Dir kënnt engem alles futti maachen. Souguer Pokémon. Et war jo kloer, datt et een giganteschen Hype géif ginn, wéi ugekënnegt ginn ass, datt d‘Pokémon géifen op den Handy kommen. Um Smartphone ass et lo mat Pokémon Go méiglech, dobaussen an der richteger Welt Pokémon ze fänken. Fir jiddereen, deen an de leschten zwanzeg Joer eent vun deene sëlleche Spiller mat den knuffege Monstere fir eng vun den Nintendo-Konsole gespillt huet, geet eng Zort Kandheetsdram an Erfëllung.
Dir héiert lo e puer Commentairen, déi op de Facebooksäite vu grousse Medien zu Lëtzebuerg ënnert Noriichte gepost goufen. Ech zitéieren dës Kommentare wuertgenee, mä ech weisen drop hinn, datt se zum gréissten Deel sexistesch, homofeindlech an rassistesch sinn.
Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker vun Noriichtesite. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ. Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher! Och de Medienhaiser kann een kee Virworf maachen, datt si sou Kommentaren net läschen, well ween brauch schonn Deontologie, wann e Klicks huet?
Nationalfeierdag war schonn ëfters Thema op dëser Platz. Engt Joer hunn ech d’Leit all gefoppt, well ech einfach d’Geschicht vum Virjoer erzielt hunn, well am Fong all Nationalfeierdag genee d’selwecht ass. Dir kënnt dat jo gären an der Episod Nummer 31 nolauschteren. Mä dësen Nationalfeierdag war e bëssi anescht wéi soss. Dëst Joer hu mir nämlech wierklech de Kär vu Lëtzebuerg gefeiert.
Et puer Jonker hunn sech geduecht, den 23. Juni wier am Fong den idealen Dag fir iwwert dat komescht Konzept vun der Natioun nozedenken. Si hunn e puer Géigesätz wéi „Monarchie – Republik“ oder „Arméi – Kachkéis“ gesammelt an d’Nationalhymn ëmgedicht. Dat wollten si dunn op de Buedem virun der Philharmonie molen. Mat Kräid. Fir déi ënnert iech, déi dat verpasst haten: Mëttlerweil ass d’Wëssenschaft esou wäit, datt een Kräid an der Dous ka kafen. Dat gesäit dann baal esou aus wéi Spraydouse fir Graffiten ze molen.
Eis Jonker hunn sech also mat der Kräid an der Dous op de Kierchbierg gemaach. An wat dunn geschitt ass, hutt dir sécher matkritt. Et stoung nämlech am Policebulletin. An wat am Policebulletin steet, zielen se kuerz drop um RTL, et steet an all Zeitung an den Essentiel probéiert eng méiglechst sexualiséiert Headline domadder ze bastelen. Kaum haten déi Jonk Aktiounskënschtler*innen e puer Wierder mat Kräid aus der Dous op de Buedem gesprutzt, koum d’Police. Net een Auto, mä der direkt fennef. Mir erënneren eis: Dat lei war an der Nuecht vum 22. op 23. Juni, wou meechtens dach e bëssi eppes lass ass an der Stad. Read More
Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker an op Newssiten. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ, Xenophobie ass grondsätzlech kee Problem zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher!
Wéi ech Enn 2014 entschloss hunn, aus dëser Rubrik eng Zort politesche Kommentar ze maachen, wou ech, ëmmer wann et opportun erschéngt, d’Lag vum Land analyséieren an d’Politik duerch de Kaba ze zéien, hunn ech mir geduecht, dat géing witzeg ginn. An ech géing net méi an all Episod eppes vu mengen zwee ale Bekannten Angscht a Schrecken zielen.
Ma, si sinn zeréck. Dir kënnt iech sécher denke wisou, wann dir déi läscht Méint net hannert engem Stee gelieft hutt. 80,87 % vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger_innen sinn géint d’Wahlrecht ab 16, 78,02 % géint d’Auslänner_innenwahlrecht an 69,93% wollten och näischt vun enger Mandatsbegrenzung fir Regierungsmembren wëssen.
Wa mir lo bedenken, datt déi Prozentsätz net géifen duer goen, fir d’Majoritéit an der Bevëlkerung ze stellen, da kënne mer eis kuerz besser fillen, mä et ännert näischt um Resultat. An natierlech ass d’Resultat och zu engem Deel Schold vun der schlechter Organisatioun, der peinlecher Campagne, der Opklärung, déi ni statt fonnt huet, dem Onmut géint déi aktuell Regierung. Read More
To read the privacy policy regarding tracking and cookies, click the following link. By using this site, you consent to our policy. Note that you can opt-out of tracking be using the do not track-function of your browser. Find out more.