Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Esch

Angscht a Schrecken an der Rockhal
Mat der Rockhal kann en seng Problemer hunn. Daat därf en einfach, well et bezillt een jo schließlech Stéiren dofir. D’Rockhal ass quasi esou eppes wéi den ADR oder ZDF vun den Konzertshaalen. Ech wees net, ob een doweinst lo onbedengt déi ganzen Zait meckeren muss, mee ob manst e bessen kritiséiren wärt en jo secher dirfen.

Download audio file (angschtaschrecken86.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken an der Rockhal

An ech, ech kann jo emmer nach soen: Ech sinn Gonzojournalist, ech därf daat, nee, ech MUSS daat esouguer!

D’Rockhal lait, fir déi, déi et nach net sollten wessen, am renereschen Süden (cf. Episoden 2 an 85) vum Land. Zu Bieles. Verschidden Leit géifen och soen: Um Escher Dreckstipp. Ech fir main Deel well mech lo net dozou äußeren, wéi dreckeg oder net et do ass, mee ob den Buedem esou dioxin-frai soll sinn, woen ech alt mol ze bezweifelen.

Ob alle Fall ass schon mol een positiven Punkt deen, daat een ouni vill Problemer mam Zuch kann bei d’Rockhal fueren. Durno muss en zwar kilometerwait goen. Daat awer och nemmen doweinst, well do, wou en fréier einfach konnt riicht Richtung Rockhal treppelen, elo en Akaafszentrum steht, daat keen Mensch wollt an wahrscheinlech och vill manner Lait brauchen.

Ausserdem sinn ech eng Kéier gefall, well ech op den Zuch gelaaf sinn an den wonnerschéinen Briederiwerdaach een Moment laang opgehaal haat. Op déi Brieder iwert dem net méi existéirenden Briederiwerdaach haat et natirlech gereent an déi waaren ruschteg. Waat geschidd, wann een ruschteg nass Brieder um Bueden am en laafenden Gonzojournalist addéiert, kann sech jo jiddereen selwer ausmolen.

Déi schlemmsten Verletzung waar en agerassenen Nool. Den deet elo nach emmer wéi. Daat kéint awer och drun léien, daat et ereischt virun 2 Deeg geschidd ass.

Op jidder Fall waar ech an der Rockhal fir den Konzert vun enger isländescher Band. Daat ganzt waar en ziemlech grous ugekennegte Event, wann och net ausverkaaft. Den ganzen Daag waar ech ziemlech opgereegt duerch d’Hauptquartéier vum Radio ARA gesprongen, well bis irgendwann Mettes 15 Auer net kloer waar, op mir elo géifen eng Accrediatioun kréien oder net.

Woumadder mir bei engem wéideren Kritikpunkt un der Rockhal wieren: Egal wéivill Méint oder Joeren een am Virraus eng Accrediation unfreet, et kritt een emmer nemmen 3 Deeg bis Stonnen virum Konzert Bescheed gesoot, op een se och kritt.

Waat relativ blöd ass, well een sech drai Stonnen virum Konzert oft just nach schlecht en Ticket kann besuergen goen, wann een net nemmen aus professionellen, mee och aus perséinlechen Grenn well goen.

Den Problem mat den Accrediatiounen ass dann un der Kees wéider gaangen. Virun mir stoung en Fraa vum Point24, déi nach schnell virum Konzert en Interview mat der isländescher Band maachen wollt. Dozou sollt et awer net kommen. Een Moment wollt ech zur Frau soen: „Schreiwt einfach deen aus dem l’essentiel vun haut oof“, mee d’Madame haat eng Posch dobai, an ech wollt den Konzert awer ouni blo Flecken geneißen.

Wéi et dunn un mir waar, hunn ech main Numm an den Numm vum Radio ARA gesoot. Ech sinn dunn gefroot ginn, ob ech „Andreiw Ben“ géif heeschen. Ech hunn dunn déi ganz Geschicht erklärt an gesoot, mir hätten virun 3 Stonnen nach eng Mail kritt, an der gestaanen hätt, daat mir ganz secher eng Akkrediatioun kritt hätten.

Daat huet offensichtlech iwerzeegt. Ech sinn op d’Lescht geschriwen ginn. Allerdengs sollt déi Persoun, déi main „+1“ waar, herno erem eng Kéier ordentlech Problemer hunn, der Madam an der Kees daat ze erklären. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wiesou waar daat esou schwéier, eng Lescht mat denen Leit, déi eng Akkrediatioun hun, ze schreiwen? Luch et dodrunner, daat d’Rockhal virun kuerzem den System geännert haat?

An der Rockhal selwer hunn ech mech virdeischt mol em en Béier gekemmert an hunn probéiert, Leit ze fannen, déi ech géif kennen. Ech wosst jo, daat eng net onkleng Somm vun Leit misst héisinn, déi wéi ech déi islännesch Band ziemlech gären haat an demno misst ech jo op manst eng Persoun treffen, déi och héi op den Konzert géif waarden.

Komescherweis gouf et net mol Enegkeet doriwer, wéini den Konzert géif ufänken. Op den Ticketen stoung 20 Auer 30, um Internetsite vun der Rockhaal haat 20 Auer gestaanen. Ween dann elo Recht haat, konnt keen wessen. Wahrscheinlech géing den Konzert ereischt um 9 lassgoen, well sech d’Madame vum Point24 awer zu der Band duerchgekämpft hätt an d’Islänner esou laang belästegt hätt, bis endlech drai Äntwerten op 5 Froen ginn hätten.

AmFoyer vun der Rockhaal huet et ausgesinn wéi op der Fouer. An zwaar den Deel vun der Fouer, op dem et all meiglecht an onmeiglecht fettegt Gefreißt ged. Séier hunn ech en Schlack Béier geholl, fir den Schock ze verdauen.

Würschtercher an Sauerkraut.

Angscht.

Panngeschter.

Schrecken.

Wahrscheinlech vum Damien Klein aus all enzeel Molekül zesummengesaaten Nudelen. ANGSCHT.

Popcorn.

SCHRECKEN

Wou ass dann do den Rock bliewen? Firwaat ass et just nach em Friessen gaangen?

An virun allem: Wou waar d’Fra vum Point24 drunn?

Zum Gleck ass den Moment d’Musek vun der Virband ugaangen…

Angscht a Schrecken op engem Release vun Quentin Lagonza
Et ged Evenementer, op déi muss en goen. Well d’Famill daat gären esou hätt, well d’Kollegen soss alleguerten rosen sinn, well een vun der Arbescht aus gezwongen ged, well een sech sozial verpflicht fillt, dohinner ze goen.

An et ged Evenementer, op déi muss en goen, well een soss eppes gigantesches verpasst.

Download audio file (angschtaschrecken85.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken op engem Release vun Quentin Lagonza

An esou waar et och mam Release vun Quentin Lagonza. Ech mengen, eng Band, déi schon

baal wéi Gonzojournalismus heescht, versprecht jo schon mol een gewessen Niveau un

Verrecktheet. Ween d’Jongen schon eng Kéier live gesinn huet, wees: Vir Spezialeffekter an grous

Rockgesten ass emmer gesuergt.

Den Konzert sollt an der Kulturfabrik sinn, waat jo am renerschen Süden vum Land lait. Dem schwaarzen

Fleck op der Klimakaart also. (cf. Episode 2) Fir mech huet daat geheescht, daat ech mech em eng

Schlofplaatz hu missen kemmeren, mee dozou méi speit. Vill méi wichteg waar, daat den Batteuer,

den den Nolauschtrer secher net onbekannt ass, schon ungekennegt haat, daat d’Band desen Owend

an deelweis néien, deelweis aalen Verkleedungen bzw. och hallewplackeg géif spillen. Angscht a Schrecken

waren also quasi virprogramméiert. Trotzdem hunn ech mech op den Owend gefreet.

Ech hunn oft en Problem mat Auerzaiten. Wann bei engem Koncert 8 Auer steht, hunn ech d’Tendez ze kucken

fir och um 8 Auer do ze sinn. Och wann ech ganz genau leeft daat den Konzert net Punkt 8 Auer wärt ufänken,

ged et an mengem Ennerbewosstsinn irgendeng pendantesch Stemm, déi genee daat verlaangt. An desen Owend

waar déi Stemm erem besonnesch staark. Dofir stoung ech dann och méi oder wéineger Punkt 8 Auer an der KuFa, déi

bis op e puer Securityen an soss Personal eidel waar.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Sollt iwerhaat een op déi Release kommen oder wier ech herno den eenzegen

den virun der Bühn géif stoen an sech den sougenannten Vintage-Rock géif eranzéien? Bon, duecht ech, dann wier et vlaischt schnell

erem eriwer, dann géif ech vlaischt och mam öffentlechen Transport erem heemkommen.

Mee an der Zweschenzait haat ech alt d’Geleegenheet, mir en Béier ze bestellen an mech e bessi mat den Bandmembren

ze ennerhaalen, déi esou rondremgewusselt sinn.

Virun der DIr huet mir den Gitarrist erziehlt, daat hien net opgereegt wier, just midd. Se géifen jo emmer “den selweschten Siff”

spillen. Angscht a Schrecken stoungen och virun der Dir an hunn schwaarz Zigaretten gefemmt an mir den Damp an d’Gesiicht geblosen.

Irgendwann ass et dunn ungaangen mat den Virgruppen. Virgrupp, daat ass en Wuert, waat en haut net méi esou oft héiert

Mat der anglophoniséierung vun eiser Sproch ged eischter vun engem “Support-Act” geschwaat.

Wéi wann d’Haaptband helleft braischt. Bei Bands wéi den Rolling Stones géif ech daat jo

verstoen, emmerhinn sinn daat all aal Herren, déi brauchen vlaischt e puer staark Gitarristen

vir hinnen op d’Bühn ze hellefen, mee eng jonk Band lued sech am Fong just eng oder zwou

Virbands an, fir daat den Release méi spannend ass an een selwer den Heichpunkt vum

Owend ass.

Déi zwou Virgruppen hunn sech gudd drunginn, an der Zweschenzait hunn ech och eng ganz

Retsch Leit gesinn, déi ech kannt hunn an haat esoumadder een fir ze schwätzen. D’Kufa

huet sech no an no och gudd gefellt, waat bestemmt un Quentin Lagonza luch, mee vlaischt

och dorunner, daat den Entree frai waar. Eng Initiativ, déi een nemmen luewen kann. Konzerten,

déi vill kaschten, sinn net onbedengt esou cool.

Irgendwann no der daischter Virband, déi en immens komeschen Sänger mat immens

laangen Hoer haat, waar et dunn um Tour vun Quentin Lagonza, fir hieren néien Album

virzestellen. Ech waar gespaant, well ech haat villen vun deenen néien Saachen nach net héiren

an haat jo am Virfeld schon awer vill héiren. Virun allem waat Bühnenperformance ungeht.

An jo, et huet gerockt. No enger Zait huet den Drummer et esouguer wirklech bruecht,

fir sain Tshirt auszedoen an hallewplackeg ze spillen. Angscht a Schrecken sinn opkommen,

och weinst der “Uniform” vum Gitarrist, den en rosa Rüschenhiem an eng Kapitänskaap unhaat.

De Sänger waar am Schottenrack an den Bassist onopfälleg, mee daat waar en jo schon gewinnt.

Schockeffekter wierken jo meeschtens nemmen déi eischt 20 Kéiren, durno gewinnt een sech eben drun.

“Et gewinnt een sech un alles” seet den Volleksmond, ech soen: Daat ass decke Blödsinn. Ech wärt

mech nie drun gewinnen, um 4 Auer moies no vlaischt 3 Stonnen Schlof vun der Partykaravane

erwäscht ze ginn an vun Leit op Speed an d’Ouer geblärrt ze kréien. Et wier déi

100ste Kéier wahrscheinlech net méi esou iwerraschend, mee wahrscheinlech nach emmer kierperlech

esou unstrengend wéi déi eischte Kéier.

Den Konzert ass monter wéider gaangen. Den Drummer soot mir herno, hien hätt einfach mol gespillt,

während d’Musek virun him op der Bühn ausser Kontroll gerooden wier. Mir ass daat net obgefall, ech

hunn einfach geduercht, daat géif zur Show gehéiren. Et waaren jo och genuch Konschtstecker vum

Gitarrist ze gesinn, deen mam Verstärker geschwaat huet, mat der Zong gespillt huet an rondremgesprongen ass.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Waar ech duerch een komeschen Zoufall an den 60er Joeren geland?

