Doubel sou grouss wéi Lëtzebuerg

Wou waart dir den 12. Juli 2017 a wat hutt dir do gemaach? Dir hutt Chance, well dat war – wann dir dëse Podcast um Dag vu senger éischter Ausstralung lauschtert – leschte Mëttwoch. Ee grousst Stéck vum „Larsen C“-Äisschelf an der Antarktis ass ofgebrach. Doduerch ass een vun deene gréissten Äisbierger iwwerhaapt entstanen. Een Äisbierg, deen duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg ass. Ech soen et nach eng Kéier, well et schwéier ass, sech dat visuell virzestellen: Um Südpol ass d‘lescht Woch een Stéck Äis ofgebrach, dat 350 Meter déck ass. An eng Surface huet, déi duebel sou grouss wéi de Grand-Duché Lëtzebuerg ass.

An am Fong misst de leschte Mëttwoch een Datum wéi den 11. September 2001 sinn. Do kann sech all Mënsch erënneren, wat en gemaach huet, wéi d‘Noriicht vum Terroruschlag zu New York koum. Den 12. Juli 2017 wäert wahrscheinlech net esou an dat kollektiv Gediechtnes agoen. Dir wësst natierlech, wouropper ech eraus wëll: de Klimawandel. Vläicht ass dat Stéck vum Larsen C-Äisschelf, dat elo een Äisbierg ass, guer keen esou een gutt Symbol fir den Klimawandel, well mir net emol genee wëssen, ob et wierklech um Klimawandel läit, datt dat Stéck ofgebrach ass, oder ob et einfach een Deel vum natierleche Prozess vum Gletscher an Äisschelf ass. Ee besseren Unhaltspunkt wier den Undeel vum Kuelendioxid an der Atmosphär, méi genee den Zäitpunkt wou deen d‘Mark vu 400 ppm iwwerschratt huet. ppm heescht „parts per Million“, also den Milliounstel Deel. D‘symbolesch Mark vu 400 ppm Kuelendioxid am globale Mëttel ass iergendwann am Mäerz 2015 erreecht ginn. Wësst dir nach, wat dir am Mäerz 2015 gemaach hutt?

Was ass de Klimawandel?

Et ass am Fong och ganz egal. Datt et kee kollektiven Trauma-Dag fir de Klimawandel gëtt, läit an der Natur vun der Saach. Fir dat jidderee*nt matschwätze kann, resuméieren ech nach eng Kéier, wourëms et geet. Mir stousse sougenannten Zäregase wéi CO2 oder Methan aus. Déi bleiwen an der Atmosphär. D‘Sonnestrale kommen op d‘Äerd an ginn do zum Deel reflektéiert. Iert se zeréck an de Weltraum kënnen, muss se awer laanscht d‘Zäregasen. Déi suergen dofir, datt dee laangwellegen Deel vun de Sonnestralen, d‘Wäermestralung, an der Atmosphär gefaange bleiwen. Doduerch gëtt et lues a lues méi waarm.

An et dauert eben, bis d‘Äerd sech erwiermt, mä si mécht dat bestänneg. An och wann et no mënschleche Perspektiven ausgesäit, wéi wann sech bal näischt géif änneren, sou ass d‘Erwiermung, déi mir grad erliewen, op klimatologescher a geologescher Skala enorm séier. Et gëtt haut keng Zweiwel méi, datt de Klimawandel duerch de Mënsch gemaach ass. An d‘Konsequenze sinn duerchaus krass, och wann dir dat vläicht net mengt. Egal, wat mir nach maachen, et sinn elo schonn sou vill Zäregasen an der Loft, datt bis un d‘Enn vum Joerhonnert verschidde Stied un de Küsten net méi bewunnbar wäerte sinn. An net nëmmen dat: Wa mir esou weider maache wéi bis elo wäerte verschidde Regioune vun der Äerd esou waarm sinn, datt et fir Mënsche physesch onméiglech wäert sinn, do ze liewen. D‘Versuergung mat Liewensmëttel wäert – och a Regioune mat haut „gemässegtem“ Klima – een risegroussen Defi duerstellen. Wa mir sou weider maache wéi bis elo, wäert bis un d‘Enn vum Joerhonnert esou vill CO2 an der Loft sinn, datt déi kognitiv Fäegkeete vum mënschleche Gehir ëm 20 Prozent zeréckgoe wäert. D‘Zil vun zwee Grad Erwiermung am globale Mëttel ass kee gutt Zil, dat d‘Äerd an dem Zoustand léisst wéi mir se kennen. Et ass dat läscht Stoppschëld virum Ofgrond, een wuertwiertlechen „Point of no Return“, no deem d‘Auswierkungen esou katastrophal sinn, datt wahrscheinlech e groussen Deel vun der Populatioun einfach géif stierwen. Fir et méi graff auszedrécken: Am Fong ass et scho geschass, mä déi zwee Grad sinn den absolute Maximum, deen dierft erreecht ginn, fir datt net alles d‘Schäissbaach erof geet. Mä dat gesi mir eben net esou gutt. An dofir ass et vläicht gutt, sech den 12. Juli 2017, den Dag wou een Äisbierg duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg vum Südpol ofgebrach ass, ze mierken. Als Symbol.

