Aug
31
2010
Joël
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D’Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d’Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.
Um Enn vum Kulturjoer hunn se dunn erausfonnt, dat de Buedem ënnert de Rotonden gëfteg wier an keen méi dohinner dierft. Genee esou gëfteg war och den bloe Schampes, deen elo net méi däerf gedronk ginn. Dat eenzegt, wat also nach bliwwen ass, waren blo Hirschen, déi keen wollt an en Café an deen keen huet dierfen eran …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download
› Continue reading
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D'Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. ...
no comments | tags: Alkohol, Antonov, bloen Hirsch, Danzen, drenken, Hollerescher, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Musek, Wurstfachverkäuferin | posted in Episoden
Feb
25
2008
Joël
Et gin Situatiounen am Liewen, do weess en net, wat en soll maachen. Zum Beispill wann en sech entscheede muss zwëschen enger Clubnuecht mat zweiwelhaft Oflaaf an der Aussiicht ob eng waarm Kummer mat eventuell engem gudde Whisky.
Wann en sech dann einfach zu dem éischten iwerzeege léisst, muss en sech ob en Owend mat Angscht a Schrecke gefaasst maachen.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken eng weider Keiher an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht
› Continue reading
Et gin Situatiounen am Liewen, do weess en net, wat en soll maachen. Zum Beispill wann en sech entscheede muss zwëschen enger Clubnuecht mat zweiwelhaft Oflaaf an der Aussiicht ob eng waarm Kummer mat eventuell engem gudde Whisky.
Wann en sech dann einfach zu dem éischten iwerzeege léisst, muss en sech ob en Owend mat ...
3 comments | tags: Danzen, Disko, Drogen, Fly, Hippien, LSD, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Musek, torkelen | posted in Episoden
Jul
2
2007
Joël
Et ged an desem Land nach e puer Iwerreschter vun den 60er Joeren. Ech mengen domadder keng ellen Schoulgebaier oder soss architektonesch Schandflecken, déi en un traureg radioaktiv verseucht Stiedt aus dem Ostblock erenneren.
Riets geht vun der sougenannter Hippie-Kultur. An dozou geheiren och Danzlokaler, wou Aalhippien an hier geschteg Kanner verkeiren.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht
› Continue reading
Et ged an desem Land nach e puer Iwerreschter vun den 60er Joeren. Ech mengen domadder keng ellen Schoulgebaier oder soss architektonesch Schandflecken, déi en un traureg radioaktiv verseucht Stiedt aus dem Ostblock erenneren.
Riets geht vun der sougenannter Hippie-Kultur. An dozou geheiren och Danzlokaler, wou Aalhippien an hier geschteg Kanner verkeiren.
mp3 download Angscht a ...
1 comment | tags: Alkohol, Danzen, Drogen, Fly, Hippien, LSD, Piratenscheff, psychoaktiv | posted in Episoden
Jun
25
2007
Joël
Den Virowend Nationalfeierdaag keint en schon baal Nationalsaufdaag nennen. Mais dovunner mol ofgesin bezeechnen vill Leit den Owend och nach als “den enzegen Daag am Joer, wou an der Stadt eppes lass ass.”. Ech woen dem prinzipiell ze wiederspriechen. Et muss en just wessen, wou en hingeht, dann kann en all Daag Angscht a Schrecken erliewen. Ausserdem kennen ech op manst nach eng aaner Manifestatioun, bei der en ähnlech weineg duerch d’Gedrecks kennt an sech wenscht, et wier en nie an de Gronn gaangen.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken um Virowend vun Nationalfeierdaag do, wou jiddereen waar
› Continue reading
Den Virowend Nationalfeierdaag keint en schon baal Nationalsaufdaag nennen. Mais dovunner mol ofgesin bezeechnen vill Leit den Owend och nach als “den enzegen Daag am Joer, wou an der Stadt eppes lass ass.”. Ech woen dem prinzipiell ze wiederspriechen. Et muss en just wessen, wou en hingeht, dann kann en all Daag Angscht a ...
no comments | tags: Alkohol, Danzen, Drogen, Gedrecks, Nationalfeierdaach, Toni | posted in Episoden