Jun
11
2007
Joël
An de Kino goen ass un sech eng relativ ongefeierlech Saach, déi an denen seelensten Fäll Angscht a Schrecken ausleist. Ausser wann en mengt, et misst en duerch obskur Afkaafszentren laafen, wou en dann vun Chreschdaagskreatiounen vun engem perversen drogenverreckten Dekorateur iwerrascht ged. Mee daat ass eng aaner Geschicht, déi ech jo schon eng Keier geziehlt hun.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken op enger halsbriecherescher Fahrt duerch d’Brousse
› Continue reading
An de Kino goen ass un sech eng relativ ongefeierlech Saach, déi an denen seelensten Fäll Angscht a Schrecken ausleist. Ausser wann en mengt, et misst en duerch obskur Afkaafszentren laafen, wou en dann vun Chreschdaagskreatiounen vun engem perversen drogenverreckten Dekorateur iwerrascht ged. Mee daat ass eng aaner Geschicht, déi ech jo schon eng Keier geziehlt hun.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken29web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken op enger halsbriecherescher Fahrt duerch d'Brousse
Ech sin aus menger Jugend gewinnt, vum Stadtkär aus op den Kierchbierg ze fueren an dobai den öffentlechen Transport ze benotzen. Et huet en jo net fir naischt en mat Angscht a Schrecken erkämpften Öko-Hellegenschain. Daat ass eng ziemlech flott symbolesch Saach. Et fiert en den laangen Wee den ganzen Bierg erop, wou een en Land voller Dreem bzw. en popcornverseuchten 10-Sall-Kino erwaard.
Mee des Keier sollt alles anescht kommen.
Ech waar mat e puer Freaks am Auto ennerwee. Eng Fre
no comments | tags: Akaafszentrum, Auto, Brousse, Freaks, Kino, Kirchbierg, Ökohellegeschäin, Rastamann, Speed, Toni | posted in Episoden
May
7
2007
Joël
Daat Gefill, ze weineg angepaackt ze hun, ass wuehl engt vun denen eelsten vun der Menscheet. Wéi mer allguerten wessen, waaren déi eischt Menschen Nomanden an sin vun enger Höhl zu der nächster gewandert an hun zweschenduerch daat engt oder aanert Mamut em den Eck bruecht. Ausserdem hun se d’Rad an d’Feier an domadder och d’Kichen erfonnt.
Wahrscheinlech haaten och eis Virfaaren deemols schon d’Gefill daat irgendeppes an hierer Mamutposch gefehlt huet, wann se op d’Rees gaangen sin.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken am Dall vun de 7 Schlesser
› Continue reading
Daat Gefill, ze weineg angepaackt ze hun, ass wuehl engt vun denen eelsten vun der Menscheet. Wéi mer allguerten wessen, waaren déi eischt Menschen Nomanden an sin vun enger Höhl zu der nächster gewandert an hun zweschenduerch daat engt oder aanert Mamut em den Eck bruecht. Ausserdem hun se d'Rad an d'Feier an domadder och d'Kichen erfonnt.
Wahrscheinlech haaten och eis Virfaaren deemols schon d'Gefill daat irgendeppes an hierer Mamutposch gefehlt huet, wann se op d'Rees gaangen sin.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken24web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken am Dall vun de 7 Schlesser
Mir ass et virun e puer Deeg och esou gaangen. Ech haat main Rucksaack voll mat Kleeder an Hygieneartikeln gepaackt. Mee ech sin daat dommt Gefill net lassgin, daat ech irgendeppes vergiess haat. An mengem Kapp sin ech d'Lescht vun denen Artikeln, déi en onbedengt brauch an net vergiessen därf, nach eng Keier duerchgaangen. Zännbiischt, Stremp, Seef, Duch, Kleeder. Alles do.
Ech sin d'Gefil
no comments | tags: Dall vun de 7 Schlesser, Huelmes, Rastamann, Salzséier, SNJ, Toni | posted in Episoden
Feb
26
2007
Joël
Et ged Situatiounen, do geht en an en italieneschen Restaurant. No enger intensiver Radiosformatioun mat engem “Special Guest” zum Beispiel. Den Special Guest wellen mir hei einfach mol “Toni” nennen. Daat ass net sain richtegen Numm, mee domadd ass och schon alles gesoot, waat en wessen muss.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken beim Italiener
› Continue reading
Et ged Situatiounen, do geht en an en italieneschen Restaurant. No enger intensiver Radiosformatioun mat engem “Special Guest” zum Beispiel. Den Special Guest wellen mir hei einfach mol “Toni” nennen. Daat ass net sain richtegen Numm, mee domadd ass och schon alles gesoot, waat en wessen muss.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken16web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken beim Italiener
Mir gin no sou Formatiounen, wou mir alleguerten midd an virun allem honreg sin, oft bei en Italiener, den net allzewait vum ARA-Haaptquarteier wech ass.
Et ass zu Letztebuerg eigentlech schweier, eppes ze fannen, waat wirklech wait ewech ass. Mee wann en midd ass, an no Formatiounen mat “Special Guests” ass en daat oft, dann sin schon 500 Meter ziemlech wait wech.
Ween wees, wou d'ARA-Haaptquarteier ass, kann elo secher mat ziemlecher Secherheet rausfannen, wou mir dann elo am Restraurant waaren. Wann daat esou weidergeht, kann en mat deser Serie nach en detaileiert Perseinlechkeetspro
no comments | tags: Italiener, Kortison, Toni | posted in Episoden