Dec
13
2010
Joël
Heiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d’Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download
› Continue reading
Heiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d'Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken122.mp3|titles=Angscht a Schrecke ...
no comments | tags: Aarbecht, Drogen, Rastamann, Uran, Usträichen | posted in Episoden
Dec
6
2010
Joël
“Haut”, 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.
Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, wat déi Jonk selwer wëllen. An déi Persoun huet den Telefon geholl an huet rondrëm telefonéiert. Esou, wéi een dat an der gudder aler Zäit gemaach huet. Well deemools, 2004, do haten d’Leit et nach net all esou mat Email …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
download mp3
› Continue reading
"Haut", 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.
Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, ...
no comments | tags: ARA, Lëtzebuerg, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Musek | posted in Episoden
Aug
31
2010
Joël
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D’Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d’Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.
Um Enn vum Kulturjoer hunn se dunn erausfonnt, dat de Buedem ënnert de Rotonden gëfteg wier an keen méi dohinner dierft. Genee esou gëfteg war och den bloe Schampes, deen elo net méi däerf gedronk ginn. Dat eenzegt, wat also nach bliwwen ass, waren blo Hirschen, déi keen wollt an en Café an deen keen huet dierfen eran …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download
› Continue reading
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D'Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. ...
no comments | tags: Alkohol, Antonov, bloen Hirsch, Danzen, drenken, Hollerescher, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Musek, Wurstfachverkäuferin | posted in Episoden
Aug
9
2010
Joël
Et ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen.
Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download
› Continue reading
Et ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen.
Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken119.mp3|titles=Angscht a ...
no comments | tags: Dusch, Italiener, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Nazien, Optiker, Pizza | posted in Episoden
Aug
6
2010
Joël
Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
download mp3
› Continue reading
Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d'Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d'Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech ...
no comments | tags: Konfetti, Lëtzebuerg, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Ökohellegeschäin, Sport, Zuch | posted in Episoden