Angscht a Schrecke mat der Meenungsfräiheet

Ech wäert haut e puer Saache soen, déi iech vläit net gefale wäerten. Dir musst dat awer aushalen, well Meenungsfräiheet ass jo een enormt wichtegt Recht. An dofir däerft dir lo och net ophalen, mir nozelauschteren, well soss géift dir jo meng Meenungsfräiheet verletzen. Pardon, mä do musse mir lo alleguerten zesummen duerch.

Un dësem bësse méi blöde Beispill erkennt dir, wat un villen Argumentatiounsmustern, déi mat „Meenungsfräiheet“ begrënnt ginn, falsch ass. Meenungsfräiheet heescht net, dat mir iergendeen nolauschtere muss. Oder mir eng Bühn dofir gi muss. Meenungsfräiheet heescht, datt de Staat mir net verbidden däerf, dat ze soen, wat mir passt. Mä och do ginn et Grenzen. An där vläit méi wéi een mengt.

An de leschten Deeg héiert een dacks d‘Wierder „Satire däerf alles!“. Mä dat stëmmt guer net. Ech kann net mat enger Kalschnikow duerch d‘Stad rennen an well rondrëm mech schéissen an herno soen „Haha, dat war lo Satire, an Satire däerf alles!“. Net, datt ech sou eppes vir hätt, mä Meenungsfräiheet oder „Freedom of Speech“ kann net all Aktioun rechtfertegen.

Lo sot dir vläit: Mä Joël, mir wëssen dach alleguerten, datt et een Ënnerscheed zwëschen Aktiounen a Gedanke gëtt! Dat stëmmt bis zu engem gewësse Mooss, mä och wann ech just ukënnegen, ech géif mat engem Maschinnegewier duerch d‘Stad rennen an well rondrëm mech schéissen, wäert ech mech dofir wahrscheinlech verantworte mussen. Ech dat wéi gesot net vir. Niewe Bedrohunge sinn och Beleidegungen, Verleumdung an eben och Opruff zum Haass an d‘Verleugne vu gewëssen historeschen Tatsaache wéi dem Holocaust keng Gedanken, déi ënnert Meenungsfräiheet falen.

Eng total Meenungsfräiheet existéiert also iwwerhaapt net.

Et ginn also Grenze vun deem, wat legal däerf gesot oder gemaach ginn an dobäi vun der Meenungsfräiheet gedeckt ass. Déi Grenze sinn a verschiddene Länner anescht wéi an aneren. Et ass awer néirens sou, datt een seng Meenungsfräiheet géigeniwwer Privatleit afuerdere kéint. Wann dir lo ophaalt ze lauschteren, kann ech iech kloererweis net verkloen. Wann d‘Regierung dës Transmissioun ënnerbrieche géif, kéint ech dat allerdéngs schonn. Op mannst theoretesch, well och d‘Akloe vun engem Recht net fir jiddereen*t méiglech ass, et brauch een dofir nämlech finanziell an zäitlech Ressourcen, déi mir net alleguerten hunn.

Iwwerhaapt ass d‘Fro, ween an eiser Gesellschaft wou eppes soe kann, guer net sou staark un dat Allgemengt Recht vun „alles soen dierfen“ gekoppelt. Ween een Podium kritt, entscheeden nëmmen all ze dacks Kritäre wéi gesellschaftleche Status, Muecht, Suen, Geschlecht, Nationalitéit, Hautfaarf, Alter oder och, ob een een siichtbaren Handicap huet oder net. Weem dat net kloer genuch war: Nach ëmmer gi bei eis virun allem wäiss, gesond al Männer den Toun un an hunn enorm Ressourcen, fir hir Meenungen ze verbreeden.

Een anere wichtege Punkt ass dee vun der Kritik. Et ass absolut legitim, och eng zu 100 Prozent legal Meenung unzegräifen, ze kritiséieren, ze soen datt se Kacka ass, een Protestpiquet géint se ze organiséieren, oppe Bréiwer ze schreiwen oder Kooperatiounen ofzesoen. Och déi Kritik fält ënnert Meenungsfräiheet. Et kann een also net soen „Jo mä dat ass ebe meng Meenung“ an d‘Meenungsfräiheet wéi een Schutzschëld viru Kritik benotzen.
An och wann een sech an de Gewässer vun der Satire beweegt, wou een eng gewëss „Narrenfreiheit“ genéisst, ass et legitim, och satiresch Inhalter kritesch ze beliichten an zum Beispill op Rassismus hinzeweisen. Just, well een eppes soen däerf, muss ech dat nach laang net witzeg fannen.

Nieft der Linn, déi bestëmmt, wat legal ass ze soe gëtt et nach déi Linn vun dem, war moralesch an ethesch vertrietbar ass, ze soen. Déi Linn gëtt stänneg nei verhandelt. Deelweis fléissen d‘Resultater vun deene Verhandlungen och an dat mat an, wat déi legal Linn ugeet. Mä genee dat ass et, wat eis oppe Gesellschaft ausmécht: Datt mir doriwwer verhandelen, wéi mir mateneen an iwwertenee schwätze wëllen.

Zum Schluss nach een weidere Punkt: Ee beléiften Trick vu Rietspopulist*innen ass et, hir dacks rassistesch an mënschefeindlech Aussoen als „ënnerdréckt Meenung“ duerzestellen. Si maachen dann sou, wéi wann et eng Dikatur géif ginn, déi hinne verbidde géif, dat ze soen, wat si sou denken. Dobäi geet et just dorëms, datt si keng Kritik héiere wëllen. Et ass och leider net sou, wéi wa rietspopulistesch Meenunge kee Podium an eiser Gesellschaft hätten. Et ass ëmmer nach enorm akzeptéiert, Haass ze séinen: a Bicher, an Talkshows an an Kulturzentren. Et ass zum Gléck awer och absolut legal a legitim, dat ze kritiséieren an et muss een sech dowéinst net soe loossen, et wéilt een d‘Meenungsfräiheet vun enger aner Persoun aschränken.

Dës Episod vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gouf iech präsentéiert vun ArtPortBnB! ArtPortBnB ass een Start-Up ass dem „Silicon Luxembourg“ an léisst zwee lëtzebuergesch Problemer! Engersäits hu mir een Wunnengsmaart, deen och räich Leit dozou bréngt, bei der Dekoratioun vun hirem Doheem spueren ze mussen. An anersäits gëtt et vill Leit, déi flott Konschtwierker hunn, déi se viru gewëssen Autoritéite verstoppe wëllen. ArtPortBNB huet d‘Léisung: Mir bréngen dës Leit zesummen! Dir kënnt äert Haus mat flotten Originaler verschéineren, während Konschtsammler aus der ganzer Welt vun der … spezieller … lëtzebuergescher Gesetzgebung, un där eis Kollegen an der Regierung grad bastelen, profitéiere kënnen an keng lästeg Taxen, Gebühren oder Kontrollen iwwert sech ergoe loosse mussen. Dat ass ArtPortBnB! ArtPortBnB ass een Produit made in Luxembourg.
Lëtzebuerg: oppen, dynamesch zouverlässeg.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: