Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Kokain

Angscht a Schrecken op der Präsenatioun vum néien Logo vum Radio ARA
Et ged Saachen, iwert déi wellt en herno net méi schwätzen. Bei Politiker sin daat Ofstemmungen, déi en trotz quasi-Diktatur an 50 Joer un der Muecht verlueren huet. Bei amerikaneschen Staren sin daat d’Privat-Pornovideoen, déi en mat sengem zweeten Exmann gedreint huet an déi elo am Internet ze fannen sin. Beim Adel sin daat eventuell oftrenneg Bridder an virun allem verlueren Schong. (cf. Episode 58). An bei mir ass den néien Logo vum Radio ARA.

Download audio file (angschtaschrecken60.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken op der Präsenatioun vum néien Logo vum Radio ARA

Am Fong sollt en jo hannert sengem Radio stoen, esou Entscheedungen och dann verteidegen, wann en se selwer net gudd fennt an virun allem ob der Antenne naischt beises iwert den eegenen Radio soen. Ech well dofir nach eng Kéier kloerstellen, daat Angscht a Schrecken eng satiresch Serie ass. An et geht net drëms, irgendeppes schlecht ze maachen. Oder vlaischt dach, e weineg. Eigentlech sin déi Saachen all esou. Mee heinsdo fuerdert den Gonzo am Gonzojournalismus einfach, déi Begreffer wéi „Eier“ an „Treiheet“ an den Kleederschaaf bei déi restlesch Monsteren vun der politischer Rhetorik ze drecken an einfach d’Wourescht ze soen.

D’lescht Woch waar also d’Präsentatioun vum néien Logo vum Radio ARA. Nodeems ech daat ganzt jo schon bei der ominöser Agentur gesin haat, déi verdächteg waiss Mauern haat, waar ech net wirklech gespaant op daat, waat do geif präsentéiert gin. Eischter op d’Reaktioun vun de Leit.

Déi ganz Veranstaltung sollt also an der Jugendherberg am Gronn oflaafen, wou virun ongeféier engem Mound meng Aventure um Wenzelspfad (cf. Episode 58) ungefaangen haat. Wéi wann ech net schon genuch schlecht Erennerungen un daat Lach ennert der Uwerstaadt hätt.

Op alle Fall sin ech dann also mat aaneren ARA-Leit dohinner. Wéi mir ukomm sin, souzen déi zwee Härren vun der Agence bei engem Glas Béier an hun mam Direktor vun Radio ARA déi lescht wichteg Detailer fir d’Präsentatioun ofgeklärt. Et sin eng ganz Retsch vun Leit angetraff, déi obskur Sendungen maachen an deelweis och während hiren Sendungen Lächer an d’Mauer bueren.

Ech souz net nemmen zweschen zwee Descher, mee och zweschen zwou Diskusiounen. Ob der enger Sait ass nach iwer aal Zaiten an Präsentatiounsdetailer geschwaat gin, ob der aanerer ass et em all meiglecheges gaangen, wéi zum Beispill Jazz, Graffiti, Retro-Diskoen irgendwou an der Brousse an soss ARA-relevant Geschichten.

Angscht a Schrecken sin eng eischten Kéier opgetaucht. Ech souz ob enger denkbar schlechter Plaatz, well ech vun denen zwee Gespreicher net wirklech eppes matkruut an esou neirens wirklech matschwätzen konnt. Vlaischt waar daat jo schon en schlecht Virzeechen?

Irgendwann sin mir dunn op den eischten Stack geleed gin, wou déi ominös Präsenatioun dann hiren Laaf sollt huelen. An engem hippen Konferenzraum mat engem immens schicken Beamer sollt meng perséinlech Angscht Nummer Eent, nämlech computergestetzt Präsentatiounen, alt erem eng Kéier wouer gemaach gin.

Wann Reihen mat Still an engem Sall stinn an Leit sech setzen sollen, well nie en Mensch sech an déi eischte Reih setzten. Wéi wann déi reservéiert wier fir wichteg Persounen wéi den Popst, den Rastamann oder méi oder manner duerchgedréinten Journalisten mat psychedeleschen Fotoapparaten. Ech hun mech einfach dohinner gesaat. E puer Leit hun et mir glaich gedoen. Ech wollt de Leit vun der Agentur awer keen schlechten Wellen entgeintbrengen. Vlaischt hätten se jo awer nach e puer Saachen un dem Logo, den ech gesin haat, geännert.

E puer Leit hun „Streber!“ geruff. D’Atmosphär waar also nach ganz locker. Ech selwer waar awer ungespaant. Irgendeppes huet mer net gefall. Ech hun quasi gespirrt, daat meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken och irgendwou am Sall waaren, wahrscheinlech an der leschter Reih. Do, wou emmer déi souzen, déi déi aaner gepiesakt hun an mat klengen Pabeierkurrelen ronderem geschoss hun.

Et ass lass gaangen mat enger klenger Aféierung vum Präsident vun Graffiti. Durno huet dunn den Mann vun der Agence d’Wuert iwerholl. Hien waar net wirklech dorob virbereed, daat hien misst Franseisch schwätzen. Ech hun daat komesch fonnt. Et mescht en en Logo fir en Radio an et wees en net, daat do vill Leit net onbedengt Letztebuergesch verstinn? Ech waar der Meenung, et misst en sech iwert eng Firma oder Gruppéierung informéieren, iert en en esou eppes „perseinleches“ wéi en Logo fir se geifen maachen. Angscht a Schrecken sin lues an lues opkomm.

Op all Fall huet den Mann, den emmer, wann een him eng Fro gestallt huet, ganz opgereegt gin ass an dann virdeischt net wosst, waat en sollt äntwerten, an dann ziemlech gehackt geschwaat huet, den Logo virgestallt. Virdeischt huet en den aalen Logo gewissen, an erklärt, wiesou den gudd wier. An dunn huet en den néien Logo gewissen an erklärt, wiesou den nach besser wier.

Den Logo waar spatz. Op allen Ecken an Ennen waar de Logo spatz. Ausserdem stoung „ARA“ do. An enger Schreft, déi mech direkt un en chineseschen Restaurant denken geloss huet.

Ausserdem waar daat ganzt blo an greng gehaalen. Daat huet sech bessen gebass.

An dann gouf et nach drai komesch Flecken. Déi sollten de Kapp vun engem Papagei duerstellen. Fir verschidden Leit huet et einfach wéi Vulleschaiss ausgesinn.

Angscht a Schrecken haaten mech. Virwaat waar daat den néien Logo? Wiesou haaten se eng Schreft geholl, déi en och als Asia-Supermarché hätt kéinten huelen? An wiesou hun se gesoot, daat wier modern an awer och klassesch zouglaich? Zaitlos quasi. Et ginn och Saachen, déi sin zaitlos ellen. Komesch Schreften wéi déi gewiehelten geheiren an mengen Aan dozou. Emmerhin haaten se net Comic Sans geholl.

Irgendwann hun se nach weider Saachen mat nach méi komeschen Farwkombinatiounen gewissen. Eng Persoun, déi an der Reih hannert mir souz, huet sech no vir gebeckt an mir hun zu drai ungefaangen ze lästeren. Den Mann huet ganz roueg weidergeschwaat. Hien haat een immens gemittlerlechen Tounfall drop, sou daat dat ziemlech berouegend gewierkt huet. Fir een klengen Moment haat ech ganz vergiess, daat hien iwerhaat nach geif schwätzen.

Angscht a Schrecken sin durno komm. Vill Leit hun de Logo effektiv gudd fonnt. Lues an lues ass mir kloer ginn, daat, obwuehl vill Leit Problemer mat verschiddenen Saachen haaten, de Logo geif geholl gin. Et haat en schliesslech vill Geld un déi wahrscheinlech koksend Agentur bezuehlt, lo konnt en net einfach nee soen. Ausserdem haat de Mann sech jo vill méi gin. Oder ob manst e bessen.

Angscht a Schrecken sin méi an méi grous gin. An daat enzegt, waat elo nach geholf huet, waar d’Flucht an engem schnellen an vill ze vill haarden Wohn. Ob manst bis an déi nächst Pizzeria.

Angscht a Schrecken an enger Pubsagence
Ech wees net, ob vill leit et schon matkritt hun, mee den Radio ARA sicht een néien Logo. Daat geschidd natirlech net an aller Öffentlechkeet, waar bei esou Saachen jo relativ normal ass. Dofir wärt ech an desem Beitrag och net all Informatioun kennen prais gin. Ween gären méi wessen well, muss sech gedellegen oder sech mat mir op enger geheimer Plaatz treffen.

Download audio file (angschtaschrecken55.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken an enger Pubsagence

Ween mech kennt, wees, daat ech Pubsagencen normalerweis wéi d’Pescht meiden. Oft behandelen ech Leit aus Pubsagencen och einfach nemmen, wéi wann se d’Pescht hätten. Wesst der iwregens, daat d’Pescht haut eng ziemlech harmlos bakteriell Infektioun ass, déi en relativ gudd mat Antibiotiquen behandelen kann? An trotzdem huet se nach emmer en groussen kulturellen Anfloss op eis an op eis Sprooch. An schon erem eppes beigeleiert, waat der eiweg wärt verhaalen an nie gebrauchen wärt.

Op alle Fall sollt ech dann also op en Treffen mat Leit vun der Pubsagence fir den néien ARA-Logo, oder op manst eppes, waat daat gin soll, ze begutachten. An wéi mescht en daat als richtegen Gonzojournalist mat Ökohellegenschain? Richteg, et trefft en sech am ARA-Haaptquartéier an leisst sech dann vun do aus dohinner chauffeiren!

Daat hun ech dann och gemaach an esou sin ech mat engem klengen waissen VW-Lupo vun enger Persoun, déi mir bei mengem eischten Besuch vum ARA als „Direktor“ vum ARA virgestallt gin ass, Richtung Pubsagence gefuer. Un sech ass daat schon en ziemlech gruselegen Szenario. Virun allem, wann dem Herr Direktor d’Wasser net waarm genuch ass.

Normalerweis ass d’Saach dach esou: Wasser, waat en drenken well, soll relativ kill bis kaal sin. Mol ofgesin vun Téi an ähnlechem, mee daat ass jo keen rengt Waasser méi. Mee meeschtens sin mer awer frou, wann d’Wasser relativ kaal ass, well daat erfreschend ass. Héi waar daat net de Fall.

Daat huet mir Angscht gemaach. Wahrscheinlech souzen meng zwee aal Bekannter irgendwou um Recksetz vun dem waissen VW-Lupo, den duerch d’Pheripherie vun der Staadt Letztebuerg gefuer ass, op der Sich no der ominöser Pubsagence.

Irgendwann sin mer dann virun engem Haus stoen bliwen. Keng Parkplaatzen, dofir hun mir eis méi oder weineger an d’Wiss gestallt. Daat ganzt waar an der Geigend vum Findel, eisem wonnderschéinen nationalen internationalen Flughafen. Leider ass net graad dunn en Jumbo-Jet geland, wéi mir erausgeklommen wieren, mee den Nolauschterer därf sech daat awer gären esou virstellen. Daat mescht déi ganz Geschicht méi dramatesch, fannen ech.

Déi ominiös Pubsagence sollt hei, irgendwou an der Peripherie, ganz no vum Flughafen, an engem ganz normalen, waiss ungestrachenen Haus sin? Ech haat mer eppes aaneres erwaard. Op manst e bessi méi Chrom an en Fändel mat hirem Logo virun der Dir. Nee, just en normalt Scheld um Haus, alles ganz onopfälleg.

E bessi ze vill onopfälleg fir main Geschmaach.

Ech hun jo generell meng Virurdeeler geigeniwer Pubsagencen an denen Leit déi do schaffen. Zum Beispill verdächtegen ech ganz vill vun denen Leit, daat se der Szenedrog Nummer 1, Kokain, ganz an guer net ofgeneigt sin. Gudd, et ged och vlaischt e puer verstoppten Alkoholiker ennert denen Leit, mee wann et em Graphiker an ähnleches geht, lait en mat Kokain dach nie schlecht.

Angscht a Schrecken waaren graad mam Fliiger unkomm.

Mir hun also geschellt. Et huet keen gefroot, ween mir wieren, mee d’Dier ass einfach opgaangen. Daat ass emmer schon ziemlech verdächteg. Also, ech hun et leiwer, wann ech muss soen, ween ech sin. Well dann wess ech, daat d’Dir net jidderengem opgemaach ged an ech net iwert en Drogenverreckten faalen, den zoufälleg erangeloss gin ass an elo sain Rausch hannert der Dir ausschleiwt.

Mir sin erangaangen, an direkt huet sech en Kapp am Traapenhaus gewissen. Waiss Maueren iwerall. Ech hun mech gefroot, op mir net durch Zoufall an engem Cabinet vun engem Zänndokter geland wieren, mee den Kapp, den sech speider als Ungestellten vun der Pubsagence erausgestellt huet, huet den Direktor erkannt an eis eropgebiedden. Mir sin also déi enk, waiss Traapen eropgeklommen, fir an engem ronnen, genausou waissen Raum ze landen.

Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Ween kéint op esou enger steriler Plaatz kreativ Gedanken hun an schéin Logoen entwerfen? Wiesou waar héi alles esou … waiss? Leit, bei denen alles waiss ass, maan daat oft esou, fir daat en den Koks net esou gudd gesait. Ausserdem waaren e puer eeler Modeller vun Apple-Computern ze gesin.

Op alle Fall sin mir guer net an den waisse Raum geloss gin. Dofir hun se eis aaner Traapen erem erof gescheckt, bis mir an engem Raum mat engem ronnen Desch souzen. Schwaarz Still, Konschtlierder, an d’Maueren erem an engem grellen Waiss. Ausserdem louch allerlee gemeschels rondrem.

Haaten se eis an en Ofstellraum gesaat an geifen eis lo einfach ansperren? Geifen mer lo Zeihen vun enger Kokain-Party gin? Firwaat stoung och hei en aalen Apple-Computer, den offensichtlech seng beschten Zait hannert sech haat?

Waat fir komesch Logoen geifen se eis präsentéiren?

Angscht a Schrecken sin emmer an emmer méi grous gin.

Irgendwann ass de Kapp erem opgetaucht an huet eis gefroot, op mir eppes drenken weilten. Kaffi oder esou eppes. Ech hun geäntwert, ech weilt e bessi Kaffi. Ech hun gehofft, daat keen op d’Idee geif kommen, LSD oder ähnlech Drogen an de Kaffi ze schedden, fir meng Urdeelskraaft ze veränneren. Mee normalerweis sin déi Leit an der Branche duerch en gewessend waisst Polver esou iwerzeegt vun sech selwer, daat se mengen, sie keinten jiddereen iwerzeegen.

Den Direktor vum ARA huet Wasser bestallt. Mee net ze kaalt.

De Kapp huet komesch gekuckt, an ech wosst fir en Moment net, virun waat ech méi Angscht sollt hun.

Direkt dorobber kruuten mir en Kaffi an eng Fläsch Wasser aus der Garage, net aus dem Frigo servéiert.

Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat waar daat fir en komeschen Betrieb, den wirklech alles haat, waat en sech wenschen konnt, op manst vun Gedrenks. Ech hätt mer vlaischt sollen en Cuba Libre bestellen, oder eng ganz bestemmten Marque Spruddelwasser. Fir richteg exzentresch ze sin.

Irgendwann sin dun zwee Härren an de Raum komm an hun eis hiren Entworf vun dem néien Logo virgestallt. Angscht a Schrecken sin vun Minut zu Minut méi grous gin. Ech kann leider naischt konkretes zum Logo soen, mee esouvill sief veroden: Et kann en all Slogan, och den vum „d’Frequenz vun all de Faarwen“, messinterpreteiren.

Daat enzegt, waat durno nach bliwen ass, waart d’Flucht. D’Flucht ewech vun ville ze villen Faarwen um Pabéier, ewech vun waissen Maueren an wahrscheinlech koksenden Käpp. An esou eng Flucht kann en nemmen an engem schneiwaissen VW-Lupo maachen…

Angscht a Schrecken op enger Chreschtdaagsfeier, déi schon am November waar
Wéi mir alleguerten wessen, fänkt d’Chreschtzait schon Enn September un, – speitstens awer no Halloween, dem Fest also, daat fréier mol Allerhellegen/Allerseilen geheescht huet. Dann sin d’Buttiker net nemmen voller Liewkuch an Lametta, mee et fänkt och déi wonnerbar Zait vun den Chreschtdaagsiessen, Chreschtdaagsfeieren an Enn-des-Joeresfeieren un.

Download audio file (angschtaschrecken52.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken op enger Chreschtdaagsfeier, déi schon am November waar

Déi dauert, wéi déi gesamt Chreschtzait, net nemmen den ganzen Advent (1. bis 26. Dezember), net nemmen bis zum Enn vun Joer, och mol net bis Draikinnegsdaag, mee ongeféier bis d’Fuesend. Et sin allerdengs och schon Enn-des-Joeres-Feieren am März oder Abrell ofgehaalen gin. Gerüchter no.

Ech vermudden, daat déi Feiren an engem Keller geféiert gin. Oder vun Leit, déi sech souwiesou fir naischt schummen. Ech muss lo do keng Nimm nennen, mir wessen alleguerten, ween esou Saachen mescht.

Wann en an villen Cluben oder „Clibb“ ass, kann en während der Chreschtdaags-an EnndesJoeresfeierzait op villen Plaatzen fir weineg Geld relativ gudd iessen an och oft nach vill besser drenken. Saufen an Friessen sin jo bekanntlecherweis zwou vun eisen Nationalsportarten, an denen awer komescherweis nie en „Sportler vum Joer“ gewiehlt ged. Och esou een tradionellen Rendezvous um Enn vum Joer. Wann en Journalist ass, kann en eigentlech vun Dezember bis Mett Januar den Frigo ausmaachen an esou vill Stroum spueren. Et brauch en en souwiesou net. Gerüchterweis ass den „Café de la Presse“ am Dezember och schon einfach zou gewierscht, well esouguer déi schlemmsten Alkoholiker ennert de Journalisten an dem Joer emmer genuch ze drenken hun.

Wann en Gonzo-Journalist ass, kann en während deser Zait quasi all Daag Angscht a Schrecken erliewen. Net nemmen weinst pervers blenkender Chreschtdaagsbeliichtung, bei där en färt, daat all Moment irgendeen geif eng Elleptesch Krise geif maachen, an dann misst en och nach hellefen oder op manst ruffen: „Ass irgendeen héi Dokter?“

Iwregens liicht et mir net an, wiesou en daat esou oft an Filmer gesait, daat irgendeen emfällt an schon rifft en Passant: „Ass héi irgendeen Dokter?“

„Jo!“, äntwertert irgendeen mat heldenhafter Stemm!, „Déirendokter!“.

Waitaus méi realistesch, mee manner witzeg: Zänndokter. An Letztebuerg gin et 2,9 Dokteren op 1000 Anwunner. Op manst waar daat 2005 esou. Vlaischt sin et der mettlerweil 3 op 1000.

Mee wiesou sollt graad dann, wann en aarmen Daiwel weinst enger Chreschtdaagsbeliichtung, bei der all Stroboskopseffektgerät neidesch gin wier eng elleptesch Krise huet, een vun denen ennert de Passanten sin? An virun allem: Geif eng Infirmiére net duer goen?

Op alle Fall waar ech dann kuerzfristeg, quasi zweschen Dir an Aangel, opgefuerdert gin, matzekommen op esou eng Chreschtdaagsfeier. Daat waar Enn November. Chreschtdaag ass, just fir déi Leit, déi daat net méi esou genee wessen, nach eng Keier dorob hinzeweisen, Enn Dezember. An ech haat emmer gemengt, et soll en Gebuertsdeeg net vir-féieren.

Ech hun mer geduercht: Waat soll et? An ech sin dunn einfach mol matgaangen.

Daat ganzt waar an engem Café, den et elo net méi ged, well mam Enn vum Kulturjoer quasi sain Exitus angelaud gin ass. An op der Plaatz, wou en waar, muss elo virdeischt mol alles renovéiert an sanéiert gin, well de Buedem anscheinend voller Dreck ass. Also, Uelleg, Pnöen, geiferlech, wahrscheinlech radioaktiv Substanzen an soss Gedrecks. Wann en daat mat dem Wessen verbend, daat den populären bloen Schampes och méi oder manner gefteg waar, bleiwt vun dem ganzem Kulturjoer en séierlechen Nogeschmaach.

Ech waar also mat der Persoun, déi mech dohinner geschleeft haat, op enger Chreschtféier, déi schon am November waar, an daat an engem Kulturjoerscafé. Et waar iwregens d’Chreschtdaagsféier vun engem Jugendservice héi am Land. An well mir vun Graffiti alt heinsdo bei Aktiounen vun denen matgemaach hun, hun mir eis alt geduercht, mir kéinten eis op der Chreschtféier gudd duerchfidderen lossen an e bessi eppes drenken.

Et waar voller Leit, déi daat selwescht geduercht haaten an sech an den klengen Café gedreckt haaten. Nach ass et naischt gin. Weder Iessen nach Drenken, just vill Leit, déi een dem aaneren Moien gesoot hun. Mech huet een heige Regierungsbeamten (fir Puristen: cf. Episode #6) mat „Herr Angscht a Schrecken“ begreißt, waat mir extrem geschmeischelt huet. Aanersaits waar ech mir elo secher, daat sech meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken och geifen ennert den Gäscht befannen.

D’Feier huet ungefaangen, wéi esou féiren eben ufänken. An zwaar mat enger Ried. An dunn ass en Film gewissen gin. An well et bei dem Service wirklech vill Spezialisten an Saachen Film gin, waar den Film net nemmen extrem gudd gemaach, nee, et sin och nach ongefeier 23 Problemer beim Ofspillen vun dem Film gin. Et ass jo net esou, wéi wann en daat virdrun probéiren kéint. Mir hun also den Intro vum Film ca. 5 mol gesin, bis en dun endlech gelaaf ass. Angscht a Schrecken hun lues an lues de Wee bei mech fonnt duerch d’Gedrecks fonnt.

Dunn ass nach eng Ried komm. An dunn nach eng.

An all déi Leit op der Bühn hun emmer daat selwescht geziehlt. Déi eng hun sech just méi laang Zait geholl, fir daat ze soen, waat déi Persoun virdrun an 5 Minuten gesoot huet. Iwerhaat sollt et vir esou Rieden, déi gehaalen gin, wann d’Leit drop waarden, eppes ziessen an ze Drenken ze kreien, een international gültegen Zaitlimit vun maximal 7 Minuten gin. Ech denken, daat misst en als Zousaatz zu der Genfer Konventioun anféieren.

Irgendwann huet eng Persoun, déi ech nie op der Plaatz erwaard hätt, mech op d’Scheller geklappt an mech an engem verwonnert-agressiven Toun gefroot, waat ech dann hei geif maachen. Ech hun dun eis Beweggrenn ouni den Deel mat „fir hei gudd ze friessen an ze saufen“ erklärt, waat déi Persoun offensichtlech zefridden gestallt hat. Oder si haat haut ganz einfach keng Salzseier dobai.

No all denen Rieden ass et dunn endlech lass gaangen. Dh., am Fong ass guer naischt geschidd. D’Leit hun ungefaangen, manner lues matneen ze schwätzen an ech stoung matzen an dem Bruhahaha, Pfötchengegins an Gedrecks an hun e puer Flyeren verdeelt. Mee ech hun net wirklech

gesin, wou et dann elo eppes fir ziessen oder ze drenken geif gin. Et huet ausgesin, wéi wann daat ganzt eng relativ drechen Féier geif gin. Vlaischt wollt en heimadder der selecherlech ziemlech heiger Donkelziffer vun Alkoholiker am Staatsapparat Rechnung droen. Vlaischt waar d’Organisatioun awer och vun e puer Drogenverreckten ausgeduercht gin, déi op engem Kokain-Trip eng verreckt Verdeelungsstruktur fir d’Schnitterscher an d’Gedrenks erfonnt haaten.

Irgendwann, no ongeféier 150 verdeelten Flyeren an nodeems ech mech ongeféier 20 Leit op d’Feiss getreppelt waar, hun ech en Plateaux mat Schnitterscher gesin. Glaichzaiteg sin Angscht a Schrecken op mech gesprongen an hun mech ungegraff.

Irgendwann huet d’Welt entscheed, daat et keng normal Schnitterscher méi därf gin. Eriwer waaren dun d’Zait vun waissem Brout mat Keis an Ham. Elo mussen et Bonsai-Kohlrabbi, konschtvoll gefaalten Mini-Steaks oder Origami-Mozarella sin. Je méi ondefinéierbar, emsou besser. An dann ged alles nach eng Keier mat enger Schicht Gelatine oder eppes ähnlechem blenkegem, cellophanähnlechem iwerzunn, fir daat et och schéin blenkt an glimmert. Mir hun jo schliesslech geschwen Chreschtdaag.

D’Gedrenks ass dun och irgendwann komm. Nämlech nodeems meng Begleedung dono froen waar. Anscheinend waar den Verdeelungsystem wirklech vun engem Grupp Drogenverreckter ausgeduercht gin.

Angscht a Schrecken haaten mech.

Wou sollt daat ganzt hiféiren? Wéi laang geifen déi vill douschtereg an hongereg Leit et nach aushaalen, nemmen all Veirelstonn gefroot ze gin, op se een vun den Heichglanz-Schnitterscher weilten? Waat geif passéiren, wann irgendeen geif erausfannen, wou den geneen Zougang zu der Alkoholquell wier? An virun allem: Waar irgendeen an dem Raum Dokter?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht iwert déi neonblo beliicht Passarelle…

Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektrofestival an engem ziemlech niwelegem Café
Heinansdo muss en, och wann en als Gonzo-Journalist den Rock an déi grous Gesten esou gären hued, sain Horizont erweiteren an sech aaneren Stilrichtungen ungin. An ech mengen domadder net, déi präfereiert Drog ze wieselen an mol eng Keier en Jogging unzedoen an sech an Handduch rondrem d’Schelleren ze leen.

Ech denken do eischter un en komeschen, fir net ze soen luschen Elektrofestival an engem Café, den sech selwer “Music Bar” nennt.

Download audio file (angschtaschrecken30web.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektrofestival an engem ziemlech niwelegem Café

Wann en elektro seet, misst en daat vlaischt bessi besser erklären oder definéiren. Emmerhin kéint daat lo och BumBum-Techno a la Scooter sin oder et ged vun verschiddenen Leit domadder asozieiert. Always Hardcore, eben.

Ech hun de Scooter awer trotzdem irgendwéi mat op den Festival geholl. Ech haat nämlech en Tshirt mat enger Zeil aus engem vun sengen Lidder, déi, wann en se aus dem Kontext rappt, heinsdo nach en Senn erginn, drop un.

Et huet sech net em BumBum-Techno gedreint, mee eischter em Gefreckels an sphäresch Kombinatiounen. Ob manst deen Daag vum Festival, ob dem ech do waar. Ech kann also och nemmen fir den Daag schwätzen.

Et kennt en op esou engem Festival un, drenkt eppes an dann fänkt d’Musek anbeemol un. Mee irgendwéi kritt en daat net richteg mat an mengt, et wier nach Soundcheck oder esou, well et immens minimalistesch ass. Ech waar dann och nach sou blöd an hun meng Begleedung gefroot, op den Museker schons amgaangen waar.

Mee daat waar eigentlech och just bei denen eischten Performancen, durno ass et méi interessant gin an d’Musek huet engem Biller an de Kapp gezaubert.

Eng aaner Saach, déi eischter fir ze färten waar, waar de Fakt, daat et et lues an lues ziemlech niweleg gin ass. Also, am Lokal selwer. Dobaussen waar en super Summer Wierder, vlaischt e bessi lefteg, mee ob keen Fall waar eng heich Loftfiichtegkeet festzestellen. Am Café dogeint ass d’Siicht emmer an emmer méi dreiw gin. Zigarettendamp, den an dem klengen Raum net wirklech fort komm ass, huet d’Orienteierung relativ schweier gemaach. No enger gewesser Zait hun ech sou just nach op d’Bühn gesin, wou grell Luuchten duerch den decken Damp geliicht hun, mee den Contoir konnt ech net méi erkennen.

Angscht a Schrecken hun mech trotz dem Niwel fonnt. Geif ech je aus der Musekbar erausfannen? Waat geif mat mir passéiren, wann ech déi falsch Dir geif erwëschen? Ech hun mir virgestallt wéi ech d’Kellertraap geif erofaalen an an engem obskuren Raum geif landen, wou Leit wéi den Toni oder och nach den Rastamann setzen an Drogen ennertneen verdeelen. Déi Bar ass gerüchter no bekannt fir Leit déi gären mol hir Nues pudderen.

Ech hun probéiert déi onbequem Gedanken ze verdrängen an hun mech op d’Musek konzentreiert. Dobai sin mir Farwen an Formen an den Kapp komm an hun sech zu denen visuell verniwelten Andreck gesellt, déi op d’Mauer projezeiert gin sin. Während déi eng vun der Musek ausgeleist gin sin, haaten déi aaner relativ weineg domadder ze din an hun doweinst komesch gewierkt. Ech wosst net richteg, waat ech dovunner sollt haalen. Ech waar op engem komeschen Trip.

Mee et waar alles méi belleg an wahrscheinlech och méi gesond wéi en richtegen Drogentrip, also wollt ech mech net onbedengt bekloen. Och wann Angscht a Schrecken nach emmer lues an meng Oueren geflüstert hun.

Net esou lues hun e puer ultra-hip Persounen meng Oueren belästegt. Ech sin aus mengem Gratis-Trip erwäscht an hun mir nervegt Gelalls missen unheiren, daat ech net nemmen “Proll”-meisseg fonnt hun mee och nach op enger Trounlaag komm ass, déi main Trommelfell fiirchterlech gequält hun.

Ech sin jo bekanntermossen am allgemengen en Menschenfrend, mee ech hun eppes geint glaat gestylten Leit, déi aus engem Katalog vun enger Moudechaine mat zwee Buchstawen kéinten kommen. Mat enger klenger Ännerung: Se hun en T-Shirt vun enger fiirchterlech hipper Band un. Ech froen mech dann emmer, ob se eigentlech wessen, daat Musek zwaar enger Moud ennerworf ass, mee et eigentlech och em Téin geht an net nemmen em Nimm, déi en während enger méi oder manner laanger Period obligatoresch muss nennen oder op engem Tshirt hun, fir cool ze sin.

Fir d’Musek an der Music Bar hun sech déi Leit op alle Fall net all ze vill interesséiert. Se hun haard geschwaat, mech an mengem Tripp gesteiert an blöd Reklammssprech op Beierglieser reziteiert. Ech waar frou, daat ech net op engem agressiven Trip waar. Soss wier déi Bar wahrscheinlech net nemmen zimmlech niweleg, mee och nach bluddeg gewierscht.

Wéi ech speider raus fonnt hun, waaren déi ultra hip Leit nach méi hip wéi ech eigentlech geduercht haat. Sie sin herno an Begleedung vun dem enzegen letztebuerger Promi erausgaangen. Eischter: Sie sin him hannendrungedackelt. Et ass emmer flott, wann en gudd Kollegen huet.

Angscht a Schrecken hun sech bei mir Breed gemaach. Ech kruut komescht Gedrenks vun Leit spendeiert, déi zweschenduerch matneen gecatcht hun. D’Musek huet emmer méi komesch Biller an main Kapp gezaubert an d’Filmer déi op d’Maueren projezeiert gin sin , sin och emmer méi obskur gin. Déi hipp Leit hun sech nach emmer haard iwert Facebook an Fotoen an hir lescht Sauftouren ennerhaalen. Den Niwel ass emmer méi deck gin, sou daat ech Angscht haat, dran stirchen ze bleiwen.

Alles, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. Virdeischt zou Fouß duerch d’Aalstadt, dann méi schnell iwer aalbekannten Strossen. Leider ouni Schokola.

Angscht a Schrecken ob engem Bloggertreffen an enger ultra-hipper Bar
Irgendeeng Firma mam Numm Culture-buzz haat op en Blogtreffen angelueden. Ween mech net nemmen iwert de Radio kennt, wees, daat ech en Blog hun an ziemlech vill kritesch Froen iwert déi Firma, daat angeblech nonkomerziellt Treffen an iwerhaat gestallt haat.

Download audio file (angschtaschrecken12.mp3)

download mp3 Angscht a Schrecken ob engem Bloggertreffen an enger ultra-hipper Bar

Daat huet net jidderengem gepasst an et huet mech och net jiddereen verstaanen. Waat dozou gefeiert huet, daat et ziemmlech hefteg gin ass an ech een Moment laang Angscht haat op den Treffen ze goen. Ech hun gefaart, soubaal déi mech geifen gesin, geif ech Gefohr laafen, eng Blaivergeftung an oder d’Perforatioun vun verschiddenen vun mengen enneren Organer ze erliewen.

Ech hun mech schon gesin mat bluddegen Kleeder aus dem ultra-hippen Lokal flüchten fir den Schess vun der Marketing-Mafia ze entgoen. An d’Marketing-Mafia huet natirlech Maschinengewierer. Daat wier also richteg ellen gin.

Waat ech mir ebenfalls erwaard hun, waaren Schnitterscher fir naischt. Irgendwéi mussen bei esou propperen, heichglanz PR-Szenen emmer Schnitterscher do sin. Daat sin dann natirlech keng normal waiss Broutscheiwen mat Ham oder Keis drop, mee kleng Konschtwierker bei denen en sech net wirklech traut ze froen waat dann dran ass. Wahrscheinlech wussen se esou un engem seelnen Strauch, den en just an enger Oase matzen an der Wüste Gobi wisst. Oder wann suspekt Leit mat suspekten Keschten an Marketingagenturen kommen, dann sin do net nemmen 2 Kilo Kokain dran, mee och 2 Kilo Schnitterscher fir Heichglanzzwecker.

Zum Thema Kokain kruut ech vun engem, deen et wessen muss, d’Informatioun, daat an dem Pudder, den haut als Kokain verkaaft ged, just nach 4% richtegen Kokain dran ass. Daat ass och esou eng Saach. Ech hun do einfach meng Virurdeeler. Vun Kenschlter denken ech jo, daat se sech gären mei oder manner legal Drogen eranzeien an Filmer kucken wou een dem Aaneren mat der Buermaschin d’Aan erausbuert an wou mat raschtegen Kettenseen op Fässer getrommelt ged.

An vun Marketingleit denken ech eben, daat se öfters ob d’ Toilet verschwannen fir sech d’Nues bessi ze pudderen, wéi daat esou schein heescht.

Et ass mir awer naischt geschidd. All déi Leit déi mech virtuell esou vernannt haaten, hun sech bei mir entschellegt. Daat hun ech fein fonnt. Ech mengen, sie hätten och kennen mat engem Maschinengewier op mech lass goen an mir meng eener Organer perforeiren. Daat wier allerdengs och weineger fein gewierscht.

Daat eischt waat ech gesin hun, waar en selweren Platteau mat Schnitterscher. Ech hun mech nirwt en gesaat, den ech kannt hun an hun mir vun deem d’Laag erklären geloss. Hien hätt seng Tarnung schon op gin, haat en gesoot. No e puer Beieren wier daat schon méi schweier.

Ech kruut et dun awer esou lues mat der Angscht ze din. Waat waaren do fir komesch Leit op dem Treffen? Ech mengen, Blogger ged et wéi Sand um Mier an daat ass e bessi wéi mat all Subgrupp. D’Leit hun all eppes gemeinsam, mee och net all ze vill.

Ausserdem haat ech den Verdacht, daat do vill Leit aus dem Marketing do waaren. An daat huet jo geheescht daat daat ganzt eng drenken an sniffen-party waar.

Irgendwann ass den Organisator vun dem ganzen komm an huet ugefangen mat mir ze diskuteiren. Ech hun och gären mat him diskuteiert. Soulaang hien mech dann och schwätzen geloss hues. Well hien huet immens laang an vill geschwaat. Ech hun mol heiren, wouvunner daat soll kommen, wann Leit immens vill an iwerzeegt vun sech selwer schwätzen. An guer net méi ophaalen.

Et gesait e bessi aus wéi Puderzocker an et fennt en et oft op den Lavaboen vun Toileten an esou ultra-hipen Baren wéi der wou ech graad souz.

Irgendwann ass en Sender komm, den sech selwer als jonk bezeechent huet an wollt en Interview vun mir. Bon, ech brauch och als Gonzo-Journalist all puer Wochen eng Keier meng 15 Minuten FAME, also hun ech mech interviewen geloss. Den Sender huet freier mol wéi en Danz geheescht an waar ziemlech schief.

Komescherweis kritt en en trotzdem an ganz Europa iwer Satelit. Wiesou och emmer.

No dem Interview ass et direkt weider gaangen mat der Diskusion. Irgendwann waar irgendeng Virstellung mat engem Heichglanz-Marketing-Beamer den bestemmt esou vill kascht huet wei déi Fabrik an der en gemaach waar, die Camionen an den Fliiger den en transporteiert huet zesummen.

Mee main Gespraichspartner wollt daat net emol kucken. Mir waar et egal. Hien huet geschwaat, geschwaat an geschwaat. Ouni Enn, quasi. An ech hun en mat mengen Aussoen deelweis schockeiert.

Irgendwann huet en dun gemengt, hien misst op d’Toilett goen. Ech wosst jo, waat daat geif heeschen.

Fir mech huet daat awer geheescht, daat ech esou lues awer secher misst d’Flucht ergraifen. Daat ass och irgendwann eng Keier gaangen, well dun hun sech déi zwee Leit, dei ech quasi als Schutz matgeholl haat, och mobiliseier an mir hun just nach eng hallew Stonn mat Leit diskuteiert bis mir dun endgülteg fort konnten.

Ech haat en komeschen Drive drop. Ech hun eng Autosfahrt gebraucht, am beschten an irgendeng komesch Frittenbud wou ech konnt an Rou iwert daat ganzt schwätzen an nodenken. Ausserdem haat ech en komeschen Honger ob Fritten.

Mat schnellem Tempo an engem Lidd vun 20 Minuten hun ech d’Flucht dunn ungetrueden, fort vun der komescher hipper Bar, fort vun denen Schnitterscher, fort vun Koksliwerungen an ominösen Kartonskeschten, fort vun Leit déi just kuerz eng Keier op Toilett mussen an do verdächteg vill Zait verbrengen…