Angscht a Schrecken mam Ofdreiwungsverbuet a Polen

Wou sinn déi selwerernannten Fraerechtler, wann et ëm d‘Ofdreiwungsverbuet a Polen geet?

A Polen gouf an der leschter Woch een bal komplett Verbuet vun Ofdreiwungen an éischter Liesung am Parlament beschloss. Ofdreiwungen sollen also bis am Fall vun extremer Liewensgefor fir d‘Mamm komplett verbuede ginn. Bis virdrun waren Ofdreiwungen a Polen just bei Gefor fir d‘Liewen oder d‘Gesondheet vun der Mamm, schwéier oder onheelbar Krankheeten vum Fötus, Vergewaltegung oder Inzest erlaabt. Domadder hat Polen gemeinsam mat Irland an Malta eent vun de restriktiivsten Ofdreiwungsgesetzer an Europa.

Elo soll also e Komplettverbuet kommen. Dat géif heeschen, datt Fraen a Polen gezwonge sinn, d‘Kand vun hirem Vergewalteger auszedroen oder fënnef Joer Prisong riskéieren. Déi Prisongsstrof géif och fir de Dokter gëllen. D‘Gesetz ass vun enger Bierger*inneninitativ ausgaangen, déi massiv vun der kathoulescher Kierch a Polen gedroe ginn ass. Déi polnesch Bëschofskonferenz huet beim Start vun der Initiativ an hire Kierchen een „Hierdebréif“ virliese gelooss, deen massiv géint d‘Ofdreiwung gewiedert huet. Déi riets-konservativ PiS-Partei, déi aktuell a Polen um Rudder ass, huet sech hannert d‘Initativ gestallt. Obwuel se versprach hat, keng Bierger*inneninitiativ méi ze ignoréieren, ass mam Projet vun der Grupp „Rette mir d‘Fraen!“, deen sech fir eng Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz agesat huet, genee dat geschitt.

En weideren Gesetzprojet soll dann och nach déi sougenannt „Pëll duerno“ verbidden. Déi reproduktiv Rechter vu Fraen – an allgemeng Leit mat enger Vulva an engem Uterus – ginn domadder quasi komplett ofgeschaaft. Haut Méinden, den 3. Oktober, wäerten a ganz Polen Fraen schwaarz Kleedung undinn an géint d‘Gesetz streiken. Op een Fraestreik a Polen eppes bewierke kann, oder ob déi kathoulesch Politiker*innen hir extremistesch Moralvirstellungen duerchsetze kënnen, ass nach ongewëss. 

Wann d‘Fraerechter (an déi vu soss Leit mat engem Uterus) sou mat Féiss getrëppelt ginn, missten dach e puer Leit och ze héiere sinn. Also déi, déi de ganzen Summer soss näischt ze dinn haten, déi géint de Burka respektiv de Burkini Stëmmung ze maachen an Verbueter ze fuerderen. Wou sinn se dann elo, zum Beispill de Laurent Mosar, de Fernand Kartheiser, de Claude Haagen an all déi aner grouss Kämpfer fir d‘Fraerechter, déi sou haart jäizen, wann se hire Rassismus als d‘Verdeedegung vun europäesche Wäerter verkafe kënnen?

Bon, beim Fernand Kartheiser, deen als extremisteschen Katholik jo souguer de Poopst ze lénks fënnt, wonnert et wahrscheinlech keen*t, datt hien absolut géint Ofdreiwungen ass an wahrscheinlech souguer dat polnescht Gesetz nach ze progressiv fënnt. Hien huet an deene leschten Deeg op sengem Facebookprofil aktiv géint Ofdreiwungen lobbyéiert. Och beim Laurent Mosar war am Fong schonn ëmmer kloer, datt et him ni ëm Fraerechter gaangen ass, mä dat hien just op der rassistescher Anti-Islam-Well matschwamme wollt. An beim Claude Haagen? Deen ass an der LSAP, do wonnert een*t sech souwisou iwwer guer näischt méi.

Wat wéisst eis dat? Datt sech konservativ Politiker*innen gären progressiv Gedanken op hir Fändelen schreiwen, fir hir diskriminéierend Politik ze verkafen. A wann dann am Häerz vun Europa d‘Rechter vun Fraen a anere Leit mat Uterus mat Féiss getrëppelt ginn, kréien se de Back net op oder applaudéieren nach.

Et ass fir ze katzen.

Mä vläicht ass et och gutt, wann doduerch déi rassistesch Intentiounen vun Discoursen wéi deen ronderëm d‘Burka ganz kloer opgedeckt ginn: Et ass deene Leit nämlech ni ëm Fraerechter gaangen.