Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg » Wien

Angscht a Schrecken fir zereck an de Grand-Duché vun der Angscht
Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort.

Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d’Schong ze katzen.

Summer ass och esou eng Zäit. A grousse Stiedt gett et onmosseg wäerm, an d’Hetzt zidd och an der Nuecht net eraus. Wann e Pech huet an och mol keen Wand geet, ass et schwiereg, iwwerhapt Ofkillung ze kréien. An genee esou ass et mir gaangen …

Download audio file (angschtaschrecken116.mp3)

download mp3

Irgendwann haat ech es genuch. Keng Loscht méi, dauerend Äistéi maachen  ze mussen, fir irgendwéi um Liewen ze bléiwen. Also hunn ech entschloss, ech géif probéiren an de Nordwesten ze kommen, atlantesch-ozeanescht Klima an sou Geschichten.

En Fluch, wéi déi läschten Kéier, konnt ech mir net erlaaben. Mäin Ökohellegeschäin ass ze wichteg a blënkeg, an ausserdem ass Fléien mat der nationaler Fluchgesellschaft vill ze déier. Een Auto hunn ech net, cf. Ökohellegeschäin. Also sinn nach Zuch an Trampen bliwwen. No engem kuerzen Bleck op d’Präislëscht vun der „Österreichischen Bundesbahn“ hunn ech een längere Bleck op Internetsäiten geworf, déi erklären wéi Trampen esou geet an op wat fir Strossen een gutt Trampen kann.

Ech hunn dunn iwwerluecht, wéivill Gepäck ech hätt an dat ech dat net onbedengt immens wäit wéilt matrondremschleefen an hunn an de sauren Apel gebass a mir een Zuchticket bestallt. Lëschterweis kann een bei der ÖBB just Zuchticketen bis Saarbrecken bestellen. Och wann een Lëtzebuerg agett, et kennt emmer nëmmen een Ticket bis Saarbrécken. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Viru mengem geeschten Aan ass eng saarlänesch Jamaikakoalitioun Amok gelaaf an huet d’Grenzen zum Grand-Duché zougemaach.

13 Stonnen Rees. Ech hu mech wahnsinneg gefreet. Besonnesch wëll d’Rees moies um 6 géif lassgoen an ech an deenen Deeg virdrun ni méi fréi wéi um 5 Auer am Bett wor. Ech hunn also entschloss, d’Nuecht duerch ze maachen an dann am Zuch ze schlofen. Een perfekte Plang. Zousätzlech zu der Middegkeet vun engem ganzen Daag apaacken an läscht Saache klären géif ech nach Alkohol drenken, fir d’Middegkeet nach ze verstärken.

Nodeems ech gefillten 12 Deeg gebraucht hunn, fir meng Sportsposch mat gefillten 12 Tonnen Kleeder anzepaacken an all mäi Klengkroom, deen ech onbedengt géif brauchen, an een Rucksaack gedreckt haat, war et och scho baal Zäit fir goen. Ech hunn mäi Gefrupps an Gedrénks an déi läscht fräi Plaatzen gedreckt an sinn op den Zuch gaangen.

Ennerwee hunn ech wéi verreckt no mengem Ticket gesicht. Ech haat mir en natirlech zwee mol rausgedreckt. Déi zweet Versioun luch secher ennert all menge Kleeder. Ech wollt déi wierklech just am Noutfall rauskrommen. Zum Beispill wann de Schaffner beim Versuch se ze kontrolléiren a be mol Nuesbludden géif kréien, esou dat den Ticket voll mat Blutt wier. Oder wann ech meng Habseelegkeeten géint duerchgedréint Drogeverreckter verteidege misst an meng eenzeg Waff een hoffentlecht schaarft Steck Pabéier mat mengem Ticket drop wier.

Ech hunn den Ticket natirlech fonnt, mä hunn dräi mol missen kucken, iert ech mir d’Nummer vum Waggon a vu menger Sëtzplaatz gemierkt haat. Ech wees, ech hunn virun e puer Episoden nach behaapt, et wier jo langweileg, d’Setzplaatzen net ze reservéiren, mä ech wollt Schlofen, a Schlofen kann ee virun allem dann gutt, wann een eng Sëtzplaatz reservéiert huet.

Zwanzeg fir Siewen. Den Zuch sollt all Moment fueren. Ech hunn mech kammoud an de Sëtz vu mengem Heichvitessezuch gesaat an eng Bécks Béier opgemaach. Aus mengen Kopfhörerern ass eng Oper komm. Den Klassik-Kanal vum ICE geet net op d’Batterien an berouegt d’Nerven.

D’Leit hunn e bessi komesch gekuckt. Mir sollt et egal sinn.

Wat blöd um Klassik-Kanal am ICE ass: d’Duerchsoen kommen extra-haard duerch d’Kopfhörer. Ech muss net soen, wéi schrecklech „Zänk iu vor traweling wit Deutsche Bahn“ ass, wann een et zwanzeg mol muss héiren. All Kéiers, wann ech irgendwelch interessant Dreem iwwert Drogen a schéin plackeg Mënschen haat, huet mech d’Stëmm vun engem gelangweilten Schaffner, deen mech iwwert de Bistro an der Mëtt vum Zuch informéire wollt, erwäscht. Angscht a Schrecke sinn opkomm.

Trotzdem hunn ech een gutt Steck vun der Streck bis Frankfurt geschloof. Do hunn ech missen emklammen a hu beschloss, den nach fehlenden Ticket vu Saarbrecken op Lëtzebuerg ze kaafen. Den Automat huet de Bus vun Saarbrecken op Lëtzebuerg natirlech net kannt. Ech hu mir, wéi beim Metzler, eng Nummer gezunn an drop gewaard dat ech géif drukommen. Zesummen mat ronn 60 Leit, vun deenen e puer der ausgesinn hunn, wéi wann se iwwert dem Waarden eng Famill gegrennt a Kanner kritt hätten.

Angscht a Schrecken fueren am léifsten mam Zuch.

Glécklecherweis kruut ech mäin Ticket esou just nach mat Zäit a konnt berouegt op Saarbecken fueren. Do hätt ech geenee 4 Minuten fir de Bus ze erwëschen. Net onméiglech, awer och net graad déi relaxten Aufgab.

Irgendwann huet sech een decken, no Tubak sténkenden eelre Mann nierft mech gesaat. Et waar ee klengen Regionalzuch, deen komescherweis Tabloen un all Setz haat. Ech waar extrem midd an de Mann huet genuschelt, mä ech si mir sécher, dëse Saatz héiren ze hunn:

„Hier kann man ja einen Joint drehen, hehehe!“

Ech hu frëndlech gegrinst a näischt gesoot. Drogeverreckt aal Leit, déi sech geigesäiteg „Schatz“ nennen (seng Frau souz op der aanerer Säit vum Gang) an däitsch Iwersetzungen vum Balzac liesen sinn mir … suspekt. Fir et frëndlech auszedrecken. Wann Angscht a Schrecken eng mënschlecht Gestalt hätten, ech wéist ziemlech genee, wéi se géifen ausgesinn.

Den Zuch ass roueg duerch déi westdäitsch Pampa gefuer. D’Zäit ass äiskaal géint mech gelaaf. Ech wosst, dat mäi Plang, einfach ze schlofen, net méi géif opgoen. Angscht a Schrecken haate mech.

Firwaat kann bei der Deutschen Bahn anscheinend kee Mënsch englesch? Wiesou kann een an Eisterräisch keng Ticketen fir a Lëtzebuerg kaafen? Misst ech meng jämmerlech Possesiounen mat engem schaarfen Blat Pabéier, op dem mäin Ticket gedreckt wier, géint Drogeverreckter verteidegen? A virun allem: Géif ech de Bus op Lëtzebuerg nach kréien?

Dat enzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht aus dem baal nach fuerenden Zuch op der Gare vu Saarbrecken …

Angscht a Schrecken an der Hëtzt
Et ass alt erëm eng Kéier esou wäit. De Fussball ass eriwwer, an wann d’lëtzebuerger Vëlosfuerer net grad gedoppt vum Vëlo falen, da gëtt et näischt ze berichen. Et ass Summerlach. An iwwert dem grousse Lach schéngt ouni Erbaarmen d’Sonn.

Ech weess, iwwert d’Wierder schwätzen ass net immens originell. Mä op mannst ass dat lei keng Reportage driwwer, dat al Leit vill sollten drénken …

Download audio file (angschtaschrecken115.mp3)

mp3 download

D’Sonn ass verantwortlech fir 99,98% vun der Energie, déi de Klima vun der Äerd ausmécht. Och d’Gezäiten ginn zu engem Drëttel op hir Schwéierkraaft zeréck. Waasserstoffatomen verschmëlzen zu Heliumatomen. Doduerch entsteet Energie, déi als elektromagnéitesch Strahlung op d’Äerd kennt.

An déi Strahlung kennt am Summer a Mëtteleuropa mat enger Energie vun ongeféier 700 Watt pro Quadratmeter op eisem Planéit un. Fir déi ënnert iech, déi net esou gutt an der Physik sinn: Watt ass d’Eenheet vun der Leeschtung an definéiert als een Joule pro Sekonn. Joule ass d’Eenheet vun der Aarbecht. Méi genee: déi Arbescht, déi gebraucht gëtt, fir een Kilo een Meter ze beweegen. Mat der Sonnenenergie, déi am Summer all Sekonn op all Quadratmeter vu Westeuropa brennt, kéint een also 1400 (véierzénghonnert) Pond Brout een Meter wäit beweegen. Oder een Kilo Brout 700 Meter.

Do muss sech da kee méi wonneren, dat et engem waarm ass. De Goudron schmëlzt am Grand-Duché vun der Angscht genee esou wéi zu Wien, wou ech den Ufank vun dësem mäerderesche Summer verbruecht hunn.

Ufank Juni gouf et schon eng Hëtztwell, déi sech awer dunn séier an een zweet Fréijoer verwandelt huet. An een extrem naasst, reeneregt Fréijoer. Dat ass awer och iergendwéi ze erdroe gewiescht. Et konnt een einfach déi selwecht Kleeder undoen, déi een och schon déi lescht 4 Méint unhat.  Ech hunn et e bëssi mat der Angscht ze di kritt, et géif elo éiweg esou bleiwen an ech kéint vun dem schéine Park, vun dem ech 10 Minutte wech wunnen, guer  net profitéieren. Iwwerhaapt ass dat esou eng Angscht vu mir. Dat mir op een mol just nach eng eenzeg Joereszäit hunn, déi virun allem aus Reen besteet.

An elo? Elo ass dat alles vergiess an et ass vill ze waarm. Meng Kummer läit no Süden, wat heescht, dat se ëmmer ze waarm ass, och mat oppener Fënster an Duerchzoch an alles. Am Recht vun der Wunneng ass et och net wierklech besser, an ech well jo awer och net de ganzen Daach an der Stuff setzen. Dobaussen ass et esou waarm, dat mir meng Féiss verbrannt sinn. Awer net, well d’Sonn esou laang drop geschéngt huet, mä vun ënnen. Gutt, ech hat och den e bëssi blöde Feeler gemaach, fir buerféiss ze goen. Angscht a Schrecke sinn opkomm wéi de Goudron mir bal un de Féiss peche bliwwen ass.

Ech hunn mech dunn an de Park gesat an hunn e bëssi gelies. De Park ass esou zimlech déi eenzeg Plaz, wou dech d’Hetzt net vun allen Säiten ustralt an s de dech fills wéi an enger Mikrowell. Woubäi et eben net nëmme Mikrowelle sinn, mä och all Zort vu Laang, Mëttel- a Kuerzwellen.

De Park ass e bëssi esou wéi eng Plage. Just eben am gréngen an ouni Waasser. Wat zimlech agreabel ass, ouni de ganze Sand an Algegeroch. Manner agreabel sinn d’Leit, besonnesch um Weekend. Et gëtt ëmmer e puer extrem gutt gebaut jonk Hären, déi iwwert déi ganz Wiss eng Ballsportaart spille mussen. Do hunn dann dräi Leit déi ganz Wiss mat hirem Rugby occupéiert. Déi ganz Wiss? Nee! Eng couragéiert Grupp vun alen Dammen am Bikini huet an der Mëtt vum Spillfeld gesiess. An egal wéi no a geféierlech de Ball laanscht si geflunn ass, si sinn roueg setze bliwwen. Angscht a Schrecke sinn opkomm.

Dobäi sollt et net bleiwen. Et ass ëmmer esou eng Saach, wann een alleng do läit, sech e bëssi Beatnick-Literatur eranzitt an do zwëschen heiansdo e bëssi Waasser drénkt. Et gesäit een net geféierlech aus. Also, ech gesinn dann op mannst net grad geféierlech aus. Ech hat och keen T-Shirt un, ob dem „GONZOJOURNALIST“ oder „I FEEL HARDCORE“ steet. A wann een net geféierlech ausgesäit, da setzen sech Leit, besonnesch wa se a Gruppe kommen, gären nieft een an ignoréieren den normale Privaatheetsofstand. Den Türkenschanzpark ass net Roskilde, also well ech net direkt u Leit pechen, déi een groussaartege Picknick organiséieren, mä mir näischt dovunner ginn. Besonnesch schlëmm ass dat, wann déi Leit dann och nach extrem haart an domm schwätzen. Ech hu jo näischt dogéint, d’Gespréicher vun anere Leit lauschteren ze mussen, wann se intelligent sinn. Leider schéngt et esou, wéi wann déi dommste Leit am haardsten géife blären. Angscht a Schrecken.

Iergendwann hat ech Angscht, mäi Buch géif komplett opweechen, well ech esou geschweest hunn. Dobäi louch ech am Schied ënnert engem grousse Bam, enger Blutbuch, déi am Fong just eng Mutatioun vun der normaler Routbuch ass. Déi heescht Routbuch net well hir Blieder wéi bei der Bluttbuch rout sinn, mä well hiert Holz heiansdo een roude Kär huet. Mat guddem Gewessen kann een also och soen, eng Bluttbuch wier eng Routbuch an domadder fir komplett Konfusioun suergen.

Ech wollt guer net wëssen, wéi et an der Sonn wier. Et war ze waarm fir ze liesen, mä et war och ze waarm fir heem ze goen. Et war ze waarm fir alles. Ech hunn mech drop virbereet, all Moment  Féier ze fänken an ze verbrennen. Angscht a Schrecken hate mech.

Wisou war et esou waarm? War dat schon de Klimawandel oder just een „normale“ Summer zu Wien? Firwat waren déi Leit nieft mir esou haart? Wisou sinn déi eeler Dammen net geréckelt? Konnt ech iwwerhaapt nach heem goen oder waren d’Stroossen mëttlerweil zu Goudronflëss ginn?

A virun allem: Wat mécht een mat véierzéng-honnert Pond Brout?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. Op de Südpol.

Angscht a Schrecken ob enger vill ze roueger Party
Ufank Juli zu Wien. D’Enn vum Summersemester. No deene leschte Prüfunge sinn déi meeschte Leit och schon an der Vakanz. Et schéngt, wéi wann Wien esou schrecklech wär, dat all Mënsch direkt flüchte muss. Ech verstinn net wierklech, wisou dem esou ass. Wien ass och am Summer kulturell absolut ze recommandéieren, et gi vill Parke mat Schied, an deenen een deeglaang sëtze kann, ouni all ze vill ënnert der Hëtzt ze leiden …

Download audio file (angschtaschrecken114.mp3)

mp3 download 15,4 mb

Mech stéiert jo éischter den Fussball, dem ech mech kaum entzéie kann. D’Internet ass voll domadder, an kaum een Gespréich kennt ouni eng Remarque iwwert een „absolut gaile Goal“ aus. Sécherlech een Grond fir ze flüchten, mä ech fäerten, Wien ass nach eng relativ harmlos Plaz wat Futtballwahnsinn ugeet.

An esou hunn ech mech mat vill Nostalgie vun engem Semesterofschlosspicknick zu dem nächste Fest gehetzt, hunn ville Leit Äddi gesot, mat deenen ech eigentlech nach gären an Rou geschwat hätt. Ech géif mir bal eng obligatoresch Woch Vakanzenufang zu Wien fir all Studéirend wënschen. An esou war ech dann och deslescht op eng Party agelueden, déi saisonal passend ënnert dem Motto „Good-Bye“ stoung.

Et war Owes, d’Sonn ass lues awer sécher ënnergaangen an ech wosst, wéi ech misst goen. Ob mannst ongeféier. Et gouf elo keng Excuse méi, fir net ze goen. Ech hunn also kéimend meng lescht Dous Béier aus dem Frigo geholl an hu mech op de Wee gemaach.

Esou een Spadséiergang duerch Wien ass ëmmer eng interessant Saach. An sief et nëmme wéinst de Strossenimm. D’Altmüttergasse ass nieft der „Blaastraße“ eng vu menge Favoritinnen. Ech sinn dann natierlech och laanscht een Café getrëppelt, virun deem Leit op der Terrasse souzen an Männerfussballweltmeeschterschaft gekuckt hunn. Ech hunn den, wéi den Max Goldt géif soen, „Zauber des Seitlich daran Vorbeigehens“ bewonnert an sinn an eng Niewegaass agebéit. Ob een mol: Gebläers. Ee klenge Moment duecht ech, et wier eppes schlëmmes geschitt an meng Fäegkeeten als Gonzojournalist a Weltretter wiere gefrot. Dunn ass mir kloer ginn, dat „just“ een Goal gefall war an d’Leit dofir esou wéi um Spiess gebrëllt hunn. Witzegen Detail: d’Kannerstëmmen ware mat e puer Sekonne Verzögerung ze héieren.

D’Schell vun dem Haus, an dem d’Party stattfanne sollt, huet komesch gesurrt. Esou een elektrescht Brummen, wéi wann iergendwou een Wackelkontakt an der Kommunikatiounsanlag dra wier. Ech drécken op d’Schell mat der Nummer Siwen. Ech héieren eppes, komesch, lusch Geräischer versteire mech, mä et ass keng mënschlech Stëmm ze héieren. Ech drécken nach emol. Eng Stëmm mellt sech, ech soe mäin Numm a ginn era gelooss.

D’M., wat d’Party organiséiert huet, huet eng grandios Wunneng. Dat éischt, wat ech gesinn, wéi ech erakommen, ass eng groussformateg Porno-Foto an enger gëllener Rumm. Ech hunn mech net getraut, ze froen, wat dat sollt. D’Wunneng selwer ass herrlech verfénkelt an um Gang hänke Fotoe vun iergendwelleche Protester aus den 1960er Joeren. D’M. mécht mir als alleréischt en Cocktail. Ech drénken een White Russian. Net, well ech déi esou gären hunn, mä well ech nach ni een gedronk hunn. An ech froe mech, wéi vill Leit, déi all hir Kollegen ëmmer „Dudes“ nennen, scho mol een gedronk hunn. Mëllech oder Rahm, Wodka, Kahlúa. Ee gudde Start fir een extrem komeschen Owend.

Ech hu mech an d’Stuff bei déi aner Partygäscht gesat, vun deenen déi meescht dobäi waren, Twister ze spillen. Stomm ass de Fernseh mat Futtball gelaf, dee keen esou wierklech interesséiert huet. Wisou awer just dräi Hären Twister gespillt hunn, hunn ech net verstanen. Och net, wisou schon zu engem Zäitpunkt, wou nach keen esou richteg voll war. Interessant och d’Geschicht vun Twister. Et ass an den USA eréischt populär ginn, nodeems et an enger Fernsehsendung gewise ginn ass. Duerno ass d’Firma, déi Twister produzéiert huet, vun hire Konkurrente beschëllegt ginn, „Sex an enger Këscht“ ze verkafen. Wisou dat eng schlecht Saach sollt sinn, weess ech och net.

Et war schwiereg, an d’Gespréich ze kommen. Net, dat d’Leit net hätte wéilte schwätzen, mä anscheinend waren se alleguerten ze midd, fir laang an komplizéiert Diskussiounen ze féieren. Den Alkohol, mëttlerweil a Form vun Äerdbierbowle, huet natierlech dozou bäigedroen.

Angscht a Schrecke souze wahrscheinlech hannert mir. An hunn all Mënsch esou erféiert, dat keen sech getraut huet, eppes ze soen.

E kuerze Liichtbléck gouf et, wéi aus Konschtfell Bäert an Schnurresen ausgeschnidden an opgepecht gi sinn. Fir déi Leit, déi schon een Baart haten, gouf et Déirenouren. Ech hunn mir een laang geheegte Wonsch erfëllt an hunn  Kaatzenouren opgesat. An hunn probéiert, eng eescht Minne dozou ze maachen. Contenance ass an esou Situatiounen oft een wichtege Charakterzuch.

Iergendwann si méi Leit komm an déi ganz Geschicht huet sech an d’Kiche verlagert. Wisou, konnt keen esou richteg erklären. D’Kiche war kleng, verfénkelt an et gouf net genuch Still. Trotzdem hunn sech d’Leit dohi gedréckt. Ech hunn am Ufank geduecht, et hätt iergendeppes mat illegalen Drogen ze dinn, mä dem war net esou.

Komescherweis huet sech déi ganz Party op e puer Zëmmer verdeelt. Et gouf also 2,3 Privatpartyen an verschiddene Kummeren. Wat net wierklech dozou bäigedroen huet, dat et zu méi Kommunikatioun komm ass.

Ech hu mech mat enger Persoun iwwer Südfrankräich ënnerhalen. Wat  ech no e puer Méint an Éisterräich séier gemierkt hunn: Iwwer Frankräich schwätze kennt gutt un. Besonnesch iwwer Südfrankräich schwätzen. Nach besser ass: Driwwer schwäermen an geleeëntlech e puer franséisch Ausdréck benotzen an se direkt drop erklären. De selwechten Effekt kritt een och, wann ee ganz niewebäi bemierkt, dat een Lëtzebuerger ass. Well dat awer mat der Zäit langweileg gëtt, schwäermen ech och ganz gären iwwert Südfrankräich.

Mir sinn erëm an d’Stuff geplënnert an hunn do zu puer Leit een Spill gespillt, dat wéi Scrabble mat Wierfele funktionéiert huet. Leider war et net hallef esou spannend wéi Scrabble an dofir awer dräimol méi komplizéiert. Et war wahrscheinlech och eng immens gutt Idee, dat ganzt ze spillen, wéi een Joint rondrëm gaangen ass.

Ech huelen net un, dat d’Konkurrenz der Hierstellerin virgeworf huet, „Angscht a Schrecken an enger Këscht“ ze verkafen. Se hätt awer Recht gehat.

Ech hunn op een Mol op d’Toilett missen. Do houng en Portrait vum Pobst Jang-Pol den Zweeten. Angscht a Schrecken um Schäisshaus.

Wéi ech erëm vun der Toilett raus komm sinn – ech schwieren, ech war net méi wéi fënnef Minutten drop, war d’Wunneng eidel. An der Stuff war kee méi, am Gaang stounge keng Leit méi an och soss war kee méi ze gesinn. Eng midd Persoun huet mir erklärt, d’Gaschtgeberin wier schlofe gaang. Angscht a Schrecken hate mech. Wou waren d’Leit all hin? Wisou war jiddereen an jiddereent elo scho gaangen? An virun allem: Wien huet dat schrecklecht Wierfelspill erfonnt?

Ech hunn mir en grousse Grapp Kiischtekamelle gegraff an si geflücht. Op mannst war d’Temperatur elo eenegermoossen agreabel. D’Schell an den Kommunikatiounsapparat deen drun ugeschloss war, huet nach ëmmer komesch gebrummt.

Angscht a Schrecken an der Haaptstad vun der Steiermark
Während doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d’Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d’Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech mir och eng Auszäit gënne. Wéi an all gudder urbaner Persoun huet sech bei mir de Wonsch no Idyll, Rou a Natur bemierkbar gemaach. Dat heescht, ech wollt an d’Pampa.

Mir hunn eis zu puer ob de Wee no Graz gemaach. Graz ass d’Haaptstad vun der Steiermark, am Süde vun Éisterräich. 100 an e puer Zerquetscht Quadratkilometer Fläch, Awunnerzuel 260.000. Also dat, wat een also Grousstädter esou als Pampa ugesäit …

Download audio file (angschtaschrecken112.mp3)

mp3 download (16,5 mb)

Mir haten do een immens konstruktivt an ustrengend Seminar an engem eemolegen Architektebüro. Wat een virun allem doru gesinn huet, dat virun der Dir een Schëld op dem „ARCHITEKT“ stoung, houng an iwwerall Biller vun escheresquen architektonesche Konstruktiounen houngen. Ausserdeem houng eng al Kaart vun der Belge do. Dat wollt esou ganz a guer net passen, huet mech awer drun erënnert, dat ech net mol wosst, ob d’Belge iwwerhaapt nach een Land wier oder ob et net villäicht schon zu biergerkrichsähnlechen Zoustänn komm wier, bei deenen d’Land sech separéiert hätt.

Ech wier jo dofir, een Deel vun der Belge ze kafen. De Grand-Duché kéint dann endlech kulinaresch Spezialitéite wéi Fritten a Schokla exportéieren. An elo, wou keen d’Wallonie well, kéint een dat sécherlech zimlech bëlleg kréien. Ausserdeem wier Lëtzebuerg da sengem éiwegen Ziel, endlech erëm Mier ze hunn, méi no. Ech si jo der Meenung, dat de Wahlsproch „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“ am Fong just aus Respekt virun den belgen Nopere gewielt ginn ass. A Wierklechkeet wollten se bestëmmt „Wann d’Belge net wier, hätte mir Mier“ huelen.

Mä zeréck op Graz. Eise fréieren Architektebüro louch vis a vis vum Stadtpark. De Stadtpark ass eng breet gréng Sträif matzen an der Stad. Eng fein Saach, well een net nëmmen eng flott Vue ob de Park haat, mä och schnell emol am Gréngen ausspane konnt.

Iergendwann war et owes, déi éischt puer Fläsche Wäi ware schon eidel a mir hu beschloss, eis nach e bëssen an de Park ze setzen an do gemitterlech ze chillen. Eng kuerz Zäit laang ass och de Plang gefall, bei eng ominéis Persoun mam Numm „Fuchsi Fuchs“ op de Gebuertsdag ze goen. Wann dat de richtegen Numm vun der Persoun war, hunn ech mech gefrot, wéi konnt een nëmmen esou grausam sinn a seng Kanner esou nennen?

Mir also erwier an de Park, e bëssi getrëppelt, laanscht eng ganz Réi vu Leit, déi am Park souzen, gedronk, gekifft a gechillt hunn. Normal Jugendsubkultur, déi eben owes sou am Park sëtzen. An Éisterräich ass dat nämlech net wéi a Lëtzebuerg, wou „am Park sëtzen“ fir déi  meescht Leit wéi eppes klengt, wat just Assien an Drogenverreckter maachen.

Op een Mol si mir laanscht ee Café komm, den „Parc House“ geheescht huet. Zwee voll Meedercher stounge virdrun an hunn iwwerdriwwen Discobewegeeungen gemaach. Ech hu net richteg verstanen, wisou een eng Disco mat esou engem schrecklechen Numm an esou ee schéine Park setzt. Angscht a Schrecke waren also och an der schéiner Steiermark präsent.

D’Idee ass op komm, dach ob den Schlossberg ze goen. De Schlossberg ass een klenge Bierg oder groussen Hiwwel, ob deem een Tuerm mat enger Auer steet. Klengt net esou immens spannend, mä ech hu mir verséchere gelooss, dat et sech géif lounen, den Wee bis erop ze maachen. Ech hu mech kuerz gefrot, wat ee „klenge Bierg“ fir éisterräichesch Verhältnisser wier, wëll ech do schonns ganz lusch Erfahrunge gemaach hunn. Esou huet d’Bezeechnung „Bierg“ fir eng fir mech riseg Erhiewen mat Fielsen an Schnéi uewen drop d’Eingeborene hei just immens zum laache bruecht. Wahrscheinlech géif ech een Sauerstoffgerät an Klottergeschier brauchen, fir den Schlossberg ze erklimmen. Wisou een een Tuerm mat enger Auer ob esou een groussen Hiwwel baut, verstinn ech och net wierklech. Angscht a Schrecken.

Mir also an der Däischtert een klenge Foussgängerwee aus Serpentinen erop.

Ech hunn zu menger grousser Iwwerraschung festgestallt, dat de Wee ob de  „Bierg“ och just esou wäit war wéi vum Péitrussdall an d’Uewerstad. Och hunn ech keng speziell Ausrüstung gebraucht.

D’Vue uewe wat flott, och wann ech déi Geschicht mam Aurentuerm nach ëmmer net ganz verstanen hunn. Ech sinn och der Meenung, dat d’Ziffereblaat ganz einfach vill ze kleng ass, fir daat do iergendeen vun ënnen aus der Stad eppes erkennt. An fir all Kéiers de Bierg erop ze rennen, wann een d’Auerzäit wësse wëll, do gëtt een jo total blöd dobäi.

Et war och eng kleng Maierchen do, fir dat een net erof fällt. Direkt hunn sech Leit drop gesat. Mir gëtt et bei esou Saachen dann ëmmer direkt zimlech schlecht. Ech kann net gesinn, wann Leit no um Ofgrond turnen an ech mir all Moment erwaarden, se géife geschwënn erof falen. Virun allem dann, wann et riicht erof geet an een sech keng Hoffnung maache kann. Wann een e puer Meter riicht rof ob Fiels oder Pavé fällt, kennt een ënnen héchstwahrscheinlech als bluddege Bräi un.

Ech hu jo bei esou Saachen net primär Angscht ëm mäi Liewen, mä éischter dat mäi Brëll rof fale géif. Dat ass eng zimlech schrecklech Visioun. Ech géif näischt méi gesinn an misst 20 Meter méi déif hallef blann no mengem Brëll sichen an hoffen, dat en wéi een Wonner nach ganz wier.  Eventuell sollt ech mir een Brëll mat esou enger Schnouer kafe, wéi vill al Leit een hunn. Da kann een héchstens nach bis op meng Broscht falen. An ech kéint dofir Angscht ëm mäi Liewen hunn.

Ech krut dunn nach d’Geschicht erzielt, wéi een Kolleg seng Höhenangscht iwwerwonnen huet. En ass eng 25 Meter héich Fielswand erof gesprongen. An een Séi. Wëll ënnen am Waasser Leit mat engem Elektroboot laanscht gefuer sinn, déi hien zoufällegerweis kannt huet. Eng Saach, déi een iwwregens nëmme mat Wasserschlappen maache soll, soss rappt een sech beim Antauchen d’Féiss op. An deemno wéi knaschteg d’Waasser ass, kann een duerno nawell ganz uerg Entzündungen hunn.

Iergendwann hate mir dunn keng Loscht méi, ze fäerte mir géifen eroffalen an dem Dues (och Dachs genannt) nozekucken, wéi en sech duerch déi uerdentlech an schéin arrangéiert Blumme gewullt huet. No enger kuerzer Diskussioun hu mir eis fir den bësse méi laange Wee entscheet, deen awer dofir méi schéi wier.

Zu de Kläng vun enger Ukulele si mir Trapen erof an de Stadzentrum vu Graz gaangen. Eise lokale Guide huet eis virgeschloe, eis dach nach d’Mur-Insel unzekucken. D’Mur ass de Floss, deen duerch Graz fléisst an d’Mur-Insel ass een Konschtprojet. Och Graz war mol Kulturhaaptstaad vun Europa, dh. Sie hunn dat gemaach, wat mir meeschtens „Kulturjoer“ nennen. Deemools hunn se eng Insel an de Floss gesat. Natierlech huet dat ganzt net esou geklappt, wéi et sollt. D’Insel schwëmmt net a steet op hydraulesche Stelzen. Amplaz dat se wéi geplangt Konzerte drop organiséieren ass just een Café dran, deen net esou gutt besicht ass. Angscht a Schrecke sinn mir an meng entsaten Aen gesprongen, wéi mir déi neonblo Luuchten op der Mur-Insel opgefall sinn.

Mir si wéider gaangen an hunn duerch iergendwellech komesch Zoufäll een zimlechen Ëmwee duerch Graz gemaach. Nach dozou ware verschidde Membere vu menger Reesgrupp esou opgedréit, dat se bei all Klooterwand, Rutschbahn, Dirndelgeschäft an iwerliewensgrouss Kuckucksauer stoe bliwwe sinn. Nach dobäi ass de Numm „Fuchsi Fuchs“ ëmmer méi oft gefall. Ech

huelen un, de Fuchsi Fuchs ass esou eng Art éisterräicheschen Toni. Eng ominéis Persoun, déi et zu enger Hallewprominenz gepackt huet an ville Leit een Beispill ass. Fir déi eng ofschreckend, fir déi aner een Held.

Angscht a Schrecken hate mech. Firwat gouf et och zu Graz, nach Joere nom Kulturjoer, neonblo Luuchten? Wat sollt de komesche Café am Park? Wisou hänkt an engem Grazer Architektebüro eng Kaart vun der Belge? Firwat baut een eng Auer op engem Bierg? A virun allem: Ween ass de Fuchsi Fuchs?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. An déi sollt eng laang sinn. Virun allem dann, wann een am Zuch nierwt enger Persoun setzt, déi lusch Disneyfilmer kuckt, déi wierke wéi eng infaliséiert Versioun vu Lord of The Rings …

Angscht a Schrecken am Nuetsbus
Wann een esou driwer nodenkt, misst ech des ganz Serie am Fong embennen an „Angscht a Schrecken zu Wien“, well et gesait jo irgendwéi net esou aus, wéi wann et an nächster Zait vill Episoden aus Lëtzebuerg géif ginn. Egal, den Titel bleiwt. Wann daat léiten eng Fernsehserie wier, géif ech einfach behaapten, déi nächst puer „Seasons“ géifen eben zu Wien spillen an daat wier alles Deel vum Storyarc …

Download audio file (angschtaschrecken109.mp3)

mp3 download

Leider ass Angscht a Schrecken nach keng Fernsehserie mat milliounenschwéierem Budget an glecklecherweis ged et keen Storyarc. Waat héi reportéiert ged, sinn eben déi Saachen, déi esou passéiren. Géint een milliouneschwéiere Budget hätt ech trotzdem naischt. Ech wéißt ziemlech genee, wéi ech en uleen géif. Nämlech an Audio-Equipement an Spezialeffekter fir d’real Welt. Dir wesst secherlech, waat domadder gemengt ass.

Zereck op Wien. Wéi déi meescht vu mengen Nolauschterenden secherlech wessen, ass Wien eng enorm grouss Stadt an där d’Liewen pulséiert. Baal wéi New York schléift Wien baal nie. Awer och nemmen baal.

Ech hunn oft een ziemlech onregelméissegen Liewens- a Schlofrythmus, sou daat ech dacks ob sinn, wann aaner Leit schlofen. Aanerersaits zwengt mech meng Professioun als Gonzojournalist, dach mol zu „normalen“ Zaiten ennerwee ze sinn, sou daat ech dann och heinsdo mol um zwou Auer moies erem heem well. Well den Daach ustrengend waar oder sou.

An esou een Daach gouf et delescht och. Et waar eppes rondrem zwou Auer moies an ech waar no engem eiwegen Gespreich bei Téi an enger Kichen bereed, fir heem ze goen. Ech sinn de Wee nach eng Kéier duerch gaangen, well esou kenneg sinn ech zu Wien dann awer nach net. Fir dann mat engem Kichelschen bewaffnet an de Lift ze klammen. Et waar een vun denen almoudege Lifter, déi ob all Stack eng Dier mat Fenster hunn, plus eng Dier an der Kabin, déi normal zougeht. Ech hunn gehofft, ech géif net laanscht eng Mordszen fueren an misst dann em mai Liewen laafen, well de Märder mech als Zeihen net gebrauche kéint.

Angscht a Schrecken sinn wahrscheinlech och mat dem Lift gefuer.

Komesch, wéi verschidden Saachen engem Angscht maache kennen, just well een den falschen Gedanken zu der falscher Zait haat. Mä esou Saachen passéiren dach relativ dacks. Mir op manst.

Ech also raus aus dem Haus, mol endlech e een Steck Kichelschen ofgebass an hu probéiert meiglechst séier Richtung Westbahnhof ze goen, fir do de Nuetsbus ze kréien.

Wien ass iwregens voll mat komeschen Wett-Spelunken, an denen een ennerhalb vun e puer Minuten all seng Souen an déi vum Noper verspille kann. Ech si laanscht esou een Etablissement getreppelt. „GRATIS W-LAN“ stoung do. Ech duecht: „Hmm, du kéins jo lo am Fong dai Netbook…“ Merde. Ech haat meng Posch vergiess.

Also emgedreint. Een Moment laang hunn ech mech gefroot, bei waat fir enger Schell ech lo misst schellen. Zum Gleck ass graad een Mann rauskomm, den mech immens komesch gekuckt huet, mir d’Dir awer opgehaalen huet. Wahrscheinlech géif hien lo an déi Wett-Spelunk um Eck goen an do all seng Souen an déi vu senger Nopesch verspillen.

Ech also erem an den onheemlechen Lift, emmer nach mam Kichelschen an der Hand. Zum Gleck waar déi Persoun, déi ech besicht haat, nach net am Bett a konnt mir nach opmaachen a mir meng Posch aushändegen.

Nach eng Kéier mam Lift erof. Des Kéier hunn ech probéiert, mech ob positiv Saachen ze konzentréiren, fir net erem irgendwelch Gedanken un Bludd, Gemetzel an zoufälleg verdeelt Getraips ze hunn. Ech hunn daat lescht Steck vu mengem Kichelschen giess an sinn ziemlech séier eraus gaangen.

Déi ganz Emgéigend waar ziemlech lusch. Net nemmen déi obskur Wettspelunken, mä den ganzen Quartier mat senger komescher Meschung aus Heichglanzjugendherbergen, dreckegen Cafén an Wannabe-Akaafsstrossegeschäfter. Zousätzlech war ech mat de Wierder „Wann der eppes ugebuede ged, so nee.“ gewarnt ginn. Woufir, wosst ech net genee.

Gouf et hei an der Geigend eng Usammlung vun Drogenverreckten an Dealerinnen, déi mech mat hiren Produiten belästege géifen? Oder huet meng elo schloofend Bekanntschaft eppes nach méi schlemmes an ekleges gemengt?

Angscht a Schrecken hunn sech erem gemellt. Ech si méi séier gaangen an hu probéiert, mech esou genee wéi méiglech un den beschriwene Wee ze haalen. Nët, daat ech nach géing méi laang wéi néideg duerch déi onheemlech Géigend héi misst trëllen.

Irgendwann hunn ech de Westbahnhof ereecht. Um Arret stoung schon een Bus, deen awer net gefuer ass. Donierwt stoung ee Grupp vu Leit, déi sech op Englesch ennerhaalen hunn. Oder eischter op Amerikanesch. D’Welt ass kleng, well d’Mamm vun der enger Persoun waar mol mat dem berühmten Skileefer Esouanesou zesummen, an deen kennt natirlech all Mënsch an den USA.

Ech hu mir d’Fro gestallt, ob déi Leit wirklech esou haard geschwaat hunn oder op meng Wahrnehmung, déi jo momentan virun allem Daitsch oder Eisterraischesch héirt, just op daat daach relativ ongewinnt Amerikanesch méi empfindlech reagéiert huet.

Irgendwann ass de Bus dunn komm. Komescherweis méi fréih, wéi et um Horaire stoung, mä dorobber kann een sech jo souwiesou net oft verlossen, wéi ech als Gonzojournalist jo wosst.

Den Nuetbus ass meeschtens iwerfellt, besonnesch op Strecken wéi déi rondrem den Gürtel, déi grouss Schnellstross duerch ganz Wien, déi déi bannescht Bezierker vun den bausseschten trennt. Am Daach fiert d’Ubahn direkt een Deel vum Gürtel, an déi ass schon oft iwerfellt. Wann elo also an der Nuecht Busser op esou enger Streck fueren, déi esou vill Verbindungspunkten no bannen an no baussen hunn, ass et normal, daat déi total iwerfellt sinn. De Nuetsbus N6 ass genee esou eng chronesch iwerfellten Linn.

Mir alleguerten brauchen e bessi Léift, Wärmt an menschlecht Beineen. Heinsdo ass et awer vill ze vill. An dem Bus waar daat esou. Mat verschiddenen Leit brauch ech net onbedengt eng Kuschelronn, virun allem net, wann déi fuerchtbar voll sinn.

Nirwt mengen Amerikannerinnen, déi sech iwert déi wéider Owendgestaltung ennerhaalen hunn, waaren och nach vill aaner Leit am Bus. Zwee Männer mettleren Alters hunn sech duerch besonnesch geeschtraisch Kommentaren hervirgedo hunn.

Et versteet een kaum, wéi sech Leit doriwer beschwéire kennen, daat iwer Twitter, Facebook an esou wéider ze vill Informatiounen vun sech prais géife ginn, wann sech am Bus Léit haard iwert hier Geschlechtsdeeler an hiren Harndrang ennerhaalen.

„Na, wenn du wüsstest, was mein kleiner Mathias gerade denkt!“

– „Der will raus?“

„Der schreit: „Hiiiilfeeee, ich will rauuuus!“

Angscht a Schrecken.

D’Amerikannerinnen waaren dann erem zimlech haard, hunn vun hirer Heemscht geziehlt an sech ausgetosch. Normalt Gespreich, just e besseli haard. D’Wiener sinn jo leiwer roueg am öffentlechen Transport. Meeschtens esou roueg wéi wa graad irgendeen gestuerwe wier. Dacks féiert daat dozou, daat verschidde Leit immens opfaalen. Meng zwee Helden hunn sech, nodeems d’Amerikannerinnen iwert North Dakota geschwaat hunn, erem zu Wuert gelallt:

„Wo liegt eigentlich North Dakota?“

„Na nördlich von South Dakota!“

Hilarité génerale ennert dem 2-Persounen-Fuesgrupp.

Angscht a Schrecken heich zwee.

Firwaat hunn déi Vollerten iwert hier Genitalien geschwaat? Waat sollten all déi lusch Wettspelunken? Wiesou huet deen Lift esou onheemlech gewierkt? Firwaat ged et keen Milliounebudget fir Angscht a Schrecken?Wiesou waar main Kischelschen esou séier giess gewierscht? Wiesou waar et héi am Bus esou voll? Waat waar „Mathias“ fir een Numm fir een Penis?  A virun allem: Wou lait North Dakota wierklech?

Zum Gleck waar de Bus schon beim AKH.

D’Flucht huet net méi laang op sech waarde geloss.

Angscht a Schrecken op enger komescher Studéirendenparty zu Wien
Zu Wien ass alles e bessi anescht, wéi et daat géif mengen. Wann een studéire well, muss een an de Kino goen an wann een féieren well goen, muss een op d’Uni goen. Esou ass et engem op desem Sender net onbekannte Gonzojournalist op alle Fall gaangen …

Download audio file (angschtaschrecken108.mp3)

mp3 download

Während Uni am Kino den eischten Moment ziemlech gudd klengt, esou klengt Feieren an der Uni ziemlech blöd. Beid Aschätzungen waaren ziemlech falsch: Um Kino sinn just d’Setzer flott, de Recht ass ziemlech blöd. Esou ass den Kino zum Beispil vum Arsch vun Welt bzw. um falschen Enn vun der Donau, waat zu Wien glaichbedeitend mam Arsch vun der Welt ass. Ausserdem ass d’Loft net gudd, et gesait een den ganzen Daach keng natirlech Luucht an et héiert een trotz High Definition 5.1 3D High Fidelity THX-certifiéiertem Soundsystem net gudd. Oder grad dowéinst. Je méi komplizéiert Technik, emsou manner Leit kennen domadder em goen.

Waat dogéint Féieren an der Uni ugeht, esou geht et secher schlemmer plaatzen, fir den Owend unzefänken. Et waar nämlech d’Akademie der angewandten Künste, net ze verwieselen mat der Akademie der eingebildeten Künste, an déi ech féiere gaangen sinn. Bzw. een Kenschtleratelier vun Studéirenden vun der Uni. Esou waar daat och hallew esou schlemm, wéi et Ufanks geklongen huet. Am Fong waar et ziemlech cool.

Mir souzen also zu véiert an engem Atelier, hunn Wain gedronk an iwer Musek diskutéiert, woubai ech meng Meenung vertrueden hunn, daat Kategoriséierungen fir Musekrichtungen naischt schlechtes sinn an engem just hellefen, besonnesch mam popkulturellen an historeschem Hannergrond. Mä vilaischt sinn ech duerch meng laang Carriere am Radiogonzojournalismus och esou geschiedegt, daat ech net méi aschätze kann, waat normal Leit brauchen. Vilaischt därf Musek dann och heinsdo just Musek sinn, ouni Kategorien oder soss Tralala.

Mir hunn eis déi verschidden Alternativen fir den Owend ugekuckt an rausfonnt, daat et wuehl am beschten wier, an eng aal Brauerei ze fueren. Ottakring ass net nemmen een Staadtdeel vu Wien, mä och eng vun denen gréißten Brauereien. An all puer Méint ged et an den aalen Geméier vun eben der Brauerei een grousst Fest. Zweschen aalem Betong an raschtegem Stohl kann een dann danzen.

Daat klengt geféierlech, daat klengt esouguer e bessen no dem Berliner Berghain, vun dem se all emmer schwätzen, obwuehl kaum een dra waar. Wann een mir d’Locatioun esou erklärt hätt, hätt ech mir elektronesch Musek oder Industrial, am beschten beides an ganz vill Leit op denen komeschten Drogen erwärd. Am beschten wier Tekkno gewierscht, mat zwee K geschriwen.

Leider waar dem net esou. Virdeischt waar virun der Brauerei, wéi mir aus dem Tram gefall sinn, mol eng rieseg Schlaang. Duerch eng Fläsch Wain an vill Leit waar et dann awer och net esou kaal, daat dat schlemm gewierscht wier. Am Geigendeel, mir hunn esouguer Leit kenne geléiert, déi aus Frankraich waaren. A wa Leit aus Frankraich, déi zu Wien iwerall kéinten higoen, extra an eng aal ruppeg Brauerei fueren, da misst daat do besonnesch sinn. Oder et waaren einfach immens vill komesch Leit héi.

Mir hunn eis Entrée bezuehlt, sinn vun komeschen Security-Leit ofgetaascht ginn an konnten dunn eran. Meng Erwaardungen un d’ Musek hunn ech du mol schnell missten aschränken. Ennen huet eng Coverband gespillt. An et schengt och an Eisterraisch net anescht ze sinn wéi zu Lëtzebuerg: All Coverband spillt exakt déi selwescht Lidder, woubai daat „rockegst“ Lidd emmer Smells Like Teen Spirit vun Nirvana ass.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wou waar ech héi geland?

Mir sinn also eng aal verraschten Traap eropgeklommen, fir op een „Floor“ mat elektronescher Musek ze kommen. Déi waar zwar och ziemlech Mainstream, mä eng Retsch besser wéi d’Coverband, déi am Red-Chaussé gespillt huet. Virun allem gouf et héi och eng Bar, déi Béier verkaaft huet, waat villes direkt vill méi erträglech gemaach huet.

Alles waar irgendwéi komesch. Net esou, wéi ech mir et erwaard hätt. D’Leit hu net gedanzt. Oder net richteg. Déi meescht stoungen do, hunn probéiert iwert Musek ze schwätzen an Béier ze drenken.

Wahrscheinlech hunn och e puer Leit gedanzt. Mä et louch eng komesch Stemmung iwert dem ganzen. Angscht a Schrecken waaren och héi. Irgendwou an den Ecken vun dem wonnerbar dreckegen an knaschtegem Gebai hunn se sech verstoppt an nemmen drop gewaard, daat ech géif laanscht goen, fir sech op mech ze gehéihen an mech zu Buedem ze rappen.

En plus huet mech daat ganzt e bessen un een Baal erennert. Op engem Baal leeft och schlecht Musek, Leit stinn do an drenken Béier. Waar ech ieren op der eisterraischerer Versioun vun engem Baal gelandt? Wéi konnt daat passéieren? D’Location waar dach awer fuerchtbaar cool?

Angscht a Schrecken haaten mech. Wou waaren déi lusch Leit mat den Drogen? Firwaat waar de Rastamann net héi? Wiesou gouf et héi just Béier a komesch Musek? A virun allem: Waat hunn déi Franzousen héi gemaach?

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht.

An déi huet e bessen méi laang gedauert. Ech sinn duerch de Schnéi getrollt, sinn an déi komplett falsch Richtung gelaaf, bis ech endlech opginn hunn an een Taxi mech opgeraaf huet …

Angscht a Schrecken in einem Weinkeller
Wenn man lange genug in einer Großstadt gelebt hat, verspürt man den Drang nach Wildniss, nach einfachem Dorfleben, nach einem Ausflug. Und was könnte sich für einen frischgebackenen Wiener Gonzojournalisten da besser eignen als einen Ausflug in das Weinviertel?

Download audio file (angschtaschrecken106.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken in einem Weinviertel

Diese Folge ist übrigens auf Deutsch, weil sie nicht nur auf Graffiti, sondern auch auf ORANGE 94.0 im Rahmen der Sendung Funkschatten gelaufen ist.

Angscht a Schrecken in Wien
Ich befinde mich ja gerade auf einem Radioaustausch mit freien Jugendradios aus Wien, Leipzig und Ratibor. Unsere erste Station ist Wien und deshalb ist es wohl Ehrensache, dass es auch eine Folge Angst und Schrecken zu der Hauptstadt Östereichs gibt.

Download audio file (angschtaschrecken76.mp3)

mp3 download Angscht a Schrecken in Wien