Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Episoden

Angscht a Schrecke mat enger Fläsch Wodka am Wiener Nuetsliewen
Et klengt ëmmer alles esou einfach. Do ass déi Party, do ass eng aner, mir kucken dann emol, wou mir higinn. Mir mécht dat schon Angscht, wann ech et nëmmen héieren. Well esou einfach ass meeschtens dach net …

Download audio file (angschtaschrecken134.mp3)

download mp3

Vir d’éischt trefft een sech an der Wunneng vun enger Persoun an geet da weider. Ech war nach ni an der Wunneng a hu missen hin fannen. Um Telefon hunn ech d’Adress net ganz verstanen, mä um Plang huet et dann esou ausgesinn, wéi wann et just eng Strooss an der Géigend géif ginn, déi mat engem „H“ ufänkt. Ech maache mech also op de Wee dohinner an probéieren ënnerwee nach emol no ze froen, ob ech et richteg verstanen hätt. D’Strooss war eng aner. OK, och kee Problem. Soll ech nach eppes matbréngen, froen ech méi aus Héiflechkeet wéi wierklech mat der Intentioun, eppes matzehuelen. Natierlech, gären.

De russesche Buttek huet nach op. Dat ass komesch, well déi meescht Geschäfter maache Samschdes fréi zou, an Éisterräich ass een eben nach kathoulesch. Ech ginn eran an den zimlech eidele Buttek an fannen eng Fläsch Wodka fir 6 Euro. Eng al Fra setzt bei der Kees, ee Mann steet op enger Leeder a fleckt iergendeng Luucht.

Ech bezuelen de Wodka a gi gefrot: „Du wollen probieren fshikfdfidg?“

Ech maachen een dommt Gesiicht an hoffentlech och e gudden Androck.

„Ist mit Kartoffel und Fleisch.“

Ech soen Nee Merci, ech well och keng Tut, well ech hunn ee Rucksak. Ech maachen d’Fläsch trotzdem net dran, well ech mir iwwerleeën, ob et net besser wier, direkt eng Schlupp ze huelen. Mat der Fläsch an der Hand fannen ech de Wee och, kréien direkt mol e Kaffi an eng Bécks Béier, mir iwwerleeën an der verfëmmter Kichen, déi gläichzäiteg och Buedzëmmer ass, wat mir den Owend maachen. Ech kenne weder d’WG-Party nach d’Party vun den Uni-Gréngen, dofir ass et mir egal. Vläicht sinn ech och dofir, einfach d’Fläsch Wodka ze drénke bis et net méi wichteg ass, iergendwou hin ze goen.

No der halwer Fläsch Wodka ass dach wichteg, nach iergendwou hin ze goen an mir setzen eis an d’Ubahn, wou mir iwwer iergendeppes diskutéieren. Vläicht doriwwer, dat et ganz praktesch ass, an der Nuecht mat der U-Bahn fueren ze kennen. Vläicht och iwwert eppes ganz aneres. Bei Burggasse-Stadthalle klamme mir eraus. Komescherweis hu ganz vill Ubahn-Statiounen zu Wien Doubelnimm. Stadthalle oder Burggasse géif duer goen, genee esou wéi „Michelbeuren“ oder „AKH“ duer goe géifen. Mä anscheinend well een extra-kloer sinn. Kloer ass och de Wodka, an Wodka mécht hongereg, also séier eng „Pizzaschnitte“ giess an da  weider op déi komesch WG-Party.

Déi ass an enger grousser Wunneng. Et stinn eng Millioun Puer Schung am Gang an ongeféier genee esou vill Jackette léien donieft. Nodeems mir eis Schung ausgedoen hunn an eng Bécks Béier aus der Buedbidde gefëscht hunn, sti mir virun engem ofgeseete Bamstamm, an deen et gëllt, ee Nol anzeschloen. Mat der spatzer Säit vun engem Hummer. Mir als fréiere Baamschüler kennt dat zwar bekannt vir, mä laang mécht dat net Spaass. An enger klenger Kummer fanne mir Leit, déi Kaarte spillen. Dann heescht et: An der Wunneng wunnt e Lëtzebuerger. Deen muss ech elo natierlech sichen. Wisou, dat weess ech net méi genee.

De Lëtzebuerger heescht Neckel oder Jang oder Pit an spillt Darts am Gang. Mir schwätze kuerz doriwwer, dat mir allen zwee Lëtzebuerger sinn, an dann entschléisst sech meng Begleedung fir d’Flucht. Mir sichen déi aner Persounen, déi mat eis komm sinn an soen, mir géife lo op d’Party vun deene Grénge goen. D’Fläsch Wodka ass nach zu engem Véirel voll. Ëmmerhin.

Angscht a Schrecke komme kuerz op, well mir verdächtegt ginn, enger Persoun hir Schung geklaut ze hunn. Nodeems sech erausstellt, dat déi Persoun hir Schung nach huet an just voll ass, gi mir. Allerdéngs ass  eng Persoun bliwwen. Si wéilt danzen. Wou et an der Wunneng Plaz fir danze ginn ass, hunn ech ni erausfonnt, mä d’Liewe bleift jo nëmme spannend, wann et e puer Geheimnisser ginn. Genee dofir huet d’Kierch och déi helleg Dräifaltegkeet erfonnt. Eppes wat kee versteet an immens komesch klengt, dat hält d’Leit bei der Staang. Iwwregens hunn ech um Wee bei déi Gréng kuerz gemengt, den Toni ze gesinn. Konnt dat sinn? Konnt den Toni zu Wien sinn? Angscht a Schrecken si méi grouss ginn …

Déi Gréng op der Uni heeschen an Éisterräich „GRAS“. Dat ass eng Ofkierzung a steet fir Grüne Alternative Studierende“. Si reegen sech ëmmer e bëssi kënschtlech op, wann een no leet, dat hire Numm eppes mat Kiffe kéint ze dinn hunn. Wéi kéint een nëmmen dorobber kommen?

Mir sinn bei engem Gothicclub laanscht komm. Ech wollt do onbedéngt eran, mä leider war den Entrée ze déier. An dunn war Wodkasfläsch eidel. Bei engem gréngen Haus si mir stoe bliwwen. An hu gemierkt, dat mir falsch waren an erëm zeréck missten.

An engem Bannenhaff stoungen Akafsweenercher mat Alkohol, banne konnt een iessen. An Leit hu Musek opgeluecht. Mat „opgeluecht“ mengen ech: Se hunn se vu Youtube aus op eng grouss Anlag gespillt. Ech hunn dat nach ëmmer net verstanen, wisou esou vill Leit dat maachen an sech net vun iergendwou Musek a gudder Qualitéit besuergen. Mä bon: d’Stëmmung war gutt, Leit hu gedanzt an esouguer ech hu mech konnte bei dem engem oder anere Lidd austoben.

Iergendwann hate mir es du genuch a wollte goen. Dat huet wéi ëmmer méi laang gedauert wéi néideg. Op e mol huet d’Musek sech gedréint. Kommunistesch Arbeschterlidder sinn gelaf an d’Leit hunn all haart matgesongen. „Ohje“ hunn ech geduecht an meng zwee al Bekannter hunn genee esou haart matgesonge wéi de Recht.

E Kolleg vu mir wollt sech eng Fläsch Rum aus dem Akafsweenchen huelen.

„Du kanns deenen dach net einfach eng Fläsch Rum klauen!“

Hien huet mech e bëssi erstaunt gekuckt an sech eng Fläsch Béier fir den Heemwee geholl.

Ech hunn d’Fläsch Rum geholl a mir si gaangen.

Angscht a Schrecken hate mech. Wisou hunn déi Leit kommunistesch Lidder gesongen? War den Toni ieren ze Wien? Wisou ware mir dem Schongklau verdächtegt ginn? A virun allem: Wisou war d’Fläsch Wodka schon eidel?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht an existenzialistesch Gespréicher iwwer Léift an Sexualitéit um Heemwee.

Angscht a Schrecken beim Joereswiesel am Süde vum Land
Silvester ass déi gréisste Party vum Joer. Dat gesinn op mannst vill Leit esou. Als Gonzojournalist kann ech doriwwer natierlech just laachen. Mëttlerweil sinn ech esou gutt, dat einfach esou Freides owes ass, wann ech dat behaapten. Och wann deen aneren Daach da Mëttwochs ass, den Owend ass Freides Owes an ech behuele mech och deementspriechend.

Download audio file (angschtaschrecken133.mp3)

mp3 download

Mä ech verstinn och de Wonsch, um Enn vum Joer nach eng Kéier esou richteg ze féieren an ze probéieren, déi béis  Geeschter vum leschte Joer mat Alkohol a Knupperten ze verdreiwen. Esou war ech dëst Joer op eng Party am Süde vum Land agelueden. Ech hunn e puer Leit rose gemaach, well ech net ob hier Party gaange sinn, mä leider sinn ech nach net esou gutt, dat ech mech an dräi deelen oder teleportéiren kann. Dofir hei nach eng Kéier eng offiziell Entschëllegung un all déi Leit, mat deenen ech net geféiert hunn.

Wéi ech aus dem Zuch geklomme sinn, ass mir e Grupp vu laachende Jugendlecher opgefall. Ech hu mir natierlech näischt geduecht, mä nodeems ee Knuppert viru mir explodéiert ass, wosst ech, wisou si gelaacht hunn. De Wee bei déi Wunneng, an der ech sollt féieren, ass net laang, et geet een eng Véirel Stonn laang laanscht Caféen, Brëllegeschäfter an soss ominéis Boiten.

Mä ech wosst net, ob ech géif ganz ukommen. Natierlech hunn ech probéiert, méiglechst cool ze wierken. Dat ass awer zimlech schwiereg, wann vun all Säit Knupperten explodéieren an een all Moment domadder rechne muss, d’Nuecht am Amputatiounstrakt vun engem Spidol am Süde vum Land ze verbréngen.

Klengen Exkurs: Am Norde vum Land gëtt et eng Uertschaft mat e puer medizinesche Gebaier. Wann een do „am Spidol“ ass, ass een an der Psychiatrie. Also op de Vocabulaire oppassen. Enn vum Exkurs.

Iergendwéi hunn ech de Wee duerch de Schwefelniwwel fonnt an sinn op der besooter Party ukomm. Eng hallef Stonn ze spéit, mä als Éischten. Ech hat mech awer am Viraus entschëllegt. D’Etiquette wat „ze spéit“ ukommen ugeet, ass komplizéiert. Menger Meenung no  ass et bei ugekënnegten Zäiten zwëschen 20 an 22 Auer absolut ok, och annerhallef Stonn „ze spéit“ ze kommen, ouni grouss Bescheed ze goen. Alles virdrun oder duerno ass sou serieux oder op Zerstéierung ausgeluecht, dat et wichteg ass, seng Verspéidung matzedeelen. Ze fréi kommen ass iwwregens ni gäre gesinn, well d’Chance grouss ass, dat een gesäit wéi de Gaaschtgeber oder d’Gaaschtgeberin staubsaugt oder eng Läich an Portiounen, déi an den Frigo passen, zerseet.

Mir hunn gutt giess, gedronk, eis Geschichten erzielt an sinn emmer erëm iwwert déi Zoustänn ëm Mëtternuecht gewarnt ginn. Angeblech waren d’Nooperen an dëser Strooss esou begeeschtert vun der Pyrotechnik, dat een menge géif, éischter an engem klengem Biergerkrich ze sinn. Wat, wann een bedenkt, dat zu Lëtzebuerg dach net esou man Leit sinn, déi een Biergerkrich materlieft hunn an vläicht net dorunner erënnert wëlle ginn, net onbedéngt déi allerbeschten Idee ass.

Et ass ëmmer méi no u Mëtternuecht gaangen an ech krut matgedeelt, dat Leit vun eiser Party sech och mat Knupperte bewaffnet hätten, fir net ganz ongeschützt do ze stoen.

10 Minutte virum Joreswiessel ass et lues a lues lass gaangen. Knupperte sinn geflunn, Schwefeldamp huet d’Stroossen ageniwwelt an déi éischt Rakéite sinn aus dem Keller geholl ginn.

Meng zwee al Bekannter hunn genee hei Silvester geféiert.

Mir hunn eis deemno och op d’Strooss gemaach. Präsenz weisen, soss kënnt eng Aluedung duerch de Bréifschlitz erageflunn.

Vis-à-vis vun eis stoung eng ganz Groussfamill op der Strooss an huet hiert ganzt Arsenal an d’Loft geschoss. Well dat mat de Rakéiten a Fläschen net kamoud genuch war, hunn si eng aner Technik entwéckelt: Si hunn d’Rakéite ganz einfach an d’Hand geholl, ugefaangen an réischt lassgelooss, wann den pyrotechneschen Marschflugkörper genuch Schub hat. Also genee dat Verhalen, dat herno am Amputatiounstrakt endegt. Angscht a Schrecke sinn opkomm. Schwiefelniwwel an der ganzer Strooss, all puer Sekonnen e Knuppert, eng Rakéit, e Féierrad, all Minutt een Baal-Accident.

Eng Rakéit ass an eng oppen Hausdier geflunn, een Hobby-Fussballspiller huet se zum Gléck mat Zäiten erëm rausgekickt. E puer Mëller hu versicht, mam Auto duerch d’Strooss ze fueren, wat och liicht hätt kéinte mat enger Explosioun ophalen. Verschidde Rakéiten hunn d’Diecher getraff. Angscht a Schrecke sinn méi a méi grouss ginn.

Wou war eigentlech meng schossséecher West, ob där „PRESS“ steet?

