Déi, déi eis Misär maachen

Zu Koblenz hunn sech dëse Weekend Rietspopulist*innen aus ganz Europa getraff. Op hirem Kongress hunn si sech duerch d‘Wiel vum Donald Trump bestätegt gefillt an hire Bestriewunge fir een Europa „vun de Natiounen“. Si mengen domadder natierlech een Europa vun de Grenzen, dat op Refugees schäisst an ee kale Fuerz op Mënscherechter gëtt. Een Europa, an dem Ofdreiwunge verbuede sinn, an dem Schwuler a Bisexueller keng Rechter hunn an een Europa, an dem an all Land eng eenzeg Sprooch geschwat gëtt. Eng Horrorvirstellung, wann de Front National, Vlaams Belang, FPÖ, AfD a Konsorte géifen un d‘Muecht kommen.

Zu Lëtzebuerg hunn sech zwee Regierungspolitiker*innen zu Wuert gemellt. Engersäits den Aarbechtsminister Nicolas Schmit vun der LSAP, deen der Meenung ass, et misst een eis „Awanderungs- an Asylpolitik“ iwwerdenken. Hien huet dann och implizit gefuerdert, déi europäesch Baussegrenze méi staark zou ze maachen, fir datt déi europäesch Reesfräiheet fir d‘Europäer*inne kéint bestoe bleiwen. Dat wier zwar deier, mä et mir kéinte „déi Leit“ jo net all ophuelen.

Et ass fir ze katzen.

De Nicolas Schmit vermëscht mat voller Absicht Migratioun mat Asyl. Dat ass eppes, wat déi Riets – op een se elo „Populist*innen“, „Extrem“ oder „Radikal“ nennt, immens gäre maachen. Leit, déi Asyl froen, Leit déi Schutz viru Krich froen, ginn als „Migratioun“ gelabelt. Dat maachen se, well „Migratioun“ u sech schonn net immens gutt klengt an een dann och ganz liicht vun enger „Invasioun“ fabuléiere kann. De Nicolas Schmit géif och gären Asylprozeduere schonn an den Heemeschtlänner vu potentielle Refugees duerchféieren. D‘Fro, wéi dat praktesch sollt ausgesinn, huet hien sech wahrscheinlech net gestalt, mä ech wënschen him vill Spaass dobäi, mam Assad oder soss engem Dikator iwwert ee lëtzebuergeschen Asyl-Büro an hirem Land ze verhandelen. Och déi komesch Iddi, datt Sue fir dausende Kilometer Mauer fir Leit ofzehale besser ugeluechtend Geld wier, wéi deene Leit wierklech ze hëllefen, muss ech mengen ech net weider kommentéieren. „Mir mussen eis europäesche Baussegrenze schützen“ ass „I‘m going to build a wall“, just méi fein ausgedréckt. An bei eis bezillt ebe net Mexiko, mä déi Leit, déi hiert Liewen dowéinst loossen. D‘läscht Joer sinn iwwregens iwwer 5000 Leit eleng am Mëttelmier gestuerwen. Dat sinn der bal 14 Stéck all Dag. 14 Mënschen, déi all Dag stierwen, well mir léiwer iwwer d‘Sécherung vun eise Baussegrenze schwätze wéi déi Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten, ze retten.

Déi zweet Regierungspolitikerin, déi sech zum Thema Refugees gemellt huet, war d‘Integratiounsministesch Corinne Cahen vun der DP. Si huet dat lei gesot:

Déi reesen einfach emol vu Land zu Land. Dat si Leit aus Albanien, Algerien, Tunesien, aus dem Marokko, aus der Tierkei, souguer aus dem Kosovo. Iwwerall Länner, wou et de Leit vläicht net esou gutt geet, mä wou sécher am Moment kee Krich ass. Déi och iwwerhaapt keng Chance hunn, fir kënnen heizebleiwen. An do musse mer als Europa virun allem kucken, datt mer eis elo emol endlech an Europa och d’Moyene ginn, fir dat déi Leit et iwwerhaapt net mi bis heihinner packen. Well et sinn am Fong déi, déi eis Misär maachen, net nëmmen zu Lëtzebuerg.

Et ass fir ze katzen.

Et ass éischtens emol onheemlech krass, datt eng Persoun mat lëtzebuergeschem Pass, déi zousätzlech als Ministesch iwwerhaapt keng Problemer huet, iergendwou hinzereessen, vu Leit aus Albanien, Algerien, Tunesien, Marokko an dem Kosovo sou schwätzt wéi wann déi aus Spaass géifen duerch Europa reesen op der Sich no enger Zukunft. Et ass och lächerlech, datt d‘Ministesch anscheinend net weess – oder wëssentlech ignoréiert – datt et an deene Länner, déi si opzielt, ëmmer erëm zu Mënscherechtsverletzunge kënnt. Homosexualitéit ass am Marokko zum Beispill einfach verbueden. An der Tierkei ginn et grad massiv Verhaftungswelle géint Oppositioneller, déi kurdesch Minoritéit gëtt net nëmmen ënnerdréckt mä och bekricht – fir d‘Madame Cahen sinn dat anscheinend alles keng Grënn fir Asyl ze kréien. Och si wëll, datt „déi Leit et iwwerhaapt net méi bis heihinner packen“, also am Fong och „I‘m going to build a wall“. Et ass egal, ob et tatsächlech ëm eng Mauer oder ënnert Gimmete „just“ ëm méi Frontex-Zaldote geet – si wëll Leit dovunner ofhalen, an Europa ze kommen an et ass hir anscheinend egal, ob déi ee legitimmen Asylgrond hunn kéinten.
Natierlech ginn et och ënnert Refugees schlecht Mënschen an natierlech wäert net all Persoun, déi hiert Gléck an Westeuropa versiche wëll, een Asylgrond hunn. Mä sollt eis dës Erkenntnis wierklech dovunner ofbréngen, ganz basic Mënscherechter ze verteidegen an eis géint eng Virverurtdeelung vun all deene Leit ze wieren?

Wien eis wierklech Misär mécht

Wësst dir, wien eis nämlech wierklech Misär mécht?
Et si Politiker*inne wéi d‘Corinne Cahen an de Nicolas Schmit. Politiker*innen, déi – obwuel se et besser wësse – d‘Matiere vun der Migratioun an vum Asyl matnee verméchen. Politiker*innen, déi substitäre Schutz viru Krich als „Asyl“ bezeechnen, well se vun deenen aneren Asylgrënn näischt wësse wëllen. Misär maachen eis Leit wéi d‘Corinne Cahen an de Nicolas Schmit, déi d‘Dir no riets wäit op maachen an probéieren, sou op Stëmmefang am rietsen a rassistesche Lager ze goen. Si normaliséieren een nationalisteschen Discours, si de-humaniséiere Refugees an si bidden um Enn iwwerhaapt keng Léisungen ausser „I‘m going to build a wall“.

Zu Koblenz gouf et dëse Weekend och Protester géint dat rietst Vernetzungstreffen. Ënnert den Demonstrante war och eisen Ausseminister. Et schéngt awer, wéi wann hien deemnächst och am Regierungsrot protestéiere misst. Mä vläicht ass dat fir d‘LSAP och just Taktik. De Minister Schmit mécht d‘Dir no riets op, während de Minister Asselborn Signaler un de lénke Fligel schéckt. Am Endeffekt bléift just eng Regierung, déi sech net eendeiteg fir Mënscherechter ausschwätze kann, well se léiwer um rietse Bord no Stëmme fëscht.

Quellen:
Corinne Cahen op RTL.lu.
Nicolas Schmit op Wort.lu
D’Doudeger am Mëttelmier

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: