An d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?

Lo sollen et der awer „just“ sechs Persounen sinn, déi an den Afghanistan expulséiert sollte ginn. Den leschten Donneschdeg ass bei de Kolleg_innen vum 100,7 gemellt, datt 20 Leit aus Afghanistan dohinner zeréck sollte geschéckt ginn, well si keen Flüchtlingstatut géife kréien. Lo heescht et vum Ausseministère op eng „Question urgente“ vun déi Lénk, datt „just“ sechs Leit betraff wieren.

Hinnen géif ugebuede ginn, an deenen nächsten 30 Deeg „fräiwëlleg“ zeréck an Afghanistan ze goen. Wat geschitt, wann si dat net maachen, steet net an der Äntwert vum Minister. Mir kënnen eis et awer denken: Déi sechs Afghan_innen mussen dann trotzdem goen. Hannergrond vun dem ganzen ass, datt Afghanistan een Ofkommes mat der Europäescher Unioun geschloss huet. An dem Ofkommes ass et engersäits ëm Entwécklungshëllef gaangen, mä vläicht sollte mir déi éischter – „Erëmopbauhëllef“ nennen. Deen aneren Aspekt vum Ofkommes ass de Retour vun Afghan_innen, fir deen d‘EU een „programm d‘assistance“ opbaue wëll. Dozou gehéiert dann och Iwwerleeung, um Fluchhafen zu Kabul een speziellen Terminal ze bauen, deen just dofir do ass, fir expulséiert Leit ze empfänken. An dat nennt d‘EU dann „Entwécklungshëllef“. Sou zynesch, d‘Investitioun an Infrastruktur, déi just dozou déngt, Leit lass ze ginn, als Hëllef ze verkafen, muss een iwwerhaapt emol sinn.

Mä et kënnt nach besser. An der Äntwert vum Ministère steet am Kontext vun de Mesuren, déi d‘EU an Afghanistan duerchféiere wëll, nach dësen Saz:

„Une attention spéciale est accordée aux personnes vulnérables“

Et wäert sech also speziell ëm Leit gekëmmert ginn, déi an der afghanescher Gesellschaft vulnerabel sinn. Dat sinn an éischter Linn Fraen, Homo- a Bisexueller an Trans Persounen. Oder Leit, déi heterosexuell Handlungen ausserhalb vun engem Mariage duerchféieren. An eng ganz Rëtsch vun ethneschen, reliéisen an politesche Minoritéiten kommen bei déi Opzielung nach dobäi. An et bléift eng ganz grondsätzlech Fro: Wann déi Leit am Afghanistan sou vulnerabel sinn, datt sech d‘EU extra ëm si këmmere muss, wisou kréien se dann an Europa keen Asyl, subsidiären Schutz oder soss eng Form vun der Protection internationale? Et klengt e bëssi sou, wéi wann een*t d‘Pompjeeën géif ruffen, well säin Haus brennt, an déi géifen eng Persoun schécken, déi engem hëlleft, laanscht d‘Féier ze manövréieren amplaz de Brand ze läschen.

Afghanistan ass keen séchert Land.

Kuckt een sech d‘Reeswarnungen vum däitschen „Auswärtigem Amt“ un, steet do als alleréischt fett gedréckt „Vor Reisen nach Afghanistan wird dringend gewarnt“. Natierlech ass d‘Situatioun fir europäesch Tourist_innen eng aner wéi fir Afghan_innen, mä speziell Leit, déi geflücht sinn an erëm zeréck kommen, wäerten ähnleche Geforen ausgesat sinn. Et geet bei den Reeswarnungen nämlech net „just“ ëm Entféierungen, mä ganz konkret ëm bewaffent Konflikter a Kirch.

D‘Washington Post vum leschten Freiden schwätzt dovunner, datt d‘Taliban an Afghanistan ëmmer méi Grond gewannen an hiren Territoire erweidere kënnen. An dat trotz US-Loftugrëff an Ënnerstëtzung vun der lokaler afghanescher Arméi. D‘US-Interventiounen schéngen awer just sou wäit een Effet ze hunn, an deem s de d‘Taliban méi lues maachen, mä trotzdem net ganz ophalen. En plus sollen d‘US-Truppen ofgezunn ginn, an wéi et no de Walen an den USA am Afghanistan weider geet, weess am Moment och keen sou richteg, well den Donald Trump all Versuch, am Wahlkampf iwwer konkret Politik ze schwätzen, zerstéiert.

Och am Moment ginn et stänneg Terror-Attacken an Afghanistan. No engem Suicide-Attentat op een Grenzposten leschten Freiden huet déi pakistanesch Regioun Parachinar dräi Grenzposten op onbestëmmten Zäit zou gemaach.

Afghanistan ass also alles anescht wéi sécher, grad fir „vulnerabel“ Persounen. Wéi kënnen mir et also verantworten, Leit dohinner zeréck ze schécken? Wéi kenne mir sou maachen, wéi wann Afghanistan een séchert Land fir déi Leit wier, obwuel eis Arméi de Fluchhafen séchert, obwuel ni een vun eis géif op d‘Iddi kommen, do Vakanz ze maachen?

Quellen:
Parlamentaresch Ufro déi Lénk
Äntwert Ausseministère
Artikel Wort.lu
:
Auswärtiges Amt zu Afghanistan
Artikel Washington Post
Attacken 14.10.2016

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

Angscht a Schrecke mat der Police op twitter

Leschten Mëttwoch, den 5. Oktober, hat déi lëtzebuergesch Police hiren Dag vun de soziale Medien. Dat heescht, datt den Twitter- an Facebookaccount vun der Police de ganzen Dag live getickert huet, wat d‘Police sou de ganzen Dag mécht. Wahrscheinlech dengen sou Aktiounen dozou, den Ruff vun der Exekutiv e bëssi besser ze maachen. Besonnesch no der Këssen-Kallef-Affaire hat een jo den Verdacht, datt et bei der lëtzebuergescher Police u Fangerspëtzegefill, Verhandlungsgeschéck, an awer och vläicht einfach Manéieren géif fehlen.

Mä dat sollt sech dann alles änneren, an pünktlech um Siwen Auer Moies huet d‘Police dunn och hiren Liveticker ugefaangen. Zwielef Stonne laang konnt een matliesen, woumatter sech d‘Staatsgewalt de ganzen Dag beschäftegt. Vir datt et net ze langweileg géif ginn, haat d‘social media-Spezialunitéit och e puer preparéiert Fotoen gepost, virun allem aus der Policeschoul vun Dikrech, wou Rekrut_innen Sport maachen oder duerch de Bulli robben.

Lëtzebuerg ass een Autoland, also waren déi meeschten Meldungen och einfach Accidenter oder och just een Stau. Zimlech alldeeglech a banal. Dofir brauch een_t net onbedéngt een Liveticker, dofir geet et och duer, déi sougenannt „Noriichten“ all Dag ze kucken oder ze liesen, well e groussen Deel vun der nationaler Berichterstattung sinn einfach Autosaccidenter. Mä verschidden Autoen stinn och einfach falsch, zum Beispill an engem „Dringlichkeitsreglement“. Wat ass dann een „Dringlichkeitsreglement“? Dat ass een komescht Wuert, dat mir zu Lëtzebuerg erfonnt hunn, an et geet wuel iergendwéi ëm een Parkverbuet. Read More

Angscht a Schrecken mam Ofdreiwungsverbuet a Polen

Wou sinn déi selwerernannten Fraerechtler, wann et ëm d‘Ofdreiwungsverbuet a Polen geet?

A Polen gouf an der leschter Woch een bal komplett Verbuet vun Ofdreiwungen an éischter Liesung am Parlament beschloss. Ofdreiwungen sollen also bis am Fall vun extremer Liewensgefor fir d‘Mamm komplett verbuede ginn. Bis virdrun waren Ofdreiwungen a Polen just bei Gefor fir d‘Liewen oder d‘Gesondheet vun der Mamm, schwéier oder onheelbar Krankheeten vum Fötus, Vergewaltegung oder Inzest erlaabt. Domadder hat Polen gemeinsam mat Irland an Malta eent vun de restriktiivsten Ofdreiwungsgesetzer an Europa.

Elo soll also e Komplettverbuet kommen. Dat géif heeschen, datt Fraen a Polen gezwonge sinn, d‘Kand vun hirem Vergewalteger auszedroen oder fënnef Joer Prisong riskéieren. Déi Prisongsstrof géif och fir de Dokter gëllen. D‘Gesetz ass vun enger Bierger*inneninitativ ausgaangen, déi massiv vun der kathoulescher Kierch a Polen gedroe ginn ass. Déi polnesch Bëschofskonferenz huet beim Start vun der Initiativ an hire Kierchen een „Hierdebréif“ virliese gelooss, deen massiv géint d‘Ofdreiwung gewiedert huet. Déi riets-konservativ PiS-Partei, déi aktuell a Polen um Rudder ass, huet sech hannert d‘Initativ gestallt. Obwuel se versprach hat, keng Bierger*inneninitiativ méi ze ignoréieren, ass mam Projet vun der Grupp „Rette mir d‘Fraen!“, deen sech fir eng Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz agesat huet, genee dat geschitt. Read More

Angscht a Schrecken mat der Jugendfeindlechkeet

D‘Jugendfeindlechkeet zu Lëtzebuerg ass zimlech grouss. Dat krute mir déi läscht Deeg erëm gewisen. Een Video wéisst een Polizist, deen Jugendlecher mat „Du Kallef“ uschwätzt an Këssen op se werft. Et muss een just hoffen, datt den Uniforméierten net mol bei enger Demo oder schlëmmer, enger Geiselnahm fir d‘Deseskalatioun verantwortlech wäert sinn. Dir denkt lo sécher: „Iwwerdreif net, do wier deen dach sécher anescht!“

An dat stëmmt. Et wier sécher eng aner Saach, wann deen Polizist enger erwuessener Persoun géigeniwwer géif stoen. Oder eng, déi en als Erwuessen gesäit. Mä wisou ass dat sou? Wisou mussen et Jugendlecher sech gefale loossen, vun enger Persoun an Uniform „Kallef“ genannt ze ginn? Wann een als Jugendlechen dat selwecht mécht, steet een ëmmerhin den Dag drop bei RTL a Co. op der Startsäit. Read More