An wann jo, wiesou waar d’KuFa dann schon eng Konzertshaal an keen Schluechthaus?

Esou an Gedanken versonk hunn ech just am Aawenkel matkritt, wéi deen laanghoerege Fotograph

mat dem psychedeleschen Fotoapparat seng Fotoen gemaach huet, d’Groupies ganz no un der

Bühn stoungen, an wéi en Mellen op d’Bühn geklommen ass.

Stop.

En Mellen ass op d’Bühn geklomm. Main Spannenseen waar aktivéiert.

D’Angscht a Schrecken-Alarmsiren an mengem Kapp huet haard geschellt. Wéi um Raumschiff

Enterprise: Alarmstufe Rot.

Een Mellen, wahrscheinlech een Drogenverreckten stoung op der Bühn an wollt dem Gitarrist

sain Instrument ofhuelen, vir en kuerz drop ze emaarmen. Den Emaarmten allerdengs

wollt weider Gitarr spillen an huet den Drogenverreckten vun sech wech gedreckt.

Den ass dunn mol riicht an d’Monitorboxen geflattert. Een Moment laang hunn ech gefaart,

den wier elo doud, mee zum Gleck ass den Verreckten direkt erem opgestaanen

an ass vun den Securityen oftransportéiert ginn. Ech hätt en an irgendeng Clinique angeliwert.

Ganz egal waat fir eng, Haaptsaach eng, wou se en Bett mat Gurter hunn.

Angscht a Schrecken hunn op der Gitarr vum Terror gespillt.

Mee irgendwann muss all Konzert op een Enn goen, an mat zwee Hallewplakegen op der Bühn

ass och dese Konzert op een Enn gaangen. Den Gitarrist huet seng Gitarr op den Verstärker geluecht.

Ennergangstéin aus der Feedbackhell. Dunn ass en zereckkomm an huet nach e puer Minuten en solo

duerbruecht, ouni irgendeen Kommentar.

Dobaussen stoungen schon eng ganz Retsch vun Leit, ennert aanerem och den Drogenverreckten, den

virdrun op d’Bühn gesprongen waar. Hien huet esou gudd wéi naischt méi mat kritt, mee vlaischt waar

daat och besser fir hien. Een aaneren huet sech opgereegt iwer all déi Leit, déi hien géifen stéiren,

hien wéilt lo mol e puer Minuten roueg setzen an sain Wain geneissen. Ech hunn missen grinsen an hunn mech gesaat.

Meng Feiss hunn wéi gedo.

Irgendwann ass et dunn erem ran gaangen, Merchandising an d’Leit vir d’Heemfahrt sichen.

Déi eischt Aufgab waar ziemlech einfach, déi zweet méi schwéier. Mat CD, Poster, Stickeren an

Tshirt am Gepäck hunn mir just eng vun 3 gesichten Persounen fonnt. Mee emmerhin konnten verschidden

Leit sech nach hier Postern ennerschriwen lossen. Bis d’Securityleit eis erausgehait hunn. Oder soe mer esou:

Se hunn gefroot, op mer elo kéinten goen.

Dunn huet sech erem irgendeen opgereegt an geruff, daat wieren dach alles Nazien. Wiesou waar esou

eng ongemittlech Stemmung? Wiesou waaren nemmen esou vill agressiv Tendenzen an der Kufa?

Waar daat den Geescht vum Schluechthaus, deen sech irgendwéi op d’Leit iwerdroen huet?

Angscht a Schrecken ass opkommen.

Mir sollten eigentlech “heem” (also dohinn, wou ech schlofen sollt) fueren an nach een Film kucken.

Mee irgendwéi hunn mir eis Leit net all fonnt. Et huet nach emmer eng Persoun gefehlt, an daat

waar leider d’Chauffeuse. Net schlemm, well ech waar jo beschäftegt. En Typ mat enger Mutz

huet déi ganzen Zait geschwaat, ouni opzehaalen, ouni Loft ze huelen, ouni och nemmen eng

Kéier richteg ze otmen.

