Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa

Läschte Mëttwoch gouf et zu Lëtzebuerg een Ugrëff op eis Demokratie. Béis Antifaschist*innen hunn ganz schlëmm Saache gemaach, fir géint een Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze demonstréieren. Dee verbreed zwar rassistesch Theorien, déi längst widderluecht sinn, mä wann den Trifolion hien net agelueden hätt, wier seng Meenungsfräiheet jo gestéiert ginn an dat geet jo guer net.

Do si mir och scho beim éischte Punkt: Meenungsfräiheet ass wichteg. Dofir muss eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion och Rassiste wéi den Thilo Sarrazin alueden an hinnen eng Plattform ginn. Dir frot iech lo vläit: Mä wisou ginn net zum Beispill Refugees agelueden, déi zanter Wochen zu Idomeni am Bulli setzen? Huet dat vläit eppes mat hirer Hautfaarf oder hirer Relioun ze dinn? Ech kann dozou just soen: Iwwerloosst d‘Denke leiwer den Päerd an dem Här Sarrazin, déi hu méi e grousse Kapp.

A well Meenungsfräiheet sou wichteg ass, ass et och een Skandal, datt Leit virum Trifolion protestéiert hunn. An et wier jo okay gewiescht, wann se dat lues, net verkleed, ouni Schëlder an ouni Flyere gemaach hätten. Mä sou!

Dir hutt nom leschte Mëttwoch sou ähnlech „Argumenter“ wahrscheinlech gelies oder héieren. An dat ass eng komesch Aart a Weis ze denken. Nämlech, datt een Leit virschreiwe kéint, wéi si hir Meenung auszedrécken hätten. Et ass absolut legitim, géint den Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze protestéieren. Et stellt een domadder net d‘Meenungsfräiheet an Fro, et hëlt een kengem eppes wech, et ass just eng weider Stëmm, déi an den Discours kënnt. Wisou also lo déi Oflehnung? Dat geschitt natierlech virun allem aus soit-disant „formelle“ Grënn: Demonstratioune sinn haart, gesi chaotesch aus an um Flyer war och een Schreiffeeler.

An et ass schonn ironesch, wann déi Leit, déi zanter Dezember gekrasch hunn, dem aarmen Thilo Sarrazin, dee just der BILD muss uruffe wann en een Text well ofgedréckt hunn, géif d‘Meenungsfräiheet geholl ginn. Zum Beispill doduerch, datt een oppene Bréif géint säin Optrëtt geschriwwe ginn ass. An elo sinn déi Leit op ee mol géint d‘Meenungsfräiheet vun den Demonstrant*innen. Sou fënnt zum Beispill den ehemolegen sowjeteschen Doubelagent Fernand Kartheiser, datt et „aarmséileg“ wier seng Meenung géigeniwwer vum Här Sarrazin auszedrécken, wéi dat geschitt ass.

Dat schéngt och de Recht vum Sall sou gesinn hunn: Am Wort war ze liesen, datt eng kritesch Fro mat Buh-Ruffen ënnerdréckt ginn ass. Souvill zu der geliefter Meenungsfräiheet vun den Thilo-Fans.

An da ginn et Stëmmen, déi der Meenung sinn, datt et eben net gutt wier, sou ze demonstréieren, wéi demonstréiert gouf. Et misst een nämlech mat de Leit schwätzen. An et dierft een net sou dacks „Rassismus“ soen. Dat géif d‘Leit nämlech ofschrecken. An zu Rassiste maachen.

Wësst der wat?

Féckt iech.
An de Knéi
.
Wéinst dem Hippiekacka à la „Mir mussen eis all just un der Hand huelen an eis gären hunn an da gëtt alles gutt“ si mir nämlech do, wou mir sinn.
Well keen de Baak opkritt, wa Chrëschtdag de Monni voll seng rassistesch Geschichten iwwer Roma a Sinti zielt.
Well „Verkleedenter“ anscheinend een ganz normalen Ausdrock fir Leit mat engem Niqab ginn ass, obwuel deen Ausdrock absolut net okay ass.
Well dir leiwer bei de Witzen iwwert „Giessen“ mat laacht, amplaz ze soen, datt dat rassistesche Bulli a net okay ass.

Ech kéint lo sou viru fueren, mä ech hoffen et ass kloer: Mir hunn zu Lëtzebuerg, wéi och am Recht vun op mannst der westlecher Welt, e fatzege Problem mat Rassismus.

Et ass fir ze katzen.

Wa Leit am Eescht der Meenung sinn, et wier een Fakt, datt „Türken an Araber“ an Däitschland just Geméis géife verkafen, dann ass den Zuch am Fong scho längst fort. An jo, et ass och Rassismus wann dir net an wäisse Kaputze Kräizer ufänkt oder de Leit mam Baseballschléier d‘Zänn ausschléit.

De Problem ass net, datt mir ze wéineg mat Rassist*innen géife schwätzen.
De Problem ass, datt mir ze vill fein mat hinne schwätzen.
Mir sou drop beuecht sinn, ëmmer een Konsens ze fannen, kee Sträit ze sichen, datt rassistesch Positiounen normal ginn. Wann et iech méi wichteg ass, datt dir owes roueg schlofe kënnt, well dir iech net mat engem gestridden hutt, wéi deem ze soen, wat dir vu sengem friemefeindlechen Bulli haalt, da sidd dir een Deel vum Problem.

Mir hunn all déi Momenter, wou et méi einfach ass, lo mol eng Kéier näischt ze soen. Mä et gëtt kee Grond, wisou een fein mat Rassist*innen a Faschist*innen si sollt.

Bottom Line: Loosst iech net arieden, d‘Form vun ärem Protest wier sou onheemlech wichteg. Sidd sou haart oder lues wéi der Loscht hutt. Mä sidd kloer an zitt een Cordon sanitaire zu deenen, déi eng Gesellschaft op Haass, Spaltung an Oflehnung vun „dem aaneren“ opbaue wëllen. Dat nennt een nämlech Faschismus.

Dës Episod vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gouf iech präsentéiert vun der Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême! D‘Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême ass een de Produit vun engem Start-Up ass dem „Silicon Luxembourg“ an hëlleft bei akkuter a chronescher kognitiver Dissosanz. Dir fannt Meenungsfräiheet super, mä wann déi lénk Chaoten demonstréieren hätt dir gären türkesch Zoustänn? Dir hutt eppes géint Auslänner*innen, mä dir géift gären een bestueden? Dir sidd der Meenung, datt Wëssenschaft wichteg aus, ausser bei Klimawandel, Atomkraaft an de Sozialwëssenschaften? Kee Problem! Schmiert iech einfach een mol den Dag e bëssi vun der Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême op d‘Stir an scho sinn är Problemer geléist! D‘Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême ass een Produit made in Luxembourg.
Lëtzebuerg: oppen, dynamesch zouverlässeg.

photo cc-by-nc bjoernsens

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

9 thoughts on “Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa

  1. Ech sin mat déngem Opreeger allerdéngs guer net averstaan.

    Zu déngem éischten Ofsaatz sin e puer Saachen ze soen:
    Éischtens bewaert all Mensch séng Handlungen a Bléck op séng Verhältnessméissegkeet, d.h. op déi Handlung als Moyen zu séngem Ziel proportional as. Zum Beispill:
    – Een eenzegen Haerr get do agelueden an weivill Leit (?) sin op d’Stross gaangen. Awer net just fir eng (oder puer Meenungen) auzedrécken. Mee och fir gewaltsam ze agéieren.
    Dorunner as NET onverhaeltnessméisseg, dat e puer oder eng grouss Meenung géint d’Meenung vun engem Haerr as (oder méngetweegen emgekéiert: dat d’Antifaschisten an der Minoritéit wieren an d’Majoritéit – also d’Interessenten an Unhaenger vum Haerr Sarrazin): Am Strait vun den Meenungen, an och am Austausch (woubai eng Anti-Demo net op Austausch eraus vun entgéintgesaaten Meenungen net erausleeft), steet emmer Meenung géint Meenung.
    Allerdéngs AS et onverhaeltnessméisseg, wann net d’Meenung quantativ erfaasst gin, mee déi Menschenmass, dei sech kierperlech präsentéiert an vun hierem affektgeweegten Kierper och “aktiven” Gebrauch ze maachen bereed sin.

    Zweetens, an dese Punkt haenkt um éischten, froen ech mech bei Demos ganz oft, op déi an Zaiten vun Internet an dovunner, wou een den Austausch vun de Meenungen esou ervirhiewt (ech sin opallefall dofir) – op sou Demos also net eppes Onzäitgemäßes an ausserdem Onkommunikatives sin.
    Onzäitgemäß eben, well et eng oneffektiv Kommunikatoun as, eng quasi Net-kommunikatioun. Do geet een dann hinner fir dest an dat “deem Sarrazin do” ze signaliséieren, vlit och bessen Angscht ze maachen, oder et geet een hinner, fir séng Meenung mat aller Verweigerung vun Kommunikatioun auszedrécken. Do fannen ech misst sech all Mensch déi Fro stellen:
    Wourop leeft méng Demonstratioun of? Well ech eppes demonstréieren? Geet maer dat iwwerhaat duer? Wat well ech ausserdeem nach? Sin ech net blann fir déi Dynamik dei an deem Kontext kann entstoen? Huelen do méng blann Affekter net iwwerhand?
    Souguer wann een Mensch mir spinnefeind wier, sou muss ech mech dach froen, wen mir d’Recht get, deen Mensch selwer als den Problem hinnerzestellen, deen Mensch zu engem Symbol vu méngem Discours ze dégradéieren.

    Drettens: Wouranner besteet den Problem den déi meescht Leit mat sénger Meenung hun. Loosse mer mol ondiskutéiert, wat séng Meenung am Inhalt as. As et
    1) eng Gefor dat séng Meenung op Leit Afloss hellt? Wann jo, dann wier et jo un den Demonstranten, opzeweisen, anweifern séng Meenung problematesch as. Sou absurd een eng Meenung fennt déi een bekämpft, sou daerf een sech dach virun Argumenter net scheien. Et as jo och net, dat séng Meenung einfach platt as “All X as souan sou”. Dat as vlait säin Ausgangspunkt. Mee wann hien en Buch doriwwer schreiwt mat Argumenter, dann as dat dach ansoufern en Gewenn, dat een séng Argumenter wéinstens kann widerleen. Wann dann d’Leit sech trotzdem versteifen op séng Meenung, dann as d’Meenung vun engem deen geint den Sarrazin as
    a) net iwwerzeegend
    b) falsch
    c) iwwerzeegend an richtech, mee déi Persoun verweigert sech dann einfach.
    Am Fall c) as dann allerdéngs net vill ze maachen, an wann, dann as et at brachialer Aktioun an Rhetorik net ze maachen.

    Véiertens:
    Aus c) follegt en fait. Dat et Leit gin, déi einfach hier fix Meenung hun. Do sin all Menschen sech d’sewelscht. An déngem Text reegs du dech iwwer rassistesch Ausdrocksweisen op – also iwwer souer, déi ausdrécklech esou sin oder op eng verstoppten Art.
    Dozou soen ech: En Ausdrock u sech as emmer beleidegend an den Aen vun enger Persoun. Et waer sennlos ze soen en Wuert as u sech beleidegend.

