Angscht a Schrecke mat der Mobilitéit am Grand-Duché

Lëtzebuerg ass en klengt Land. Sou kleng, datt een am Fong menge géif, dat mam Transport, dat misste mir jo hikréien. Et kann op 2500 an e puer zerquetsche Quadratkilometer jo net esou schwéier sinn. Virun allem, wann een engt vun deene räichste Länner op de Welt ass. Bon, falsch geduecht.

Déi bescht Mobilitéit wier déi, déi een verhënnere kéint, huet virun zwou Wochen den gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch an engem Interview gesot. Hien huet domadder gemengt, datt et besser wier, wa Leit zu Fouss op d‘Schaff kënne goen amplaz den Auto mussen ze huelen. An jo, dat ass besser. Manner Verkéier, manner CO2, manner Feinstaub, NOx, an gesond ass et och nach. Mä et ass awer falsch ze soen, Leit déi net mam Auto ënnerwee sinn, wiere net mobil. (Méi doriwwer, wisou déi Ausso blöd ass, héi.)

Et ass scho komesch, wann ee grénge Minister „Mobilitéit“ esou versteet wéi den Automobilsclub: nämlech als „mam Auto rondrëm fueren“. Dat ass natierlech Blödsinn. Mobil ass, ween seng Zieler gutt areeche kann. A wann ech iergendwou wunnen, wou ech mäin Alldag zu Fouss, mam Vëlo an vläit och mam Zuch a mam Bus bewältege kann, da sinn ech mobil. Vläit esouguer méi, wéi eng Persoun, déi op den Auto ugewisen ass. Well se vläicht an enger Cité wunnt, wou et keng Geschäfter, Dokteren oder Patisserië ginn. Wann een d‘Mobilitéit kuckt, kann een also net nëmme kucken, ween mam Auto wouhinner fiert, mä och wéi déi raimlech an zäitlech Organisatioun vum deegleche Liewen ass.

Wéi gesäit d‘Situatioun dann zu Lëtzebuerg aus? D‘Zuelen ënnermolen d‘Biller vu Staulawinnen am Fong ganz gutt. Am sougenannte Modal Split gesäit et sou aus, dat bal zwee Drëttel (72,5%) vun de Weeër zu Lëtzebuerg mam Auto zeréckgeluecht ginn. Den ëffentlechen Transport (14,5%) an déi „douce Mobilitéit“ (13%), also zu Fouss goen a mam Vëlo fuere kommen op jeeweils op een Siwentel (Quell, S.42). An de Motoriséierungsgrad wéist, datt dat ganzt zu engem groussen Deel een hausgemaache Problem ass: op 1000 Awunner*innen komme 660 Autoen. Domadder si mir déi éischt an der EU. An Däitschland sinn et 535 Autoen op 1000 Awunner*innen, a Frankräich läit den Taux bei 505.

Déi meescht vun iech wäerten sech denken „Jo, mä et brauch een awer en Auto!“. An dat stëmmt. De Motoriséierungsgrad vun Dänemark, dat mat bëssi manner wéi 400 Autoen op 1000 Awunner*innen dat westeuropäescht Land mat deene mannsten Autoe pro Kapp ass, ass fir Lëtzebuerg op laang Siicht net ze erreechen. Dat läit dorunner, wéi mir eist Land an deene läschte Joere verbaut hunn.

De lëtzebuergeschen Dram, dat ass am Fong just d‘Legoland-Versioun vum amerikaneschen Dram: en fräistehend Eefamilljenhaus am Gréngen, annerhallwen Auto an der Garage an ëmmer eng fräi Parkplaz an der Belle Etoile. Mir bauen also virun allem sougenannt Citéen, déi an den USA „suburbs“ géifen heeschen. Et ass een ugewisen op den Auto, well een iergendwou higeplënnert ass, wou ausser Wunnhaiser soss näischt ass. An all puer Joer maache mer de Bauperimeter bësse méi grouss, fir nach méi Haiser ze bauen, déi een just mam Auto gutt erreeche kann.

An well sou vill Verkéier ass, baue mir méi Stroossen. Autobunnen, Turbo-Rondpointen, Bypassen, Ëmgehungsstroossen an sou weider. An dat schéinst ass: Et mengt een dann ëmmer, et géif lo manner Verkéier sinn, well wann eng Autobunn opgeet ginn et jo net magesch méi Autoen. Ha, mä éischtens well da jiddereen op der schéiner néier Autobunn fueren an zweetens: Wann et besser geet, fueren och méi Leit. Eng Ëmgehungsstrooss bréngt op kuerz oder laang ëmmer méi Verkéier. Eis Politiker*innen ignoréieren dat gären, mä et ass awer esou.

Lo huet sech déi liberal Regierung mat hire rouden a grénge Sektiounen d‘läscht Joer net immens beléift gemaach an sech dowéinst eng Steierreform ausgeduecht. Déi ass e bëssen sou wéi d‘Buden op der Fouer, wou „jidderee gewënnt“. Natierlech gewënnt net jiddereen. Mä bleiwe mir beim Thema: de nohaltegen Transport soll dann och mat stéierleche Mesüren gefördert ginn. D‘Déngschtween gi je no hirem CO2-Ausstoss bëssi méi déier oder bëssi manner déier bestéiert. An et gi Steiererliichterungen op Elektroautoen, elektresch Vëloen an Autoe mat Waasserstoffbrennzell.
Dat klengt alles immens gutt, mä mat nohaltegem Transport huet dat natierlech alles bal näischt ze dinn.

Eischtens ass een Elektroauto ëmmer nach een Auto. Dee mécht Verkéier, Feinstaub an virun allem Stau. Och een Elektroauto brauch en Parkplaz, dacks esouguer eng deier mat Stroumtankstell. Zweetens ass d‘Zuel vun den Elektroautoen enorm kleng, reng Elektroautoe ginn et der ongeféier 600 am Land. Autoe mat enger Waasserstoffbrennzell ginn et der sou wéineg, datt de Statec se net eenzel an der Statistik opzielt. Sou kann een seng Stéierreform also och greenwashen.

An da muss sech eng Regierung mat grénger Bedeelegung, déi all vill ze schmuelen an onséchere Vëloswee als gewaltege Fortschrëtt fir déi gesamt Mënschheet féiert, dach awer eng Fro gefale loossen: Wisou ginn deier Pedelecen an elektresch Vëloe steierlech subventionéiert, mä normal Vëloen net? Klengt dat net cool genuch? Oder verdéngen är Kolleg*innen aus der Industrie oder vun Enovos do net genuch drun?

Okay, sot dir lo, dat ass jo alles ellen a schrecklech, mä rett eis dann net den Tram?
Ech huelen da mol déif Loft: Den Tram ass super. Den Tram ass, genee wéi den Zuch, Elektromobilitéit déi et schonn zanter Joere gëtt a gutt funktionéiert. Elektromotoren sinn enorm effizient, op Schinne fuere souwisou. Mä ech fäerten, datt eng Tramline duerch d‘Staad zwar flott wäert sinn, mä net d‘Rettung. Et bräicht méi een konsequente Fokus op den ëffentlechen Transport. An vläit och e puer innovativ Ideeën. Zu Kassel an Däitschland fiert den Tram an d‘Regioun, sou datt een net méi ëmklamme muss. Ech weess, dat war alles am Gespréich an dunn war eng Bréck net méi staark genuch. Oder sou. Et kéint een enorm vill maachen, grad och op der Eisebunn.

Vill vun den Froen, déi mat Mobilitéit zesummenhänken, sinn sougenannt „Mentalitéitsfroen“. Et ass einfach, mam Auto ze fueren. Et ass zwar deier, mä vill vun de Käschten, z.B. fir d‘Gesondheet an d‘Ëmwelt – an natierlech fir de Bau vun der Infrastruktur – dréit d‘Allgemengheet. Ween also beim Tram „WEE SOLL DAT BEZUELE?“ ruffe wollt, kann sech jo mol froen, wisou en dat net bei der Nordstrooss geruff huet.

Natierlech wäerten déi Mentalitéitsfroen sech net vun haut op muer änneren. Mä et huet een ëmmer erëm d‘Gefill, et wier och guer kee politesche Wëllen do, fir se wierklech ze änneren. D‘Autofueren gëtt net méi schwéier gemaach, mä déi Leit, déi sech et leeschte kennen, kréien een Elektroauto als Spillsaach fir de Weekend subventionéiert. An der Raumplanung beweegt een sech grad éischter mam Omibusgesetz an eng Richtung, wou net méi dicht an urban, mä weider Citéë wäerte gebaut ginn, déi Verkéier verursaachen. Et schéngt wéi sou dacks Angscht virun dem eegene Courage do ze sinn, fir Saachen ëmzesetzen, déi vläit och den Automobilisten e bësse wéi doen.

Lëtzebuerg kéint duerchaus Kopenhagen oder Amsterdam ginn – Stied, wou de Vëlo dat einfachst an bescht Transportmëttel ass. Mir missten et just alleguerte wëllen. An eis iwwerleeën, wéi mir eis „Citéen“ an richteg urban Gebidder ëmbaue kéinten.

Eng gutt Nouvelle gëtt et awer: Den Nuetszuch um Weekend gëtt lo dann iergendwann ausprobéiert. Op mannst ginn sou d‘Beem – an ëm déi maache mir eis jo all an Zäiten vu néie Tramstracen grouss Suergen – geschount.

photo cc-by-sa Sebbe

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: