Angscht a Schrecken schon erëm beim Retour an de Grand-Duché

Et ass net einfach. Wann een länger am Ausland bleift, gëtt et ëmmer méi schwéier, zeréck an de Grand-Duché ze kommen. Ech probéiere mäi Retour ëmmer duerch ausgibeg Präisvergläichen vu Reesméiglechkeeten ze verzögeren. Heiansdo denken ech mir och nei Weeër aus a kucken dann, wéi deier déi wieren. Mä et hëlleft alles näischt. Iergendwann fällt och dem kreatiivsten Gonzojournalist keng Method méi an, fir méiglechst komplizéiert op Lëtzebuerg ze fueren an dann muss een eben den Ticket huelen an sech an den – Ökohellegeschäin oblige – Zuch setzen.

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken129.mp3|titles=Angscht a Schrecken schon erëm beim Retour an de Grand-Duché]
mp3

Am Reen stinn ech zu Saarbrecken a waarden op de Bus. Dat éischt, wat ech no laanger Zäit – et sinn méi wéi 7 Méint gewiescht – vu Lëtzebuerg gesi sollt, war d’Nummereplack vun engem Bus. Deen hat Verspéidung. Ëmmerhin hat ech sou Geléigenheet, mech ausgibeg op Lëtzebuerg ze preparéieren. Geeschteg.

Den Ëmweltministère mëscht Reklamm dofir, dat een säin Dréck net soll an d’Natur werfen. Ech fannen dat gutt. Oder soe mer sou: Ech hätt déi Reklamm an de 60er Joere vum vireschte Joerhonnert net schlecht fonnt. Haut sollte mer wesentlech méi wäit sinn. Mä wann een – sou als Natioun, wat ech perséinlech jo fir een geféierlecht Konstrukt halen – ni a populäre Sportaarten Weltmeeschter gëtt, da muss een eben am CO2-Ausstouss pro Kapp ganz wäit fir bäi sinn. Natierlech ass dat alles den Tanktourismus, an déi gefillte 3,7 Autoe pro Kapp hunn näischt domadder ze dinn. D’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger sinn frou mat der Emwelt. De Mann, de mat mir an de Bus klemmt, huet seng Eco-Tut net vergiess. Freet sech just, wéi ecologesch dat dann ass, wann een mam SUV akafe geet an eng Eco-Tut amplaz enger Plastikstut hellt. Meng zwee al Bekannter Angscht a Schrecke vergiessen hier Eco-Tut och ni.

Et dierft ville Nolauschterinne bekannt sinn, dat ech zu Wien studéieren. „Iergendeppes mat Emwelt, dat kee versteet“ huet et virun e puer Wochen op enger anerer Antenn iwwert de Studium geheescht. Raumplanung ass een Deel vun dem komesche Studium, dat kee versteet. Dat wier lo net weider tragesch, wann een dann net géif mat engem geschoulten Aen an de Grand-Duché zeréck géif kommen.

Mä ech zielen d’Geschicht vu vir: De Bus war just aus Saarbrécke raus, do sinn ech ageschlof. Erwächt sinn ech erëm, wéi mir just d’Grenz passéiert hunn. Um Horizont d’Killtierm vu Kettenuewen an um Radio dem Michael Jackson säin „Thriller“. A viru mir e Land, dat raumplangeresch eng eenzeg Katastrophe ass. Wann d’Banken iergendwann keng Loscht méi hunn, sech zu Lëtzebuerg ze langweilen an de Weltall voll mat eise Satellitten, déi schlecht Tëleesprogrammer iwwerdroen, ass, hu mer lo op mannst nach ee weidere Plang. Mir bauen een Zong rondrëm d’Land an froen Entrée. Da komme vill Professere mat hire Studéierenden, déi sech e Musterbeispill vu schlechter Raumplanung ukucke kenne. Cité-en ginn et jo genuch. Vläit kann een och deen een oder anere SUV nieft engem fräistoende Haus mat Tiermchen verraschte loossen, dat mëscht da richteg Androck.

Een iwwerliefensgrousse Panneau mam Lea Linster begréisst een am Grand-Duché, direkt donieft Fändele mat „eisem Andy“ an „eisem Fränk“. Angscht a Schrecken hunn een fest an der Hand, an u Flucht ass net ze denken.
Mä eppes guddes huet dat ganzt: Wa „mir“ am Tour de France gewannen, ginn „mir“ eise Versuch, Weltmeeschter am CO2-Ausstouss ze ginn, vläicht op.