Feb
19
2008
Joël
Et gin Deeg, do ass d’Welt op Drogen. An et gin Deeg, do ass d’Welt net nemmen op Drogen, mee huet nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt. Des Zait nemmen mir Fuesend.
Ok, eigentlech sin et d’Menschen, déi esou maachen, wéi wann se voller Drogen wieren an nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt hätten. Mee et fillt sech esou un, wéi wann déi ganz Welt op dem fuurchtbaaren Trip wier, an een selwer wier den enzegen, den nach hallewegs normal kéint denken.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken an der Fuesend
› Continue reading
Et gin Deeg, do ass d'Welt op Drogen. An et gin Deeg, do ass d'Welt net nemmen op Drogen, mee huet nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt. Des Zait nemmen mir Fuesend.
Ok, eigentlech sin et d'Menschen, déi esou maachen, wéi wann se voller Drogen wieren an nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt hätten. Mee et fillt sech esou un, wéi wann déi ganz Welt op dem fuurchtbaaren Trip wier, an een selwer wier den enzegen, den nach hallewegs normal kéint denken.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken15web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken an der Fuesend
Heinsdo ass Menschenverstand déi enzeg Waff, déi engem bleiwt. An der Fuesend ass Menschenverstand d'Samuarai-Schwert daat en sech an engem ongewollten Harakiri-Ritual an de Bauch dreckt. Schein lues natirlech.
Ech waar net oft an mengem Liewen ob engem Fuesbaal. Ech packen daat einfach net. Ausserdem gin ech och normalerweis net ob Baaler, well mir d'Meschung aus besoffenen, lallenden Leit an schlechter Musek net zouseet
1 comment | tags: Fuesen, Musek, verkleeden | posted in Episoden