Aug 7 2007

Angscht a Schrecken op enger Party no enger Anweihung

Joël

Wann en am Summer irgendwou schafft, an och daat muss en heinsdo als Gonzojournalist, dann kann et virkommen, daat en sech un komeschen Ritualer bedeelegen muss. Daat kennen ganz normal Saachen wéi zum Beispill Kaffispausen zu komeschen Zaiten oder Geschäftsiessen an exquisten Restauranten déi keen öffentlecht Dirscheld hun. Oder et muss en obskur Keschten vun A no B droen an et fillt en sech dobai wéi en schlechten Drogenkureirer. Waat en deelweis och ass.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

mp3 download Angscht a Schrecken op enger Party no enger Anweihung
› Continue reading


Jun 3 2007

Angscht a Schrecken op mengem eischten Metalfestival

Joël

Et ged jo fir alles eng eischten Keier. Esou sin ech och virun Joeren fir déi allereischten Keier op en sougenannten Metalfestival gaangen. Wann en sech do lo eppes wéi Wacken oder den Summerblast virstellt, muss ech daat ganzt vlaischt besser definéiren. Et waar nämlech an engem Kaff, daat seech Beschdref nennt an huet “Rock d’Scheier” geheescht. Et huet och net wéi zum Beispill de Wacken e puer Deeg gedauert, mee nemmen en Owend.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

mp3 download Angscht a Schrecken op mengem eischten Metalfestival
› Continue reading


Apr 23 2007

Angscht a Schrecken an der letztebuerger Konzertslandschaft

Joël

Alles huet zu Esch ugefaangen. Do waar Out of the Crowd ungesoot. Out of the Crowd heescht jo eigentlech “Raus aus der Menschenmass”. Et keint en et och mat “Raus aus dem Gedrecks” iwersetzen. Daat klengt no engem furchtbaar nobelen Ziel. E bessi wéi wann daat ganzt en Festival an der Stuff bei der Bom vun engem vun den Organisatoren wier. An wéi wann et Kuch an Wain geif gin.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

mp3 download Angscht a Schrecken an der letztebuerger Konzertslandschaft
› Continue reading


Apr 2 2007

Angscht a Schrecken am furchtbaar hippen Melusina

Joël

Fir mol direkt eppes kloer ze stellen: Ech waar net ob engem regulärem Owend am Melusina. Ech wees net emol, ob se mech do einfach esou geifen eranlossen. Ech sin schon ob aaneren Plaatzen baal net erangeloss gin, an dofir hun ech do esou meng Zweifel. Eng ganz aaner Fro ass natirlech, ob ech iwerhaat an esou eng hip “Boite” eranwell.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

mp3 download Angscht a Schrecken am furchtbaar hippen Melusina
› Continue reading


Feb 12 2007

Angscht a Schrecken an enger hipper Bar mat engem nach vill méi hippen Grousbildfernseher

Joël

Heinsdo wees en och als gudden Gonzojournalist einfach net, waat en schreiwen soll. Ech wees net, wourunner et leit. Et ass einfach naischt geschidd, oder ob manst naischt, waat schrecklech genuch waar, fir ze Angscht a Schrecken genannt ze gin.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

mp3 download Angscht a Schrecken an enger hipper Bar mat engem nach vill méi hippen Grousbildfernseher

Vlaischt hätt en sech jo einfach missen an en hippen Café mat engem nach vill méi hippen Grousbildfernseher setzen missen vir do e puer komesch Geschichten ze erliewen.
Oh.
Ech souz an engem hippen Café mat engem nach vill mei hippen ultraflaachen Grousbildfernseher.
An den Fakt alleng waar schrecklech genuch, fir Angscht a Schrecken genannt ze gin.

Un sech sin flaach Grousbildfernseher naischt besonnesches. Besonnesch fir elektroneschen Pabeier oder en Frigo, den selbststänneg d’Iessen nobestellt, waat fehlt.
Esou Saachen gin eis schon zenter zeng Joer verspraach an trotzdem kreien mir se nie. Daat enzegt waat mir bis elo kruuten sin ultraflaach heichopleisend Flaachbildschirmer, déi an hippen Baaren hänken an vun denen en faarten muss, daat se engem op de Kapp faalen well ze zwaar immens flaach, mee trotzdem op manst genauso schweier wéi flaach sin. Dann geif en esouzesoen en High-Definition Doud stirwen.

Main Frigo ass nach emmer esou domm wéi den vun menger Bom an bestellt mir keen Iessen. Dobai wier daat wahrscheinlech net mol immens schweier emzesetzen, mee esou laang en aus esou Ideen Zukunftsvisiouns-Sendungen um Fernseh produzeiren kann, kommen se bestemmt net ob de Marché.
Beim elektroneschen Pabeier ass déi Saach nach méi schlemm: Esou laang en belleg aus Beem Pabeier maachen kann, wärt wuehl kaum en elektroneschen Pabeier erfannen. Ausserdeem keint en eng Zeitung aus elektroneschem Pabeier net dofir benotzen, fir op Mecken ze fachen.
Waat natirlech en Ureiz fir Hirsteller vun Meckebaatschen wier, fir Meckebaatschen mat angebauter elektronescher Zeitung ze verkaafen.

Ech souz also an der hipper Bar, déi bessi Ähnlechkeet mat enger Gummizell mat Puff-Beliichtung huet an hun drop gewaard, serveiert ze gin. Ech souz ongfeier 3 Meter vum Contoir ewech an waar secher opgefall.
Ech haat ongefeier 30 Minuten, déi ech hun missen iwerbrecken. Ech hun mir d’Fro gestallt, ob irgendeen an der hipper Bar roosen wier, wann ech einfach geif goen, ouni eppes bestallt ze hun. Mee wéi sollt ech eppes bestellen, wann keen mech froen komm ass, waat ech gären weilt?

Während ech gewaart hun, hun ech den hippen Grousbildfernseher ungekuckt. Do ass irgendeng Sportsendung drop gelaaf. Ouni Toun, versteht sech. Et schengt en ongeschriwend Gesetz vun hippen Baren mat nach méi hippen Grousbildfernseher ze sin, daat déi grondsetzlech ouni Toun laafen. Well an enger hipper Bar muss jo och hipp Musek laafen.
Et gin natirlech och Cafén, déi zwaar en hippen Grousbildfernseher hun, mee déi Geschicht mam Toun net richteg verstaanen hun.
Bei denen ass den Toun un an se hun esou haard Musek laafen, daat en den Toun net méi heiert. Natirlech steiert daat keen.
Esou hipp Grousbildfernseher sin nämlech un sech net geduercht, fir daat en Fernseh drobber kuckt.
Op manst net, wann se an enger hipper Bar hänken. Et ass eischter en Statussymbol. En aart High-Definition Scheld op dem steht: Dest ass eng Hip Bar.
Ech hun mir d’Fro gestallt, ob ech iwerhaat nach eppes ze drenken wollt.

Ech hun wirklech gefaart, den iwerdimensionalen Fernseher geif mir op de Kapp faalen. Oder ob manst op de Buedem. Dann geif en natirlech Feier fänken an Fonken geifen fleiern. An enger hipper Baar stin hannert dem Contoir eng ganz Reih vun Spirituosen, déi schon an Brand gerooden, wann se Fonken nemmen riichen.

Ech hun den ganzen hippen Mobiliar schon an Flaamen gesin. Den Grousbildfernseher geif zousätzlech dozou, daat en brennen an Fonken verspreien geif och nach explodéiren. D’Drockwell geif all Fenstern am Emkress vun 2 Kilometer platzen lossen.
Ech geif mech, voll mat Angscht a Schrecken mat engem Hechtsprong aus der elo glasloser Fenster aus dem hippen Etablissment stirzen an an déi daischter Nuecht flüchten.

Irgendwann ass dun awer en Mann komm an huet mech gefroot, waat ech drenken weilt. Ech hun en Orangejus bestallt, obwuehl ech vill leiwer en Café gehaat hätt. Mee dozou waar keng Zait méi. Ausserdem geif ech all Vitaminen brauchen, déi ech kreien kéint. Emmerhin waar et net esou onrealistesch, daat ech flüchten misst.