Gerüchter sinn rondrem gaangen, d’Chauffeuse wier amgaangen mat engem “Rocker” op

der Toilett ze knutschen. Ech kruut och Nimm genannt, déi sech herno bestätegt hunn.

Also, ob manst hunn ech déi zwou Persounen herno zesummen gesinn. Waat elo mat

knutschen an mat Rocker waar – doriwer soen ech einfach naischt.

Op alle Fall kruuten mir den Schlessel vun engem schwaarzen Auto an hunn eis op de Wee

an d’Brousse gemaach. Ennerwee sinn mir laanscht brennend Paletten gefuer. Mir huet daat

Angscht gemaach. Firwaat ginn matzen an der Nuecht nirwt enger Stross Paletten verbrannt?

Angscht a Schrecken haaten mech. Ech waar ennerwee an en klengt Hexenhaischen irgendwou

an enger Heck am Süden, op der Stross hun Paletten gebrannt an nirwt mir souz en Typ mat enger

Mutz, deen fuerchtbaar vill geschwaat huet. An ech wosst, daat et des Kéier keng Flucht géif ginn …

Angscht a Schrecken an der letztebuerger Konzertslandschaft
Alles huet zu Esch ugefaangen. Do waar Out of the Crowd ungesoot. Out of the Crowd heescht jo eigentlech “Raus aus der Menschenmass”. Et keint en et och mat “Raus aus dem Gedrecks” iwersetzen. Daat klengt no engem furchtbaar nobelen Ziel. E bessi wéi wann daat ganzt en Festival an der Stuff bei der Bom vun engem vun den Organisatoren wier. An wéi wann et Kuch an Wain geif gin.

Download audio file (angschtaschrecken23web.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken an der letztebuerger Konzertslandschaft

Kuch an Wain klengt wéi eng komesch Kombinatioun. Effektiv waar et déi Kombinatioun déi d’Rotkäppchen senger Mamm bruecht huet. Ech fannen et komesch, daat nie en daat hannerfroot huet. Virun allem ass et no modernen medizineschen Standpunkter relativ zweifelhaft, fir enger aaler kranker Fraa Kuch an Alkohol amplaatz vun Medikamenter ze brengen.

Zereck zum “Eraus aus dem Gedrecks”-Festival. Et verwonnert bei dem Numm schons daat do an enger grousser Hall vill an méi oder manner berühmt Bands spillen, déi hir Leit unzeien an domadder schon Risiko ass, daat et Gedrecks ged. Allerdengs waar den Daach, wou ech do waar, Nomen est Omen den Motto vum Daach an et waaren net fuerchtbaar vill Leit do.

Virdeischt wollten se mech net fir naischt ran lossen, obwuehl ech op der Lescht stoung, mee se hun mech irgendwéi erreicht bei dem dretten Versuch fonnt. Den Moment hun ech mech gefroot wéi grous déi Lescht muss sin, fir daat en en net fennt. An ob et net méi einfach wier den Entree erof ze setzen an dofir manner Frendinnen an Frenn op d’Gäschtlescht ze setzen.

D’Musek waar ziemlech breed gefächert. Vun “daat war guer net esou schlecht” iwer “huet den de bauch wéi daat den esou blärt?” bis hun zu “waat ass dat do fir en kaméidi? Ass do eppes futti?” waar alles dobai. Ech hun mech awer méi virun der Hall opgehaalen wéi am Konzertssall, well ech mech do manner gelangweilt hun an och manner vun der Musek mam prädikat “ech mengen do ass eppes futti…” matkritt hun. Ausserdem waaren do déi interessants Gespreicher.

Irgendwan ass dunn d’Idee komm, fir op en aaneren Konzert an engem aanerem Deel vum Land ze fueren an sech do eng Grupp unzekucken déi heescht wéi een öffentlecht Transportmettel.

De Plang ass och relativ seier an d’Realiteit emgesaat gin. No e puer Minuten Em-tesselaktiounen waar d’Male vun dem Auto zwar engem extremen physikaleschen Experiment ausgesaat an huet sech geint de permanenten Drock vun 2 Penöen an enger Kescht mat Tshirten missen wiren, mee et konnt lassgoen.

D’Fluucht an de Westen, also quasi an den letztebuergeschen Equivalent vun der franseischer Brousse, an der ech virun gudd engem Mount Angscht a Schrecken erliewt hun, waar eng seier an virun allem haard.

Mat engem mellen Tempo sin mir vum süden an de Westen gerannt, quasi ouni Rücksicht ob Verloschter. Ech hun e bessi Angscht kritt.

Net weinst dem Tempo. Ech sin Leit mat “interessantem” Fuerstil gewinnt. An mengem Kapp huet sech eng ganz aaner Fro manifesteiert.

Waat geif eis am Westen erwaarden? Während sech zu Esch keen Mensch bewegt huet an en schon soen konnt, daat d’Leit sech vill Méih gin haaten, wann se bessi mam Kapp gewackelt hun, ass daat an bessi méi ländleschen Gebitter oft anescht. Déi schlemmsten Pogo an Mosh-Aktiounen erliewt en net ob groussen Festivaler am Bulli, mee an engem “Centre Kulturell” oder “Clubhaus vum Club des Jeunes” irgendwou an der deifster Provenz, wou eng schlecht Metalband schlechte Metal spillt an sech eng 50 Leit geigensaiteg esou laang usprangen bis se iwerall blo Flecken, en Schleudertrauma oder een Been gebrach hun. Verschidden Leit gin erreischt heem, wann se eng ordentlech Verletzung hun.

An der Hinsicht konnt en schon Angscht hun, well bei esou Aktiounen ged net emmer immens vill Rücksicht ob den onbedeelegten Deel vum Public geholl.

Virun mengem geschtegen Aan hun ech schon gesin, wéi ech Sonndes moies geif an der Clinique erwäschen an zwee bis 6 Kieperdeeler am Gips hätt. Ech hun och schon den Marc Thoma mat engem Hummer an engem Nol AN engem Mikro virun mengem Cliniquesbett stoen gesin, wéi en mir e puer pertinent Froen zu “brutalen Satanistenconcerten” stellt an durno sengem Public erklärt, daat daat ganzt wuehl eng affaire a suivre wier.

An dem am Verglach zu Esch nemmen bessi méi klengen Duerf am Westen unkomm, hun mir virdeischt mol déi berühmt “Hal polyvalant” missen fannen. Daat waar un sech eng Sportshaal, wou lo just ausnahmsweis en Concert dran organisiert gin ass. Eigentlech genee wéi d’Muschel um Kierchbierg.

Ech hun et vill méi symphatesch fonnt wéi zu Esch. D’Leit hun sech bewegt, hun gedanzt. Zu mengem erstaunen gouf et keng Pogo oder Mosh-Aktiounen, mee just braven Headbanging an e puer allgemeng Danzschretter. Keng radikal Aktiounen, waat ech absolut positiv fonnt hun.

Den Sound waar ziemlech baal furchtbaar miserabel. D’Stemm vum Sänger waar iwersteiert. Et huet eng Punkband gespillt, déi 80er Joren Pop gecovert huet. Daat ganzt waar an enger Sportshaal.

An trotzdem hun ech et vill besser an vill méi symphatesch fonnt wéi zu Esch. Et waar eng besser Atmosphär.

Mee am selweschten Moment huet mer daat ganzt Angscht gemaach. Virun allem well den ziemlech vollen Sänger vun der Punkband andauernd den Numm vun dem Duerf gebläärt huet. Ech fannen et schon ziemlech…peinlech, wann eng berühmt Band virun villen villen Leit mam Numm vun der Staadt oder dem land an dem en spillt de Public motivéiren well, mee hei huet et mer einfach just Angscht gemaach. Virun allem well de gudde Mann guer net méi opgehaalen huet.

Irgendwann ass en es dunn awer midd gin an huet d’Bühn zesummen mat sengen Instrumentalisten verloss. Et huet en gespiirt, daat eng ganz Retsch Leit opgeotemt hun.

Duerch irgendeen Zoufall sin ech dunn am sougenannten Backstageberaich gelannt. Daat war un sech d’Buvette vun der Sportshaal, déi sech “centre polyvalant” genannt huet.

Ech hun de Batteur vun der Band, déi wéi en öffentlecht Transportmettel heescht, gesin, wéi en seng Batterie opgebaut huet. Daat waar den Toni.

Dun huet den Toni sech gebeckt an ech hun seng Arschfuer gesin.

Ech denken, daat wärt mech nach relativ laang verfolgen. Angscht a Schrecken sin net wirklech déi richteg Beschreiwung. Fir verschidden Saachen gin et keng Wierder méi, déi passen.

Un de Recht vum Owend kann ech mech net méi erenneren. Ech wees just nach, daat ech dehydreiert, mee gesond den aaneren Daach alleng an mengem Bett erwäscht sin.

Angscht a Schrecken am reenegen Süden
Déi zweet Episod vun Angscht a Schrecken behandelt een Deel vum Land, deen zwar ville Leit bekannt ass, vun deem een wichtege Punkt awer oft vergiess ged: beim Süden vu Lëtzebuerg handelt et sech em den schwaarze Fleck op der Klimakaart. Dementspriechend suergt en Ausfluch an déi sougenannt Minettemetropole Esch och fir Angscht a Schrecken …

Download audio file (angschtaschrecken02web.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken am reenegen Süden

Samsdes mettes. Ech waar schon op, wei d’Pizza bruecht gin ass. Awer nach net laang.

Demno hun ech mech nom Iessen gefillt wei een, den erwäscht, eng Pizza esst an eng Bloody Mary braischt. E bessi grogy vun dem laangen Schloof, den mir net bekennt, mee soss naischt. Ech huelen un, daat dat bei mir de Problem ass: Ech sin vill ze oft niichter.

Ech haat awer nach een ganz aanere Problem. Un sech hätt den Samsdennometten jo ganz relax kennen gin. Ech sin definitiv en Amateur von rouegen, vereenten Samsdesnometteger wou en et sech gudd goen leisst – ouni ze vill Action. Ech hun och naischt geint Reen, esoulaang ech en vun bannen kann kucken…

Main Problem waar folgenden: Ech sollt en Workshop iwert Internetsaiten haalen. Mei genee: En Workshop doriwer, wei en Internetsaiten mat Joomla mescht. Joomla ass den Content Mangament System, mat dem zB. Och d’Hompage vu Graffiti realiseiert ass.

Wei déi mescht Leit net wessen, ass d’Minette mat denen westlechen Regiounen vum Eisleck die reeneregst Regioun am Land. Quasi de schwaarze Fleck op der Klimakaart.

An geene dohin hun ech missen.

Ech hun mech also an den Zuch gesaat, net ouni ze konstateiren daat bei den CFL nach emmer Angscht a Schrecken regneiert, des Keier zweschen Lorentzweiler an Dommeldange, an hun mech a Richtung reenergesche Süden transporteiren geloss.

Am Zuch hun ech mir nach e puer Notizen geholl, well ech waar mir bis elo nach net kloer, waat ech denen Leit dann lo genee iwert Joomla zielen sollt. An der Staadt hun ech missen emklammen an do hun ech den Fehler gemaach, den nemmen ech konnt maachen.

Ech hun mech nirwt die falsch Persoun gesaat.

Ech maan esou eppes oft. Meschtens lauschtren die Leit esou haart Musek, daat ech de Sänger nach verstinn, streiden sech per Telefon mat hierer Frendin oder zielen hirem Nope vun digitalen Aueren, mat denen een e Flieger fernsteiren kann. Kee Witz!

Mee haut sou ech nirwt der schlemmsten Sort vun falschen Leit, nirwt dei en sech sëtzen kann. Die Sort, dei mat engem schwätzt.

Virdeischt huet en mech gefroot, waat fir en Daach et wier. Ech hun em et gesoot. Genausou, wei ech em gesoot hun, wei main Buch geif heeschen. Daat wollt ech jo eigentlech liesen. Mee doraus ass naischt gin. Den Typ huet monter weider gefroot an mir gezielt, en weilt an dei selwescht Schoul goen wei ech. Dun huet e mech gefroot op do vill Leit geife femmen.

Ech wollt schon äntwern, sait dem neie Gesetz eigentlech keen mei, mee ech wosst jo, daat hien net vun Zigaretten geif schwätzen.

En huet mir einfach weider geziehlt. Vun sengen Pflanzen, die 2 an en halwen Meter grous wieren an rieseg Knospen hätten an sou weider.

Den Typ waar mir onangenehm. Ech wollt mech net an engem Zuch mat engem Friemen iwert dem seng Cannabispflanzen ennerhaalen. Oder sengen flapsegen Bemierkungen iwert Fraaen nolauschtren.

Ech haat en Workshop ze haalen, an daat wollt ech hannert mech brengen, ouni daat et Doudeger oder Verletzter gouf. Esou vulgär d’Liewen och ass, ze vill Blutt misst och net sin.

Wei ech dun endlech zu Esch waar, wosst ech, wiesou d’Minette de schwaarze Fleck op der Klimakaart ass. Et huet riicht eran gereent.

Ech sin zu Fouss an d’Kulturfabrik getrollt, wou ech baal vun engem Camioun vum “Festival du film italien” iwerrannt gin wier. Gleckerlechweis hun ech et awer nach bis an main Workshop gepackt.

Den waar net sonnerlech spektakulär an do gouf et och weineg Angscht a Schrecken. Dofir lossen ech deen mol einfach aus. Dei spannend Geschichten sin souwiesou durno geschidd.

Et war mettlerweil zwar vill mei daischter, mee net mei drechen am reenegen Süden gin. Et waar nass an kaal. Ech sin nach engem Bekannten begeint, den op de Wee dohinner waar, wou ech graad hierkomm sin an wou ech och net zereck wollt. Hien waar zwar wei en Faackel am Daischtren an huet mech en Moment vun mengen düstre Gedanken ofgehaalen, mee mir ass kloer gin, daat et just eng eenzeg Strategie gouf, fir ze Iwerliewen. An daat war d’Flucht vun desem schwaarze Fleck op der Klimakaart, zereck an daat op manst e puer Graad Joeresmetteltemperatur mei waarmt Gutland.

Esou schnell sollt daat awer net goen. Esch waar nass, kaal an virun allem haart. Ech hun während puer Minuten op main Handy gekuckt, well ech amgaangen waar, eng SMS ze schreiwen an sin hallew blann iwert die laang an chique Strossen getrollt. Mee wei ech dun erem opgekuckt hun, hun ech all Auto heiren. Ech sin wei en Zombie do gaangen an hun just nach mat zwee Senner, den Ouren an den Aan, meng Emwelt enregistreiert.

An ech haat wirklech d’Gefill, wei wann een bei mir den “RECORD”-Knäppchen gedreckt haat, well ech waar zu kenger Iwerleung mei fäheg, hun just nach alles matkritt, waat graad geschidd ass. Mei wait wei een Schraat virun mir konnt ech net denken.

En Auto, erem en, deskeier en mei aalen. Irgendwou tuut en.

Demols, wei ech um Enn vum Summer zu Lyon waar an do eigentlech stänneg mam Bus oder Tram duerch d’Staadt gefuer sin, huet andauernd irgendeen getuut. Ech hun mir do emmer d’Fro gestallt, op daat an grousse Stiedt eben esou wier oder op daat nemmen zu Lyon esou wier. Un all Kraizung huet irgendeen nervösen Franzous sech net mei gepackt an ass net nemmen mat zwee Feiss op Brems, mee och mat denen zwee Hänn op d’Tutt gesprongen. Esou huet die ganz Staadt geklongen.

Dofir hun ech esou oft wei meiglech de Metro geholl, och wann daat heinsdo en Emwee waar. Besser daat, wei stänneg daat Getuuts ze heiren.

Mee ech war am Moment net zu Lyon, an zu Esch huet just een getuut. EN Policeauto ass lanscht mech gefeuer, mat voller Siren an blooer Luucht. Ech haat d’Gefill, daat net ech elleng op der Flucht waar. Hei waar jidereen op der Flucht. D’Leit hun esou fest wei se konnten op de Gas gedreckt, fir rauszekommen.

An sin an der Mett vun all der Angscht an dem Schrecken am reengen Süden wei een Zombie getorkelt, zu kengem kloeren Gedanken mei fäheg.

Wei ech dun endlech am Zuch souz, ass mir nach eppes kloer gin: Ech hun missen unfänken, daat ganzt opzeschreiwen. An daat ouni d’Fro ze stellen nom wiesou an virwaat. Ech hun einfach geschriwen, bis ech erem doheem waar.