Mar
3
2011
Joël
Et huet jo missen esou wäit kommen.
Fir mech waren d’Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d’Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d’ Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“.
Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d’Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d’Eislécker Koppen net dozou zielen.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download
› Continue reading
Et huet jo missen esou wäit kommen.
Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat ...
no comments | tags: Bierger, Eisleck, Éisterräich, Schnéi | posted in Episoden
May
3
2010
Joël
Während doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d’Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d’Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech mir och eng Auszäit gënne. Wéi an all gudder urbaner Persoun huet sech bei mir de Wonsch no Idyll, Rou a Natur bemierkbar gemaach. Dat heescht, ech wollt an d’Pampa.
Mir hunn eis zu puer ob de Wee no Graz gemaach. Graz ass d’Haaptstad vun der Steiermark, am Süde vun Éisterräich. 100 an e puer Zerquetscht Quadratkilometer Fläch, Awunnerzuel 260.000. Also dat, wat een also Grousstädter esou als Pampa ugesäit …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download (16,5 mb)
› Continue reading
Während doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d'Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d'Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech ...
no comments | tags: Alkohol, drenken, Éisterräich, Fuchsi Fuchs, Graz, Kulturjoer, Pampa, Toni, Wien | posted in Episoden