    Fenneftens:
    An daer Intentioun aner Leit an hier Aussoen ze diskréditéieren, schafft een doropper hin, sech selwer déi Fraiheet ewech ze huelen. Och hei muss een ofwägen.
    Ech sin der Iwwerzeegung, dat de Gewaltaspekt vu Sprooch falsch ageschätzt an dowéint och iwwerschätzt get. Ausserdem gehéieren zu enger Beleidegung emmer zwee: en Wuert, an en Interpretateur.
    Et gin vill Kulturen (net anglo-sächsesch an net nord-westueopäesch) an denen een mat enger schroffer Ausdrocksweis vill méi relax emgeet, well do net dei béiswelleg Paranoia besteet, de Leit bestänneg eppes ze ennerstellen (meeschtens grad wei et engem passt, well dei absolut Paranoia doran besteet, jidderengem ze ennerstellen, dat deen eppes Beises geint een well maachen – also letztendlech och eng immens egozentresch Haltung). Ech hun an Italien kennegeléiert, dat een mat deem, wougéint eis Ouren esou empfindlech sin, léiert méi relax emzegoen. Dat heescht net, dat ech muss mat dem averstaanen sin an mech selwer sou ausdrécken well, mee. Ech hun geléiert, dass mir an eisen Ausenanersetzungen vill zevill vum Argument wellen ofwäichen, an léiwer just den aneren leit hieren Jargon iwwerwaachen. An méngen Aen as den vermeintlech Schwaachen, den mir (trotz allem “white, middle-class an heterosexual men”) wellen schützen, deen, dee vun eis eigentlech beleidegt get. Dat et Leit gin, déi schutzbedürfteg sin, as keng Fro. Op
    a) rechtlechem Plang (wéi kenne mer daer Persoun hellefen, hier Rechter an engem System wouerzehuelen)
    b) duerch kierperlech an (och verbal) aggressiv Attacken – déi an hierer kierperlecher Intensitéit méi wei an hierem Contenu d’Intentioun verroden
    c) etc.
    Mee sin mer net all averstaan: Wann eng Grupp pauschal an enger Sprooch beleidegt get, dei Sprooch awer net versteet, an sech och net beleidegt fillt: Sin dann net mir opgeruff gerad taktvoll ze sin mat hinnen, andeems mir an éischter Ligne NET eis empören (an hinnen och nach déi Beleidegung iwwersetzen) – dat as wirklech bevormundend, well mir hinnen och EIS reaktioun op eng Beleidegung opzwängen. Wat wann et hinnen wurscht as. Wisou musse mir dann maachen, wei wann och sie sech weint daer Beleidegung beleidegt ze fillen hun?

    An deem Senn as eis Kultur leider aarm oder veraarmt an hierem kommunikativen Emgang an an sénger Interkulturalitéit. Mir mengen dat eis gudd Intentiounen an eis Frendlechkeet (déi jo iwwerschaat get) esou vill ausriichten. Frendschaftlechkeet waer mei wichtech, dat heescht Zesummenhalt. Och an de Medien incl. social medias. Mir hun keng gesellschaftlech vital Affekter. Eisen Humor as oft béis, net befreiend. Och wann maer lo kee Beispill afaellt, dat as einfach en vaguen Androck vun eiser Zait.

    Och wann min Letzebuergesch definitiv net sou gepflegt as ewéi mäint, sou hoffen ech dach, dass du 8ech soen eifnfach du) méng Geigenargumenter kanns op déng Textstellen bezéihen.

    De Punkt as deen: du sees et kann een mat Faschisten net frendlech sin. Ok, an der Reih. Mee so du mir wat en Faschist as, d.h. wouduerch dass DU feststells, dass eng Persoun an dei Kategorie faells. Dat as dach den eigentlechen Problem. Vill Leit wessen net wat se denken, wann se eppes denken.
    All Faschist as en Arsch.
    Awer net all Arsch as en Faschist.

  2. ps. DÄIN Letzebuergesch as natirlech dat gepflegten. Dat war en Tippfehler. An as och offensichtlech, dat ech mech un keng Orthographie haalen.

  3. IntelligenzhatkeinGesicht:
    D’Demo war friddlech. Dat Argument mat “et ware méi/manner Leit wéi … x” verstinn ech leider net. Hätt sollte just eng Persoun demonstréieren, fir datt et “verhältnissmäßeg” gëtt? Wat ass dann verhältnissmäßeg dorunner, datt den Thilo Sarrazin x Minutten huet dierften schwätzen an den Trifolion sech trotz oppenen Breiwer, Aussproochen, Kommentaren, etc. fir een Monolog entscheed huet? D’Zuel vun de Leit, déi virum Trifolion stoungen mécht de Protest net méi oder manner legitim oder “schlëmm”.

    Zu zweetens: D’Demonstratioun war de leschte Schratt an enger laanger Debatt. Wat genee Zieler dovunner waaren, musst Dir bei de Leit, déi se organiséiert hunn, erfroen. Ech hunn den Flyer een interessanten Beitrag zur Debatt fonnt, zum Beispill.

    Zu drëttens: Den Inhalt vu senger Meenung ass de Problem. Et ass sënnlos, d’Diskussioun ouni deen Kontext ze féieren.

    Zu véiertens/fënneftens: Natierlech kann een einfach behaapten, Sprooch hätt keen Afloss op d’Realitéit. Et kann een och “Dësch” amplaz vu “Stull” soen an sech wonneren, wisou keen een méi versteet. Sprooch ass ni neutral an een rassistesche Slur wéi d’N-Wuert ass och dann rassistesch, wann keng Schwarz Persoun se héiert.

    Am Fong kommen all är Aussoen ob “Et muss een dat alles net sou serieux huelen, dat ass jo just Geschwätz” zeréck. Oder eben dorobber, datt mir “d’Messlatte” fir “Rassismus” ze soen méi héich leeë sollten. An dem stëmmen ech einfach net zou. Ech muss mech net mat engem Thilo Sarrazin doriwwer ënnerhalen, ob et een “Judengen” gëtt oder ob Harz IV-Empfänger_innen hir Heizung ze waarm opdréinen. Genee wéi ech net driwwer diskutéiere muss, op d’Äerd ronn ass oder ob all Mënschen déi selwecht Rechter hunn. Et gëtt rout eng Linn, an wann déi iwwerschratt gëtt, muss ech net och nach doriwwer diskutéieren. Well dat ass genee de Problem, duerch deen Aussoen à la “Türken sinn just gutt fir Geméishandel” gesellschaftsfäheg ginn.
    An dat brauche mir net.

  4. Ech kommen op déng Äntwert méi spéid zeréck, do sin e puer Messverständnesser iwwer méng éischten Äntwert, an do as nach eppes wat ech well als Reaktioun op déng Äntwert präciséieren.
    Get also nach eppes nogereecht.

  5. Ech hun e bessen iwwerluecht, an et as effektiv net sou einfach mam Haerr Sarrazin.

    Zur verhältnessméissegkeet: Natirlech mengen ech domat net, dat een just démonstréiert, mee ech mengen domat, dass physesch Präsenz net dierf op Käschten vun der Kommunikatioun goen.
    Ech sin do der Meenung, dat bestemmten Gruppéierungen leider net welleg sin zur Kommunikatioun. Aus der Beobachtung an dem erliewen vun der Antifa-Beweegung an Éisterräich wees ech beispillsweis, dat en Hang zur Raidkaliséierung do as, deen sech iwwerdeems an demscheinbar intellektuellen Milieu vun der Unviersitéit forméiert.
    Nee, em d’Gréisst vum Grupp geet et mer net. Ech sin suguer der Meenung, dat eng ganz grouss Grupp aus op manst 2 Grenn net radikal get an och hier physesch Iwwerleenheet net ausnetzt:
    Well bei enger ganz grousser Grupp dei physesch Iwwerleenheet just eng zuelenméisseg as – mee 1. eng Mass as opgrond vun hierer Gréisst an hierer Zesummensetzung vill mei onbeweeglech als physesch Usammlung wei mettelgrouss Gruppen, an 2. sin majoritéiten ganz selten physesch gewalttäteg.

    Ech well net soen, dat eng Grupp u sech muss gewalttäteg gin. An ech well jo och NET an deem Zesummenhang bestreiden, dass dei Antifa-Demo, em déi et an Aerem Artikel get, friddlech war.
    Wat ehc mech awer schon froen as, wat sech Leit genau erwarden: Wen genau soll hei wouvun iwwerzeegt gin? Oder maer sin, dat as natrlech dei ganz eifnach Aentwert, eis einfach eeneg: Leit sin kaum bis schwéier verbesserlech an dofir huet DIskutéieren och kee Grond.

    Dat den Haerr Sarrazin elo Dialogen oflehnt, an léiwer hannert zouenen Dieren optrett (zB och als Riedner bei der FPÖ), as genau dem verscholdt, wat ech der rhetorescher Strategie vun der Antifa (an dee Mangel u Strategie kennt och vun engem Mangel un Asiicht) souzesoen pauschal virwerfen as, dass den Haerr Sarrazin vun Ufank uns an en Eck gedrängt gin as, statt genau – awer wirklech genau – ze klären, wat um Rassismus falsch as.

    Ech sin do also NET averstaan, dat et do näischt ze diskutéieren get. Ech sin der Meenung:
    – Wann een do keng Angscht huet, dat déi Theorie richtech kéint sin, dann dierft een och keng Angscht hun, sech domat ausenanerzesetzen.
    MECH oder IECH muss keen dovun iwwerzeegen. Och fir mech as dat eng donnée immédiate, eng Asiicht, dei fir mech keng weider Erklärung braucht. Allerdéngs spillt déi Fro, ob et déi Rassen gin oder net keng Roll. Déi Aentwerten berouen alleguerten op enger petitio principii: Mat willkürlechen Festleeungen léisst sech eben alles beweisen. De Haerr Sarrazin mengt jo, dat et méiglech wier biologesch souzesoen en Begreff ze isoléieren. Wat en natirlech verschweigt as, dat heen de Begreff vum “Judd” oder “Araber” oder “Daitschen” schon viraussetzt, an mat denen willkürlechen, vun äusseren Wahrnehmungen abstrahéierten (an doweint ongenauen) Begreffer eben biologesch Theorien just interprétéiert. Dat dierf, jo dat muss gesot kenne gin. Dat waer daat, zu de Rassentheorien.

    Dat anert waer et gewiecht, opzeweisen, dat den Haerr Sarrazin (wéi en gescheiten onservativen Denker, den Historiker Bahring gesot huet) eigentlech séngeegen Positioun just schwaecht mat senge Biologismus. Dat as genau daat, wat ech elo grad virgefouert hun: séng Positioun as ufechtbar. Ech verstin dass Dir sot: dat as ennert ménger Wuerd, esou epeps och nach mussen ze diskutéieren. Mee ech soen: et geet jo net just em aer Wuerd, mee et geet och dorem aneren Leit asiichteg ze maachen, dass dat net just ennert der Wuerd as mee och inhaltlech net stechhalteg as, wann een dat emol ausenanerhellt. Ech vermessen do bei villen Lenken (an ech kennen dat selwer, wann engem sech de Mo do dréit) eifnach dei Kommunikatounsbereetschaft, well do schon eng Radikaliseirung duerch d’Affekter am Gaang as. Sou vermesst een et natirlech och, en mei breeden Konsens ze fannen an dat serieux ze mengen. Leider as awer oft de Geigendeel de Fall: do gin vill leit souguer esou wait, dat se sech wellentlech vun der Mass isoléieren an jiddereen opemol als Nazi bezichtegt get.
    An wat een eben dem Haerr Sarrazin ka soen as: dei ganz biologistesch an rassesch Theoriebezich sin dach keng erklaerungen. Wat as eigentlech de Problem vun deem mer schwetzen? Do geet et em en Problem vum Zesummenliewen an deen huet seng Grenn. Do sin dach all Erklärungen mat Begreffer wei Grupp, Vollek, Ethnie etc. dach och total verfehlt, well et eben guer naischt zur Problemléisung baidréit. Trotzdem: Problemer sin do, an dat muss jiddereen zur Kenntnis huelen.

    Do wier ech beim Punkt mat der Sprooch. Ech hun doriwwer nogeduecht an wees dass dat heikel as.
    Allerdéngs sin ech net averstaan, dat alles wat gesot get eng Beleidegung as. Sproochlech Äusserungen hun emmer en Interpretant, as also nie neutral. An emsou mei muss dat sin, wei – wat jo vill intellektuell Leit versichen – oftmols gesot get, et misst een den Auteur an séng Intentiounen vum Text ewechleen. Mee dann w.e.g. soll een dat och konsequent maachen. Do schwetzen ech lo net engem Rassist d’wuert an soen: all Beleidegung geet net vun him aus, mee vum Interpretant. Nee dat soen ech net. Allerdéngs as d’Semantik guer net ausschlaggebend. Ech kann och eng Persoun ugraifen andeems ech irgenden erfonntenen Laut vu mer gin. Wann méng Lautstärkt héich genuch as, as och daat sproochlech Gewalt. Vun dohiir as politesch Correctness Deel, awer jus en Mini-Deel dovun, wat een respektablen Emgang matenaner kéint nennen. An dat as erem méi eng Saach vu Gefill a Verstand, an net dovunner wei een Wuert ech benotzen. Dat ech net “Neger” soen as net well ech esou gudd sin, mee well ech dat och net anescht geléiert hun. An haett ech et esou geléiert, misst dat net heeschen dat ech dat béis mengen. Ech keint och dat Wuert héieren hun ouni dei verletzend Intentioun matopzeschnappen.
    Ech fannen dass dat eng typesch pseudo-intellektuell Idee ass, erem alles méi komplizéiert ze maan wéi et muss sin, an dei d’froen an problemer och total messverstin.
    Ech hun léiwer ech erkennen main gesinnungsfeind dorunner wei en schwetzt ewei dat dei ganz nei riets sech alleguer ganz clean a propper ausdrecken, sou dat een net emol mat hinnen streiden kann.

    Ech mengen do as souguer de Problem, dat vill leit haut op sproochlech Äusserungen iwwerempfindlech gi sin, well do zevill eng Opmierksamkeet op dei aner hiert Äusserungen as, an och mat engem Weltbild gudd/béis opéréiert get (an oft grad vun denen, dei all “Dichotomien” oflehnen). Vrun allem Leit, dei vun denen Saachen guer net direkt betraff sin. Do entdecken vill Leit ereischt nodréinlech hiert Beleidegtsin. Do as dann opemol den Auteur aus dem Yten Jorhonnert een, deen mech beleidegt well an sengem Text dest an dat stoung. JUst als Beispill. Dat leeft jo mat Äusserungen vun eisen Zeitgenossenhaut genau d’sewelscht of.Et kéint een baal vun engem retrospektiven Trauma schwetzen. Mee dat ze pathologiseieren as onwichtech. Fir mech as dat alles just gesonden Menschenverstand, dat u sech selwer ze beobachten an bemierken.

  6. Korrektur: Sprooch AS neutral, wollt ech soen. Genau doweint. Well et een braucht den dat interprétéiert. An well Interprétéieren en vill mei staarken Wellensakt as ewéi eng Äusserung. Wann ech naemlech bei enger Interpretatioun och nach eng Intentioun ennerstellen, dat hun ech vill mei bewosst op déi Äusserung réagéiert, ewéi eng Persoun, dei schwetzt, op hier eegen Äusserung réagéiert.
    Hei muss een léieren cool ze sin. Mee anscheinend hun aner Leit léiwer den Échauffement als kommunikativ Strategie, fir ze diskutéieren.

    Ween net diskutéieren well, deen léisst et allerdéngs léiwer direkt sin. Mee et get näischt méi schéines, ewéi een duerch en Argument zum Verstommen ze bréngen. Do, ausserdeem, get een deem aneren och eng Chance, séng (öffentlech) Démontéierung ze reagéieren.
    Oder wellen mer deen aneren just FÄERDEG maan?

  7. IntelligenzhatkeinGesicht: Demonstratiounen hunn dacks vill Ziler. Hei ass et engersäits drëms gaangen, der Ëffentlechkeet (zu där jo och vum Sarrazin sengem Rassismus betraffen Leit gehéieren!) ze weisen, datt een him a senge Fans déi gesellschaftlech Bühn net alleng iwwerléisst. Anerersäits sollt d’Flyer-Aktioun sécher zum Nodenken iwwert déi rassistesch-biologistesch Theorien ureegen. Ech gesinn déi Demonstratioun och als eben just een Deel vun enger Campagne, déi vun ville verschiddenen Acteuren an deene verschiddensten Formen deelgeholl hunn. Ech verstinn net, wisou dir dann hei elo awer suggeréiert, et wier ëm eng physesch Iwwerleeënheet oder Aschüchterung gaangen. An pardon, mä wann den Trifolion ukënnegt, Froen virzezenséieren an wann ech mir d’Berichter iwwert de Klima am Sall liesen, dann ass d’Fro, op eng Diskussioun vun Säiten vum Sarrazin a senge Fans méiglech oder gewënscht gewiescht wier, wuel kloer mat “Nee” ze beäntweren.

    Natierlech MUSS et d’Schold vu senge Géigner*innen sinn, datt den Här Sarrazin eben do optrëtt, wou en optrëtt. Dat ass eng fatal Logik, déi ganz ähnlech “dir maacht eis zu Rassisten!” ass.

    Dir vermëscht do erëm zwou Saachen: Engersäits d’Fro, ob een den Inhalt vun engem Sarrazin sollt auserneen huelen. Do ass d’Äntwert ganz kloer: Jo. Et ass och immens lächerlech, mir virzewerfen, ech géif dat net maachen, wann ech genee dat virun Méint scho gemaach hunn. (An vill anerer viru mir!) Déi aner Fro ass: Muss ech mech mat deene Leit ofginn? Muss ech en Detail iwwer “Problemer” diskutéieren, déi op falschen bzw. falsch interpretéierte Statistiken baséieren? Wisou sollt ech een Konsens mat engem Rassentheoretiker fanne wëllen? An do ass meng Äntwert: Nö, ech muss net diskutéieren, op all Mënsch déi selwecht Rechter huet. Dat ass d’Fundament vun eiser Gesellschaft, ween dat net akzeptéiert huet een fermen Problem. Vill vun de Problemer, déi den Här Sarrazin entdeckt well hunn, existéieren just a sengem Kapp, dofir muss een seng rassistesch Grondunnahmen net legitiméieren, an deem s en laang mat him diskutéiert.

    Ech hunn heiansdo d’Gefill, et géif am Endeffekt dorëms goen, datt een mateneen schwätzt, fir mateneen geschwat ze hunn. An dobäi méiglechst keng Gefiller ze verletzen. Et gëtt een enormt Ongläichgewiicht, ween an eiser Gesellschaft medial präsent ass, op Podien ageluede gëtt, etc. Do wier et besser, een cordon sanitaire ze zéien amplaz an enger Pseudo-oppener Haltung just nach méi Buedem un d’Rassist*innen ze verléieren, well een awer “diskutéiere” wollt.

    Zur Sprooch kéint ech lo vill soen, mä ech maachen et einfach: Ech hale weder (Post)Strukturalismus fir pseudo-intellektuell Iddien, nach Sprooch fir neutral. Wann ech lo “dir sidd een dommt Aarschlach” schreiwen an dann soen, dir wiert selwer Schold, wann dir iech beleidegt géift fillen, well een Aarschlach ass eppes flottes wat all Mënsch brauch an Kanner sinn jo och domm, dofir ass domm keng Beleidegung, ass dat dann eng Beleidegung oder eng konsequent Uwendung vun dem, wat dir schreift? Cool sinn ass eben och just dann einfach, wann een net stänneg engem Sproochgebrauch ausgesat ass, deen déi eegen Mënschlechkeet negéiert.

    Ech kennen deen ofschätzegen Discours zu dem, wat déi Riets gären “political correctness” nennen, ganz gutt. Ech héieren do ëmmer just Leit, déi in so many words soen “ech well mech ouni Konsequenzen wéi een risegt Aarschlach verhale kënnen, well ech dat sou gewinnt sinn”.

    Mir dréinen eis am Krees, fäerten ech. Ech géif iech recommandéieren, iech iwwert déi ganz réel an materialistesch Auswierkungen vu Sprooch ze informéieren. Fir de Recht géif ech zesummenzefaassend soen: Rassistesch Theorien auserneen huelen: jo; Rassist*innen eng Bühn ginn, se fir serieux huelen, een Konsens mat hinnen sichen: Nee. Dat léisst natierlech net de Problem, datt mir versiche mussen, hir Meenung ze änneren an hinnen kloer ze maachen, datt Rassismus keng Plaz an der Gesellschaft huet. Ze gesinn, datt hir Äusserungen een No-Go sinn, kann a sollt awer een éischte Schratt sinn.

  8. Ech mengen net dat mer eis am Krees dréinen, et sief fir Iech as eng gemeinsam Klärung , wat deen eng Persoun mat séngen Wierder mengt an ennert de Wierder vum aneren ze verstoen huet, eppes Onsenneges. Dat as et, wat ech mat méngem Kommentar beofsichtegen.

    Méng Ausso’en zu Demos an zur Antifa sin, wéi ech an mengem leschten Kommentar gesot hun, net op eng konkret Demo, mee op eng allgemeng sech ausbreedend Haltung ze bezéihen. Do sin ech secherlech niewt dem Thema, dat well ech guer net bestreiden, mee wat jo just en aktuellt Gescheihen war. Ech wollt trotzdem Grondsätzlechkeeten diskutéieren, well dat en Niveau as, iwwer déi een kann eppes klären.
    Genausou as méng Kritik och net just géint Iech gedréint gewiecht mee méi allgemeng: et sief Dir wellt just iwwer aeren Artikel schwetzen. Ech hun aer Artikelserie oder aeren Blog, wéi Dir dat wellt nennen, jiddenfalls net verfollegt. Wat ech gemaach hun, as trotzdem äer Argumenter opzegraifen an näischt anescht ze maan ewéi op e puer allgemeng Viraussetzungen an Konsequenzen ze hannerfroen. Dofir sin méng Attacken och net perséinlech un Iech geriicht.

    Ech gesin leider net wou dir déi angeblech Feinheet mam Rassismus oder suguer mam Nationalismus-Discours gesid. Ech hun Konservativer saitdem ech mech erenneren kann emmer onsympatesch fonnd, allerdéngs och, well dat bis elo genau sou vermettelt gouff.
    Wat Dir musst gesin, as dat et Leit get, dei schwetzen an denken wei se wellen, an dir kennt hinnen d’schwetzen vlait verbidden, mee net, dat se dat denken, wat se denken wellen, an dass en Sprachverbot secher genau de Geigendeel bewierkt vun deem, wat sou en Verbot wéilt erreechen. Weider well ech mech net widderhuelen.
    Ech mengen dat vill Leit sech vun daer Haltung net repräsentéiert fillen an dass dat ganz geféierlech as. Vläit sollt een am Aen behaalen, dat all Gesellschaft an Kultur wäertkonservativ sin, an dat déi Lénk an deem Senn sollte genau verstoen, fir ween se astin. Et kéint sin, dat een um Enn net wees fir wat een asteet.

    Aus philosopheschen Grenn sin ech secher kee Materialist, an am beräich vun der Sprooch sin ech mat Secherheet keen Materalist. De Materialismus as am Beraich a besonneschen un der Sproochphilosophie an Linguistik eng schwaach Theorie, déi keng Erklärungskraaft huet.
    Fir mech muss d’Sprooch trascurabel sin. Wann ech esou op sprooch fixéiert sin, dann muss méng Argumentatioun emer op dat selwescht erauslaafen. Dei Kritik un Hatespeech as en aalen Hutt, et as just en “argumentum ad hominem”. Wann een mech beleidegen well, dann kann ech doriwwer just laachen. Wisou sollt ech Leit an gudd a beis andeelen an net dovun ausgoen, dat eng Persoun eng Chance vedengt huet anzegesin wouran sie sech iert. Ech schwetzen elo net vum Haerr Sarrazin, deng sech an seng Bastioun vun Argumenter schon esou zougedeckt huet, mee séng Unhänger sin – wann se bei him Rod sichen – secher sou onsecher. Ech fannen en Projet vum Schlingensief jiddenfalls vill mei progressiv ewéi dat éiwegt Nazibashing, dat mäer als lénk-fillenden Mensch jiddenfalls gehéireg opde Saack geet. Domat as guer naischt gedoen. Do fillen sech Leit jo emer immens schnell gaz gudd an dichteg. Wanne ch geint Nazis sin, sin ech also en gudden Mensch. Am Emkéierschluss as natirlech all Arsch en Nazi. Ech hun schon vill Arschlächer an der lénker Szene gesin. onausstehlech, selbstgerecht, onverbesserlech, an onéierlech, gehässeg Leit, dei just duerch Opportunismus zoufälleg dei richtech Meenung vertrieden. Ech oen et mol op gudd philosophesch: tescht Wessen an enger richtecher Meenung läit en himmelwäiten Ennerscheed. Eng Meenung kann jiddereen noplapperen. De Fait, dat vill Leit vu lénks no riets wiesslen (sief et RAF Sympathisanten dei NPD Unhänger gin an den 80er) oder elo rezent dat Die Linke Wieler bei d’AFD wiesslen as fir mech just eng weider Bestätegung, dass vill Leit just aus engem Affekt eraus eng Meenung vertrieden, dei beim liichtesten Nodenken dann emfaellt an verworf get – mangels besserer Argumenter.
    Dir kennt zwar ganz stuer aer Meenung vertrieden, an daer waert och Aer Grenn hun – et as berechtegt se net ze diskutéieren. Och fir mech get et Saachen, dei sou selsbtverstänlech sin, dat ech net muss doriwwer diskutéieren. Trotzdem get d’Staerkt vun enger Meenung net un der Kompromisslosegkeet gemooss. Eng Idee liewt weider, och wann mir scho laang net mei do sin.

    Am Iwwregen sot ech zum Rassismus, dat de Begreff vu Rasse an deem Discours keng Erklärungskraaft huet an eng willkürlech Setzung as. Vun dohir sin ech averstaan, dat een iwwer sou e Blödsnn net muss diskutéieren. Wat een schon kann maachen, as genau dorop hinzeweisen, dat dei Theorien ent stechhalteg sin, an och dorop hinzeweisen, dat dei Theorien, dei fir verschidden Leit eng Verführungskraaft hun (wei Ideen dat nun mol sou un sech hun), och den eigentlechen Problem net erklären. Do hudd Dir mech scheinbar net verstaan.

    Zur Sprooch esou vill: eng Beleidegung as net vum Interpretant an deem Senn ofhängeg dat ech kéint alles emdeiten (sou hudd dir éng Positioun duergestalt), mee an deem Senn: et geet net em dat, wat en Wuert NACH bedeiten kann, mee dorems dat et och mäin Choix as wat en aneren seet. Et geet hei net em Beleidegungen, mee em dat wourop een sech an engem komplexen Discours konzentreiert. Do gin vill Leit vill ze selten op Argumenter an…an iwwerloossen d’Feld dann aneren. Dat as alles och rhetoresch absolut onklug. Do hun dei aner liicht Spill. Dei ganz Oncorrectness get vun ganz béis Zynikern dann ganz kalkuléiert agesaat, dei sech kennen drop verloossen, dat schon een op dat Signal opspréngt. – Mee dir kennt mech jo enges besseren beléieren, an mir en Liestipp an Saachen materialistescher Sproochtheorie erdeelen.

    Dir sid ganz optimistesch mat dem Verbueden. Fir ech allerdéngs as gudd Behuelen eng Fro vun ganz aneren Facteueren. Dir musst iech do jo och keng Verboter selwer operleen. An wisou net? Mee dann erklaert mir: wei as et, dat deen Haass op Auslänner nach emmer net ausgerott as an souguer ganz staark opflaamt? Eischtens, well een psychologesch vill ze naiv waran gemengt huet, dei Saachen wieren iwwerwonn wann keen doriwwer offen schwetzt. Eng Persoun kann un de gréissten Blödsinn gleewen, mee wann sech dei Persoun uegraff fillt, wat mech se: se klaamert sech nach emi fest dorun. An wat willtDir domat bewierken: just eng Meenung isoléieren oder eng Persoun vum Discours isoléieren? Ech kann Iech soen wat iech secher geléngt: dat eppes wei en Dialog an eng Bereetschaft ze reflekteieren, Fehler zouzegi, seng Meenung ze aeneeren, an sou intellektuell Vertu’en, dei haut manner wichtech sin wei en stateschen Relativismus (den just en Recht vu jidderengem op sain Egoismus as) – Ech kann Iech also soen, dat en Dialog secher net wäert entstoen.
    An all Argument, besonnesch wann et schon em en öffentlech Discours mat enger masseger Bedeelung geet (besonnesch an de Social Media geet), da vermessen ech do jeglechen Respekt. Do loossen sec Leit vill ze liicht proozéieren an zu Reaktiounen hiraissen.
    Et as net un ons, d’Nerven ze verléieren.

    Ech fillen mech, dat soen ech al een deen opgrond vun äusserlechen Trait’en och zu Letzebuerg als Auslänner identifizeierbar wier, vun “Anti”-Ideologien net vertrueden. Mir fehlt do de Wellen zur Mäßegung, Deeskalatioun an enger mediativer Klugheet. Mee vlit as et wat dei meescht am déifsten Gronn vun sech selwer trotz allem geigendeelegen Uschäin wellen: den chaoteschen Ausnahmezoustand, Auge um Auge.

  9. Et ass ganz okay, iwwer allgemeng Saachen ze schwätzen, mä et mécht et natierlech méi schwéier, fir ze äntwerten, wann et net konkret ëm mäin Text geet. Et ass och schwiereg vun Verhältnisméissegkeet ze schwätzen, wann et net ëm een konkrete Cas geet.

    Kuerz zur Antifa: Ech sinn mir net 100% sécher, mä ech sinn der Meenung, datt et schonn emol méi a méi radikal (a Wieder an Aktiounen) Lénker gouf, och an Éisterräich. Wann een bedenkt, datt et zanter leschtem Joer keen NOWKR-Bündnis méi gëtt, dann froen ech mech, wou Dir do eng zounehmend Radikaliséierung gesitt. Ech denken éischter, datt déi medial Skandaliséierung an awer och d’Kriminaliséierung vun sou Protester zouhëlt. Realistesch gekuckt geschitt bei enger NOWKR-Demo net méi wéi bei engem “normalen” Fussballspill an wahrscheinlech vill manner wéi bei engem Festival. Trotzdem däerf een d’Fro stellen, wéi vill sou “radikal” Prozesser bréngen bzw. op et néideg ass, der duerchaus verständlecher Roserei iwwert déi gesellschaftlech Normalitéit an Éisterräich mat”Gewalt” (ech géif et éischter “Sachbeschädigung” nennen) auszedrécken.

    Rassist*innen kënnen sou zimlech soen, wat se wëllen, ouni datt se gesellschaftlech Konsequenzen fäerte mussen. Dat ass eng Tendenz, déi ech gesinn, an déi een och an der Politik gesäit. Virun e puer Joeren wier et ondenkbar gewiescht, datt mir iwwert een Enn vun Schengen schwätzen: Haut ginn et Grenzkontrollen, an Däitschland brennt bal all Daag en Asylheem, eng ähnlech Attaque zu Lëtzebuerg ass kaum eng Randnotiz der Wäert. Oder gitt dir dovunner aus, ech hätt lo gesot, Dir wiert ze fein mat Rassist*innen?

    Ech well kengem d’Schwätzen oder d’Denken verbidden. Ech stellen an Fro, ween (vun (para)staatlecher Säit) eng Bühn muss kréien an ween een seng Theorien an der Zeitung, op der Télé, etc. verbreede léisst. Ech gesinn zum Beispill wéineg Refugees an Diskussiounssendungen, mä awer ganz vill riets Politiker*innen. An am Endeffekt wier mäin Ziel natierlech, datt mir eis op déi Wäerter besënnen, déi mir all Deelen: d’Mënscherechter. Et muss een eng komesch Opfaassung vun “wäertkonservativ” hunn, fir d’Erodéieren vun ganz basic Mënscherechter als solcht ze gesinn.

    Zu Materialismus: Ech hunn geschriwwen, datt Sprooch materialistesch Auswierkungen huet, also zum Beispill Frae manner wäertgeschätzt ginn, well se an der Sprooch net sou dacks virkommen wéi Männer. Dozou ginn et (linguistesch) Studien, wéi se zum Beispill hei ze fannen sinn. Mir ass et net ëm de Materialismus als Wuert u sech gaangen. Lo hutt dir dat gemaach, wat dir mir zwëschen den Zeilen virwërft: ze séier op eppes ze reagéieren.

    Et ass jo flott, datt dir iech iwwert “éiwegt Nazigebash” an “Schwarzwäissdenken” opreegt, mä ech gesinn net, wou ech dat gemaach hätt. Ech priedegen hei sou gutt wéi all Woch een reflektéierten Ëmgang mat den eegenen Positiounen. An iwwer “theoretesch” Lénker, déi dat wat dir beschreift maachen, kënnen mir gären diskutéieren, mä dozou hunn ech wéineg ze soen. Ween Rassismus bekämpfe wëll, muss bei sech ufänken.

    Zu “Theorien entkräften”: Ech hunn iech verstanen, an ech verstinn net, wou mir do lo net op enger Linn sinn?

    Mir geet et net drëms, eppes ze verbidden (wou hunn ech dat gesot?) oder guer net méi mat engem ze schwätzen. Mä ech wäert awer net een Kompromëss mat engem Rassist sichen goen. An scho guer net an dem Fall, wou ech Rassismus net als solchen bezeechnen soll, just fir dat … deen aneren mir net béis ass? Wéi soll ech Antidiskriminéierungaarbecht leeschten, wann et net “erlaabt” ass, Diskriminéierungen kloer ze benennen? Dir sot et jo selwer: Wann keen driwwer schwätzt, ginn déi Saachen ni iwwerwonnen. Oder anescht gefrot: Wéi laang wäert “schwul” eng Beleidegung bleiwen?

    Ech hunn d’Gefill, datt mir enorm laanschteneen schwätzen, an ech fannen et grad zimlech schued, well ech den Austausch awer interessant fannen. Vläit maachen ech eng Episod zu dem Thema, wou ech méi genee erklären, wat ech mengen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *