Jan 15 2012

Update 2012

Joël

Nodeems 2011 keen esou gutt Joer fir Angscht a Schrecken war (den Auteur hat ze vill e flott Liewen) versprécht d’Weltennergangsjoer 2012 dach eng grandios Zukunft fir dëse Podcast/des Radiosserie.

Während dem Summer sinn eng Rei Episoden zwar um Radio gelaf, awer meeschtens live ageschwat (oder getuddelt) ginn. Dowéinst hunn se natierlech hei um Site gefehlt. Domadder ass elo Schluss. An enger Tour de Force huet den Auteur dat fehlend Material nei ageschwat an d’Chronologie festgeluecht. Vläicht verëffentlechen mir och iergendwann déi Episoden, déi ni méi wäit wéi eng Idee komm sinn an aus Textdokumenter mat dräi Sätz (deelweis och méi) bestinn. D’Lescht vun den Episoden ass elo op mannst déi richteg, “offiziell” Chronologie. Falls iergendeen esou gutt opgepasst sollt hunn: D’Episoden 123 an 129 sinn um Radio béid ënnert dem Titel “beim Retour an de Grand-Duché” gelaf. Den “schonn erëm” am Titel vun der Episod 129 ass nodréiglech dra gebastelt ginn, fir der helleger Kontinuitéit ze huldegen.

Graffiti, d’Jugendsendungen vum Radio ARA hunn elo e néie Site an Radio ARA een Site fir Podcasts, wou och eis Mammesendung Crumble vertrueden ass. An dir kennt eis nach ëmmer op Facebook liken. Ah, an wann dir Angscht a Schrecken moralesch a finanziell wëllt ënnerstëtzen, et gëtt elo och e flattr-Knäppchen fir de ganze Podcast.

Hei eng Lescht mat deene “néien” Episoden, dei elo online sinn:


Jun 19 2009

Ouni Hoster

Joël

Den Dengscht, bei dem d’Angscht a Schrecken-Episoden online waaren, ass ouni mir Bescheed ze soen, offline gaangen. Daat heescht, d’mp3en (no der Episode 10) sinn momentan net verfügbar. Ech wärt den Problem esou séier wéi meiglech erem léisen, mee et kéint e bessen daueren, bis d’Episoden erem all online sinn. Ech beiden desen temporären Ausfall ze entschellegen.

Alles geht erem. Ech soen merci fir ärt Versteesdemech.


Jan 30 2009

Bat Country

Joël

Fear and Loathing Cats
Och wann et héi lo laang Zait esou ausgesinn huet, wéi wann ech gestoppt hätt, esou waar daat dach just een kuerzt Lofthuelen, iert déi néisten Episoden kommen. Emmerhin ass 2009 daat Joer, an deem mir déi 100st Episode A&S erliewen wärten.
Also: stay tuned!


Dec 13 2008

Fotoen vun der Liesung

Joël

Merci jidderengem deen leschten Mettwoch, 10. Dezember op der Liesung am Exit07 waar. Vir jiddereen, den et verpasst huet, héi e puer Fotoen (Klicken mescht grouß):

Liesung2008-01liesung2008-02liesung2008-03liesung2008-04liesung2008-05liesung2008-06liesung2008-07liesung2008-08liesung2008-09liesung2008-10

Groussen Merci un den Jean-Marc Parries fir déi wonnerbar Fotoen!


Dec 9 2008

an iwwerhaapt, mir hu Kulturjoer, d’Leit solle méi Droge friessen!

Joël

an iwerhaapt, mir hu Kulturjoer, d'Leit solle méi Droge friessen!

Liesung vun Angscht a Schrecken Episoden aus dem Kulturjoer – an aanerer
Exit07, CarréRotondes
fraien Entrée
ab 21 Auer