Angscht a Schrecke mam Referendum

Nächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. An wann ech soe „Lëtzebuerg“, da mengen ech deen Deel vun der Populatioun, deen de richtege Pass dofir huet. An zwar gëtt ofgestëmmt iwwert een fakultativt Auslänner_innenwahlrecht fir Leit, déi op mannst zéng Joer am Land wunnen an schonn eng Kéier bei enger Europa- oder Gemengewahl matgemaach hunn,
iwwert een fakultativt Wahlrecht fir Leit zwësche 16 an 18 Joer an iwwert eng Mandatsbegrenzung vun 10 Joer fir Membere vun der Regierung.

An elo wollt ech iech, meng Nolauschterer_innen, net ouni ee leschte Kommentar zu der Cause an d’Wahlkabinne loossen. Net, well ech net mengen dir kéint dat net alleng, mä well ech d’Gefill hunn, datt ech mir zanter Dezember de Mond fusseleg schwätzen an d’Leit elo drop kommen, datt dat vläit alles net esou blöd war, wat ech – a vill aner vill méi gescheit an kreativ Leit wéi ech – do gesot hunn. Read More

Angscht a Schrecke mam “Nee”

Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D’Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d’Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?

Mä de Virschlag, fir d’Wahlrecht Leit mat engem net-lëtzebuergesche Pass ze ginn, déi op mannst 10 Joer am Land wunnen an schonn eng Kéier u Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn, ass fir munch Leit scho schlëmm genuch. Op Facebook kommen Angscht a Schrecken op, wann een sech d’ „Argumenter“ vun deene Leit duerchliest.
Read More

Angscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier Verfassung

Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn. D’Dokument dréit den wonnerbaren Titel „version+13.03.15docx.docx“ an ass ganzer 6753 Wierder laang, dat sinn knapps 18 Säiten. An 131 Artikelen ginn déi zukünfteg Grondlagen vum Grand-Duché duergeluecht. Eng ganz Réi Artikelen beschäftegen sech mam Grand-Duc a senger Famill, vill Saachen sinn net onbedéngt spektakulär Ännerungen. Esou steet elo zum Beispill d’Heemecht als Nationalhymn an der Verfassung. Doriwwer hätt een vläit een Referendum maache kënnen, mä dann wier et herno nach een Lidd vum Fausti ginn.

mp3 download

Angscht a Schrecken am Biergerforum

Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D’Uni Lëtzebuerg wollt, sou d’Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.
Read More