Mar
16
2009
Joël
Et ass schon eng Plo mat denen Henn. Se schlofen den ganzen Daag, baissen déier Schlappen oder Miweln futti an wellen dann zur Belounung och nach eppes friessen.
An wéi wann daat alles net géif duer goen, schaissen se dann och nach, am leifsten an den Gaart, an dem se och hir Plastikspillsaachen an 3 Meter deift verbuddelen, sou daat een Angscht muss hunn, mat der Emweltpolizei an Konflikt ze kommen, well se PVC am Grondwaasser fonnt hunn …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
download mp3 Angscht a Schrecken mat ëffentlechen Hondstoiletten
› Continue reading
Et ass schon eng Plo mat denen Henn. Se schlofen den ganzen Daag, baissen déier Schlappen oder Miweln futti an wellen dann zur Belounung och nach eppes friessen.
An wéi wann daat alles net géif duer goen, schaissen se dann och nach, am leifsten an den Gaart, an dem se och hir Plastikspillsaachen an 3 ...
3 comments | tags: Hond, Kacka, Schaissen | posted in Episoden
Aug
11
2008
Joël
Wann een mir d’Wiel geif lossen, wier ech wahrscheinlech eischter een Katzenmensch. Och wann main geeschtege Papp an perséinlechen Held mech eischter zu engem Pohunn géif verpflichten, esou fannen ech Kaatzen dach meeschtens ziemlech angenehm Déiren. Et muss en sech net vill em se kemmeren, et huet een eng schnurrend Wärmefläsch fir kaal Deeg an et kritt en heinsdo nach eng doudeg Maus oder soss Déiren virun d’Kichendir geluecht. Eng Saach, déi extrem praktesch ass, wann een Zeugen Jehovas oder soss Leit, déi ongefroot bei engem schellen, well verjoen. Daat geht ganz einfach: Et deet een sech schwaarz un, et schminkt een sech nach vill méi schwaarz an fächelt dann mat dem doudegen Déiren, daat een op en Spiess gestach huet, rondrem an schwaafelt e bessi Kichenlatein.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken mam beschten Frend vum Mënsch
› Continue reading
Wann een mir d’Wiel geif lossen, wier ech wahrscheinlech eischter een Katzenmensch. Och wann main geeschtege Papp an perséinlechen Held mech eischter zu engem Pohunn géif verpflichten, esou fannen ech Kaatzen dach meeschtens ziemlech angenehm Déiren. Et muss en sech net vill em se kemmeren, et huet een eng schnurrend Wärmefläsch fir kaal Deeg ...
no comments | tags: Hond, Katzen, Pissen, Schaissen | posted in Episoden