Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Studenten

Angscht a Schrecken op enger komescher Studéirendenparty zu Wien
Zu Wien ass alles e bessi anescht, wéi et daat géif mengen. Wann een studéire well, muss een an de Kino goen an wann een féieren well goen, muss een op d’Uni goen. Esou ass et engem op desem Sender net onbekannte Gonzojournalist op alle Fall gaangen …

Download audio file (angschtaschrecken108.mp3)

mp3 download

Während Uni am Kino den eischten Moment ziemlech gudd klengt, esou klengt Feieren an der Uni ziemlech blöd. Beid Aschätzungen waaren ziemlech falsch: Um Kino sinn just d’Setzer flott, de Recht ass ziemlech blöd. Esou ass den Kino zum Beispil vum Arsch vun Welt bzw. um falschen Enn vun der Donau, waat zu Wien glaichbedeitend mam Arsch vun der Welt ass. Ausserdem ass d’Loft net gudd, et gesait een den ganzen Daach keng natirlech Luucht an et héiert een trotz High Definition 5.1 3D High Fidelity THX-certifiéiertem Soundsystem net gudd. Oder grad dowéinst. Je méi komplizéiert Technik, emsou manner Leit kennen domadder em goen.

Waat dogéint Féieren an der Uni ugeht, esou geht et secher schlemmer plaatzen, fir den Owend unzefänken. Et waar nämlech d’Akademie der angewandten Künste, net ze verwieselen mat der Akademie der eingebildeten Künste, an déi ech féiere gaangen sinn. Bzw. een Kenschtleratelier vun Studéirenden vun der Uni. Esou waar daat och hallew esou schlemm, wéi et Ufanks geklongen huet. Am Fong waar et ziemlech cool.

Mir souzen also zu véiert an engem Atelier, hunn Wain gedronk an iwer Musek diskutéiert, woubai ech meng Meenung vertrueden hunn, daat Kategoriséierungen fir Musekrichtungen naischt schlechtes sinn an engem just hellefen, besonnesch mam popkulturellen an historeschem Hannergrond. Mä vilaischt sinn ech duerch meng laang Carriere am Radiogonzojournalismus och esou geschiedegt, daat ech net méi aschätze kann, waat normal Leit brauchen. Vilaischt därf Musek dann och heinsdo just Musek sinn, ouni Kategorien oder soss Tralala.

Mir hunn eis déi verschidden Alternativen fir den Owend ugekuckt an rausfonnt, daat et wuehl am beschten wier, an eng aal Brauerei ze fueren. Ottakring ass net nemmen een Staadtdeel vu Wien, mä och eng vun denen gréißten Brauereien. An all puer Méint ged et an den aalen Geméier vun eben der Brauerei een grousst Fest. Zweschen aalem Betong an raschtegem Stohl kann een dann danzen.

Daat klengt geféierlech, daat klengt esouguer e bessen no dem Berliner Berghain, vun dem se all emmer schwätzen, obwuehl kaum een dra waar. Wann een mir d’Locatioun esou erklärt hätt, hätt ech mir elektronesch Musek oder Industrial, am beschten beides an ganz vill Leit op denen komeschten Drogen erwärd. Am beschten wier Tekkno gewierscht, mat zwee K geschriwen.

Leider waar dem net esou. Virdeischt waar virun der Brauerei, wéi mir aus dem Tram gefall sinn, mol eng rieseg Schlaang. Duerch eng Fläsch Wain an vill Leit waar et dann awer och net esou kaal, daat dat schlemm gewierscht wier. Am Geigendeel, mir hunn esouguer Leit kenne geléiert, déi aus Frankraich waaren. A wa Leit aus Frankraich, déi zu Wien iwerall kéinten higoen, extra an eng aal ruppeg Brauerei fueren, da misst daat do besonnesch sinn. Oder et waaren einfach immens vill komesch Leit héi.

Mir hunn eis Entrée bezuehlt, sinn vun komeschen Security-Leit ofgetaascht ginn an konnten dunn eran. Meng Erwaardungen un d’ Musek hunn ech du mol schnell missten aschränken. Ennen huet eng Coverband gespillt. An et schengt och an Eisterraisch net anescht ze sinn wéi zu Lëtzebuerg: All Coverband spillt exakt déi selwescht Lidder, woubai daat „rockegst“ Lidd emmer Smells Like Teen Spirit vun Nirvana ass.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wou waar ech héi geland?

Mir sinn also eng aal verraschten Traap eropgeklommen, fir op een „Floor“ mat elektronescher Musek ze kommen. Déi waar zwar och ziemlech Mainstream, mä eng Retsch besser wéi d’Coverband, déi am Red-Chaussé gespillt huet. Virun allem gouf et héi och eng Bar, déi Béier verkaaft huet, waat villes direkt vill méi erträglech gemaach huet.

Alles waar irgendwéi komesch. Net esou, wéi ech mir et erwaard hätt. D’Leit hu net gedanzt. Oder net richteg. Déi meescht stoungen do, hunn probéiert iwert Musek ze schwätzen an Béier ze drenken.

Wahrscheinlech hunn och e puer Leit gedanzt. Mä et louch eng komesch Stemmung iwert dem ganzen. Angscht a Schrecken waaren och héi. Irgendwou an den Ecken vun dem wonnerbar dreckegen an knaschtegem Gebai hunn se sech verstoppt an nemmen drop gewaard, daat ech géif laanscht goen, fir sech op mech ze gehéihen an mech zu Buedem ze rappen.

En plus huet mech daat ganzt e bessen un een Baal erennert. Op engem Baal leeft och schlecht Musek, Leit stinn do an drenken Béier. Waar ech ieren op der eisterraischerer Versioun vun engem Baal gelandt? Wéi konnt daat passéieren? D’Location waar dach awer fuerchtbaar cool?

Angscht a Schrecken haaten mech. Wou waaren déi lusch Leit mat den Drogen? Firwaat waar de Rastamann net héi? Wiesou gouf et héi just Béier a komesch Musek? A virun allem: Waat hunn déi Franzousen héi gemaach?

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht.

An déi huet e bessen méi laang gedauert. Ech sinn duerch de Schnéi getrollt, sinn an déi komplett falsch Richtung gelaaf, bis ech endlech opginn hunn an een Taxi mech opgeraaf huet …

Angscht a Schrecken op enger Party vun Studenten vun der Uni.lu
Wann een un d’Uni Lëtzebuerg denkt, denkt een kaum un Partyen. Ech denken eischter un leit, déi sech op der Uni unmellen fir kennen Kannergeld ofzesahnen oder déi alt een Semester héi am Land maachen, well se soss néirens ugeholl ginn.

Download audio file (angschtaschrecken84.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken op enger Party vun Studenten vun der Uni.lu

Ech wosst zwar, daat et eng Rescht vun „auslännesche“ Studenten géif

ginn, mee daat déi an hiren Studentenwunnheemer géifen Partyen

schmeissen, dorunner hunn ech nët emol geduercht. Fir mech waar d’Uni

emmer eppes ziemlech langweileges, wourunner daat witzegst d’Tshirten

mam Sproch „D’Uni.lu ass iwerhaat keng Uni“. Mee ech wosst nët, wéi

Onrecht ech domadder sollt hunn.

Ech waar also vun e puer Studenten op eng sougenannt „House“party

angelueden, waat naischt mat der Musekrichtung oder engem Dokter ze dinn

haat. Een Studentenwunnheem zu Bouneweg sollt d’Plaatz vun dem ganzen

Event sinn.

Bouneweeg , daat heescht fir mech Fixerstoff, Rotonden – an en relativ

aarmen an dreckegen Quartier. Domadder verbend een net onbedengt

Partystemmung. Eischter Angscht a Schrecken.

Ech hun mech also vun der Gare aus iwert déi grous Autosbreck Richtung

Bouneweeg gemaach. Do waar ech dann an der relativ blöder Laag, zwar eng

Hausnummer, mee awer keng Ahnung, wou daat genee sollt sinn, ze hunn.

Well ech schlauerweis och keng Handysnummer vun irgendengem haat, waar

ech also op mech alleng gestallt.

Wéi hunn d’Leit daat eigentlech fréiher gemaach? Vlaischt am Virraus

gefroot an sech eng Weebeschreiweung ginn geloss, amplaatz sech op

„Google Maps“ an sain eegent méi oder manner gudd Orientéierungsgefill

ze verlossen.

Waat soll den Gaiz hunn ech mir geduercht, du bass Gonzojournalist an du

hues eng Fläsch Rum dobai – waat kann do scho schief goen?

Natirlech sinn ech beim éischten Versuch glaat lanscht déi onscheinbar

Residence gelaaf. Zu Bouneweeg waaren déi meescht Fenstren schon

daischter. Keen Liewen héi, virun allem keng well Studentenparty.

Vlaischt géif „Houseparty“ an deem Fall jo heeschen, daat 5 Leit em een

Desch setzen an drenken géifen. Just daat ech daat Haus mat dem Desch

nach nët fonnt haat.

Nodeems ech eng Zait laang duerch Bouneweeg gegeschtert waar, hin an

zereck, hun ech vunn an engem daischteren Eck hannert engem Parking déi

ominös Résidence fonnt.

Vun dobaussen huet et immens roueg ausgesinn. Ech hun och nach e puer

Minuten no der Entree missen sichen. Wéi gesoot, et waar ziemlech bis

ganz daischter, esou daat déi Aufgab net déi einfachst waar. Angscht a

Schrecken sinn opkomm. Wiesou waar et an esou engem ongemittlen Quartier

emmer esou daischter?

Schlussendlech sinn ech dann awer eran komm an hunn heiren, daat schon

eng lass wier. Musek an Stemmen waaren ze héiren. Ausserdem hunn ech een

Deschtennisdesch gesinn.

Irgendwéi schengt daat eng Aart Naturgesetz ze sinn, daat iwerall wou

Jonker sinn, emmer direkt en Pingpongsdesch stoen muss. Ech wees mol

guer net, ob ech dem Pingpong esou eng grouss Popularitéit enner Jonken

attestéiren géif, mee vlaischt sinn ech jo och déi falsch Persoun dofir,

emmerhin fannen ech Kicker jo och langweileg, an daat ass deffinitiv

populär.

Vlaischt ass och graad eng Art Emschwong an den Gesellschaftsspiller bei

Jugendlechen ze beobachten. Waat virun e puer Joer nach den PingPong an

den Kicker den A an O vun der net-alkoholgesetzer Jugendennerhaalung,

esou schengen haut kierperlech weineger unstrengend Spiller wéi Poker an

den Mettelpunkt ze trieden. An enger Welt, déi all 2 Wochen duerch

irgendeng futtis Bank ennergeht, schengt Risikobereedschaft an

d’Fähegkeet, ze blöffen, eng Grous Valeur an der Gesellschaft vun muer

ze kréien.

Ech perséinlech liesen jo léiwer en Buch, ginn op en Konzert oder

trellen voller Drogen duerch eng Stadt an diskutéiren mat Leit. Mee daat

kann en jo och alles alleng maachen.

Ech sinn dunn an en Sall rankomm, den wahrscheinlech als eng Aart Kichen

an Openthaltsraum funktionéiert. Wéi esou vill Staatsgebaier haat och

dest en zweeten Plafonk aus Gipsplacken, wou d’Luuchten dran waaren. Déi

waaren mat transparenter rosa Folia iwerkliewt, esou daat den ganzen

Raum an en schummeregt rosaroud Liicht gekleed waar. Et huet e bessi

gewierkt wéi an engem Puff. Mat dem Ennerscheed daat eben Studenten an

keng Puffclientell op villen Fotoellen souzen an sech mat Wain, Conniag

an soss Spirituosen ofgefellt hunn.

Ech sinn vun Leit begreißt ginn an stoung relativ domm am Raum, well ech

iwerhaat keen kannt hun. Also hunn ech no mengen Gaschtgeber gefroot an

hun déi dunn och een Stack uwendriwer fonnt, wou ech mol direkt en Béier

ungebueden kruut, déi ech natirlech direkt geholl haat. D’Party wier

awer leider net esou den Renner, net immens vill Leit. Leider.

Angscht a Schrecken sinn opgesprongen an hun gejaut: “NET ESOU VILL LEIT?”

Waat soll daat dann wannechglift gewierscht sinn, wann net vill Leit? An virun allem: Wéi géif et an dem klengen Studentenwunnheem ausgesinn, wann do richteg vill Leit géifen optauchen? Vlaischt sollt ech virsichtshalber schon mol Otemloft an eidel Plastiksfläschen fellen an déi esou no wéi méiglech um Kierper droen, fir am Noutfall nach e bessi Loft ze kréien?

Mat der Fläsch Béier an der Hand sinn ech erem roof gaangen an sinn direkt mol irgendwelchen Leit virgestallt ginn.

Haut géif ech déi wahrscheinlech net méi erkennen, vun hirem Numm net emol ze schwätzen. Mee den Moment huet et wichteg geschengt, sech mat hinnen ze ennerhaalen. Virun allem well een sech mat denen meschten Leit héi op all Sproch ennerhaalen konnt, just net op Letztebuergesch. Am Laaf vum Owend sollt ech rausfannen, daat ech den enzegen Letzebuerger op der Party waar.

Vlaischt waar ech och den enzegen Letztebuerger, den je an desem Studentenwunnheem gewierscht waar!

Mee daat waar mir am Moment egal. Angscht a Schrecken waaren zwar definitiv op deser Party, mee je méi spéit den Owend ginn ass, emsou méi Leit sinn et ginn. Ech hunn den Rum ausgepackt, en mat bessi Cola gemescht an gedronk. Durno hunn ech meng hallew eidel Fläsch op den Desch gestallt, esou daat jiddereen sech servéiren konnt. Daat haat den Virdeel, daat ech keng eidel Fläsch hun missen mat heem schleefen an keen konnt soen, ech hätt naischt zu der Party beigedroen.

An esou ass et weider gaangen, den Rum ass dem Wain gewasch, d’Daitsch dem Franseischen, den Wain dem Coniac, d’Franzseisch dem Engleschen. Et gelt bei Friemsprochen jo souwiesou emmer d’Regel, daat, je méi voll een ass, esou besser kann een se schwätzen. Et sollt en just oppassen, net engem engleschsprochegem Mensch wellen ze erklären, daat Englesch eng Sproch ass, déi souwiesou nemmen am vollen Zoustand richteg artikuléiert kéint ginn. Net jiddereen huet den Witz verstaanden, an mir wessen alleguerten, an waat fir engem Land den Hooligan erfonnt ginn ass.

Irgendwann ass et dunn emmer méi an méi eidel ginn. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Et waar ereischt drai Auer – an ech haat fest domadder gerechent, daat des Party esou laang géif goen, daat ech ouni Problemer den eischten Zuch fir zereck kéint huelen an net laang waarden misst.

Dem waar elo net esou. Wéi bis déi meescht Leit fort waaren, hunn sech déi eischt Wunnheembewunner un d’Botzen an Raumen gemaach

an mir ze verstoen ginn, daat ech elo am beschten sollt goen. Angscht a Schrecken sinn opkomm… Waat géif ech elo maachen? Wou géing ech op den Zuch waarden? An wiesou waar déi Party esou séier riwer?

Ech hunn mech mat e puer Leit op de Wee gemaach. Déi waaren Richtung Lampertzbierg ennerwee. Ech hunn beschloss sie bis op den Aldringer ze begleeden, fir dann ze kucken, waat ech géif maachen.

Et waar aiskaal an der Staadt, an de Niwel ass duerch d’Strossen gezunn, genee wéi Angscht a Schrecken duerch main Kieper gezunn ass. Ech hunn déi lescht Meldungen iwert erkaalten Strummerten rekapituléiert.

Meng zwee aal Bekannter haaten mech fest am Greff.

Waat géif mat mir passéiren? Wiesou sinn nie letztbuerger Studenten op denen Partyen gewierscht? Wou waar all den villen Alkohol hier komm? Ween waaren all déi komesch friemsprocheg Leit? An virun allem: Wiesou waar eng Studentenparty speistens um halwer 4 riwer?

Zum Gleck hun ech an menger Täsch en Schlessel gespirt, den mir op manst fir eng hallew Stonn eng waarm Zuflucht garantéiren géif…