Laurent Mosar, du Terrorist!

Oh Laurent Mosar! Do kuckt een mol erëm däin twitter (du bass schlisslech den beschte lëtzebuergeschen Politiker op twitter, oder op mannst seet de Paperjam dat), an dann muss een dat léiten liesen:

Screenshot von einem Tweet von Laurent Mosar. Der Text ist "Warum bezeichnen die islamischen Verbände die Anhänger des #IS eigentlich nicht offiziel als Ungläubige?"
Warum bezeichnen die christlichen Kirchen die Anhänger*innen des KKK eigentlich nicht offiziell als Ungläubige?

Et ginn jo och guer keng Fatwa’en géint Daesh, z.B. am UK, a Kanada oder esouguer an Saudi-Arabien! An ginn och guer keng Emfroen, déi Daesh enorm schlecht Emfroewäerter bei jonken Muslimen bestätegen! (Wann Dir iech schwéier mat deene Saachen dot: Dat war Ironie. Dat heescht, ech mengen de Géigendeel vun deem, wat ech soen.)

Vläit hidden sech schiitesch Verbänn och, eppes géint den sunniteschen Daesh ze soen, well dat bëssi sou wier, wéi wann eng evangelesch Kierch eppes géif géint eng kathoulesch Grupp soen? Vläit ass an deenen islamesche Verbänn sou kloer, datt se bei Daesh “Ungläubige” sinn, datt een dat net extra soe muss? An wisou sollt iwwerhaapt een Verband (deen jo éischter eng zivil Dachorganisatioun ass) eppes zu reliéise Froe soen?

De Laurent Mosar hetzt

Komm mir soe kloer, wéi et ass: Et geet bei sou tweets net drëms, Äntwerten ze kréien, mä dorëms, ze hetzen. De Laurent ass jo net domm a kéint sech déi Äntwerten och selwer ergooglen. Natierlech ass Laurent net sou brachial wéi seng Kolleg*innen vun der FPÖ, dem FN oder der AfD, mä hien baut eben eng Stëmmung op, an deem s hien pseudo-“kritesch” Froe stellt.

De Laurent Mosar schreift gären iwwert “den Islam” an iwwert déi ganz schlëmm menschenveruechtend Ideologien, déi “den Islam” sou an sech huet. Mol ass et Daesh, mol d’Flüchtlingen, déi vun “deene Länner” net opgeholl ginn (wat en och weider behaapt, och wann en de Géigendeel gewise kritt an natierlech selwer och keng Zuele weise kann), mol ëm d’Chrëscht*innen, déi am noe Osten verfollegt ginn.

Datt hien dofir och mol falsch Zitater benotzt, huet de François Aulner vum radio 100,7 ganz impressionant kommentéiert. Interessant ass och, wéi de Laurent de rietsextremen Terror vu München kommentéiert. Et wier fir d’Affer egal, op et Terror oder Amok war an den “eigentlechen Skandal” wier, datt de jonke Mënsch un eng Waff komm wier. Datt et an eisem Nopeschland eng riets(extrem) Partei gëtt, déi zweestelleg Prozentwäerter an Emfroen huet an Terroristen als Fanboys huet, interesséiert den aussenpolitesche Spriecher vun der gréisster Oppositiounspartei manner wéi “interessant” Zitater (Nietzsche, Hugo oder och de Dalai Lama) oder déi europäesch Baussegrenzen.

Politesch Relioun

Een Begrëff, deen den Laurent Mosar och gäre benotzt, ass “politeschen Islam”. Mir hunn an Europa jo schlisslech zanter … äh … an … e puer Méint Trennung vu Kierch a Staat. An eis wonnerbar chrechtlech Relioun ass jo guer net … äh … politesch. Zum Beispill ass den Chef vun de Katholik*innen och guer net réckstänneg an huet och guer näischt géint gendersensibel Schoulbicher. An déi gréissten europäesch Partei, d’EVP, ass och guer net aus lauter chrëschtlechen Parteien zesummegesaat. Ass dat politescht Chrëschtentum dann lo och Terrorismus? Mussen mir d’CSV verbidden?

Verstidd mech net falsch: Ech fannen “den Islam” ongeféier genee sou gutt wéi d’Chrëschtentum. Vill Leit gewannen eppes aus hirem Glaawen, ech kann domadder näischt ufänken. Mä ech fannen dat einfach genee sou komesch, wéi ech et komesch fannen datt Leit heterosexuell sinn, just Vanillsglace iessen oder Fritten net gutt fannen. Relioun ass Privatsaach, de Staat soll dofir suergen datt jiddereen*t seng am Kader vun de Gesetzer ausüben kann, mir sollte keen*t an der Schoul domadder indoktrinéieren. Dat wier et dann am Fong och schonn. Natirlech kann een d’Inhalter vun Reliounen aus ville Standpunkter kritiséieren, mä et sollt een sech bewosst maachen aus wat fir enger (historescher) Positioun een dat mécht an op wat fir Fakten een sech berufft.

Mä Leit wéi dem Laurent Mosar geet et jo net drëms, eng legitim Reliounskritik ze maachen (Wisou fänken sou super “islamkritesch” Leit eigentlech ni bei hirer eegener Relioun un?), mä dorëms, ze hetzen. Géint Moslems, well dat am Moment grad gutt kënnt. Well et eng Erzielung gëtt vum Islam, deen “eis” ugräift (Terror), eis eruwert (Refugees) an eis Kultur zersetzt (Burka/Niqab). Eng Erzielung, déi de Laurent Mosar zanter Méint mat opbaut. Hien probéiert Angscht ze schüren an da politesch vun dëser Angscht ze profitéieren.

Et sief nach eng Kéier dorunner erënnt, datt rietsextremen Terror net just singulär Attacken wéi zu München sinn, mä och systematesch an brennenden Flüchtlingsheimer, Drohungen, etc. besteet. Vill vun deenen Terroristen (komm mir nennen se sou, well se wëlle soss näischt wéi Angscht maachen!) kommen aus der “Mëtt vun der Gesellschaft” an waren virun hiren Aktiounen net aktiv.

De Laurent Mosar ass een “geistiger Brandstifter”, deen d’“Mëtt vun der Gesellschaft” radikaliséiert. An aussepolitescher Spriecher vun der CSV. An där schéngt dat keen Widdersproch ze sinn.

Quellen:
Fatwa am UK
Fatwa an Saudi-Arabien
Fatwa a Kanada
Ëmfro 2014
Ëmfro 2015
Ëmfro 2016
Ëmfro 2016