aen zou”, dat bezitt sech op är Ausso, datt et Polizisten, géif ginn déi “gréisstendeels awer mënschlech sinn a bei 74 oder 75 emol een Aan zougedréckt hunn”. Et steet net do “Polizisten drécke just fir RTL-Journalisten een Aen zou” oder “Polizisten drécken een Aen zou, well d’Persoun déi se ugehalen hunn een RTL-Journalist ass”. Do hätt och kéinte stoen “Polizisten drécke fir de Fränk Kuffer anscheinend ëfters een Aen zou”. D’Betounung läit och um Wuert “anscheinend”. An d’Diskussioun, déi hutt dir mat ärem Text ugefaangen. Lo gëllt et, är Positioun ze verteidegen oder anzegestoen, datt dir iech argumentativ an eppes verrannt hutt,

    Wat war lo mat ären Argumenter fir méi héich Toleranzen?

  8. Dir kritt et esou gedréint wéi et passt. Meng Toleranzgrenz ass awer héich genuch fir dat z’akkzeptéieren. Ech hu mech just gefrot firwat dir hei vun RTL schreift wou ech schonn 3 Joer net méi do schaffen. Ech kennen iech-innen net genuch fir an äer Geschicht kucken ze goen wou der hirkommt. Fir de Recht ee schéinen Dag.

  9. Déi Fro dierft och mam Wuert “Ex-RTL-Mataarbeschter” am Text gekläert sinn, ganz am Géigesaz zu der Fro, wéi dir (wann net aus eegener Erfahrung) op déi Aen-zoudréckend-Polzei an den ze-niddreg-Vitesse-uwéisenden Tacho kommt.
    Schued, datt dir anscheinend wierklech net méi Argumenter hutt. Ech hätt mir méi erwaard.

  10. Wann um Scheld 80 steet soll mat 80 gebletzt gin a net mat 81. Wann éch gebletzt gin hun ech eppes falsch gemaach oder net opgepasst, waat op daat selwécht rauskent. Eng roud Luut ass jo och net e besse roud mee einfach roud.
    Sin och scho gebletzt gin a Frankraich, mee da sin éch rosen mat mir selwer a net mam Radar oder mat deem wou decideiert huet wou e steet.

  11. Wéi de Max Hahn (zu ärer Informatioun, net CSV-Member) a senger QP schreift, ginn et scho Fäll, wou d’Radaren “falsch” geblëtzt hunn an AT’en annuléiert goufen. Kann et net sinn, dass et awer Problemer ginn bei der Astellung vun deenen Apparater ? Ass et richteg, dass de Minister stur bleift a seet : Et gëtt näischt geännert, wëll et ass alles richteg ? Mä wéi gesot, et si jo keng Mënschen……..an esouguer déi maache Feeler. ;-)
    A fir et nach eng Kéier ze widderhuelen : Ech sinn net géint d’Radaren, hu mech just gefrot ob et net ka sinn, dass Leit geblëtzt gi sinn, déi net ze séier waren (dass et also Problemer bei der Astellung vun de Radare ginn) an ob een net sollt driwwer nodenken d’Toleranzgrenz unzepassen (wéi d’Fransousen zum Beispill, zemool wou de Minister jo behaapt mir hätten déi selwecht Toleranz wéi Frankräich)

  12. Wann d’Radaren net richteg sollte goen, soll dat natierlech richteggestallt ginn, sou wéi och eng Parkauer, déi net richteg geet, richteg agestallt muss ginn. Zum Beispill sou, datt se Camionnetten vun Camionen ënnerscheede kënnen. D’Dedectioun vun der Vitesse schéngt an dësem Fall jo net de Problem gewiescht ze sinn. D’Fro ass, wisou dir dat suggeréiert.

    D’Diskussioun zu der Toleranz ass eben a mengen Aen d’Fuerderung, d’Vitesslimite unzehiewen (oder eben eng Grozone anzeféieren). Ween déi Fuerderung stellt, muss sech de Konsequenzen dovunner bewosst sinn. Et wier vill méi wichteg, een Debat iwwert d’Geforen vun héije Vitessen ze féieren, an zum Beispill och mat dem Mäerchen opzeraumen, bei Tempo 90 sollt een méiglechst genee 89,9999 km/h fueren.

  13. Ech “fäerte” ganz éierlech, dass elo vill Leit sech durch App’en, Coyoten etc esou ofsécheren, dass se do wou kee Radar ass, fräi Bunn hunn a richteg Gas kënne ginn an dann d’Akkzidenter guer net erof ginn. Ech hoffen dir hutt Recht an d’Statistike weisen eis herno, dass d’Zuel vun den Akkzidenter, Blesséierten, Doudegen, no der Aféierung vun de Radaren erof gaangen ass. Ech hunn och do dru gegleeft an hoffen et nach ëmmer. Ech fäerten awer wéi gesot, dass déi richteg Rowdien (zu deenen ech wierklech net gehéieren obschonn ech mer dann och elo Coyote kaaft hunn fir den 93.000001 km/h Protokoll z’evitéieren), dass déi Rodwdien_innen dann awer weider maache wéi virdrun oder nach schlëmmer. Dir hutt Recht, dass ee bei 90 net muss 90 fueren mä déi, déi elo mat 60 do tuckeren därfen dat natierlech mä sinn och eng Gefoer.

  14. Zum Thema ze lues fueren: Grondsätzlech wiere méi niddreg Vitesslimite vu Virdeel, well de Verkéier besser rullt (sou paradox dat och klengt, mä dat huet virun allem mat de Sécherheetsofstänn ze dinn), eng gewëss Homogenitéit ass natierlech awer net schlecht. Als Automobilist_in muss een awer sou Fueren, datt een och sou Geforen séier genuch erkennt an ofbremse kann. En Grond méi, fir grondsätzlech Tempo 80 op Landstroossen anzeféieren.

    Am Text uewen sinn Links zu Etuden. Do ginn och Effekter nogewisen, déi iwwert de Punkt, wou de Radar steet, raus ginn. Dat Mäerchen, d’Leit géifen also “just” virum Radar ofbremsen, stëmmt net. No 17 Deeg Diskussioun (och mat ganz vill onbeäntwerte Punkten op Facebook, nodeems ech virgeworf krut et géif mir net ëm eng Diskussioun goen) géif ech iech einfach noleeën, déi ze liesen, selwer eng Recherche op google scholar ze maachen an beim Fueren net ze vill op den Coyote ze kucken. Fir de Recht: Bonne Route!

Comments are closed.