Angscht a Schrecke mat den Noriichten

Net all Woch huet een grousst Evenement, iwwert dat ech mech opreege kéint. Oder een speziellt Thema. Mä all Woch huet Noriichten. Also schwätze mir haut einfach e bëssen iwwert dat, wat sou an de Noriichte war.

Ee grousst Thema waren „Déi Liberal“. Dat ass sou eng politesch Sekt, déi mengt datt et sou mann Staat wéi méiglech sollt ginn. Also am Prinzip sinn dat Leit, déi einfach keng Stéiere wëlle bezuelen an der Meenung sinn, dat mam Sozialsystem géif da schonn iergendwéi klappen. De Staat soll sech just nach ëm d‘Sécherheet këmmeren. Do muss een sech scho Froe stellen. Zum Beispill, ob „Déi Liberal“ wierklech der Meenung sinn, datt een zum Beispill d‘Stroossebauen privatiséiere soll. Well am Fong ass dat jo eng streng stalinistesch Planwirtschaft, wann de Staat decidéiert, wou Stroossen gebaut ginn. Wisou soll dat net de Marché decidéieren? Do, wou vill Leit hifueren, ginn et dann Autobunnen an do, wou kee wunnt muss een entweder einfach iwwert Wiss fueren oder eng Firma dofir bezuelen, datt se engem eng Strooss baut. Et géif sou engem ultra-liberale Staat och just privat Kliniken an Pompjeeë ginn. An ween aarbechtslos géif ginn, géif just Arbeitslosegeld kréien, wann en sech privat dofir verséchert hätt. Dat klengt wierklech no engem wonnerschéinen anarchokapitalistesche Paradäis, wou et jidderengem gutt geet. Also jidderengem, de Frick huet.

„Déi Liberal“ an Refugees

Am Interview mam 100,7 huet den Spriecher vun „Déi Liberal“, den Ex-DP-Member Laurent Heisten dann och erklärt, wéi „Déi Liberal“ mat Flüchtlingen ëmgoe géife. Lëtzebuerg sollt einfach déi Flüchtlingen invitéieren, déi finanziell op eegene Féiss géife stoen. Ma Laurent, dat mécht Lëtzebuerg dach scho laang: Sou vill Stéierflüchtlingen wéi Lëtzebuerg hëlt soss kee Land an Europa op!
Op Facebook huet den Här Heisten seng Aussoe vun dem Interview dann e bëssi revidéiert a gemengt, et géif dorëms goen, datt déi Flüchtlingen, déi an den Aarbechtsmarché integréiert kéinte ginn, fir d‘éischt sollte kommen. Gläichzäiteg sollten d‘Asylprozedure méi kuerz ginn.

Dat ass genee de Problem mam Liberalismus. Liberaler hunn sou een magescht Rezept fir alles: Manner Stéieren an manner Bürokratie. Just: Wéi fënnt een raus, wat fir en Flüchtling „finanziell op eegene Féiss“ steet an mécht eng Asylprozedur gläichzäiteg méi séier? Den Här Heisten wëll dach net ieren een fette Staat mat méi Beamte fir déi Prozedure méi séier ze maachen? Do muss wierklech eng liberal Magie dohannert stiechen!
En plus huet d‘Asylprozedur iwwerhaapt näischt mat mam Aarbechtsmarché ze dinn. D‘Recht op Asyl ass dovunner ofhängeg, op een a senger Heemecht verfollegt gëtt oder net. A vu soss näischt. Wann een d‘Recht op Asyl vun ökonomesche Faktoren ofhängeg mécht, also just nach Mënschen ophëlt, déi nëtzlech fir de Staat sinn, ass een immens no um Faschismus, dee Leit an liewenswäert an net-liewenswäert andeelt. An do so nach een, et géif just Extremismus vu lénks oder riets ginn.

Wéivill Leit brauch et fir eng „Grossdemonstration“?

Nach sinn „déi Liberal“ een komesche Club, dee leider vill ze vill Opmierksamkeet vun de Medie kritt, obwuel een en eigentlech net sou serieux misst huelen. Nach hu mir een Sozialstaat, mä dee funktionéiert net ëmmer sou immens. Zum Beispill fir d‘Leit aus dem Sozialsecteur, déi endlech gären eng Opwäertung vun hire Carrièren hätten. Et ass interessant, wéi d‘Medien op déi grouss Manif, déi de Samschden an der Staat gelaf ass, reagéiert hunn. 9.000 Leit sollen op d‘Strooss gaange sinn, sou steet dat och bei RTL an dem Tageblatt. Witzegerwéis ass d‘Luxemburger Wort déi eenzeg Zeitung, déi sech op déi offiziell Zuel vun der Police, déi just vun 6.500 Leit schwätzt, berifft. Mä d‘Wort ass awer och déi eenzeg Zeitung, déi vun enger „Grossdemonstration“ schreift. Domadder wësse mir lo och, ab wéi enger Zuel dat Wuert ze gebrauchen ass. Meng perséinlech Theorie ass iwwregens, datt sech d‘Police ëmmer un deenen Zuelen orientéiert, déi offiziell op eng Plaz passen. Well wa méi Leit op eng Plaz wieren, wéi do wéinst Sécherheetsbedenke stoen dierften, hätt d‘Police jo eppes maache missten. Mä vläit kënnen d‘Leit bei der Police och net sou gutt zielen. Oder ziele just am Ufank vu Maniffen, wou nach net sou vill Leit op der Plaz sinn.

D’ADR an hiren sexisteschen Extremismus

Och de Staatsrot ass mol erëm an de Noriichten. Obwuel bal kee weess, wat deen eigentlech genee mécht. Mä d‘ADR sollt lo een Member an de Staatsrot kréien. Mir erënneren eis: Eigentlech huet de Staatsrot näischt mat Parteien ze dinn, mä et huet sech sou een System agefouert, datt déi no an no un d‘Réi kommen an lo hat d‘Regierung gemengt, der ADR sou een Poste ginn ze mussen. D‘ADR huet hire Generalsekretär Alex Penning virgeschloen. Dat huet der Regierung awer net gepasst, well d‘Regierung gären – am Sënn vun engem méi ausgewogenen Geschlechterverhältnis am Staatsrot – eng Fra gehat hätt. D‘ADR nennt dat „feministeschen Extremismus“. Am Staatsrot dierften nämlech just „Kompetenzen a Qualifikatiounen“ zielen, ouni Rücksicht op d‘Geschlecht. Do freet sech dann, wisou eisen Ierfgroussherzog am Staatsrot setzt. An et freet sech dann och, wisou just fënnef vun 21 Membere vum Staatsrot Frae sinn. Well ausser der ADR ka jo wierklech keen der Meenung sinn, datt et sou vill manner qualifizéiert Frae gëtt. Männer hunn an eiser Geschlecht eben een Kompetenz-Bonus, an dee Bias probéiert eng Quotereegelung auszehiewelen.

Nationbranding-Noriichten: eng néi Lück fir Konzerner!

Eng läscht Nouvelle dann nach: d‘SNCH, also „d‘Société Nationale de Certification et d’Homologation“ huet zwee Autotypen zu Lëtzebuerg zougelooss, déi vill ze héich Ofgaswäerter hunn. Déi zwee Autoe sinn de Ford C-Max II an de Porsche Makan. De Ford bléist sechs mol méi Stéckoxiden an d‘Loft wéi erlaabt sinn, de Porsche esouguer zéng Mol sou vill. Stéckoxider sinn iwwregens deelweis direkt gëfteg an féieren zur Bildung vun buedemnoen Ozon, deen alles anescht wéi gesond ass. D‘ONG „Transport and Environment“ behaapt, datt Autoen dacks iwwer Lëtzebuerg zougelooss géife ginn. Déi Zouloossung gëllt da fir déi ganz EU. Eng wonnerbar Niche also, déi d‘SNCH do fonnt huet! Lo kënne Firmen net nëmme fir ganz Europa bal keng Stéiere zu Lëtzebuerg bezuelen, mä och nach hir gesondheetsschiedegend Autoen zu Lëtzebuerg zouloosse loossen – a genee wéi bei de Steieren drécke mir dann ëfters mol een Aen zou. Wonnerbar! Endlech mécht mol erëm een eppes fir de Nationbranding!