Angscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier Verfassung

Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn. D’Dokument dréit den wonnerbaren Titel „version+13.03.15docx.docx“ an ass ganzer 6753 Wierder laang, dat sinn knapps 18 Säiten. An 131 Artikelen ginn déi zukünfteg Grondlagen vum Grand-Duché duergeluecht. Eng ganz Réi Artikelen beschäftegen sech mam Grand-Duc a senger Famill, vill Saachen sinn net onbedéngt spektakulär Ännerungen. Esou steet elo zum Beispill d’Heemecht als Nationalhymn an der Verfassung. Doriwwer hätt een vläit een Referendum maache kënnen, mä dann wier et herno nach een Lidd vum Fausti ginn.


mp3 download
Read More

Angscht a Schrecke mat der véierter Fro

vvv_falschenalarmEt ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.

Aus dem ugekënnegte groussen Debat iwwert Verfassung ass zimlech séier ee weidere Referendum ginn, deen aus véier Froe bestoe sollt. Als progressiv-liberal Koalitioun konnt een sech nämlech net drop eenegen, ob een de Wahlalter op 16, een Wahlrecht fir Auslänner*innen, eng Begrenzung vun de Minister*innenmandater an d’Trennung vu Kierch a Staat aféiere sollt. Dat sinn, dir musst verstoen, jo och schwiereg Froen, déi een als progressiv-liberal-Koalitioun mat zwou Parteien, déi sech als „lénks“ verstinn, jo net einfach esou decidéiere kéint …


mp3 download Read More

Update 2012

Nodeems 2011 keen esou gutt Joer fir Angscht a Schrecken war (den Auteur hat ze vill e flott Liewen) versprécht d’Weltennergangsjoer 2012 dach eng grandios Zukunft fir dëse Podcast/des Radiosserie.

Während dem Summer sinn eng Rei Episoden zwar um Radio gelaf, awer meeschtens live ageschwat (oder getuddelt) ginn. Dowéinst hunn se natierlech hei um Site gefehlt. Domadder ass elo Schluss. An enger Tour de Force huet den Auteur dat fehlend Material nei ageschwat an d’Chronologie festgeluecht. Vläicht verëffentlechen mir och iergendwann déi Episoden, déi ni méi wäit wéi eng Idee komm sinn an aus Textdokumenter mat dräi Sätz (deelweis och méi) bestinn. D’Lescht vun den Episoden ass elo op mannst déi richteg, “offiziell” Chronologie. Falls iergendeen esou gutt opgepasst sollt hunn: D’Episoden 123 an 129 sinn um Radio béid ënnert dem Titel “beim Retour an de Grand-Duché” gelaf. Den “schonn erëm” am Titel vun der Episod 129 ass nodréiglech dra gebastelt ginn, fir der helleger Kontinuitéit ze huldegen.

Graffiti, d’Jugendsendungen vum Radio ARA hunn elo e néie Site an Radio ARA een Site fir Podcasts, wou och eis Mammesendung Crumble vertrueden ass. An dir kennt eis nach ëmmer op Facebook liken. Ah, an wann dir Angscht a Schrecken moralesch a finanziell wëllt ënnerstëtzen, et gëtt elo och e flattr-Knäppchen fir de ganze Podcast.

Hei eng Lescht mat deene “néien” Episoden, dei elo online sinn:

Ouni Hoster

Den Dengscht, bei dem d’Angscht a Schrecken-Episoden online waaren, ass ouni mir Bescheed ze soen, offline gaangen. Daat heescht, d’mp3en (no der Episode 10) sinn momentan net verfügbar. Ech wärt den Problem esou séier wéi meiglech erem léisen, mee et kéint e bessen daueren, bis d’Episoden erem all online sinn. Ech beiden desen temporären Ausfall ze entschellegen.

Alles geht erem. Ech soen merci fir ärt Versteesdemech.