About

eng Rees an d’Häerz vum lëtzebuergeschen Alpdram

Angscht a Schrecken ass dat Gefill, wat ech kréien, wann ech un Lëtzebuerg denken. Et fehlt am Grand-Duché u villem, an engt dovunner ass politeschen Commentaire, deen lénks ass, ouni parteipolitesch ze sinn an mam Fanger an déi Wonnen piddelen geet, op déi d’Lëtzebuerger*innen gären eng déck Plooschter géife pechen. Dat lei ass de Versuch, dëst Lach ze fëllen.

Angscht a Schrecken ass een Podcast (eng Serie vun Kaméidistécker fir Matzehuelen), deen zanter senger éischter Episod den 4. November 2006 gläichzäiteg och als Serie um Radio (Erstausstrahlung: 6. November 2006) an der Sendung Crumble um Radio ARA leeft. Während dei éischt 142 Episoden staark un dem Hunter S. Thompson säi Gonzojournalismus ugeluecht waren, ass d’Serie haut eng Mëschung aus politeschem Commentaire, perséinlechen Erzielungen an bëssegem Zynismus.

Dei éischt Episoden sinn um Internet nach ouni d’Hannergrondmusek gelaaf, haut sinn d’Versiounen um Radio an als Podcast bis op e puer Ausnahmen (Live-Episoden) awer identesch.

Reviews
Erwähnung in der luxemburgischen Wikipedia
13.08.2006 Videos über eine Crumblesendung auf flash007.lu
26.08.2007 blogeescht.net
14.10.2007 mulling.lu