Angscht a Schrecken am Joer 2016

Elo ass et endlech eriwwer, datt schrecklecht Joer 2016. Egal, wéi et fir een*t perséinlech war, um internationalen Niveau war 2016 sécherlech alles aneres wéi erfreelech. Elo kann een natierlech soen, datt déi Meenung vläicht virun allem dovunner gepräägt ass, datt eis vill Prominenter an Kënschtler*innen fir ëmmer verlooss hunn. Den Doud ass nun emol een Deel vum Liewen an et ass och iergendwéi normal, datt Leit vun enger bestëmmter Generatioun op een Mol stierwen. Mä och ouni all déi – sécherlech tragesch – Doudeger war 2016 keen gutt Joer.

Zu Lëtzebuerg si mir mat der Meldung gestart, datt am Trifolion den Thilo Sarrazin géif optrieden. Den Sarrazin ass net einfach just ee Mënsch mat enger kontroversieller Meenung, mä een ausgemaachten Rassist, deen seng Theorien pseudowëssenschaftlech ze hannerleeë versicht. Wisou een ëffentlecht Kulturzentrum esou engem Mënsch onwiddersprach eng Bühn muss bidden, an dat och nach ouni kritesch Froen zouzeloossen, dat ass fir mech wierklech net ze verstoen. Datt et antifaschistschen Protest gouf, ass nëmmen normal an ze begréissen. Wéi medial mat dem ëmgaangen ass, war och Inhalt vun enger Episod.

Bei Angscht a Schrecken hunn mir eis dunn mam Schoulsystem befaasst, an mir sollten mat eiser Feststellung, datt et eng enorm krass Segregatioun vun lëtzebuergeschen an net-lëtzebuergeschen Schüler*innen géif ginn, Recht behalen, wéi d’Resultater vun der rezentster PISA-Etude gewisen hunn.

Refugees waren am Fong dat ganzt Joer an der Aktualitéit – datt sech Leit iwwert eng Aktioun mat Kartongshäzer opgereegt hunn, huet gewisen, datt vill “Lëtzeboier” mol net een Häerz aus Kartong hunn, wann et ëm Leit a Nout geet. Wéi wichteg et ass, vir Leit a Nout opzehuelen, huet 2016 ëmmer erëm gewisen. Grad zum Schluss vum Joer, wéi d’Schluecht ëm Aleppo ouni Récksiicht op zivil Affer op een Enn bruecht ginn ass. Ëmsou méi fir ze schummen, datt féierend Politiker*innen vun der CSV keen Problem hunn, géint Refugees ze hetzen an nach méi fir ze schummen, datt eis “progressiv” Regierung Leit an d’Kirchsgebidd Afghanistan expulséiere wëll.

Lëtzebuergesch, Mobilitéit an d’Steierparadäis

Och mat der lëtzebuergesch Sprooch hu mir eis an der dëser Rubrik befaasst – an vill Argumenter, déi an der berühmt-berüchtegter Petitioun benotzt gi sinn, hate mir schonn um Enn vum Februar widderluecht. Leider ass dës Diskussioun esou emotional, datt Argumenter dacks näischt bréngen. Wann d’Argument ass “Um Kierchbierg héiert een keen Lëtzebuergesch méi”, freet een*t sech och, ob domadder de grousse Kino um Kierchbierg gemengt ass oder tatsächlech de Geschäfter a Bistroen an dem Quartier.

D’Mobilitéit war och een grousst Thema, dat ech an e puer Episoden behandelt hunn, eng Kéier méi generell, eng Kéier speziell iwwert déi béis Radaren, déi eis all d’Suen aus der Täsch zéien. Witzeg waren och d’Online-Diskussiounen zu dem Thema, wou allerlee Verschwörungstheorien iwwert Tachoen an Radaren ronderëm gegeeschtert sinn, déi wéineg mat der Realitéit ze dinn haten.  D‘Steierparadäis Lëtzebuerg ass och an e puer Episoden virkomm, no de PanamaLeaks an beim Luxleaks-Prozess, deen Antikapitalismus virun Geriicht gestallt hat. Hei ass dat läscht Wuert nach net geschwat, mä et wéisst sech ëmmer méi, datt de Grand-Duché net aus senger Rôle eraus kënnt.

Aner Themen, déi an dësem Podcast dat läscht Joer virkomm sinn, war d’Jugend an de Generatiounekonflikt. Elo wäert ech dëst Joer 30 Joer aal ginn, an dach fillen ech mech nach ëmmer net erwuessen an froe mech, ob ech dat je maach wäert. Dat läit net dorunner, datt ech gären Pokémon Go spillen a mir net blöd dobäi virkommen, mä éischter dorunner, datt ech net eescht geholl ginn vun der Generatioun vun de “Babyboomer” an der “Generation X”, déi eis d’Zukunft verbaut hunn an sech elo froen, wisou mir sou negativ agestallt sinn.

Eng gutt Noriicht

Zu gudder Läscht gouf et dann awer och eng gutt Noriicht: d’Fro, wou d‘Éislek ufänkt, konnt endlech gekläert ginn. Déi Episod ass net nëmmen mat Ofstand déi, déi am meeschten erofgeluede gouf, mä huet et och als Artikel an d’Zäitschrëft “Forum” gepackt.

Et sollt een bei all dem Angscht a Schrecken awer net vergiessen, datt och e puer gutt Saachen geschitt sinn. Wat déi genee waren, iwwerloossen ech iech, fir iech auszedenken …