Angscht a Schrecke mat Gentechnik

Den däitsche Pharmakonzern Bayer iwwerleet aktuell, den Gentechnik-Konzern Monsanto ze kafen. Wann ech Monsanto lo „Gentechnik-Konzern“ an Bayer lo „Pharmakonzern“ genannt hunn, dann ass dat schonn e bëssi manipulativ. Och lo schonn schafft Bayer am Beräich vun der Gentechnik an Monsanto huet och nach e puer aner Geschäftsfelder. Mä meeschtens geet et beim Thema Gentechnik jo net drëms, besonnesch exakt oder genee ze sinn,

Vill Leit hunn Angscht viru Gentechnik. Als éischt ass et dofir vläit guer net sou schlecht, sech virun Aen ze halen, datt Gentechnik zu eisem Alldag gehéiert. Also Techniken, mat deenen d‘Gene vun Déieren, Planzen an Mënschen analyséiert an deelweis och manipuléiert kënne ginn, sinn längst keng Science Fiction méi, mä an der Realitéit ukomm. Wann dir Leit kennt, déi Diabetes hunn an dowéinst Insulin musse sprëtzen, da liewen déi Leit wéinst Gentechnik. Hautdesdaags gëtt den Insulin nämlech net méi vu Schwäi geholl, mä vu genmanipuléierte Bakterië produzéiert. D‘Verfahren existéiert zanter den 1980er, mä réischt 1999 konnt déi éischt Produktioun an den USA ulafen. Dat och, well et an Däitschland aus Angscht virun „de Genen“ keng Erlaabnis fir eng Versuchsanlag ginn ass. Mëttlerweil ginn awer och Vitaminnen an eng ganz Rëtsch aner Medikamenter mat Hëllef vun der sougenannter „rouder“ Gentechnik produzéiert.

Et gëtt dann och nach déi „wäiss“ Gentechnik, déi an der Industrie benotzt gëtt. Zanter den 1980er Joere ginn z.B. Enzymer, déi am Wäschmëttel sinn, vu genetesch modifizéierte Bakterië produzéiert. Och an der Texilindustrie benotzt een sou Enzymer.

Sou wäit, sou gutt. Wa mir Bakterië souzesoen „am Labo“ dofir benotzen, fir Enzymer oder Insulin ze produzéieren, dann ass dat zwar Gentechnik, mä déi mannste Leit wäert dat stéieren. Vläit huet déi eng oder aner Persoun schonn op Duerchzuch geschalt, wéi ech déi éischte Kéier „Enzym“ gesot hunn. Mä da komm mir schwätze lo mol iwwert dat, wat eis alleguerten an de Kapp kënnt, wa mir „Gentechnik“ héieren: déi sougenannt gréng Gentechnik.

Planzen, virun allem déi, déi mir iessen, gi genmanipuléiert, fir gewëss Eegeschaften ze hunn. Zum Beispill sollen se resistent géint een Sprëtzmëttel sinn oder selwer (edit: e Gëft vun) Bakterië produzéieren, déi se géint Insekte schützen. An aus iergendengem Grond sollt dat geféierlech fir Mënsch an Ëmwelt sinn.

Et ass nëmmen normal, datt mir nei Technologië vir d‘alleréischt mol skeptesch ukucken. Et ass och normal, datt mir grad beim Iesse bëssi méi kriddeleg sinn wéi bei Medezin oder Industrieprodukter. Dat läit virun allem dorunner, datt mir gären „natierlecht“ Iessen hätten. An deene leschte Joerzéngten huet sech virun allem an Europa d‘Iddi breet gemaach, datt Iesswueren, wou „chemesch“ Stoffer dra wieren, manner gutt wiere wéi „natierlecher“. Mir mussen awer bedenken, datt sou gutt wéi all Planzen an sou gutt wéi all Déieren, déi mir iessen, näischt „natierleches“ sinn. Mir ziichten zënter e puer dausend Joer permanent Planzen, déi eng gewëss Faarf, e gewësse Goût oder soss Eegeschaften hunn. Genee sou Déieren, déi méi Eeër leeën, méi Mëllech ginn oder eben an e bestëmmte Klima passen.

De Verdacht läit also no, datt mir eis mat eiser Oflehnung vu Gentechnik e bëssi selwer beléien. Mir sinn géint eppes, well et no Chimie, Industrie an Kënschtlechkeet a net no Natur an Idyllen um Bauerenhaff am Éislek klengt. Et ginn am Fong och keng Studien, déi beleeën, datt gréng Gentechnik am Allgemenge schiedlech fir de Mënsch oder d‘Ëmwelt ass. A ville Länner gi GMOen scho laang ugebaut an giess – iwwregens ginn eis Kéi a Schwäin och schonn dacks mat genetesch modifizéiertem Soja gefiddert – an et gesäit een trotzdem keng negativ Effekter.

Ass all Kritik un Gentechnik dann elo Blödsinn?
Nö. Grad grouss Firme wéi Monsanto schaffe mat hire GMOen dorunner, déi industrialiséiert Landwirtschaft nach méi leeschtunsfäeg ze maachen. Déi konventionell Modellen, déi op den Asaz vu Konschtdünger an Pestiziden berouen, sollen sou nach méi grouss gemaach ginn. En plus gëtt probéiert, d‘Landwirtschaft vun dem eegene Produiten ofhängeg ze maachen, duerch Patenter an Planzen, wou d‘Sohmen no enger Generatioun steril sinn (Edit: de “kill-switch” vu Monsanto schéngt net méi ganz aktuell ze sinn).

Ginn et da vläit och „gutt“ Beispiller fir gréng Gentechnik?
Mat dem sougenannten „Golden Rice“ ass probéiert ginn, Räis ze kreéieren, deen extra vill Vitamin A huet an domadder a bestëmmte Regioune vun der Welt vill Leit virun Aenkrankheeten schütze kéint. De Räis ass ouni Patent entwéckelt ginn, sou datt einfach erëm weider ugebaut kéint ginn.

Ka gréng Gentechnik dann elo den Honger op der Welt léisen?
Wahrscheinlech net. Den Honger op der Welt ass net, well mir ze mann Iesswueren hätten, mä well mir een Verdeelungsproblem hunn. Leit sinn hongereg op dëser Welt, well se keen Zougang zu Land, Aarbecht oder ganz einfach zu Iessen hunn. Dat ass een politeschen, een soziale Problem, deen een mat enger technescher Léisung net sou einfach wäert behiewe kënnen.

Wat wollts du eis lo soen, Joël?
D‘Welt ass méi komplex wéi schwaarz oder wäiss, wéi gutt oder béis. Et gi vill gutt Grënn, Monsanto, mä och Bayer, déi genee sou vill Gentechnik maachen, ze kritiséieren. Et ginn nach méi Grënn, eng Fusioun vun deenen zwee Konzerner kritesch ze gesinn. Mä vläit sollte mir d‘Realitéit unerkennen: et gi längst ganz vill Deeler vun eisem Liewen, an denen d‘Gentechnik eng Roll spillt. An fir déi vun eis, déi Déiren oder Produite vun Déiren iessen, ass se och scho längst op den Tellere gelant. Wéineg vun dem, wat mir iessen, ass wierklech „natierlech“.

Et wier dofir un der Zäit, sech ze iwwerleeën, wat een eigentlech kritiséiere wëll. An eben net just op eng Technologie oder een Konzern klappen.

Een weideren Artikel iwwer GMOs.

Dir huet dës Episod gefall? Dann deel se mat dësen Buttons!