Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Hollerescher

Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektro-Concert an den Iwwerreschter vum Kulturjoer 2007
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.

An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D’Joer vum bloe Hirsch“.  2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d’Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.

Um Enn vum Kulturjoer hunn se dunn erausfonnt, dat de Buedem ënnert de Rotonden gëfteg wier an keen méi dohinner dierft. Genee esou gëfteg war och den bloe Schampes, deen elo net méi däerf gedronk ginn. Dat eenzegt, wat also nach bliwwen ass, waren blo Hirschen, déi keen wollt an en Café an deen keen huet dierfen eran …

Download audio file (angschtaschrecken120.mp3)

mp3 download

Also hunn se de Café einfach op enger anerer Plaatz erëm opgebaut. Am CarréRotondes. A genee do, net wäit wech vun der berühmt-berüchtegter Hollerescher Stross (cf. Episod #5) sollt een Elektro-Concert sinn.

Lo ass elektronesch Musek een vast Feld, an et ass schwiereg ze definéieren, wat dann elo wat fir een spezielle Genre ass. Besonnesch dann, wann een net esou an der Musek doheem ass. Fir Experten ass et vläit keen Problem, dat alles auserneen ze halen, mä ech di mir do oft schwéier. Dofir gëtt et eng international gonzo-journalistesch Konventioun: wann et gutt klengt, gëtt et „Elektro“ genannt. Leider hält sech net all Mënsch dorunner, heiansdo gëtt Elektro och mat „c“ geschriwwen, genee wéi se fréier Tekkno mat „k“ geschriwwen hunn. Je méi „k“-en den Tekkno hat, je méi haart war een. Fir kuerz een Vertrieder vu schlechter elektronescher Musek ze zitéieren: „I feel  hardcore.“

Wéi mir virum Exit ukomm sinn, huet eis schon eng Mataarbechterin vun Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA, gewénkt. Ech hunn mäin üblechen Sproch lassgeloss.

„Et kann ee jo néirens higoen!“

An dat ass wouer. Et kann een zu Lëtzebuerg effektiv néirens higoen, ouni lauter Leit ze begéinen, déi ee kennt. Heiansdo ass dat flott, meeschtens sinn awer och Leit drënner, déi een éischter net wéilt gesinn.

D’Mataarbechterin vu Graffiti huet gezielt, et hätt Yoga am Mudam gehat, dofir wier et elo hei. Dat muss en sech mol virstellen, Yoga am Mudam. Do setzen dann Leit wéi den Kommissär Balzer an lackere Kleeder zwëschen moderner Konscht an maachen komesch Übungen. Wisou een dann um aneren Enn vun der Staat optaucht, hunn ech net verstanen. Et huet wahrscheinlech eppes mat schlëmmen psychoaktiven Drogen ze dinn. Angscht a Schrecken stoungen och virum Exit an haten Loscht, wéi wëll op Tekkno ze danzen. Tekkno mat 15 „k“ geschriwwen.

Mir haten net net nëmmen ee Stoff-Lemur dobäi, deen meng bescht Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass, op de schéine Numm „Wurstfachverkäuferin“ gedeeft huet, mä och 2 Liter Wodka-Sprite-Mix a Plastiksfläschen, de mir schnell hu missen drénken, iert mir konnten era goen. Während dems krute mir d’Geschicht vum Antonov, enger Kaatz mat Blosenentzündung gezielt an hunn driwwer raisonnéiert, dat et fir den technologeschen Fortschrëtt Schued ass, dat de kale Krich eriwwer ass.

Endlech dobannen ukomm hu mir gemierkt, dat guer näischt lass war. Een gelangweilten DJ huet langweileg Musek opgeluecht. Et souzen e puer Hipster rondrëm an hunn gelangweilt dra gekuckt. Mä dat maachen Hipster jo ëmmer. Et ass een net hipp, wann een net gelangweilt dra kuckt, och wann een am léifsten vu Freed jäizen wéilt.

Iergendwann ass de Concert dunn och lass gaangen. Meng bescht Frëndin, dat de Nolauschtererinnen net onbekannt ass, huet mat sengem Frënd an der Wurstfachverkäuferin Walzer gedanzt. Ob den Elektro. Soss stoungen d’Leit just rondrëm an hu probéiert méiglechst cool auszegesinn. Et ass komesch, ewéi wéineg op Concerten zu Lëtzebuerg gedanzt gëtt. Wahrscheinlech hunn Angscht a Schrecken esou wëll an ongenéiert gedanzt, dat sech keen aanere méi getraut huet.

Dräi Bands sollte spillen, dofir war all Concert zimlech kuerz an schon no e puer Lidder sinn d’Luuchten ugaangen an et war Paus. Mir sinn vun eiser gemittlecher Fotell opgestanen an sinn raus gaangen, fir ze fëmmen. Wéi een dat eben esou mëscht, wann ee mat Leit ënnerwee ass, déi fëmmen. Ee gutt gebauten Museker huet eis ugebueden, eis nom Concert heem ze féieren, während een Zeecheproff eis erklärt huet, mat wéi engen Strofen hien seng Schüler a Schülerinnen géif traktéieren. Gedichter an Ägyptescht Hieroglyphen iwwersetzen oder 100 Bürosklameren op engem Koup ofmolen. Do sinn Klassiker wéi „Das Innere eines Tischtennisballes“ jo nach richteg harmlos dogéint.

Déi zweet Band war am Fong just een Batteur, deen net ob, mä virun der Bühn gespillt huet. Aus wat fir engem Grond och ëmmer. Dat huet esouguer e puer Hipster dozou beweegt, mat de Féiss ze wackelen an heiansdo mam Kapp ze wénken.  Nieft mir huet een um Canapé geschlof. Och meng Aen sinn ëmmer méi schwéier ginn, bis d’Luuchten alt erëm u gaangen sinn. Angscht a Schrecken si méi grouss ginn.

Während der leschter Band sinn ech gefrot ginn, ob ech géif mat bis op d’Toilett kommen. Ech hunn hat gekuckt a gesot: „Do kann ech awer net mat eran!“

No e puer Erklärungen ass mir kloer ginn, dat et just ëm de Wee gaangen ass. Virun der Toilett stoung ech ze waarden. Een Typ, den op seng Frëndin gewaart huet, huet probéiert erauszefannen, a wat fir engem Glas méi Alkohol dra wier. Ech sot, dat wier dach esouwisou alles Limonad. Hien sot dorobber:

„Nee, et ass alles Äschen! Äschen mat Äis! An ech kann och iwwert Waasser goen!“

Dunn huet en den Moonwalk gemaach.

Angscht a Schrecken hate mech. Yoga am Mudam. Antonov, d’Katz mat Blosenentzündung. Onintresséiert Hipster. Mënschen, déi virum Exit um Buedem léien. Komesch elektronesch Musek.

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht mat engem giganteschen Won vun engem gutt gebaute Museker …

Angscht a Schrecken mam Billy Corgan
De Billy Corgan ass de Sänger vun de Smashing Pumpkins. An déi sin wéi vill Leit secher matkritt hun, deslescht am Atelier opgetruden. Comeback, Konzert, Europatournee an esou weider. Wann en wees daat den Billy Corgan en komeschen electro-soloprojet haat, kann en verstoen, daat vill Leit gezweifelt hun, wéi se heiren hun, dass d’Pumpkins erem do sollten sin.

Download audio file (angschtaschrecken27web.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken mam Billy Corgan

Ongefeier eng Woch virum Konzert hun ech ugefaangen, mir Gedanken ze maachen. Ech wollt

onbedengt eng bestemmten Lidd mam Titel “XYU” heiren. An et waar zu dem Zaitpunkt nach net

secher, ween dann lo ausser dem Billy Corgan an dem Jimmy Chamberlin, dem Batteur, Deel vun

der Band wier. Ech haat also verschidden Horror-Virstellungen:

Waat wier, wann de Billy geif op d’Bühn kommen an geif soen: Et deet ma Leed, ech hun keng

Band zesummen kritt, an dem Jimmy ass et haut furchtbaar schlecht. Dorobbs hin geif deen op

d’Bühn kommen an katzen, fir och den leschten ze iwerzeegen, daat hien op keen Fall kéint en

Konzert spillen. De Billy geif dann ufänken, Lidder aus sengem komeschen elektro-soloprojet ze

sangen. Dobai seiz hien komplett an enger schwarzer Kescht, wou just sain Kapp geif erauskucken.

Am Virfeld waar ugekennegt, d’Smashing Pumpkins geifen drai Stonnen laang spillen. Drai

Stonnen. Am Atelier. Den Atelier ass furchtbaar kleng. Den Atelier waar ausverkaaft. Am Atelier

ass no enger Stonn Konzert baal keen Sauerstoff méi. D’Smashing Pumpkins sollten drai Stonnen

laang spillen. Rocken. Ofrappen, souezsoen.

Ech hun mer virgestallt, daat den Konzert den leschten am Atelier iwerhaat wier. No enger Stonn

wier keen Gedrenks méi do, well d’Leit probéiren geifen an der tropescher Hetzt duerch Drenken e

bessi Flessegkeet opzehuelen, iert se se erem geifen erausschweesen.

D’Toiletten wieren ebenfalls no kuerzer Zait verstoppt, sou daat et eng Iwerschwemmung geif gin.

Den ganzen Budem geif no an no mat engem dennen Film aus Wasser an Schwees geflut gin, op

dem d’Leit permanent geifen ausrutschen.

Duerch daat villt Wasser geif d’Elektritizeit am Atelier no an no Kuerzschless hun. Op der Toilett

geifen just nach Fonken fleien amplaatz vun Luuchten an Schalteren. No enger gewesser Zait geif et

am Konzertssall ähnlech sin, an verschidden Leit geifen mat brenndenen Hoer durch d’geigend

laafen, ouni meiglechkeet zur Flucht, well de ganzen Atelier voller Leit wier.

Duerch déi vill Fonken geif den Daach vum Atelier ufänken mat brennen, an den Stärenhimmel geif

sech iwert den rechtlechen Iwerliewenden, inklusiv Billy Corgan an Band opdoen.

Nom Concert geifen d’Iwerliewend mam Helikopter vun der Air Rescue respektiv vun der Arméi

gerett gin. Den Atelier wier durno Sperrzone an dirft fir 20 Joer vun kengem Mensch méi betratt

gin.

Daat waar eng aaner Horrorvisioun. Ech hun mir allerdengs och virgestallt, waat geif passéiren,

wann ech main Song-Wonsch geif härt an de Raum blären. Nodeems ech ganz härt “EX WHY

YOUUUU” gebläärt hätt, wier et ganz roueg am Sall.

All Mensch geif op mech kucken.

Den Billy Corgan geif sain Plektrum faalen lossen, waat en extrem gudd geif heiren.

Durno geifen em Haaren an d’Fliliken wuessen, hien geif soen: I am the Devil. Ech geif dovunner

awer naischt méi matkreien, well en Bletz hätt mech getraff oder ech wier an en deift feiergefelltent

Lach gefall, daat sech ganz spontan opgedoen hätt.

Mee iert et zu esou Reaktiounen sollt kommen, hun ech jo virdeischt mol missen op den Konzert

kommen. Ech waar relativ frei do, ongefeier 3 bis 4 Stonnen ze frei. Den Bus an den Camion vun

de Pumpkins stoung awer schon virum Atelier. Do stoungen och e puer Aarmer, déi keen Ticket

kruut haaten an elo en schwaarz ofkaafen wollten. Waat hinnen awer net wirklech gelongen ass, sou

wéi ech daat matkruut.

Ech sin dun an déi verschidden baren vun der berühmt-berüchtegter Hollerscher Stross gaangen an

hun mech moralesch op den Concert, op dem ech durchaus hätt keinten stirwen, virbereed. Vir nach

eng Keier drun ze erenneren: d’Hollerscher Stross ass fir Letztebuerg daat, waat Las Vegas fir

d’USA ass. Just bessi méi kleng an ouni waiss Tigeren. Mee Angscht a Schrecken fennt en héi un

all Strosseneck.

Irgendwann hun ech dann awer och nach giess. Daat mat e puer Mellen Englänner, déi zwar och

alleguerten op den Concert wollten, mee iwerhaat net esou nervös waaren wéi ech. Se hun sech

nämlech relativ vill Zait geloss mam Iessen, obwuehl den Konzert zu all Moment hätt keinten

ugoen. Ech sin emmer an emmer méi nervös gin. Ausserdem waaren déi Leit wirklech alleguer e

bessi mell an ech hun et mat der Angscht ze din kruut.

Ech hun mir virgestallt waat alles keint passéiren. Keng Band, déi total Katastrophe an d’Enn vum

Atelier, den Billy Corgan, den an wirklechkeet den Daiwel waar…

Ech hätt och keinten doud-ge-poggt kennen gin. Angscht a Schrecken sin mir wéi Figuren aus

engem ellenen Drogentrip d’Been eropgeklommen an hun sech eng Entree zu mengem Kierper

gesicht. Elo hun ech mir gewenscht, ech wier op engem ellenen Drogentip. Daat wier

wahrscheinlech manner schlemm gewierscht.

Irgendwann sin mer dun endlech vum Desch opgestaanen an an den Atelier gaangen.

An do sollt alles anescht kommen, wéi ech mir et virgestallt hun. Et muss jo net emmer alles

Angscht a Schrecken sin.

Angscht a Schrecken op engem zengjähregen Gebuertsdaach vun enger Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet
Ech hu jo un sech naischt geint haard Musek. Mee ech hun awer eppes geint vill ze kleng Reim, an denen vill ze vill haard Musek gespillt ged.

Download audio file (angschtaschrecken10web.mp3)

Ech wosst awer, ob waat ech mech geif anlossen an dofir kann ech mech net bekloeen. An trotzdem.

Et waar en vun denen Deeg, wou en sech verzweifelt d’Fro stellt, ob en soll eng Jacket undoen oder net. Ob engem Konzert hennert eng Jacket normalerweis. Et huet en net vill Geleegenheet, se auszedoen, mee et misst en et awer dringend.

Et ass normalerweis waarm am Raum, et sprengt en selwer vlaischt nach bessi rondrem, an am allgemengen ass eng schweeseg Atmosphär. Fir net ze soen: Et herscht en fiichten, subtropeschen Klima.

Ech mech also dofir entschloss, keng Jacket unzedoen an haat just main Kapuzenplover un. No denen eischten 5 Meter hun ech gemierkt, daat dat en Fehler waar. Et huet nämlech riicht eran gereent.

Gudd, hun ech geduercht, daat ass och nach keen Drama. Déi 10 Minuten bis op d’Gare geif ech packen. An am Zuch wier et dann ejo drechen, an der Staadt geif et jo secher net méi reenen.

Am Zuch waar et tatsächlech méi drechen. Dofir huet do awer eng ziemlech onheemlech an agressiv Atmosphär geherscht. Ech haat, ouni et ze wellen natirlech, engem Besoffenen Dir op de Kapp geschlo.

Den huet mir dun och direkt gesoot, ech misst besser oppassen. Allerdengs waar “direkt” fir hien dun, wei en bis bei main Abteil getorkelt waar.

Ech hun net ganz vill drop gin. Den Mann hätt jo och bessi keinten oppassen.

Ech souz also an dem Zuch, den durch d’Daischtert gerattert ass, an ech souz alleng an mengem Abteil an mir ass et emmer méi an méi onheemlech gin.

Aus dem Abteil nirwend mengem sin komesch Geraischer komm.

Ech sin mir virkomm wéi an engem Zirkustransport. Wéi an engem onheemlechen an brutalen Zirkustransport.

Iwerall am Zuch huet et geknuppt an Leit hun gelallt. Et huet sech unheiren wei wann se geifen duerch den Zuch laafen an hir blöd Parolen lallen, ouni Grond, ouni Verstand, ouni Senn…

Ech souz zweschend alledem an konnt mech net wieren. Ech hun just gehofft, daat keen op d’Idee geif kommen, bei mech an d’Abteil ze kommen. D’Angscht ass mir lues awer secher d’Been eropgeklommen.

Ech haat Angscht virun denen Verreckten, die lallend a besoof duerch den Zuch gelaaf sin an vlaischt net nemmen op Alkohol, mee och op Drogen eraus waaren. Um Enn waar ech an enger Kaffeefahrt vun e puer Drogenverreckten, déi graad den greißten Horrortrip vun hirem Liewen haaten.

Irgendwann ass den Zuch dann unkomm an mir ass, trotz all mengen Befierchtungen, naischt geschidd gewierscht. Ech hun mech esou seier wéi nemmen meiglech aus dem Zuch gemaach, well ech gefaart hun, irgendeen Drogenfreak op dem schlemmsten Horrortrip vun sengem Liewen geif mengen, hien misst jiddereen embrengen, den em iwert den Wee leeft.

Normalerweis hun esou Leit folgendes als Begrennung:

“Wann ech jiddereen embrengen, kommen ech an den Himmel bei Jesus. Jesus ass main Frend!”

Ech wosst, daat an dem Zuch keen main Frend konnt hun vun Angscht baal net matkritt, daat et mindestens genausouvill geif reenen wei do, wou ech erangeklomm waar.

Ech sin dunn duerch d’Gare gehetzt an hun bei der Entree, wou ech nirwt enger illustrerer Gesellschaft stoenbliwen sin, festgestallt, daat et net esou vill geif reenen, wei do, wou ech erangeklomm waar.

Et huet vill méi gereent.

Déi enzeg Maneier, fir och nemmen hallew drechen unzekommen waar also, ze rennen. Oder, wann en den Minimum un Coolness wollt behaalen, den vun engem verlaangt ged, wann en op d’10-Joer-Geburstdaachsfeier vun enger Bar, déi ausgesait wei en Scoutschâlet geht: seier goen.

Bei der Post dun hun ech eng Laich gesin. Also, ech hun gemengt, et wier eng Laich oder ob manst eng verletzt Persoun. Ob manst louch do eppes, waat vague wéi en Kierper ausgesin huet an eppes, waat vague wei Blut ausgesin huet.

Ech sin méi no gaangen. Ech haat en Zuch voller Drogenverecktener iwerliewet, dann geif ech et och packen, eng Laich ze gesin.

Mee wéi ech mei no komm sin, hun ech ziemlech seier gemierkt, daat et keng Laich waar. Et waar eischter eng Kescht, Isoleierwoll an irgendengaart Jus, deen awer genee déi selwescht Faarw wéi Bludd haat.

Ech sin also weider gaangen an meng Kaputz huet esou lues ugefaangen, fiicht ze gin. Ausserdem haat ech nass Feiss. Mee et waar net méi allzewait an ech wosst jo, daat et an der Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet, gudd waarm wier.

Ech sin eigentlech genee zu dem richtegen Zaitpunk unkomm. Ech kruut eng Plaatz virun der Bühn an ech hun just nach missen 10 Minuten waarden, bis de Konzert ugefaangen huet.

Also, wann ech soen, virun der Bühn, dann mengen ech: virun der Plaatz, wou d’Band stoung. Well eng richteg Bühn gouf et un sech net. Wou soss zerkraatzten an verrefften Decher stin, déi all méi aal wei 10 Joer ausgesin, do stoung lo eben eng Batterie, Verstärkerern an soss Audio-Krimskrams, den en eben fir en Konzert brauch.

Wéi et dun ungaangen ass, huet de Sänger vun der eischter Band gesoot, et geif en extrem rouegen Konzert gin. Ech wosst, daat dat geif kommen. Un sech wier et méi richteg gewierscht, den hätt gesoot, et geif en extrem luesen Konzert gin.

Mee ech froen mech, ob iwerhaat irgendeen ausser mir am Publikum déi Uspillung verstaanen haat.

Et gouf eigentlech just nach een Wuert, fir d’Steemung, d’Musek, daat virhereschend Gefill an der Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet, ze beschreiwen: haard.

An wann ech haard soen, dann mengen ech net nemmen ziemlech haard.

Et ged eng Grenz vun Schalldrock, also Lautstärkt, déi Menschen kennen erdroen. Irgendwann platzten die enner Oranger einfach. An wann ech soen: haard, dann waar et no dorunner.

Ech haat e bessi Angscht, no dem Konzert naischt méi ze heiren. Annersaits hun ech d’Musek jo heiren, an esou laang ech déi nach heiren hun, konnt ech jo nach net ganz daaf sin. Ob manst daat alt mol.

Waat ech méi gefaart hun waar, daat en vun denen Mikroen, déi opgeaangen goufen, fir den Konzert opzehuelen geif erofaalen. En vun denen zwee waar esou deck an schweier daat den, den en op de Kapp kritt hätt, secher op der Plaatz doud gewierscht wier.

Die net immens grous Bar huet sech emmer an emmer méi gefellt. Ech hun mech no der eischter Band net méi getraut, eraus ze goen. Ech haat dozou och keen Grond. Ech kruut nach genuch Loft, ech haat eng leif Persoun fir ze schwätzen an och eppes fir ze drenken. Och main Geheier huet nach, esou wait ech daat eben beurdeelen konnt, funktioneiert.

Dun huet d’Musek erem ugefaangen. Mee des Keier waar se irgendwei mei…lues. Vlaischt huet daat och un denen villen Leit geleen, déi virun an rondrem mech stoungen.

No der zweeter Band dann waar die Bar, die ausgesait wéi en Scoutschâlet an ausserdem och nach grad 10 Joer gefeiert huet, wirklech stubbelvoll. Esou strubbelvoll, daat en Meih haat, vir erauszekommen, waat ech an meng Begleedung awer probeiert hun. Wei ech an der Traap stoung hun ech geduercht: Wanns de lo einfach sprengs, bass de Seier ennen. An bis op de Buedem kenns de och net.

Ech sin dun och net gesprongen. Mir hun eis duerchgekämpft. Irgendwou huet en aarmen, den graad zerdreckt gin ass, gejaut. Vlait haat en och einfach just ze vill gedronk an den Bauch wéi. Ech wees et net.

Irgendwann haaten mir et dun eraus gepackt, mee do waren ongefeier nach eng Keier esou vill Leit wei an der Bar selwer. Dementsprechend waar d’Loft och genee esou steckeg wei bannen. Och vun der Temperatur waar net vill Ennerscheed. Mir hun eis weider duerchgekämpft, bis mir op der Stross stoungen.

Ech konnt net méi erangoen. Ech hun missen den Zuch fir heem huelen. An hätt ech et nach eng Keier probeiert fir an den Scoutschâlet vun enger Bar eranzekommen, wier ech garanteiert ze speit komm. Ech haat esouwiesou genuch.

Am Zuch sin ech dun nach vun enger weldfriemer Persoun erkannt gin an kruut vun engem Kommunist Amaretto ungebueden.

Et waar erem en typeschen Owend vun Angscht a Schrecken.

Angscht a Schrecken um Owend vun der Anweiung vum Kulturjoer 2007, den komescherweis schon am Joer 2006 waar
Des Kéier ged et em Den eischten Daag vum Kulturjoer …

Download audio file (angschtaschrecken06web.mp3)

Den 9. Dezember waar et also souwait. D’Joer 2007 ass endlech ungaangen. Also, d’Kulturjoer, enner Kenneren och nach “d’Joer vum bloen Hirsch” genannt. Den bloen Hirsch hun se iwregens geholl, well en iwerall an der Grousregioun virkennt. Daat ganzt heescht zwar “Letztebuerg 2007?, et spillt sech awer net nemmen zu Letztebuerg, mee eben och an der Grousregioun of.

Mir waaren nach zu 3 no engem laangen Nometten Jingle-produzeiren am Hauptquarteier vun Graffiti, direkt vis a vis vun der Gare. Et waar mettlerweil 11 Auer an mir hun eis geduercht, die Party op der aanerer Sait misst lo schon amgaangen sin.

Mettes haaten se op der Gare komesch Lautsprecheren opgeriicht, die ausgesin hun, wei wanns de aus Disneyland geifen kommen. An irgendeen Männchen mat engem Hobois stoung do an huet ganz komesch Geraischer gemaach.

Een Moment hun se elektronesch Musek zu denen komeschen Geraischer gespillt, daat huet der ganzer Szenerie en flotten Toutch gin. Allerdengs net laang, dun waar et just nach komesch an ech wollt leiwer net wessen, wei et geif weidergoen.

Ech waar och den 2007-Buttek. Do kritt en, wei an esou villen Geschäfter dei bei der Gare leien, nemmen Kreemschen ze kaafen. Allerdengs nemmen bloen-Letztebuerg2007-Hirsch-Kreemschen. Taasen mam Hirsch, Tshirten mam Hirsch, Jacketen mam Hirsch, Poschen mam Hirsch, Leffelen mam Hirsch, Stremp mam Hirsch, Buedmäntel mam Hirsch, Nudlen an Hirschform, Hirschstatuten mam Hirsch, Stickeren mam Hirsch, Buttons mam Hirsch. Ech wollt en Moment schon no Kondomen mam Hirsch froen, wei ech den Letztebuerg2007-Schnaps gesin hun.

Konnt en daat ganzt nach eescht huelen? Oder waar den ganzen komeschen Letztebuerg2007-Buttek eng selbstironesch Aktioun? Ech wollt, daat et esou waar. Well wann en deen Buttek muss eescht huelen, an daat hun ech geduercht, dann ass daat fir ze färten. Dofir sin ech ziemlech seier och erem eraus gaangen.

Et waar wei gesoot 11 Auer owes an mir waaren just nach zu drai an hun eis op de Wee an die berühmt-berüchtegt Rotonden gemaach, die och schon neonblo geliicht hun. E bessen wei en Puff. Op der Breck iwert der Gare sin eis ongefeier 100 bis 300 Leit entgeintkomm, die alleguerten gekuckt hun, wei wann sie vun engem bloen Hirsch an den Henner gebass gin wieren an daat cyanblot Deier dann op hir Schong gepisst hätt.

Et huet natirlech keen eis gewarnt.

Mee ech konnt mir jo denken, daat die ganz Aktioun geif Angscht a Schrecken gin.

Virun der Rotonde stoungen ongefeier 2000 Leit an enger Schlang fir ran. Obwuehl 2 Rotonden gin, gouf et just eng Schlang. Vun baussen huet en an die neonblo Kulturpuffen erangesin an et waar quasi eidel dobannen. Virwaat waaren d’Leit all dobaussen?

Die ganz Szenerie ass mir ziemlech spunesch Virkomm.

Ech wollt lo eigentlech en Witz mat “spuneschen Tiermchen” maachen, mee mir ass keen angefall. Den Auditeur därf lo awer trotzdem laachen. Merci.

Mir hun eis bessen emgekuckt an hun gesin daat et och en Ausgang gouf, wou Securitysleit stoungen an d’Leit geziehlt hun. An ech denken mir mol, sie hun och obgepasst daat sech net einfach een geif do eranschlaischen.

Mir hun mat denen Leit geschwaat an probeiert mat eiser ARA-Memberskaart mei schnell wei die ca. 500 Meter laang Schlaang virun der Entree eranzekommen. Leider huet daat net geklappt. D’Situatioun ass emmer mei komesch gin. Et stoungen net nemmen Leit an der Schlang, mee och einfach sou an klengen Kresser nirwendrun. An si hun alleguerten ausgesin, wei wann se vun engem ganzen Ruddel vun Cyan-Hirschen op d’Schong gepisst kruuten hätten.

Ech hun esouguer en heigen Regierungsbeamten gesin, den keen einfach esou erangeloss huet. Et waar zimmlech ellen. Die Rotonde, die en gesin huet, waar ziemlech eidel an d’Leit stoungen just do. Wei wann et an dem furchtbaar neonblo beliichteten Gebai verbueden wier, Spaß ze hun. Iwerhaat huet et esou geschengt wei wann Spaß an Kultur net geifen zesummen passen. Eng eescht Saach eben.

Et stoung och eng Ambulanz do. Wahrscheinlech, fir wann et engem schlecht geif gin. Oder en eng elleptesch Kris weinst denen neonbloen Luuchten geif maachen. Oder vun engem bloen Hirsch gebass geif gin.

Ech haat net nemmen d’Flemm, mee ech hun die ganz Szenerie sou lues an lues och onheemlech fonnt. Zum Gleck hun mir beschloss eppes drenken ze goen.

An wouhinner geht een, wann en genuch vun cyanbloen Letztebuerg2007-Eröffnungspartyen huet?

Richteg. Op die hippsten Plaatz am ganzen Land.

Die berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross, an der ech jo schon Angscht a Schrecken erliewt hun.

Sou sollt et och des Keier kommen.

Mir sin an eng Boîte gaangen, die ausgesait wei en Scoutschâlet mat morbider Dekoratioun. Ech hun mir direkt en Cuba Libre bestallt. Den huet bessi komesch geschmaacht, wei wann de Rum net gudd wier. Ech hun naischt drop gin, emmerhin waar die ganz Mixtur drenkbaar an ech hun die Taatsach missen bekämpfen, daat ech vill ze vill oft niichter sin.

Ech hun mech an der Bôite an zweschen der bessi mei düsterer Clientell ziemlech …normal, fir net ze soen e ganz e bessen deplaceiert virkomm. Op manst haat ech eng schwaarz Jacket un, die huet villes erem gerett. Ej wollt mir nach Rum sichen goen, wei en een aalen Schoulkolleg vun mir gesin hun. Hien huet net verstaanen waat ech an der hipper Boite hei ze sichen hätt, an ech hun him gesoot, daat ech op der Sich no Alkohol waar. Dun huet en mir en Honnerter gin an gesoot “Huel waats de wells an huel mir en Paack Zigaretten mat!”

Daat hun ech dun och gemaach. Ech kruut en Glas mat enger waisser Flessegkeet an vill Ais.

Ech hätt direkt missen wessen, daat et keen Rum war. Speitens nodeems ech geschmaacht haat, wosst ech et. Ech hun dun ungehool daat et Wodka wier an waar och ze fridden. Emmerhin haat ech daat Gedrenks spendeiert kritt.

Vun engem Moment op den aaneren ass et “Klick” bei mir gaangen an et huet sech alles gedreint. Ausserdem hun ech gemierkt daat daat Gedrenks och keen Wodka waar. Et huet geschmaacht wei Alkohol mat bessen Waaser. Et hätt gudd kennen Terpentin oder Wäschbenzin sin.

Vun dem Moment un sin meng Enerrenrungen net mei esou kloer. Ech wees nach, daat en probeiert huet, main Brell mat dem Gedrenks ze wäschen, waat och erstaunlech gudd geklappt huet. Um eng Auer waar alles un an aus. Sie hun d’Musek ausgemaach an d’Leit sin alleguerten gaangen. Ech hun d’Welt net mei verstaanen.

Wiesou ass an der hippster Stross vun der Welt um Eng Auer owes schluss?

Op aaneren Plaatzen kommen d’Leit ereischt um 1!

Ech hun daat ganzt zimlech schrecklech fonnt. Virdeischt deen Desaster bei 2007, dann Wäschbenzin mat Ais amplaatz vun Rum an elo en vill ze schnellen Schluss…

Ech souz dun schlussendlech am Zuch fir heem, wei mir daat schrecklechst um ganzen Owend opgefall ass. Sie haaten die neutral an oft nogemaach Stemm, die am Zuch d’Haltestellen unseet, duerch eng bekannt Norichtespricherein ersaat. Die Fraa klengt emmer, wei wann se vun engem bloen Hirsch an d’Schong gepisst kritt hätt. An bei all Haltestell mengt en, elo geif d’Noricht kommen, daat op der Plaatz eng Gasleitung explodeiert wier an et 5000 Doudeger gin wier, sou en ellenen Toun huet se drop.

An ech souz midd an net mei ganz niichter am Zuch an sin all Keiers zesummengezeckt, wann die Fraa d’Haltestellen duerchgesoot huet. Ech kruut nach eng Keier eng ordentlech Portioun Angscht a Schrecken…

An esou sollt daat lo en ganzt Kulturjoer laang goen?

Angscht a Schrecken an der Hollerescher Stross
Déi berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross. Net nemmen eng Plaatz wou vill Leit Party maachen, mee och eng stänneg Quell vun Angscht a Schrecken …

Download audio file (angschtaschrecken05web.mp3)

mp3 download

No engem vun mengen selleschen Kinostouren an denen leschten Wochen stoung ech eng Keier ziemlech domm do. Also, ech stoung op der Gare an haat den Zuch fir zereck un die nördlech Front vum Gutland em genau 5 Minuten verpasst.

Mei blöd kann et engem baal net goen.

Eng Keier haat ech den leschten Zuch verpasst an mech dunn schon baal mat der Idee ungefrennt, bis 4 Auer moies rondremzewanderen. Mee dun haat ech awer en fonnt, den mech bis heem gefouert haat. Daat war am Endeffekt manner blöd gaangen wei den Zuch em 5 Minuten verpasst an keen Grond hun, fir heemgefouert ze gin.

Ech hun dun einfach beschloss, mir d’Hollerescher Stross unzegucken. Also, einfach en klengen Spazeiergaang ze maachen. Vlait geif ech virun engem vun denen berüchtegten Boiten jo eng hip Myspace-Bekanntschaft begeinen an den Owend geif sech irgendwei interessant gestalten.

Sou Saachen waaren awer eischter onrealistesch an ech hun missen Zait emkreien.

Ausserdeem waar ech hongreg. Also, e bessi. Daat kennt dovunner, wann en mengt et geif en vun e bessi Popcorn saat gin. Popcorn huet en Nährwertgehalt vun Null. Un sech ass et just Zocker an e bessi Mais. An virun allem ass de Popcorn, den ennen an der Tuut lait, ziemlech ekleg. Verbrannten, verzockert Maiskäären. Mee et esst en se awer, well en esou hongreg ass.

An waat mescht een, wann en Gonzojournalist deenden Zuch verpasst huet, hongreg ass an welles huet, duerch d’Hollerescher Stross ze spazeiren? Richteg, et geht et en bei de Kebap.

Ech haat net mei vill Souen – den Dreckspopcorn waar deier – an hun mir eng Fritt kaaft. Die 5 Minuten waaren alt erem, an op manst haat main Moo eppes, mat dem en de Popcorn-Vakuum opfellen konnt.

D’Fritten hun net wirklech gudd geschmaacht an ech haat d’Gefill, daat Zait guer net geif eremgoen. Se huet richteg geschlaach. Angscht a Schrecken. Geif sech die Stonn lo eiweg Zeien wei en Knätsch den engem ennert der Schongsuel pescht an den en net lassged?

Waat sollt ech dann die ganzen Zait nemmen maachen?

Ech sin dun an die berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross agebeid.

Un sech ass d’Hollerscher Stross fir Letztebuerg daat, waat Las Vegas fir d’USA sin, hun ech geduercht. Just, daat et keen Glecksspill ged an Las Vegas bessi mei grouss ass.

An an der Hollerescher gin et keng Tigeren.

Nach virun dem Parking, ob dem ech eng Keier gesin hun, wei zwee Leit en dretten widdert d’Mauer gedreckt an en dun bessi geschlo hun, haat ech eng Aart Déja-Vue Erliewniss. Ech sin laanscht ee Grupp Leit gaang, die bessi Toppegkeeten schwätzen. Ech waar och schon laanscht, wei op ee Mol een vun denen mesch mam Numm rifft.

Ech dreinen mech em, den Typ seet “Moien”. Ech äntwerten em an froen mech:

“WEEN waar daat?”

Ech hoffen, daat et net de Rastamann waar. Egal. Einfach weider goen. Keng Angscht.

Iwregens hun sech die drai Typen op dem Parking deemols no dem ganzen d’Hand gin, an et huet geschengt, wei wann do nie eppes geschidd wier. Ech hun daat komesch fonnt.

Ech sin dun laanscht dei Boiten komm, vun denen jiddereen schwätzt an an denen ech et un sech net esou cool fannen. Ok, an denen meeschten waar ech och ereischt eng Keier dobannen, mee soit. Ech fannen, et ged mei angenehm Plaazen fir eng Nuecht ze verbrengen.

Woubai dei beschten Art an Weis natirlech nach emmer “on the road” ass.

Naischt ged iwert daat Gefill, op der Rull ze sin, an am beschten voller Drogen. Ob eng gudd Art an Weis. Verreckt gin, ouni Angscht a Schrecken ze erliewen.

Mee esou eppes ass weder zu Las Vegas nach an der Hollerescher Stross meiglech. Dofir fehlt einfach eppes.

Ech waar och vill ze frei do. Et waar nach keng Lass. Komplett roueg. Freier sin d’Leit em die Zait heem gaangen, haut ass dann nach keen do. Daat nennt en dann Zeitgescht.

Waat sollt ech hei? Hei waaren keng hip Myspace-Kontakter, hei waaren keng Drogenverrecktener, die sech Chreschtdekoratioun fir an Akaafszentren anfaalen lossen, hei waar net emol de Rastamann. Eischter wier ech dem Kleeschen an dem Houseker begeint wei hippen Myspace-Kontakter.

Also sin ech weidergaangen, emmer weider, laanscht futtis Heiser, an mir ass opgefall, daat dei hipp “Hollerscher Stross” vun der emmer esou vill geschwaat ged, no drai, 4 Haiser riwer ass an dann just nach Heiser kommen, dei ausgesin, wei wann d’Grondsteckspraiser nach net deier genuch wieren.

Wann en bessi mei genau kuckt ass den ganzen Quartier ziemlech ellen. An do kennen och e puer Boiten naischt hellefen.

Irgendwann waar ech um Enn vun der Stross unkomm, oder ob manst op enger Kraizung, iwert dei ech net wollt goen. D’Keier maachen wollt ech och net.

Elo haat ech keng Loscht, komeschen Leit an schwaarzen oder rouden Räck ze begeinen, die mir Kamellen oder Rutten gin. Sou Leit sin oft Drogendealer.

Ech sin ouni vill Loscht eng aaner Stross zereck Richtung Gare getreppelt.

Die gaanz Szenerie ass mir emmer mei onheemlech virkomm. Ech hun komesch Buttiker gesin, an denen en anscheinend just Kreemschen ze kaafen kritt. Ech hun mech schon emmer gefroot, wiesou et esou vill Buttiker ged, an denen offensichtlech just Kreemschen verkaaft ged. Virun allem hun ech mech gefroot, wei esou Buttiker iwerliewen kennen.

Am Daach sin die Froen vlaischt nach witzeg an et kann en esou flott Theorien mat Stechwierder wei “Geldwäsch”, “Mafia”, “Drogengeschäfter” an “Rastamann” spannen, mee an der Nuecht ass die Saach eng aaner.

Do kuckt en duerch d’Vitrine, an der en sech selwer bessen spiggelt an gesait an der Daischtert just Kreemschen wei rosa Teigeschier an Biller mat klengen faarwen Luuchten drun.

Ech hun gespuuert, daat ech hun missen fort. Laang geif ech esou eppes net mei aushaalen. Angscht a Schrecken sin lues un mir eropgekroch.

Ech hun probeiert mei schnell ze goen, mee dun sin ech laanscht en Auto komm, wou anscheinend Leit dran soutzen. Schon vun waitem hun ech d’Opglimmen vun enger Zigarett – oder eischter engem Joint gesin. Ech sin lues laanscht gaangen, schein roueg. An ech hun probeiert net op den Auto ze kucken, ze maachen, wei wann mir daat ganzt guer net opgefaalen wier.

Hei konnt jiddereen, den ausgesait, wei wann en just an engem Auto geif setzen an kiffen, en gefeierlechen Drogenverreckten sin, den an Wirklechkeet ganz aaner Saachen am Kapp haat.

Die zwee vertraut Gefiller vun Angscht a Schrecken sin mei staark gin.

Ech sin gaang, esou seier ech konnt, bis ech endlech erem bei der Gare waar an op main Zuch waarden konnt.