Wat huet dat alles mat eis ze dinn? Lëtzebuerg huet proportional gesinn een immens groussen Undeel dorunner. Mir hunn déi héchsten Zäregas-Emissioune pro Kapp an Europa. Wann een all d‘Zäregasemissiounen an der Geschicht zesummerechent, hunn mir weltwäit déi héchsten Emissioune pro Kapp. Laut der europäeschen Ëmweltagence EPA kommen iwwert Halschent vun eisen Emissiounen aus dem Transport an een Véierel aus dem Energiesecteur. Natierlech kann een elo soen: d‘USA, China an ganz vill aner Länner produzéieren – an absoluten Zuelen – méi Zäregase wéi mir. Als Industrienatioun, déi zanter Joerzéngten emittéiert, als dat Land mat deene meeschten Autoe pro Kapp an Europa, als d‘Land vum Tanktourismus hu mir awer eng historesch Verantwortung.

Wat ass d’Äntwert op de Klimawandel?

An elo? Mir hunn eng Regierung mat grénger Bedeelegung, déi trotzdeem méi Autobunne baut, déi hirem eegene Courage fir déi sougenannt „douce“ Mobilitéit net traut an déi Ëmweltbedenken direkt iwwer Bord werft, wann een grousse Konzern wéi Google uklappt. Mir sollten awer och net sou maachen, wéi wann de Klimawandel just u perséinleche Verhaalensweisen géifen hänken. Et geet net onbedéngt dorëms, datt mir all ze dacks an d‘Vakanz fléien oder ze vill Fleesch iessen. Mä wann dir mech lo frot, wat dir perséinlech kéint maachen, géif ech iech trotzdeem äntweren: Iesst manner Fleesch, besonnesch manner Rëndsfleesch an flitt manner an d‘Vakanz. Huelt net fir alles den Auto. Mä maacht dat alles mam Wëssen, datt dee klengen, individuelle Schratt net duer geet, datt mir als Gesellschaft radikal mussen ëmdenken an eis Gewunnechten ännere mussen. Net iwwermuer, net muer, mä am beschte scho virgëschter.

Vläicht ass d‘Äntwert: Doriwwer schwätzen. Informéiert iech iwwert Hannergrënn. An da schwätzt mat ärer Famill, mat äre Frënnd*innen, mat ären Aarbechtskolleg*innen iwwert de Klimawandel. Frot si, wou si den 12. Juli 2017, den Dag wou een Äisbierg duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg vum Südpol ofgebrach ass, waren. Wa Politiker*innen op iech duer kommen, fir iech präventiv zu de Gemengewahlen d‘Hand ze rëselen, schwätzt se op dat Thema un. Frot se, wou si den 12. Juli 2017 waren. An frot se, wat si an ärer Gemeng konkret wëllen ënnerhuelen, fir de Klimawandel ze bekämpfen. Vläicht ännert dat eppes. Soss musse mir eis einfach mam Gedanken ufrënnen, datt geschwënn alles zimlech séier zimlech vill d‘Schäissbaach erof geet.

Quellen:
The Uninhabitable Earth
Iceberg twice size of Luxembourg breaks off Antarctic ice shelf
Global carbon dioxide levels break 400ppm milestone
EPA-Statistik fir Lëtzebuerg
Luxemburg – CO2 emissions per capita
Global warming in Luxembourg

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: