Aug
6
2010
Joël
Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
download mp3
› Continue reading
Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d'Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d'Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech ...
no comments | tags: Konfetti, Lëtzebuerg, meng bescht Frendin déi den Nolauschtrer net onbekannt ass, Ökohellegeschäin, Sport, Zuch | posted in Episoden
Jul
24
2010
Joël
Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort.
Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d’Schong ze katzen.
Summer ass och esou eng Zäit. A grousse Stiedt gett et onmosseg wäerm, an d’Hetzt zidd och an der Nuecht net eraus. Wann e Pech huet an och mol keen Wand geet, ass et schwiereg, iwwerhapt Ofkillung ze kréien. An genee esou ass et mir gaangen …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
download mp3
› Continue reading
Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort.
Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ...
no comments | tags: Freaks, Lëtzebuerg, Ökohellegeschäin, Wien, Zuch | posted in Episoden
Mar
29
2010
Joël
Samschdes moies. Ech erwächen deshydratéiert an zimlech futti an engem friemen Bett.
Ech kucken op d’Auer. Et ass vill ze fréi. Ech kann trotzdem net méi schlofen a beschléissen, den Zuch méi fréi ze huelen, wéi ech geplangt hat.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download (12,0 MB)
› Continue reading
Samschdes moies. Ech erwächen deshydratéiert an zimlech futti an engem friemen Bett.
Ech kucken op d'Auer. Et ass vill ze fréi. Ech kann trotzdem net méi schlofen a beschléissen, den Zuch méi fréi ze huelen, wéi ech geplangt hat.
mp3 download (12,0 MB)
Ech sinn zu Münster, ...
no comments | tags: Alkohol, Fussball, Rastamann, Toni, Zuch | posted in Episoden
Oct
22
2007
Joël
Heinsdo muss en als als Gonzojournalist op Konferenzen fueren. An wann ech als Podcaster an Weblogger op eng Konferenz iwert Web2.0 fueren, dann schengt daat jo nemmen natirlech. Kopenhagen, iwregens d’Haaptstaadt vun Dänemark (fir die, wou et net wossten!), ass awer elo eng flott Staadt an eng vun denen sechersten an Europa. An daat soll lo eng Platz fir Angscht a Schrecken sin?
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
mp3 download Angscht a Schrecken zu Kopenhagen,
› Continue reading
Heinsdo muss en als als Gonzojournalist op Konferenzen fueren. An wann ech als Podcaster an Weblogger op eng Konferenz iwert Web2.0 fueren, dann schengt daat jo nemmen natirlech. Kopenhagen, iwregens d’Haaptstaadt vun Dänemark (fir die, wou et net wossten!), ass awer elo eng flott Staadt an eng vun denen sechersten an Europa. An daat ...
no comments | tags: Dänemark, Douane, Grenz, Kopenhagen, Pass, Smörebröd, Zuch | posted in Episoden