Oh méi.
D‘Leit aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn also fir de sougenannte Brexit gestëmmt.
D‘UK soll also aus der EU austrieden.
Et huet ëmmer bëssen onméiglech geklongen, well et jo wierklech eng schlecht Iddi ass. Et kann een villes un der Europäescher Unioun kritiséieren. Zum Beispill, datt se net immens demokratesch an dacks ze bürokratesch ass. Mä doduerch, datt de Kontinent dat lescht hallewt Joerhonnert domadder verbruecht huet, zu engem wirtschaftleche Raum zesummen ze wuessen, ass een Enn vun der Unioun – oder eben een Austrëtt – fir vill Leit net virstellbar.
An alleng op prakteschem, alldeeglechen Niveau ass grad d‘Reessfräiheet an d‘Fräiheet, iwwerall an der Unioun wunnen, schaffen oder studéieren ze kënnen eppes, ouni dat vill vun eis sech een Liewen net méi kënne virstellen. Grad Jonk Leit profitéieren enorm vun de Méiglechkeeten, déi zum Beispill den Erasmus+ Programm bidd. Och Beräicher wéi Wëssenschaft, Konscht a Kultur gehéieren zu deene Sektoren, déi vill vun EU-Sue profitéieren an och ville jonke Leit ze gutt kommen. Déi Jonk am UK verléiere lo villes, wat fir eis selbstverständlech ass. Et liest een vill, datt déi Aal deene Jonken d‘Zukunft souzesoe geklaut hätten, well déi meescht Jonk géint de Brexit gestëmmt hunn, déi Aal zum gréissten Deel awer dofir. Allerdéngs muss een dobäi och beuechten, datt grad déi ganz Jonk zwëschen 18 an 24 Joer zu enger grousser Majoritéit net wiele waren. Read More