Angscht a Schrecken nom Brexit

Oh méi.
D‘Leit aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn also fir de sougenannte Brexit gestëmmt.
D‘UK soll also aus der EU austrieden.

Et huet ëmmer bëssen onméiglech geklongen, well et jo wierklech eng schlecht Iddi ass. Et kann een villes un der Europäescher Unioun kritiséieren. Zum Beispill, datt se net immens demokratesch an dacks ze bürokratesch ass. Mä doduerch, datt de Kontinent dat lescht hallewt Joerhonnert domadder verbruecht huet, zu engem wirtschaftleche Raum zesummen ze wuessen, ass een Enn vun der Unioun – oder eben een Austrëtt – fir vill Leit net virstellbar.

An alleng op prakteschem, alldeeglechen Niveau ass grad d‘Reessfräiheet an d‘Fräiheet, iwwerall an der Unioun wunnen, schaffen oder studéieren ze kënnen eppes, ouni dat vill vun eis sech een Liewen net méi kënne virstellen. Grad Jonk Leit profitéieren enorm vun de Méiglechkeeten, déi zum Beispill den Erasmus+ Programm bidd. Och Beräicher wéi Wëssenschaft, Konscht a Kultur gehéieren zu deene Sektoren, déi vill vun EU-Sue profitéieren an och ville jonke Leit ze gutt kommen. Déi Jonk am UK verléiere lo villes, wat fir eis selbstverständlech ass. Et liest een vill, datt déi Aal deene Jonken d‘Zukunft souzesoe geklaut hätten, well déi meescht Jonk géint de Brexit gestëmmt hunn, déi Aal zum gréissten Deel awer dofir. Allerdéngs muss een dobäi och beuechten, datt grad déi ganz Jonk zwëschen 18 an 24 Joer zu enger grousser Majoritéit net wiele waren.

Wéi geet et wéider?

Wéi et lo weidergoe wäert, weess nach keen. Iwwert dräi Millioune Leit hunn eng Petitioun ënnerschriwwen, fir de Referendum ze widderhuelen. D‘Google-Suchufroen no der Fro, wat d‘EU eigentlech genee ass an wat bei engem Brexit geschéie wäert, sinn – relativ gesinn – immens an d‘Luucht gaangen. Dat ass zwar erschreckend, mä wann een sech déi absolut Zuelen ukuckt, googlen vill vill méi Leit no méi mondänen Saache wéi der Futtball-Europameeschterschaft vun den Hären oder no Game of Thrones.

Wat och nach net ganz kloer ass, ass d‘Roll vu Schottland. Do hunn d‘Leit majoritär géint de Brexit gestëmmt an et gesäit lo sou aus, wéi wann et do een zweete Referendum iwwert d‘Onofhängegkeet vun der UK géif ginn. Et kéint also sinn, wéi wa Schottland sech géif aus der klenger Unioun erauswënschen, fir an der gréisserer dranzebleiwen.

Nom Brexit: Krokodilstréinen zu Lëtzebuerg

Eng aner Regioun, déi géint den Brexit an dir „Remain“ gestëmmt huet, war London. D‘City of London ass een vun deene wichtegste weltwäite Finanzplazen. An sou ass et net verwonnerlech, datt sech vill Firmen a Banken do hir Europa-Headquarters hunn. Mä dat kéint sech lo änneren. An sou ginn aus der Verwonnerung an Betraffenheet vu ville Politiker_innen iwwert de Vote séier Krokodilstréinen.

Lo misst Lëtzebuerg nämlech dofir suergen, Start-Ups an Banken, déi eigentlech op London wollten, ob eis Finanzplaz ze lackelen. An enger Diskussiounsronn um 100,7 huet souguer den CSV-Deputéierte Laurent Mosar gemengt, et misst een sech op Banken aus dem chineseschen an arabesche Raum konzentréieren, där wieren nämlech nach net sou vill zu Lëtzebuerg. Dat ass eng komesch Ausso vun engem Mann, deen op twitter am Fong soss näischt mécht, wéi virum Islam an Migratioun ze „warnen“. Et schéngt, wéi wa Suen seng Meenung zu Mënscherechter séier kéinten änneren.
Mä och an den klenge Parteie ginn et Leit, déi de Brexit net nëmme Schued fannen: Sou huet de Chef vun der Piratepartei op twitter d‘Start-Ups vu London op Lëtzebuerg invitéiert.

Et gëtt also eng Stëmmung zu Lëtzebuerg, déi grad Start-Ups, déi sech mat Finanzgeschäfter – déi sougenannt Fintech – an d‘Land lackele wëllen. An engem Land mat knappe Wunnraum ass et sécherlech eng gutt Iddi, virun allem räich Bankmanager an Start-Up-Hipster unzelackelen. Iergendeen muss sech jo all déi schéi Luxuswunnengen leeschte kënnen.

Zeréck zu de Nationalstaaten?

An dat Schema passt et och, datt d‘Granden vun EU – allen virop den Jean-Claude Juncker – lo op een een séiere Brexit drängen. Wéi sou dacks an der Geschicht vun der EU sinn d‘Memberstaten net um Wuel vun der Unioun, mä virun allem ëm hir national Interessie besuergt. Näischt geléiert, kéint een also soen. Et rifft zwar lo quasi jiddereen no Reformen, mä et schéngt kee Loscht ze hunn, se ëmzesetzen. Déi grouss europäesch Volleksparteien – déi chreschtlech-sozial an déi sozialdemokratesch – hätten et nämlech an der Hand, wierklech eng méi demokratesch, eng méi gerecht, eng méi transparent Unioun opzebauen, an där een net d‘Gefill huet, d‘Lobbyist_innen wiere méi wichteg wéi de Recht vun der Bevëlkerung.

Mä okay, dann eben zeréck zu de Nationalstaaten. Lëtzebuerg ass jo op mannst genee esou gutt wéi d‘Britt*innen, fir sech aus deene gemeinschaftleche Reegelen erauszequetschen. Ech géif virschloen, mir suerge lo einfach dofir, datt Lëtzebuerg dat néit London gëtt. Ee Monarch hu mir schonn, no der Fouer bleift d‘Riserad einfach stoen an ikonesch Brécken hunn mir der esouguer e puer. Et fehlt also just nach de Lénksverkéier.

photo cc-by frankieleon