Wisou hunn d’Leit esou wëll geschoss? Kennt dat vum villen Dioxin an der Loft? An firwat hunn si all Sécherheetsmoossnam mat Glanz a Gloria ignoréiert?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht an d’neit Joer.

Angscht a a Schrecken zu Frankfurt
Et gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet.

An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.

Download audio file (angschtaschrecken132.mp3)

download mp3

Mir setzen zu Frankfurt virun der Gare um Bueden. Zuch verpasst. Grënn dofir ginn et der genuch, wann sech vill Klengegkeeten opsumméiren kann dorausser eng mëttelgrouss Katastroph ginn. Esou ass et op de Finanzmäert, an esou ass et och bei Zuchreesen. Passend, an der Finanzmetropole um Bueden ze setzen an sech ze froen, wat een elo mëscht. Gläichzäiteg fueren se op der Bourse Achterbunn, schlëmmer wéi op der Fouer.

Meng zwee al Bekannten Angscht a Schrecken tauchen op. Well mir net wëlles hunn, um Buede setzen ze bleiwen, si mir opgestanen an hunn eis en Hostel gesicht. Glécklecherweis war direkt vis-a-vis vun der Gare een. Normalerweis sinn ech net esou de Frënd vun de Bezierker rondrëm Garen. Dat sinn meeschtens déi Platzen, op deenen sech Drogenverreckter an aner lusch Gestalten ophalen. An virun sou Leit hunn ech Angscht. Dat ass keng rational Angscht.

Am Fong hunn ech méi Angscht viru Leit am Costume, déi op der Bourse an an heigen Glaastierm komesch Saache maachen, déi ech nëmmen usazweis verstinn. Déi si nämlech menger Meenung no méi geféierlech wéi déi allermeescht Drogenverreckter. Mol ofgesinn dovunner, dat et extrem vill geféierlech Drogenverreckter ënnert deene ganze Banken- an Bourse-Leit ginn. Besonnesch zu Frankfurt, heescht et.

An dach. Et bleift ee komescht Gefill rondrëm Garen. Joerelaang Noriichten iwwert Drogeverreckter an Messerpickereien an Gaare-Quaritieren héieren hannerléisst seng Spueren.

Nieft dem Hostel war een Sexshop. Dofir hat den Hosteln awer den eenzege fuerenden Spiggelkabinet vun Europa. Wat näischt guddes war. Eis midd Gesiichter hunn sech onendlech gespigelt, ëmmer an ëmmer erëm. Am Fong misst virun dem Lift e Schëld hänken: NET ERAKLAMMEN, wann dir halluziogen Droge giess hutt. Zum Gléck hat de Nomëtten zoufällegerweis kee vun eis halluzionogen Droge giess.

Frankfurt also. Finanzmetropol. Et gëtt am Fong näischt ze kucken. Et sief dann, et steet een op protzeg phallussymbolhaft Bankentierm. Ech hunn eropgekuckt an mir geduecht, do géife lo op mannst e puer Banker a Bankerinne setzen, deenen ech schlecht geet, well se vill Suen op der Bourse verluer hunn. Villäicht géifen déi den Owend heem goen, iergendwou an enger vill ze chiquer Bar e Wodka-Martini (Doubel, ouni näischt) drénken an ze sinnéieren ufänken. An vläicht géif deen een oder aneren den komesche System, no deem eis Welt sech dréint, a Fro stellen.

E klengen Triumph zwëschen all dem Glas a Beton.

D’Europäesch Zentralbank huet een ellenen plastiks Eurozeechen virun der Dir. Aus ellenem bloe Plastik mat klenge giele Plastikstären.

Eng Bank, déi sech wahrscheinlech alles kéint kafen, wat et iwwerhaapt um Konschtmarché gëtt, well se d’Suen dofir einfach selwer drécke kann, stellt sech dann esou eppes virun d’Dier. Wisou net direkt eng chinesesch Winkekatze aus gëftegem Plastik? Oder e Hirsch, deen an der Nuecht neonblo liicht?

Angscht a Schrecken hate mech. D’Finanzkris huet sech an engem ellenen iwwerdimensionéiertem Plastikseurozeechen materialiséiert.

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef  huet, war d’Flucht. An den Quartier rondrëm d’Gare vu Frankfurt …

Angscht a Schrecken bei enger Danzveranstaltung am MUDAM
Schon an der Episod 63 vun Angscht a Schrecken hunn ech mech iwwert de MUDAM an déi ëmmer méi a Vergiessenheet gerodend Bezeechnung „Péimusée“ mokéiert. De Mudam féiert elo 5 Joer an imitéiert den Gildo Horn: Mudam loves you. An dem Kontext, oder och guer  net, well dat ass bei moderner Konscht ni esou ganz kloer, gouf et eng Danzveranstaltung am Mudam. Oder soe mer et esou: Talentéiert Leit hu Musek a Visuals gemaach, zu deenen en hätt kéinten danzen.

Download audio file (angschtaschrecken131.mp3)

mp3

Mä ech erzielen d’Geschicht am Beschte vu vir un:

Als Gonzojournalist sinn ech natierlech fir esou Musek-Visuals-interessant-Architektur-Kombinatiounen empfänglech. Dowéinst hunn ech mech op de Wee gemaach. Mam Bus op de Kierchbierg kommen, dat war an ass nach ëmmer eng Lotterie, well vun deene gefillten 10 Linnen, op deenen „Kierchbierg“ steet, fueren der villäicht 2 dohinner, wou een hi well. Ech sinn also bei der europäescher Investitiounsbank erausgeklommen. An du bei de MUDAM getrëppelt. De Kierchbierg ass nach ëmmer eng Baustell. Mëttlerweil ginn et nieft Büroen do och Caféen an Geschäfter.  Iergendwann komme vläicht gescheit Leit drop, dat een do och kéint Wunnenge bauen, sou dat net jiddereen ëmmer mat komesche Buslinnen dohinner fuere misst.

Virum Mudam stinn e puer Beem, an deene Lautsprecher houngen. Ech duecht e Moment: ass et dat lo schonns? Et ass allerdéngs zimlech cool, sech duerch esou een mini Park ze beweegen an dobäi Computerspillähnlech Musek ze heiren. Ech mengen domadder keng Gameboymusek, mä déi opwenneg, vun 2.klassege Symphonieorchesteren agespillt Computerspillmusek.

„Become a MUDAMi“ begréisst mech dat Gebai, dat a mengem Pass op all Säit gedréckt ass. MUDAMi, dat klengt e bëssen wéi mäin Nonumm. Kuerz denken ech driwwer no, ob ech dem Mudam eng Kooperatioun oder eng Klo soll undréinen, mä ech verwerfen de Gedanken dann erëm.

Op enger Art Scheiterhaufen stinn eng Hellewull Vullenhaisercher. Dat gesäit impressionant aus. Drënner läit Stréi. Ech denken, dat Stréi ass extrem wichteg, well doduerch richt et an dem deieren Musée wéi an engem Stall. An dat mëscht aus eppes, wat een och mam Liewenswierk vun engem Messie hätt kéinte verwiesselen, Konscht.

Den Evenement selwer war zimlech louche. Also, d’Musek war wierklech gutt. „Alice in Knrrtzzland“ war den Titel an deen huet gutt gepasst. Och d’Visuals waren interessant, virun allem ass de Publique ëmmer erëm drop opgetaucht. An déi zwou Saache wiere jo cool gewiescht.

Se wieren och nach an engem „en ass esou deier gewiescht dat en an de Pass muss“-Musée cool gewiescht. Wier do net de Publique gewiescht. Gelangweilt Banker, bei deene mer oppasse sollten, dat se net eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Bret Easton Ellis sengem  „American Psycho“ produzéieren. Hipp Konschtleit, déi entweder sou zougedröhnt waren, dat se näischt vun der Musek matkritt hunn oder esou hipp an cool waren, dat se keng Gefiller hunn dierfe weisen.

Iergendwou am Keller vum Mudam hunn Angscht a Schrecken op hirer grousser Uergel vun der Panik gespillt. Dat Leide war hiert doheem. Am Mudam sinn d’Poser-Idealer vun der ech-wier-esou-gären-eng-Groussstadt-Lëtzebuerg mam béierlech-ländlechen Hues-de-schon-héiren openeengestouss an hunn eng ideal Atmosphär fir meng zwee al Bekannte geschaf. Grad de Mudam! Och dat huet wéigedoen.

E läschte Bléck op Leit, déi  sech Mullen als chic hors-d’oeuvre servéieren hu loossen.

Angscht a Schrecken hate mech.

Dat eenzegt, wat lo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht an komesch italienesch Restauranten an philosopesch Gespréicher iwwer Lëtzebuerg.

Angscht a Schrecken bei enger Vëloscourse
Et ass net ëmmer einfach, zu Lëtzebuerg ze wunnen. Virun allem, wann Tour de France ass an zoufälleg Leit mam lëtzebuergesche Pass matfueren. Dat wier jo net esou schlëmm, wann da net de Nationalstolz op mannst Doubel esou grouss wéi soss de Mannerwärtegkeetskomplex géif ginn.

Download audio file (angschtaschrecken130.mp3)
mp3

„Mir gewannen den Tour de France“ soen d’Leit. Mat „mir“ mengen se een vun de Gebridder Schleck. Déi den Tour zwar net gewonnen hunn, mä „Sieger der Herzen“ gi sinn. Den zweeten ass den éischte Verléierer, heescht et dacks. Dat hält de Grand-Duché awer net dovunner of, an engem Mier vu Fändele mam Roude Léiw ënnerzegoen. Wat d’Woope vum Grand-Duc mam Tour de France ze dinn huet, hunn ech nach net esou ganz verstanen, mä loosse mer net esou klenglech sinn.

An iwwerhaapt, kéinte meng Nolauschterinnen elo soen: Du kucks dat jo ni, wisou reegs de dech iwwerhaapt driwwer op?

Mol ofgesinn dovunner, dat ech Nationalismus a Patriotismus fir zimlech geféierlech halen an ech en Iwwermooss vu national Symboler an Zäite vu rietsem Terrorismus an Europa net onbedéngt fir pietéitsvoll halen: Ech hunn mer eng Etapp ugekuckt. An dat mol net express.

Et war op mannst déi drëtt ALLESENTSCHEEDENT Etapp. Dat huet Sportsjournalismus wuel esou u sech. Alles muss ëmmer op mannst esou spektakulär an epesch sinn wéi de Film „300“. Ni geet et ëm de Spaass oder net vill, mä ëmmer héiert et sech esou un, wéi wann et op mannst ëm d’Zukunft vum Universum géif goen.

A Wierklechkeet fuere e puer Männer mam Vëlo e Bierg erop. Also, vir d’éischt sinn se e Bierg erof gefuer, wahrscheinlech fir Ulaf ze huelen. Dat war net immens spektakulär. Um Fernseh ginn et lauter Ablendungen. Zäit op deen, den de giele Maillot huet. Ofstand vun enger Grupp op déi aner. Virtuellt Klassement. Ech fannen, se kéinte kleng Sonden op all Vëlosfuerer planzen, déi stänneg d’Bluttwäerter mossen an déi um Fernseh weisen. Dat géif déi ganzen Doping-Geschicht och méi transparent maachen. En plus kéint een sech da pensionéiert Coureure spueren, déi iergendeppes vu Laktose am Blutt sabbelen.

Esou wäit, esou verwirrend. Et huet een bei esou eng Liveiwwerdrohung net ëmmer den Iwwerbléck, wien vir a wien hannen ass. Well esou interessant déi Ablendungen all sinn, se kommen ëmmer zum falschen Zäitpunkt. Esouvill Plaatz ass eben net op engem Fernseh, wann een d’Vëlosfuerer och nach well gesinn. An heiansdo e bëssi Landschaft. Ech géif dat alles jo méi oft kucken, wann se méi Landschaft géife weisen. Wat interesséiere mech Vëlosfuerer, wann et interessant franséisch Skigebidder am Summer ze gesi gëtt?

Mä iergendwann war et dann awer spannend. Angscht a Schrecken. Hunn ech dat wierklech geduecht? Ech wollt mech mat der Fro net befaassen. Ech hunn op de Fernseh gekuckt – an et huet mech wierklech interesséiert, wat do geschitt ass. Wéi konnt dat sinn? Géif ech mir lo och een Fändel mam roude Léiw ëm d’Schëller bannen an mat fräiem Uewerkierper gröhlend duerch d’Stroossen tierkelen? Angscht a Schrecken hate mech. Dës Kéier misst ech d’Flucht vläicht um Vëlo untrieden …

Angscht a Schrecken schon erëm beim Retour an de Grand-Duché
Et ass net einfach. Wann een länger am Ausland bleift, gëtt et ëmmer méi schwéier, zeréck an de Grand-Duché ze kommen. Ech probéiere mäi Retour ëmmer duerch ausgibeg Präisvergläichen vu Reesméiglechkeeten ze verzögeren. Heiansdo denken ech mir och nei Weeër aus a kucken dann, wéi deier déi wieren. Mä et hëlleft alles näischt. Iergendwann fällt och dem kreatiivsten Gonzojournalist keng Method méi an, fir méiglechst komplizéiert op Lëtzebuerg ze fueren an dann muss een eben den Ticket huelen an sech an den – Ökohellegeschäin oblige – Zuch setzen.

Download audio file (angschtaschrecken129.mp3)

mp3

Am Reen stinn ech zu Saarbrecken a waarden op de Bus. Dat éischt, wat ech no laanger Zäit – et sinn méi wéi 7 Méint gewiescht – vu Lëtzebuerg gesi sollt, war d’Nummereplack vun engem Bus. Deen hat Verspéidung. Ëmmerhin hat ech sou Geléigenheet, mech ausgibeg op Lëtzebuerg ze preparéieren. Geeschteg.

Den Ëmweltministère mëscht Reklamm dofir, dat een säin Dréck net soll an d’Natur werfen. Ech fannen dat gutt. Oder soe mer sou: Ech hätt déi Reklamm an de 60er Joere vum vireschte Joerhonnert net schlecht fonnt. Haut sollte mer wesentlech méi wäit sinn. Mä wann een – sou als Natioun, wat ech perséinlech jo fir een geféierlecht Konstrukt halen – ni a populäre Sportaarten Weltmeeschter gëtt, da muss een eben am CO2-Ausstouss pro Kapp ganz wäit fir bäi sinn. Natierlech ass dat alles den Tanktourismus, an déi gefillte 3,7 Autoe pro Kapp hunn näischt domadder ze dinn.  D’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger sinn frou mat der Emwelt. De Mann, de mat mir an de Bus klemmt, huet seng Eco-Tut net vergiess. Freet sech just, wéi ecologesch dat dann ass, wann een mam SUV akafe geet an eng Eco-Tut amplaz enger Plastikstut hellt. Meng zwee al Bekannter Angscht a Schrecke vergiessen hier Eco-Tut och ni.

Et dierft ville Nolauschterinne bekannt sinn, dat ech zu Wien studéieren. „Iergendeppes mat Emwelt, dat kee versteet“ huet et virun e puer Wochen op enger anerer Antenn iwwert de Studium geheescht. Raumplanung ass een Deel vun dem komesche Studium, dat kee versteet. Dat wier lo net weider tragesch, wann een dann net géif mat engem geschoulten Aen an de Grand-Duché zeréck géif kommen.

Mä ech zielen d’Geschicht vu vir: De Bus war just aus Saarbrécke raus, do sinn ech ageschlof. Erwächt sinn ech erëm, wéi mir just d’Grenz passéiert hunn. Um Horizont d’Killtierm vu Kettenuewen an um Radio dem Michael Jackson säin „Thriller“. A viru mir e Land, dat raumplangeresch eng eenzeg Katastrophe ass. Wann d’Banken iergendwann keng Loscht méi hunn, sech zu Lëtzebuerg ze langweilen an de Weltall voll mat eise Satellitten, déi schlecht Tëleesprogrammer iwwerdroen, ass, hu mer lo op mannst nach ee weidere Plang. Mir bauen een Zong rondrëm d’Land an froen Entrée. Da komme vill Professere mat hire Studéierenden, déi sech e Musterbeispill vu schlechter Raumplanung ukucke kenne. Cité-en ginn et jo genuch. Vläit kann een och deen een oder anere SUV nieft engem fräistoende Haus mat Tiermchen verraschte loossen, dat mëscht da richteg Androck.

Een iwwerliefensgrousse Panneau mam Lea Linster begréisst een am Grand-Duché, direkt donieft Fändele mat „eisem Andy“ an „eisem Fränk“. Angscht a Schrecken hunn een fest an der Hand, an u Flucht ass net ze denken.

Mä eppes guddes huet dat ganzt: Wa „mir“ am Tour de France gewannen, ginn „mir“ eise Versuch, Weltmeeschter am CO2-Ausstouss ze ginn, vläicht op.

Angst und Schrecken und Insekten am Bodensee
Bregenz. Strömender Nieselregen. Hätte ich eine Frisur, ich bin mir sicher, sie täte alle andere als sitzen. Der Bodensee ist farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden. Oder eher: Der Bodensee wäre farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden, würde man ihn denn sehen.  Nebel so dicht, dass er auf dem Jahrmarkt als „Zuckerwatte light“ verkauft wird, verhindert den Farbvergleich.

Download audio file (angschtaschrecken128.mp3)

mp3

Auf der Fähre herscht eine Stimmung wie in einem schlechten Horrorfilm. Wie schlecht der Horrofilm ist, merke ich vor allem daran, dass die Statistinnen allesamt von gackerenden Fahrrad-Touristinnen gestellt werden, die sich ganz und gar nicht der drückenden Stimmung ergeben wollen.

Ich stehe auf jeden Fall auf dem Deck und schaue bedrückt in den Nebel. Ein paar Augenblicke später zieht eine durch radioaktive Strahlung – so ein Film soll ja auch ein bisschen gesellschaftskritisch sein – mutierte Riesenkrake die „MS AUSTRIA“ in die Tiefe.

Zum  Glück ist der Horrofilm so schlecht, dass kein Budget für die Riesenkraken-Special-Effects mehr vorhanden war. So bleibe ich am Leben. Mich beschleicht ein schlechtes Gefühl. Das war sicherlich nicht die letzte Begegnung mit meinen zwei alten Bekannten Angst und Schrecken am Bodensee.

Nach meiner Odysee über den See kam ich irgendwann im Radiocamp an. Dort stellte mich ein netter Herr seinen Kindern mit den Worten „das ist der Meister von Angst und Schrecken!“ vor. Mein Ruf eilt mir offenbar vorraus. Ich wanderte zum Ufer und überlegte kurz, mir einen schwarzen Kaputzenmantel zu kaufen, als ich mich plötzlich in einem Schwarm voller Insekten wiederfand. Tausende, nein, Millionen von merkwürdigen Schwebetieren schwirrten und summten am Ufer herum. Ich trat zur Flucht an, doch die Liegewiese war mit einer Armee von Libellen bevölkert, die wie Kampfhubschrauber hochschnellten, sobald ich mich auf sie zu bewegte. Das war wohl der Beginn der Invasion.  Bald würden wir wohl eine gigantische Pyramide für eine Ameisenkönigin bauen.  Die Schweiz war wahrscheinlich schon längst in Insektenhand.

Immerhin würden wir die Insekten mit allerlei High-Tech-Kram bekämpfen können. Der umgebaute Router, der über WLAN Radio empfang, hatte sicherlich auch einen Insektenbekämpfungmodus. Und durch das neue Konferenzradiosendungsprogramm war es möglich, die Invasion der sechsbeinigen Monster in einer Sondersendung in meheren Städten gleichzeitig zu übertragen. Aber ob das wohl so populär wie das Castorradio sein würde?

Am Lagerfeuer wurde diese Frage  genauso eifrig diskutiert wie den Größenunterschied zwischen Männer- und Frauenklos. Eine Theorie zu Erklärung dieses unmöglichen Zustands war, dass die Erbauer des sogenannten „Duschpalastes“ allesamt sehr beleibte Männer gewesen waren, die sich selbst sehr viel Platz für ihre Geschäfte verschafft hatten.

Das mit dem Lagerfeuer war überhaupt so eine Sache. Das Cafézelt, vor einigen Jahren noch „the place to be“ am Radiocamp, hatte offenbar seinen Charme verloren und war endweder leer oder hatte den Charme eines Stehempfangs nach der Siegerehrung eines Kleinkunstwettbewerbes in der Bahnhofshalle von Markelfingen. Wie „in“ und hip das Lagerfeuer war, zeigte sich auch darin, dass immer wieder spontan Menschen hinzu stoßen und vor Freude einen lauten Tanz aufführren – was inmitten der philosophischen Gespräche über Toilettengrößen etwas deplaziert anmutete.

Würden die Insekten die Weltherrschaft an sich reissen? Würde die ohnehin schon wackelige Internetverbindung die Liveberichterstattung über die Invasion aushalten? Wieso war die gemütliche vorbeirauschender-Güterzug-Geräuschkulisse durch ein knackiges Musikbett (Brahms, Kammermusik für 5 Freischneider) ergänzt worden? Und vor allem: warum war auf dem Frauenklo eigentlich viel weniger Platz als auf dem Männerklo. Angst und Schrecken hatten mich.

Das einzige, was jetzt noch half, war die Flucht. Hoffentlich ohne allesverschlingende Riesenkraken im Bodensee …

Angscht a Schrecken am Tram
Ech sinn jo bekannterlecherweis e grousse Frënd vum ëffentlechen Transport. Dat läit engersäits u mengem net-existenten Führerschäin a menger Onloscht, an enger dach zimlech hiwweleger Stad wéi Wien mam Vëlo ze fueren. Anerersäits awer u mengem Öko-Hellegeschäin, dee kräfteg an hell blénke soll. Dat spuert d’Täscheluucht am Däischteren …

Download audio file (angschtaschrecken127.mp3)

mp3 download

Mam Tram fueren ech besonnesch gären. Zu Wien heescht den Tram offiziell „Straßenbahn“. Net ze verwiessele mat der S-Bahn. D’S-Bahn ass d’Schnellbahn., an dat ass een richtegen Zuch, mat deem e schnell wäit Strecken ënnerhalb vun der Stad zeréckleeë kann. Den Tram, zu Wien och dacks „Bim“ genannt, ass dat, wat déi meeschte Lëtzebuerger vun der belscher Plage kennen. Zu Wien fiert den Tram net um Strand laanscht, well et leider kee Mier gëtt. Dofir awer méi wéi nëmmen eng Linn. Ech huelen dacks d’Linn Nummer 38, oder wéi d’Wiener soen: „die Ochtadreissiga“. An wéi esou vill ëffentlech Transportmëttel huet och d’38er hir Tücken.

D’Endstatioun vun der Linn 38 ass zu Grinzig, dat ass ganz um Enn vu Wien. Do sti scho relativ vill Wäibierger an deementspriechend Lokaler. Déi Lokaler nennt een „Heurigen“ an do gëtt et nieft vill Wäin och Hausmanns- an Hausfraaenkascht an vill Wäin. Dat sinn natierlech och Touristenattraktiounen. Et muss ee wëssen, dat Wien dat fäerdeg bréngt, wat soss an Europa schwiereg schéngt: Eng Kombinatioun vu Béier- a Wäinkultur ouni Schisma. D’Éisterräischer_innen sinn tendenziell éischter EU-skeptesch, dobäi hunn si um Alkohoniveau schon en wichtege Schratt an der europäescher Integratioun gemaach.

Wann een sech also Owes an den 38er setzt, zum Beispill well een als Gonzojournalist zu spéider Stonn op eng héichgeféierlech Missioun um aneren Enn vun der Stad absolvéiere muss, dann ass do meeschtens schon eng zimlech fiicht-freeschlech Gesellschaft dran. Meeschtens sinn dat dann däitsch oder éisterräichesch Touristen an Touristinnen, déi een oder méi Pätt an engem oder méi Heurigen ze vill gedronk hunn. An deementspriechend haart sinn. Angscht a Schrecken hunn e Joeresabonement fir déi Linn.

D’Sensatioun, déi ech hunn, wann ech volle Leit, déi haart laachen an sech net drun erënnere kennen, wou se mussen erausklammen (meeschtens eng grouss, véierspuereg Strooss mat enger impressionanten Eisebunnsbréck an der Mëtt, op der d’Ubahn fiert) nokucken, ass … komesch. E bëssen esou, wéi wann een als Kand seng eegen Eltre voll erlieft. Just, dat et eben net meng Eltre waren, déi do souzen, gelallt an iwwert all däämlech a platt Bemierkung, fir déi sech esouguer de Mario Barth géif schummen. D’Hell, dat sinn déi aner, géif de Satre soen. Leider souz kee franséischen Existenzialist am Tram, mat dem ech déi Fro hätt kéinten diskutéieren. Am Allgemenge froen ech mech, ob et wierklech esou eppes wéi „Fremdschämen“ gëtt oder ob ech wierklech just peinlech beréiert vum Behuele vun deene Leit war. Ech hunn voll Leit net gären. Och dann, wann ech selwer voll sinn. Ob mannst net, wann se extrem haart an topeg sinn.

Ech fueren am Fong wierklech gären Tram. Ech hat mol fir, eng Radiosendung an enger Tram opzehuelen, mä leider fueren déi meescht Linnen net laang oder wäit genuch, fir dat wierklech ëmsetzen ze kennen. Bis virun e puer Joer ass um Ring, eng Prachtstross am Zentrum vu Wien, een Tram am Krees gefuer. Mä dës wonnerbar Institutioun huet misse moderner Verkéiersplanung noginn. Un reeneregen Deeg géif ech mech gären an den Tram setzen an am Krees fueren, ëmmer an ëmmer erëm.

Zeréck an den 38er. D’Touriste sinn aus dem Wagon getrollt, net ganz sécher, ob se richteg wieren oder net. Ech war mir och net sécher, mä et war mir egal. Haaptsaach rou. Zwee Jugendlecher klammen eran, och si hunn anscheinend och schon méi gedronk wéi ech. Eppes, wat mech beonrouege sollt. An fréien Episoden hunn ech jo dacks festgestallt, ech géif ze man drénken. Ee vun hinnen huet een schwaarzt Hiem un, dat komplett ofgeknäppt ass. Seng rosa Haut liicht am Kontrast an hien zielt sengem Kolleg vu sengem Häerzschmerz. Dobäi schwätzt hien natierlech Wiener Dialekt, all zweet Wuer ass entweder „Oida!“ oder „uuuurrr“, woubäi „Oida“ „Alter“ heescht an „ur“ eng Verstärkungsform ass, also „ur gut“ oder „ur traurig“. Hien ass natierlech éischter „ur traurig“, well seng Frëndin hie verlooss huet. An zielt sengem „Oida“, dat hat ni méi esou een Jong wéi hie wäert fannen.

Am vireschten Deel vum Wagon setzt eng Grupp jugendlech, déi – an dat guer net emol schlecht – een Medley vu Bob Marley-Lidder sengt. Passend, deen ass jo och lo 30 Joer doud.

Angscht a Schrecken, dat sinn déi aner. Mä ouni de Jean-Paul ass dat eenzegt, at hëlleft, d’Flucht an den Ënnergrond …

Angscht a Schrecken am Metal-Ennergrond vu Wien
Et gëtt Platzen, op déi geet een net esou oft. Och als Gonzojournalist net. Dat läit net dorunner, dat en grondsätzlech desinteresséiert wier, mä éischter dorunner, dat ee meeschtens aner Preferenzen huet. Als Jugendleche sinn ech gären op Metal-Konzerten gaangen. Dat huet ënnert anerem och doru geleeën, dat et bei mir an der Geigend soss kaum Konzerten gouf. Ech hat Kollegen deenen déi Musek och gefall huet an mir goufen all puer Woche vun eisen Eltren op esou „Festivals“ gefouert, déi meeschtens am Keller vun iergendengem „Centre Cultrel“ waren …

Download audio file (angschtaschrecken126.mp3)

mp3 download

Esou kann ech wuel behaapten, dat ech e bëssen en Abléck hat an d’Metal „Szene“. Op mannst am Norde vu Lëtzebuerg. Dat ass net vill, mä ëmmerhin. Meeschtens ass et do esou ofgelaf, dat Bands gespillt hunn an d’Leit dann ugefaangen hunn, aneneen ze sprangen, ze pogen an ze headbangen. Wien am schwaarzsten ugedoe war, war am coolsten. Oder wien déi meeschte Patches vun deenen haardsten an obskursten Bands op sengem Gilet hat. Esou ass et mir op mannst virkomm.

Lo hat ech virun e puer Woche Besuch an de Besuch wollt onbedéngt op een gewësse Konzert goen. An engem Metal-Lokal. Ech wollt. Ech wosst net, wat mech géif erwaarden. Ech hunn mäi groe Plover (de war mol schwaarz, mä en ass verwäsch!) an eng schwaarz Box ugedoen. An dunn hunn ech geübt, béis ze kucken.

Mir hunn eis natierlech vill ze spéit op de Wee gemaach. Dat war net ganz eis Schold. Also, natierlech hunn ech getrentelt an hunn eiweg gebraucht. Mä mir haten eis och Pizza bestallt, déi eng Éiwegkeet gebraucht huet, bis se ukomm ass. De Mann huet ganz komesch gekuckt, wéi mir him awer e bëssen Drénkgeld ginn hunn. Wahrscheinlech hätt hien sech erwaart, dat mir mat him blären, ëm d’Pizza ofhuelen an ëm dann d’Dier virun der Nues zouschloen. Heiansdo hunn ech d’Gefill, d’Leit zu Wien sinn einfach net u Frendlechkeet gewinnt.

Nodeems mir e bëssen ziellos duerch d’Géigend gelaf sinn, hu mir dunn den besooten Metal-Club fonnt. De war natierlech düster, mat schwaarze Maueren an düstere Gestalten. Mir hunn d’Trap erof fir an de Keller geholl. Ewouhinner och soss. Do war nach e Stack, een ausgesinn huet, wéi een sech esou een Metal-Café ouni vill Dekoratioun ebe virgestallt. Wahrscheinlech waren d’Mauere mat spezieller Faarf imprägnéiert. Esou dat een d’Blutt an ausgeschloen Zänn gutt ewechbotze kann. Mam Gaardeschlauch oder esou.

Mir sinn also nach eng Trap erof gaangen. Dunn duerch e laangen, schmuele Gang. Ech hu mech gefrot, op elo vläit nach eng Falldier, eng Leeder, nach een méi laange a méi schmuele Gang géif kommen, wou um Enn eng géi Wendeltrap wier, déi mir missten erofgegoen. Mä nee, mir waren dach schonns ukomm. Mir stoungen op der Gäschtelescht. Fir mech ass dat irgendwéi näischt besonnesches méi. Als Gonzojournalist kennt een op esou vill Evenementer fir näischt eran, dat een iergendwann verwinnt gëtt. An da fillt en sech scho bal perséinlech ugegraff, wann een eppes muss bezuelen. „WESST DIR DA NET, MAT WIEM DER ET ZE DINN HUTT?“

Natierlech wëssen d’Leit dat net. Och wann ech schon ëm Autogrammer gefrot gi sinn, esou ass et dach net esou, wéi wann ech eng Berühmtheet wier. Virun allem net zu Wien.

De Konzert war schon amgaangen. Dat war awer net schlëmm, mir waren nämlech net wéinst dem Konzert do, mä wéinst dem Tountechniker. Mäi Besuch an den Tountechniker hunn sech nämlech kannt. D’Band déi gespillt huet, huet „metalcore“ gemaach. Dat ass esou eng Zort „emo-metal“, déi haaptsächlech vu Jugendlecher am Alter vu 14-16 gelauschtert gëtt. Op mannst huet den Auditoire esou ausgesinn. D’Musek huet mir näischt gesot. Kaméidi, mä net déi Zort vu Kaméidi, deen ech gäre lauschteren. Dofir hunn ech de Keller zimlech cool fonnt. Mä et ass wéi ëmmer mat Locations, déi gutt ausgesinn: Eng uerdentlech versifften Industrialband, déi mat futtisse Motorseeën op raschteg Fässer klappen, fehlt. Bis elo huet alles nach zimlech roueg gewierkt. Ech wosst natierlech, dat all Moment den „Circle of Death“ kéint ugoen an ech mech da séier aus der Bascht maache misst. Angscht a Schrecken hunn och hei gelauert.

De Konzert war eriwwer. D’Band huet zwou „Zugaben“ gespillt, an dunn ass et dem Tountechniker, den mir ëmmer méi sympathesch ginn ass, duer gaangen. D’Zugaben hunn doranner bestanen, dat d’Band gesot huet: „Mir spille lo eng Zugab“. Ouni dat iergendeen duerno gefrot hätt oder si virdru vun der Bühn verschwonne wieren.

Op ee Schlag sinn ongeféier 100 Jugendlecher laanscht mech gelaf an hunn sech de schmuele Gang, d’Trapen, duerch een Zëmmer an nach eng Trap aus dem Lokal eraus gedréckt. E puer Leit sinn am Keller bliwwen. Et sinn Braurereisbänken an Dëscher opgestallt ginn. An een DJ huet ugefaangen, Rock ze spillen. An domadder mengen ech richtege Rock. Aus den fofzeger Joeren.

Ech wosst net, wat elo géif passéieren. Ech hu mir erwaart, dat et géif bluddeg ginn. Den DJ hat wahrscheinlech suizidär Absichten. Wéi konnt hien erwaarden, esou en Manöver ze iwwerliewen?

An dunn hunn d’Leit ugefaangen ze danzen. An zwar op Musek aus de 50er Joeren. Wéi sech herno sollt erausstellen, hunn Membere vun Death-Metal-Bands do locker flockeg op Rock’n'Roll gedanzt. Angscht a Schrecken.

An et sollt nach méi lusch kommen.

Et sinn mat der Zäit ëmmer méi Leit komm, a voller Metal-Montur. An si hunn alleguerten op déi Oldies gedanzt, déi den DJ een nom anere gespillt huet. Allerdéngs huet sech d’Musek mat Zäit ëmmer méi Richtung sechzeger Joeren entwéckelt. Bis de Punkt erreecht war, op deem d’Musek ähnlech war wéi am Flying Dutchman, dem berühmt-berüchtegten Hippiecafé zu Lëtzebuerg.

De Metaler huet dat awer näischt ausgemaach. Ech si mer sécher, dat déi Leit „normalerweis“ zimlech hefteg géife géint „Hippien“ stänkern. Mä dëst Nuecht net. Dës Nuecht hunn si genee esou op den Jimmy Hendrix gedanzt wéi d’Leit am Flying Dutchman.

Angscht a Schrecken hate mech. Géif ech je aus dësem komesche Keller erausfannen? Firwat hunn déi Leit op 50er Joere Rock’n'Roll gedanzt? A virun allem: War dat wierklech ech, deen do lo grad op BORN TO BE WILD gedanzt huet?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. Vir d’éischt an den Alkohol, dunn aus dem Lokal. Wéi mir erausgaange sinn, ass uewen hannert dem Contoir „Poison“ vum Alice Cooper gelaf. Genee wéi d’lescht Kéier Sonndes Moies, wéi ech Bréidercher bei de Bäcker kafe gaange sinn.

Angscht a Schrecken op Vältesdag
(Jo, dat huet elo e bëssi gedauert, bis dës Episod online war. Mir entschëllegen eis.)

Ech sinn am Fong jo e grousse Fan vun Deeg fir iergendeppes. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht, den 19. November ass Welttoilettendag, den 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, den 21. Mäerz ass Weltdag vun der Poesie, an esou weider an esou fort. Mä den 14. Februar geet mir iwwerhaapt net.

Download audio file (angschtaschrecken125.mp3)

mp3 download

Vältesdag. Den Dag vun der Léift. Oder éischter: Den Dag vun de Floristinnen an Chocolatiers. An munchee Länner, zum Beispill a Finnland, geet et just ëm Frëndschaft. Bei eis schéngt et wierklech ëm Léift ze goen. De Vältes, oder Valentin war een kathoulesche Bëschof, dee Leit bestued huet an hinne Blumme geschenkt huet. Vill méi huet et deemools net gebrauch, fir een Hellegen ze ginn. An domadder well déi Geschicht esou flott klengt, huet een dann och direkt een Dag draus gemaach, mat ganz villem kommerzielle Blödsinn an Kitsch hannendrun.

Lo muss ech kuerz philosophesch ginn: Wat ass Léift dann eigentlech? Als Lëtzebuerger huet een zu dem Begrëff jo éischter ambivalent Gefiller. An menger Mammesprooch gëtt et net emol e Verb fir dat Gefill auszedrécken. „Ech hunn dech gär“ heescht ongeféier esou vill wéi näischt. Schokla hunn ech och gär. Ech hunn Schokla esouguer léiwer wéi vill Mënschen. An wann een „Ech lieben dech“ seet, klengt een wéi wann een der véierzéng wier an „ech“ mat „ej“ géif schreiwen.

Léift ass dat Gefill, wat dofir suergt, dat een Kanner produzéiert an méiglecherweis och zesummen op zillt. Dat seet de Biolog a mir. De Gonzojournalist a mir seet: Léift ass de Nährbuedem fir meng zwee al Bekannter Angscht a Schrecken. Wann e verléift ass, kann ee keen uerdentleche Gedanke faassen. Ech si mir net emol sécher ob een iwwerhaapt nach denke kann, wann ee verléift ass. Wahrscheinlech ass ee komplett vun iergendwelleche luschen Hormonen an verstopptenen Drüsen, déi iergendwou am Kierper setzen, gestéiert. Et meescht een déi komescht Saachen, fir déi een sech herno schummt. Niewebäi verletzt een Leit, déi engem eppes bedeiten an herno ass een selwer traureg.

An da Vältesdag. Een Dag, fir den Wahnsinn, déi grouss Quell vun Angscht a Schrecken och nach ze féieren. Geet et net duer, dat vill Leit rondrëm lafen an irrational handelen, well se kuerzzäiteg hire Verstand un enger imaginärer Garderobe ofginn hunn? Musse mer dat och nach zelebréieren? Musse mer dem Wahnsinn och nach op d’Schëller klappen an soen: Gutt gemaach! Brave Jong!

En plus sinn et déi Klischeeën, déi mech stéieren. Vältesdag ass fir déi verléiwten. Mä anscheinend nëmme fir déi aus der heteronormativer Matrix. Wien lesbesch, schwul, bi, transgender ass oder eng Beziehungsform huet, déi sech net als „romantesch Zweeerbeziehung“ klassifizéiere léisst, hat Pech. Angscht a Schrecken a Form vun engem klengen, fette, plakegen Engel flattere rondrem a soen: Maacht iech fort! Sicht iech een aneren Dag!

Et wier jo immens onpraktesch, wann een och nach iwwerleeë misst, wat fir gesellschaftlech Biller een reproduzéiert, iert een am Supermarché steet an Blumme keeft. D’Blumme kucke schon e bëssi traureg. Wahrscheinlech, well se kuerz virun der Kees am Supermarché stinn a vu Leit kaaft ginn, déi eben am Supermarché Blumme kafe, well een dat eben op Vältesdag esou mécht.

„Auch du hast Sexismen verinnertlicht!“ steet op engem Sticker, deen nawell op villen Toilettë vu méi oder manner alternative Lokaler pecht. En huet Recht.

Op Vältesdag gëtt doriwwer, dat vill Leit hir Léift net emol weise kennen, ouni Diskriminéierung oder esouguer Repressioun ze fäerten, net nogeduecht.

An elo kéint een da soen: Här Gonzojournalist, dir sidd jo just frustréiert, dat dir kee Mënsch hutt, deen dir gären hutt, an dofir gëtt sech elo hei ausgekatzt. Vläicht ass dem esou. Mä et gi genuch Grënn, fir Vältesdag och als verléift Persoun net gutt ze fannen oder dat ze ënnerstëtzen. Ech weess net genee, wat Léift heescht. Mä ech si mer sécher, dat Léift net heescht, heteronormativ Virstellunge mat Schokla an Blummen aus dem Supermarché ze zelebréieren. Wann Angscht a Schrecken een op Vältesdag ergräifen, dann hëlleft keng Flucht méi.