Angscht a Schrecken mat der Loftqualitéit

Dir hutt et sécher héieren: Nach ni sinn esou schlëmm Loftwäerter zu Lëtzebuerg gemooss ginn! Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten? Am Verglach mat Groussstied am europäeschen Ausland sinn d’Wäerter vum Réngstëbs (“Feinstaub” oder PM10) zu Lëtzebuerg net esou schlëmm. Et ass awer net nëmmen de Stëbs, deen bei der Loftqualitéit zielt.

Esou nei ass dat ganzt allerdéngs och net: D’Limite vun 50 µg/m³ an der Dagesmoyenne ass och schonn an der Vergaangenheet iwwerschratt ginn, zum Beispill den 18. März 2016 op der Miessstatioun Bouneweg, oder den 9. Dezember 2016, wou zu Esch souguer 64 µg/m³ am Dagesmëttel gemooss gi sinn. Enn Mäerz 2015 gouf et eng Episod, wou d‘Limite e puer Deeg hannerteneen iwwerschratt ginn sinn.

Loftqualitéit: Screenshot vun Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)
Screenshot vun der Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)

Leider ass den Site emwelt.lu, wou een sech d‘Donnéeë vun de Moossstatiounen kann ukucken, net immens séier an huet éischter Problemer, fir längerfristeg Donnéeën ze weisen. Dofir ass et schwéier, erauszefannen wéi d’Situatioun soss war. Leider kann een*t sech déi wichteg Donnéeën och net einfach als Excel eroflueden (et kéint jo nach een*t op d’Iddi kommen, eppes Sënnvolles domadder ze maachen!). Den Open Data-Site data.public.lu huet zwar zanter haut e puer Excels-Fichiern mat Loftwäerter vum September 2016. Dat ass vläicht eréischt den Ufank, mä een konsequenten Monitoring vun der Situatioun gesäit anescht aus.

Véier Moossstatiounen ginn et laut Emwelt.lu, dovunner zwou an der Stad, eng zu Esch an eng zu … Beidweiler. Am Norden vum Land gëtt et also keng offiziell Moossstatioun, an och am bevëlkerungsräiche Süden gëtt et just zu Esch eng. Et stellt sech also d‘Fro, ob et net méi där Moossstatiounen misst ginn an ob de System, fir déi Donnéeën ze publizéieren, vläicht net och iwwerschafft misst ginn, fir de Public éischter ze warnen.

Loftqualitéit: Stéckoxider iwwerschreidden d’Limiten

Dir erënnert iech vläicht vun den Dieselofgasskandal, wou d‘Automobilsfabrikant*innen bei den Ofgastester gefuddelt hunn. Do ass et virun allem ëm Stéckoxider gaangen, déi als NOx zesummegefaasst ginn. D‘Stad Lëtzebuerg huet eng eegen semi-mobil Moossstatioun, mat där Stéckstoffdioxid gemooss ka ginn. Op hirem Internetsite huet d‘Stad e puer Bulletinen zur Loftqualitéit verëffentlecht. Net immens detailléiert, mä eng Iwwersiicht iwwert Joren 2013 bis 2015. 2016 sollt dann all Mount e Bilan verëffentlecht ginn, dat ass awer just bis Mäerz geschitt. Eventuell ass och net méi weider gemooss ginn, well d‘Moossstatioun technesch Problemer hat. An der Stad sinn 2013 bis 2015 déi jäerlech Grenzwäerter fir de Stéckstoffdioxid all Joer iwwerschratt ginn an och am leschten Mäerz war d‘Schätzung, datt dat 2016 géif geschéien. D‘Loftqualitéit war also an dësem Punkt ni besonnesch gutt an hei ass den Verkéier een vun den Haaptverantwortlechen. Stéckoxider sinn och Virleefer vum buedemnoen Ozon, deen och extrem gesondheetsschiedlech fir de Mënsch ass.

Mir gesinn also: eng liberal-gréng Regierung, egal op um nationalen oder um kommunale Plang, huet wéineg Interêt dorunner, eppes fir d‘Loftqualitéit ze maachen. Et feelen engersäits kohärent an och längerfristeg Donnéeën, anerersäits awer konkret Mesuren. Un Ëmweltzonen gëtt zu Lëtzebuerg nach guer net geduecht, een Dieselverbued huet d‘Ëmweltministesch strikt ofgelehnt. An mat deene villen Autobunnen an Turbo-Rond-Pointen déi an der läscht opgaange sinn, wäert d’Loftqualitéit allerdéngs net besser ginn. Dat néidegt Ëmdenken, dat eis op méi nohalteg Formen vun Transport wéi ëffentlechen Transport, Zufoussgoen a Vëlo bréngt, kënnt duerch esou Infrastrukturmoossnahmen och net. Freet iech also op Krankheeten wéi Asthma, Mëttelouerentzündungen, Schied um Nervensystem, Impotenz, Longekriibs an Häerzinfarkter!

Iwwregens sollt d’Limite vum Réngstëbs 2010 op siwen Iwwerschreidungen am Joer vun 20 µg/m³ erofgesat ginn. Den Wäert géif Lëtzebuerg haut bal all Dag iwwerschreiden. Zum Gléck huet déi béis béis EU et sech anescht iwwerluecht. Natierlech kéint Lëtzebuerg och selwer méi streng Wäerter virginn, mä wisou sollt et? Et ass jo net esou, wéi wann d’WHO géif virschloen, den Joeresmëttel fir PM10 op 20 µg/m³ ze setzen …

Quellen:

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: