Angscht a Schrecke mat schlechtem Goût (Poll-Fabaire)

Lëtzebuerg huet an de leschten Deeg eng Diskussioun iwwer Sexismus gefouert. Wéi ëmmer, wann am Grand-Duché iwwert Diskriminéierungen diskutéiert gëtt, war de Niveau zimlech am Keller, fir net ze soen: Sou déif, datt net emol de Jules Verne een Roman doriwwer geschriwwen hätt. Poll-Fabaire huet also een neie Cremant erfonnt. Deen ass dofir gemaach, fir „on ice“, also mat Äiswierfele gedronk ze ginn. Well dat nach net genuch schlechte Goût war, hunn se versicht, dat ganz mat enger sexistescher Pub ze verkafen. Ze gesinn ass eng jonk Fra am Bikini, déi an enger Äiswüst steet an eis hiren Hënner wéist an sech sou verdréint, datt se eis och nach kucke kann.

Ech weess net, ob schonn een den intendéierten Message vun der Pub verstanen huet, mä ech schätze mol, datt weder d’Pubagence nach Poll-Fabaire wierklech wossten, wat se eis mat dem Bild soe wollten. Ech stelle mir de Meeting an der Pubs-Agence sou vir:

„War dat et dann? Et ass 3 Auer an Donneschden, déck Zäit fir Weekend!“
„Nee Chef, mir hunn hei nach eppes: POLL ON ICE“
„Ah, de néie Cremant vu Poll-Fabaire, deen sou ruppeg ass, datt een een just mat Äis dra kann drénken? Huele mir erëm einfach eng Moss am Bikini?“
„Genial Chef! Feierowend! WEEEKEEEND!“
„Net sou séier! Et heescht jo „POLL ON ICE“. Dat mam „on ice“ musse mir jo och iergendwéi … kommunizéieren“
„Ah merde jo, du hues Recht! Huet een eng Iddi? Oder soll ech iech doen, een Glas vun dem Gesëffs ze drénken?“
„Hei, ech weess eng. Mir stellen d’Moss einfach op de Nordpol! De Stagiäre kann jo dann och d’Pinguinen eraus-photoshoppen, dann huet deen och eppes ze dinn!“

De Message vun der Pub ass also zimlech eendeiteg „Eng Fra am Bikini! Kaaft eise Produit!“ Datt weder Bikinien, Fraen nach d’Arktis een direkten Zesummenhang mam Produit hunn, schéngt Poll-Fabaire egal gewiescht ze sinn. De CID Fraen a Gender huet eng Plainte wéinst Sexismus beim CLEP, der Ethikkomissioun vun der Pubswirtschaft zu Lëtzebuerg gemaach. De CLEP huet sech de Fall ugekuckt an huet wéi de CID decidéiert, datt et sech bei der „POLL ON ICE“-Pub ëm sexistesch Reklamm handelt an huet Poll-Fabaire opgeruff, dës Pub zeréckzezéien.

An dunn ass et lassgaangen: Poll-Fabaire huet sech gefillt, wéi wann si d’Charlie Hebdo-Redaktioun wieren an hunn haart „Zensur“ gejaut. D’Jonk Demokrate waren der Meenung, de CLEP wier een staatlecht Organ, datt Pub’en géif zenséieren an hu nach méi haart „Zensur“ gejaut. Op mannst, bis de drop komm sinn, datt de CLEP eng ASBL an kee staatlecht Organ ass, mä eng fräiwëlleg Selbstkontroll vun de Pubsagencen zu Lëtzebuerg.

Well et zu Lëtzebuerg ni duergeet, just sexistesch ze sinn, ass och nach antimuslimeschen Rassismus dobäi komm. Mat engem Bild vun enger Fra an engem Niqab ass engersäits dat rassistescht konntotéiert Bild vun der schwaacher auslännescher Fra aus der Friemt, déi sech net ze hëllefe weess, propagéiert ginn. An anersäits solle mat sou Biller Feminist*innen, déi absolut legitim Kritik un enger Pub üben, als extremistesch an prüd duergestallt ginn. E puer ganz schlauer hunn och e puer Reklammen aus de 1950er gepost, fir ze weisen, datt hier Iddi, wat Sexismus ass, aus dem viregte Joerdausend staamt. Och d’„Satire“säit „eemol de Mount“ huet de Sexismus vu Poll-Fabaire verteidegt an sech driwwer gefreet, dofir nei Likes vum Stammdëschpublic mat wéineg Goût kritt ze hunn.

Kuerz: Lëtzebuerg huet gewisen, datt et eigentlech net verstanen huet, wat Sexismus ass an wisou een dat kritiséiere muss. Et ass fir ze katzen.

Ech wäert lo probéieren, de Problem ze erklären. Ech sinn allerdéngs een cis-Mann an schwätzen aus enger privilegéierter Positioun, wann et ëm Sexismus geet. Mä wann dir schonn dem CID an ville Feminist*innen net nolauschtert, kann ech et jo mol probéieren.

Fänke mir beim Begrëff un: Vill Leit verwiesselen „sexistesch“ mat „sexualiséiert“. Mä Sexismus huet näischt mat Sex ze dinn. Also, mat buppen, fécken oder biischten. Sexismus heescht, datt et an eiser Gesellschaft eng strukturell Benodeelegung vu Frae gëtt. Dei wéisst sech zum Beispill doranner, datt ech als Mann net muss fäerten, wann ech owes alleng ënnerwee sinn, datt ech als Mann net manner Paie wéi meng Aarbechtskollege bezuelt kréien an datt ech mech net domadder muss offannen, datt mäi Geschlecht een „Verkaafsargument“ fir schlechte Cremant ass.

Ween lo mengt, datt et dorëms géif goen, datt eng Fra am Bikini per se iergendwéi sexistesch sollt sinn, läit awer falsch. All Fra – all Mënsch – soll kënnen undoen, wat si wëll. Dat sollt kloer sinn. Et geet dorëms, an wéi enger Pose sech d’Fra befënnt, wéi si an d’Szen gesat gëtt an wéi si komplett ouni Kontext am Bikini an enger Äislandschaft steet. En plus gräift d’Pub ganz staark op de „Male Gaze“ zeréck. Male Gaze, dat ass een Begrëff aus de Filmwëssenschaft, dee Kameraastellungen beschreift, déi dorobber ofzielen, een männlech-heterosexuelle Public visuell ze stimuléieren. Éierlech gesot: Et huet mech gewonnert, datt iwwerhaapt d’Gesiicht vun der Fra ze gesi war.

Ass all Reklamm mat enger Fra am Bikini per se sexistesch? Nee. Well de CID Frae verbidden, am Bikini ronderëm ze lafen? Nee, et geet hei net ëm de perséinleche Choix, mä ëm eng eenzel Pub. Lo ginn et sécher nach Leit, déi argumentéieren, datt d’Modell jo kee Problem mat der Pub hat an se dofir jo okay misst sinn. Dozou ass ze bemierken: Model ass keen einfache Beruff. Et huet een éischter net sou vill Choix bei der Aart a Weis, wéi déi eege Foto herno benotzt gëtt an wann een als Model just Gigs géif unhuelen, déi ethesch 100%eg korrekt sinn, géif een den Job wahrscheinlech net kéinte maachen. An natierlech kënnen och Fraen zu enger sexistescher Gesellschaft bäidroen. Grad dat mécht de Sexismus, wéi déi meescht gesellschaftlech Diskriminéierungs- an Ausbeutungsystemer, jo sou perfid. An nee, dat an anere Länner Frae gezwonge ginn, Niqab’en unzedoen, mécht näischt besser. Wierklech net. Dat wier wéi wann ech iech mat enger Aaxt an d’Been géif schloen, just fir dann ze soen „Ah et ginn awer sou vill Leit déi guer keng Been méi hunn, du brauchs dech guer net ze beschwéieren!“

Zum Ofschloss: Et ass erschreckend, op wat fir engem Niveau sou Diskussiounen zu Lëtzebuerg gefouert ginn. Et ass fir ze katzen, wéi kanneresch Poll-Fabaire reagéiert huet an et ass traureg, wéi d’JDL an „Eemol de Mount“ op deen Zuch mat opgesprong sinn. Sexismus ze bekämpfen ass eng wichteg Aufgab, déi mir nëmmen all zesumme kënne bewältegen. Dofir: Informéiert iech. An drénkt net sou vill schlechte Cremant.