Angscht a Schrecke mat Ëmfroen

Déi läscht Woch war et alt nees esou wäit: déi zwee gréisste Medienhaiser am Land hunn zesumme mat TNS ILReS den sougenannte PolitMonitor verëffentlecht. Dat ass eng Ëmfro, bei där 1024 Awunner_innen verschidde Froen aus dem Beräich vun der Politik gestallt kréien. An da maachen d‘Medien sou, wéi wann d’Resultat vun deenen Ëmfroen lo dat wier, wéi d‘Land denke géif.

An et ass jo och praktesch: Mat sou engem PolitMonitor léisst sech relativ liicht eng ganz Woch mat Noriichte fëllen, ouni dat iergendeppes geschéie muss. An virun allem loossen sech aus relativ banalen Zuelen oder Resultater schéi knackeg Headlines bastelen. Sou huet d‘Lëtzebuerger Wort d‘läscht Woch direkt dräi mol flott titele kënnen: „Klare Präferenz für Schwarz-Grün“, „Breite Akzeptanz für Radargeräte“ an „Klares Ja zum Burka-Verbot per Gesetz“. Dat klengt alles sou enorm wichteg an groussaarteg, mä et sinn trotzdem just 1024 Leit gefrot ginn, wat dann awer een relativ klengen Ausschnëtt aus der hallwer Millioun sinn, déi am Grand-Duché liewen.

Natierlech probéiert TNS ILReS, een méiglechst repräsentativen Echantillon vu Leit ze fannen, mä grad bei deene klengen Zuele kann et bei der heterogener Bevëlkerung vun eisem Land kann et liicht sinn, datt TNS dann awer e puer „Ausreißer“ um Telefon huet, déi d‘Statistik liicht verfälschen. Mä dat ass net den gréisste Problem vum Politmonitor. Et ass éischter d‘Aart a Weis, wéi d‘Medie mat deenen Zuelen ëmginn.

Kucke mir zum Beispill op d‘Schlagzeil „Klare Präferenz für Schwarz-Grün“ vum Wort. An der Emfro sinn dräi méiglech Koaltiounen gefrot ginn: „DP – LSAP – déi Gréng“, „CSV-ADR“ an „CSV – déi Gréng“. 42 Prozent vun de Wahlberechtegen, déi gefrot gi sinn, hale CSV-déi Gréng fir eng ganz gutt bis eng gutt Saach, 37 Prozent denken sou iwwert eng rout-blo-gréng Koalitioun. Wisou et trotz just fënnef Prozentpunkter Ënnerscheed lo eng „klare Präferenz“ erginn, erklärt d‘Wort eis net. Och net, wisou 42 Prozent – déi an enger Wal jo kaum géifen duer goen, fir eng Regierung ze stellen, iergendwéi eng kloer Preferenz duerstelle sollten. Zwou Koalitiounen, déi et scho gouf, nämlech Schwaarz-Roud an Schwaarz-Blo, sinn iwwerhaapt net ofgefrot ginn.

Da kennt nach dobäi, datt all statistesch Ausso ëmmer eng Schwankungsbreite huet, also datt sech d‘Resultater bei enger richteger Wal ëm e puer Prozentpunkten no ënner oder no uewe verännere kéinten. Sou läit d‘Schwankungsbreite bei der Koalitiounsfro bei 4%, an dat mat 99%eger Sécherheet. Kuckt een d‘Ennerscheeder zwësche Rout-Blo-Gréng an Gréng-Schwaarz, sou ass d‘Schwankungsbreite souguer 7,1% an domadder ass den Ënnerscheed statistesch net méi signifikant (Ausgerechnet mat dem Tool op dëser Säit).

Lo kennt nach dobäi, datt mir net wëssen, wéi vill vun den 1024 Leit, déi gefrot gi sinn, wielen dierfen. Mir wëssen, datt esouwuel Leit mat engem lëtzebuergesche Pass an och Leit ouni gefrot gi sinn, mä net wéi vill der dat sinn. Wa mir lo dovunner ausginn, datt et ongeféier repräsentativ sollt sinn, da kéinte mir vläit vun ongeféier 600 Lëtzebuerger_innen ausgoen. Domadder gëtt d‘Schwankungsbreite nach méi grouss an d‘Resultater soen nach manner wéi guer näischt aus. D‘Headline vum Wort war also zimlech fir d‘Katz.

Och bei der Fro zu de Flüchtlinge schreift d‘Wort „59 Prozent der Einwohner sind der Ansicht, dass Luxemburg genug für Flüchtlinge tut, im November sagten dies noch 60 Prozent.“
Dat sinn Sätz, déi an keng Zeitung gehéieren. Et ass ganz normal, datt et an Ëmfroen sou Schwankunge gëtt, well den Zoufall jo decidéiert, ween bei TNS op den Telefon geet oder een Froebou ausfëllt. Et kann een op alle Fall keng politesch Entwécklung dorunner ofliesen, op sech een Wäert ëm een Prozentpunkt verännert huet oder net.

Display saying "Please rate our toilet" Ëmfroen iwwert Toiletten!
Jo, sou fillen ech mech och heiansdo.

An da vläit nach e leschte Punkt: Och d‘Froen, déi TNS ILReS gestallt huet, muss een kritesch betruechten. Bei der Fro zum Beispill, ob een fir een gesetzleche Verbued vun der Burka ass, war d‘Fro zum Beispill sou formuléiert, datt een huet misse soen, wéi vill een dëser Ausso zoustëmmt: „La burqa n’est pas compatible avec nos valeurs. Elle dégrade la dignité et l’égalité des femmes. Il faut interdire la burqa dans la clarté“
Am Fong ass déi Fro zimmlech manipulativ, well iwwerhaapt net kloer ass, wat „nos valeurs“ sinn. D‘Fro, ob d‘Fräiheet, seng Relioun auszeliewen an sech sou unzedoen, wéi een Loscht huet, eng vun „nos valeurs“ ass, gëtt an dem Fall jo net gestallt, obwuel déi meeschte Leit wahrscheinlech géife jo dozou soen. Mat dem Konflikt am Hannerkapp ass et vill méi schwiereg, sech fir oder géint een Burka-Verbued auszeschwätzen. Et soll – grad an westleche Länner – duerchaus Frae ginn, déi sech bewosst fir d‘Droe vun enger Burka oder engem Niqab entscheeden an dat souguer als feministesche Statement gesinn. An och den CID Fraen an Gender huet sech – aus der Perspektiv vum Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra – géint een Burka-Verbued ausgeschwat. Ween also eng virgefärdegt Meenung offreet, wäert wahrscheinlech och deementspriechend Äntwerte kréien. D‘Rietspopulist_innen freeën sech doriwwer natierlech.

Als Fazit bleift net vill: Ech sinn net der Meenung, datt TNS Illres eng besonnesch gutt Aarbecht mécht, mä et ass zu Lëtzebuerg wuel och net immens einfach. Vill méi schlëmm wéi déi komesch Froen an relativ ontransparent Zuele vun TNS Illres sinn awer d‘Auswäertunge vum lëtzebuergesche Journalismus. Et gëtt probéiert, mat Resultater, déi am Fong guer näischt aussoen, Schlagzeilen ze maachen. An dat ass erschreckend. Mir liewen an der Welt vun „big data“, an och den sougenannten „Data journalism“ gëtt ëmmer méi wichteg. Zuelen, déi eis Liewensrealitéit beschreiwwen ze analyséieren, ze kondenséieren an ze erklären, datt ass eng riiseg Aufgab vum Journalismus an se wäert an Zukunft ëmmer méi wichteg sinn. Et schéngt awer sou, wéi wann dat zu Lëtzebuerg nach net wierklech ukomm wier.

Zum Schluss bleift dann nach de klengen Trouscht, datt Schüler_innen hautdesdaags am Stand sinn, déi schlecht Sécherheetsmoossname vun hire Proffen ze ëmgoen an hinnen sou d‘Examensfroen ze klauen. Mat e bëssi méi Medienkompetenz leieren se dann och, déi Froen net op eng ëffentlech Plattform wéi Instagram ze stellen an iergendwann dann och vläit, eng Statistik richteg ze liesen. D‘Hoffnung bleift also.

Header photo: cc-by-sa Jimee, Jackie, Tom & Asha, toilet photo: cc-by-sa Flavia Brandi.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: