Angscht a Schrecken ouni d’Anne S.

D’Anne S. An Angscht a Schrecken hun eng inneg Bezéihung. An daat nët nemmen, well seng Intialien A an S sinn, mee och, well hat meng zwee aal Bekannter wéi magesch unzidd oder oft esouguer matbrengt.

Beuecht och dem Anne sain Bêtisier op joeladami.net


Vun denen nach nët grad 90 Episoden Angscht a Schrecken sinn der gudd 45 direkt oder indirekt mam Anne verbonnen. Ennert dem Decknumm „Meng bescht Frendin, déi den Nolauschtrer net onbekannt ass“ huet hat mech zu Köln begleed, huet mech matgeschleeft Bikini anzekaafen, huet zesummen mat mir op enger Tankstell an der Peripherie eemoleg baal-Topmodelen gesinn an huet oft genuch mat sengem aalen, extrem haarden Citroën fir den Fluchtwohn gesuergt.

Et huet oft Angscht a Schrecken bedeid, mam Anne ennerwee ze sinn. Irgendwou zweschen dem 3. an 6. Gin Tonic sinn sie opgetaucht, an hunn mech erschauderen gedo.
Mee genausou, wéi hannert all staarken Politiker eng staark Fraa steht, esou steht wuehl hannert aal Gonzojournalist eng Persoun, déi daat Wuert „Muse“ komplett néi definéiert.

An ab elo hunn ech dann déi traureg Aufgab, Angscht a Schrecken ouni d’Anne ze erliewen. Well hat elo fort fier, eng Flucht aus dem Groußherzogtum vun der Angscht, esouzesoen.
D’Welt – an domadder och Angscht a Schrecken wärt nie méi esou sinn, wéi et eng Kéier waar. Mee daat ass genausou eng Binsenweisheit wéi „so jung kommen wir nie wieder zusammen“

Angscht a Schrecken ginn méi an méi grouß, wnan ech drun denken, daat meng gonzojournalistesch Tätegkeeten elo ouni déi wuehl bëschten Matreporterin an beschte Frendin, déi een sech wënschen an virstellen kann, fortféiren muss.

An ech zidderen graad – op manst e bessen – wann ech un all déi schrecklech an awer och déi schéin Momenter denken – an dorunner, daat ech mech elo alleng géint meng zwee aal Bekannter wieren muss.
Wéi zwee Gespenster wärten se mech verfolgen, mir nolaafen, mech aus donkelen Ecken eraus ugraifen, wann ech se am mannsten erwaarden. Angscht a Schrecken wärten mech emmer an emmer erem hunn, an ouni d’Anne wärten se em engeges méi schrecklech sinn.

Mee daat enzegt, waat elo nach bleiwt, ass … Merci ze soen.
Merci Anne!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *