Angscht a Schrecke mat der Natioun

Et ass alt nees esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach.

D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert ginn sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, mä zu Lëtzebuerg ass dat net sou. Nieft der Monarchie, dem Kachkéis an eben der lëtzebuergescher Sprooch ass net sou vill do, wat unique fir de Grand-Duché wier.

Zu Zäite vu grousse Futtball-Meeschterschafte bei den Häre wéi aktuell d‘Männer-Futtball-Europameeschterschaft ass dat ganzt nach méi batter. Eis net-lëtzebuergesch Noperen hänken hir Fändele raus, verkleeden sech an de Nationalfaarwen an féieren hir Victoiren. Mir Lëtzebuerger_innen hunn do just den 23. Juni an d‘Gefill, „eis“ géif iergendeppes ewechgeholl ginn. Op mannst léisst sech dat aus diverse Postings an de sozialen Netzwierker erausliesen. Et gesäit also sou aus, wéi wann de Nationalismus zu Lëtzebuerg géif klammen, wat een eventuell och aus dem Resultat vum leschte Referendum vu virun e bëssi méi wéi engem Joer kéint erausliesen.

Nationalt Iessen an der Kantine?

Och eng aktuell Petitioun un d‘Chamber appeléiert un d‘Nationalbewosstsinn vun de Lëtzebuerger_innen. An der Petitioun Nummer 668 fuerderen eng Rëtsch Bauereverbänn, datt an de Kantinne vun ëffentlechen Institutioune wéi Crèchen, Schoulen, Kliniken an Altersheemer à preference lëtzebuergesch Produite preparéiert sollte ginn. D‘Lëtzebuerger Wort titelt dozou „Heimatliebe am Mittagstisch“. An der Petitioun gëtt ënnert anerem mat economesche Facteuren argumentéiert, déi sécherlech richteg sinn. D‘Landwirtschaft, déi zu Lëtzebuerg zu engem ganz groussen Deel op der Produktioun vu Fleesch an Mëllech baséiert, ass an enger Krisensituatioun an erhofft sech duerch dës Petitioun neien Opwand. Argumentéiert gëtt awer och mat dem Argument, national Produiten ze benotze wier méi nohalteg an géif manner Zäregase verursaachen.

Dat klengt zwar als éischt logesch, mä wann een sech d‘Saach méi genee ukuckt, ass et dat net onbedéngt. Als éischt ass Lëtzebuerg een zwar een relativ klengt Land, mä d‘Weeër iwwert Grenz kéinten trotzdem méi kuerz sinn. Dat heescht, et gi sécherlech Uertschaften, wou d‘Geméis vun der anerer Säit vun der Grenz méi nohalteg op de Kichendësch komme wéi dat vun der anerer Säit vum Land.

Regional ass net ëmmer am nohaltegsten!

En plus muss een bedenken, datt mir drun gewinnt sinn, déi meescht Liewensmëttel dat ganzt Joer iwwer ze genéissen. Wann een zum Beispill gären am Wanter Äppel géif iessen, da mussen déi an der Reegel gekillt ginn. Dat kascht Energie, zousätzlech ginn et awer ëmmer Verloschter, sou datt Äppel schlecht ginn. Forscher_innen aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn festgestallt, datt et am Wanter méi ökologesch nohalteg ass, Äppel aus Neiséiland ze iesse wéi regionaler, déi gekillt gi sinn. An sou huet all Liewensmëttel säi ganz eegenen ökologesche Rucksak, deen een ausrechne misst an fir deen et keng graff Reegele ka ginn.

Et muss een dobäi och soen, datt déi lëtzebuergesch Landwirtschaft zu engem groussen Deel op d‘Produktioun vu Fleesch a Mëllech ausgeriicht ass. Déi Produiten hunn géigeniwwer vu planzleche Produite wéi Geméis oder Kären, déi Mënschen direkt iessen, ëmmer eng méi schlecht ökologesch Bilanz. Et brauch een einfach vill méi Energie a Waasser fir een Kilo Fleesch ze maache wéi fir een Kilo Brout. Sou muss een sech d‘Fro stellen, op bei der Petitioun vun de Bauereverbänn net éischter un relativ irrational national Gefiller appeléiert sollt ginn amplaz un rational Argumenter.

Féiert Partypatriotismus zu Friemefeindlechkeet?

An lo froen sech sécher e puer Leit: Ass et da net „normal“, säi Land gären ze hunn? An ginn et net Ënnerscheeder zwëschen engem aggressiven Nationalismus an engem harmlose bis gesonde Patriotismus? Et gesäit net sou aus. An enger Laangzäitstudie vun der Universität Marburg ass erauskomm, datt nationalistesch Astellungen zu enger méi héijer Friemefeindlechkeet féieren. Et géif och kee positiven „Partypatriotismus“ ginn, mä och dee géif zu méi Nationalismus an domadder och méi Friemefeindlechkeet féieren, sou d‘Fuerscher_innen. Wat allerdéngs géif hëllefen, wier een staarke Glawen un demokratesch Strukturen.

Immens also, datt mir déi lëtzebuergesch Natioun net nëmmen um Kichendësch verdeedegen, mä den 23. Juni och gemeinsam mat eiser Monarchie féieren. Wat kéint do scho schif goen?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *