Angscht a Schrecken 6 Joer um Radio ARA

“Haut”, 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.

Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, wat déi Jonk selwer wëllen. An déi Persoun huet den Telefon geholl an huet rondrëm telefonéiert. Esou, wéi een dat an der gudder aler Zäit gemaach huet. Well deemools, 2004, do haten d’Leit et nach net all esou mat Email …

Read More

Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektro-Concert an den Iwwerreschter vum Kulturjoer 2007

Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D’Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d’Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.

Um Enn vum Kulturjoer hunn se dunn erausfonnt, dat de Buedem ënnert de Rotonden gëfteg wier an keen méi dohinner dierft. Genee esou gëfteg war och den bloe Schampes, deen elo net méi däerf gedronk ginn. Dat eenzegt, wat also nach bliwwen ass, waren blo Hirschen, déi keen wollt an en Café an deen keen huet dierfen eran …

Read More

Angscht a Schrecken mat enger Pizzakëscht

Et ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen.
Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …

Read More

Angscht a Schrecken virun, bei an no enger sportlecher Groussveranstaltung

Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …

Read More

Angscht a Schrecken um Gebuerstsdaag vun engem Matarbeschter vum Radio ARA, den net eisen London-Korespondent ass, mee zu Cardiff an Wales setzt

Ed ged Deeg, do bleiwt en einfach gären méi laang leien. Zum Beispill, wann en graad dobai ass, sain souwiesou schon komplizéirten Biorhytmus op Nuetsliewen emzestellen. Ech perseinlech sin jo der Meenung, daat ech an der Nuecht vill méi produktiv wier, wann ech net emmer schon esou midd wier, well ech den gaanzen Daag schon op waar.
An et gin Deeg, do geif en gären leien bleiwen, mee kann et net, well den Handy schellt. Oder eben esou haard vibréiert, daat en dovunner erwäscht.

Read More