Angscht a Schrecke mam Luxleaks-Prozess

Click here for an English Translation by Jorg Willekens. Thanks a lot, Jorg!

Eng gutt Frëndin vu mir sot mol, d‘Leit sollten net esou dacks de Begrëff „kafkaesk“ benotzen. Also sou am Stil vun „Ech war haut am Supermarché an et gouf kee Kinder Maxi King, voll kafkaesk!“. Ech denken, datt meng gutt Frëndin Recht domadder hat, mä et ginn awer trotzdem ëmmer nach Situatiounen, wou den Begrëff ubruecht ass. An den Luxleaks-Prozess ass esou eng Situatioun. Déi zwee Whistleblower Antoine Deltour an Raphaël Halet an de Journalist Édouard Perrin sti viru Geriicht, wéi dir wahrscheinlech mat kritt huet.

A wat sech an dem Geriichtssall sou ofspillt, dat ass wierklech fir sech ze schummen. Et kann een natierlech soen, dat ganzt ass eben ee Fall fir d‘Justiz, ëmmerhi sinn privat oder geheim Dokumenter geklaut an dunn verëffentlecht ginn. Mä et ka wuel kee soen, datt déi Dokumenter net een ëffentlecht Interessi gehat hätten. Also, fir de Recht vun der Welt. Lëtzebuerg hat net sou den Interessi dorunner, datt d‘Praxis vun den Tax-Rulings un déi breet Ëffentlechkeet komm ass. Et wäert wuel och dowéinst sinn, datt an dem annerhallwe Joer zwëschen der Verëffentlechung vu Luxleaks an der Uklo keng Gesetzesännerung komm ass, déi Whistleblower wéi den Antoine Deltour an den Raphaël Halet schütze géif. Read More

Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa

Läschte Mëttwoch gouf et zu Lëtzebuerg een Ugrëff op eis Demokratie. Béis Antifaschist*innen hunn ganz schlëmm Saache gemaach, fir géint een Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze demonstréieren. Dee verbreed zwar rassistesch Theorien, déi längst widderluecht sinn, mä wann den Trifolion hien net agelueden hätt, wier seng Meenungsfräiheet jo gestéiert ginn an dat geet jo guer net.

Do si mir och scho beim éischte Punkt: Meenungsfräiheet ass wichteg. Dofir muss eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion och Rassiste wéi den Thilo Sarrazin alueden an hinnen eng Plattform ginn. Dir frot iech lo vläit: Mä wisou ginn net zum Beispill Refugees agelueden, déi zanter Wochen zu Idomeni am Bulli setzen? Huet dat vläit eppes mat hirer Hautfaarf oder hirer Relioun ze dinn? Ech kann dozou just soen: Iwwerloosst d‘Denke leiwer den Päerd an dem Här Sarrazin, déi hu méi e grousse Kapp.

A well Meenungsfräiheet sou wichteg ass, ass et och een Skandal, datt Leit virum Trifolion protestéiert hunn. An et wier jo okay gewiescht, wann se dat lues, net verkleed, ouni Schëlder an ouni Flyere gemaach hätten. Mä sou! Read More

Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 2

Dir héiert lo e puer Commentairen, déi op de Facebooksäite vu grousse Medien zu Lëtzebuerg ënnert Noriichte gepost goufen. Ech zitéieren dës Kommentare wuertgenee, mä ech weisen drop hinn, datt se zum gréissten Deel sexistesch, homofeindlech an rassistesch sinn.

Keng Burka / schleier oder sos eppes am gesicht as sech upassen mei net as net mei wei normal ne..

Ass jo wuel een Deel vun Integratioun sech hei unzepassen, also Fuesend ass dann jhust am Februar!!

Do geseit een waat eisen dichtegen Euro nach wert ass,hätten maer eis Letzebuerger Frangen erem,an Preisser mol erem op nornalem Niveau wei virdrun.

Ganz gudd vum H. Schmit. He geseit mee weit we verschidden vun sengen Regierungkollegen.De verkleeten sinn eng Gefor fir eis Bierger. Nach eng Keer wien verstoppt sech do hannen drun??Sollen sech upassen ouder an e Land plönneren wou daat usus ass.Vermumungsgesetzt besteet a verschidden Gemengen a muss rigoress ömgesaat ginn. Mir liewen a Letzebuerg ass soss neerens. Mir mussen ons och an deenen aanere Länner upassen.

Mir hun o genuch letzeboier hai am land dei helef brichten an leit dei hellef brichten do ass o keng sau do haaptsaach flüchtlingen laffen um kirchbierg mad armani schung lacost t shirt armani poschen ronderem dei hun ma gear“

Das ist über den knie gebogen zu schnell nicht gut die guten brauchen das Nichtraucher die Probleme mögen das was nutzt Es uns wenn wir 700000 Einwohner Haben und davon sind 20% Volltrotteldie werden Uns nicht weiterhelfen denn die meisten Ausländer die hier leben interessieren sich ein scheis für unser Land sie sind nur hier weil sie besser leben Können Wollen jedoch nichts dafür tun nur Geld sonst nichts Wirklich nur wenige

Ech sin och net fir d burka. Hun die vermumten och net gär. Naja wat eppes.

Resultat von den verschiedenen Grenzkontrollen , würden die Grenzen permanent kontrlliert werden würde die Einbruchrate noch sinken

Nemmen nach Bitchen an Puten Weinst sou epps as Leiwt schweier zefannen well den sex einfach zekreien as

Welcome Refugees!!! Nemmen keng Kontrollen maan, an der nach mei ranlossen… blabla… Daat heiert een emmer rem… Mais zanter dass dei ‘Völkerwanderung’ amgaang as, heefen sech d’Virfäll…

Erscheissen direct ehe hien erem raus kent….. well ech hun es einfach Saat

Maja dann ass jo alles richteg !! Elent krepeieren soll en am prisong dei Drecks Kreatur do !!! An e soll der kreien all daach an emmer erem pppffff

„An den Daum no ënnen! Den Nee vun de 85 % aus dem Referendum wär dann fir d’Kaz gewierscht , Braderie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit!

„Ich würde es gerne machen und wenn es nur zum verscheissern wehre Hier zu Lande Haben unsere Frauen keine Haare im Gesicht, und brauchen sich nicht zu verstecken Nein im ernst. Ich finde diese Kultur soll da bleiben wo sie herkommt. Wir sind freie Menschen und bei uns sind Frauer um vieles mehr Wert als Ziegen. Nur manche kapieren das einfach nicht

Mat Wohnungen fir jonk Letzeboier dé net eso viel Geld hun.Halt op den Flüchtlingen alles an den Asch ze stiechen.“

Armei misst erem obligatoresch gin, an wann et nemmen fir 6 meint waer. Da giff all deenen Handysfutzien an Playstationkrieger de geck vergoen Da giffen dei emo all erem Respekt an Maneieren leieren. An all dei hei sou domm spacken,waeren dann och emol mei kleinlaut. Ech giff emol soen,die meecht dei hei sou domm schreiwen hun Kasär um Haerebierg nach net emol vun bannen gesinn. Awer dann hei domm gaaken.

Jo richteg a procetual leie mir schlecht normal mir hun en Ausländerundel vun iwer 50% an vill verstinn ke Wurt hei and do sinn nemmrn 2 -3 Letzeburger an der Class de Niwo geht stännech erof well vill Ausländer net mat hieren Kanner leeren de ganz Statistiker sss Kess

Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker vun Noriichtesite. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ. Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher! Och de Medienhaiser kann een kee Virworf maachen, datt si sou Kommentaren net läschen, well ween brauch schonn Deontologie, wann e Klicks huet?

Photo: cc-by dierk schaefer

Angscht a Schrecken am Panamakanal

Et ass alt erëm eng Kéier sou wäit. Ee grousse Leak iwwer Bréifkëschtefirmaen ass gëschter verëffentlecht ginn. D‘Panama Papers, sou huet den ICIJ, den „International Consortium of Investigative Journalists“ dëse Leak genannt, ass bis elo de gréisste Leak vun der Geschicht. Kuerz zesummegefaasst: de Leak kënnt aus dem Cabinet „Mossack Fonseca“ mat Setz am Panama. An den Dokumenter ass ze gesinn, wéi Räicher, Politiker*innen an Sportler*innen hir Suen an Bréifkëschtefirmaen investéieren, dacks mam Hannergedanke fir d‘Sue virum Fiskus ze verstoppen. An obwuel et haaptsächlech ëm Bréifkëschtefirmaen am Panama geet, ass Lëtzebuerg natierlech och involvéiert.

Ënnert deene Banken, déi am meeschte Bréifkëschtefirmaen am Panama fir hir Clienten ugefroot hunn, sinn direkt véier lëtzebuergesch Banken an den Top Ten. Ganz uewen op där Lëscht ass d‘Experta, eng Filial vun der BIL. Déi gehéiert iwwregens zanter 2011 zu 90 Prozent zu „Precision Capital“, hannert deene Leit aus dem Qatar stinn. Read More

Angscht a Schrecke mat der Fro, wou d‘Éislek ufänkt

Bierger. Schnéi. Alles Baueren. An d‘Leit schwätzen all sou komesch. Dat ass keng Opzielung iwwer Éisterräich, mä eng Réi vun de Klischeeën, déi een ze héiere kritt, wann een d‘Wuert „Éislek“ seet. An et sinn net nëmmen déi komesch Virstellunge vun engem héijen Norden, deen eng romantesch Phantasiewelt voll mat seelenen Déieren an Schnapsbrennereien soll sinn, déi een beschäftegen. Et ass virun allem d‘Fro, wou d‘Éislek dann ufänkt, déi dacks zu hëtzegen Diskussioune féiert.

Hanner Walfer. Hanner Beetebuerg. Dat sinn déi klassesch Äntwerte vu Leit, déi entweder rondrëm d‘Stad oder am Minett wunnen. Natierlech ass an deene Äntweren eng gewëss Portioun Humor, mä sou richteg kloer schéngt d‘Äntwert net ze sinn. Dofir schwätze mir haut serieux iwwert dat Thema. Read More