Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa

Läschte Mëttwoch gouf et zu Lëtzebuerg een Ugrëff op eis Demokratie. Béis Antifaschist*innen hunn ganz schlëmm Saache gemaach, fir géint een Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze demonstréieren. Dee verbreed zwar rassistesch Theorien, déi längst widderluecht sinn, mä wann den Trifolion hien net agelueden hätt, wier seng Meenungsfräiheet jo gestéiert ginn an dat geet jo guer net.

Do si mir och scho beim éischte Punkt: Meenungsfräiheet ass wichteg. Dofir muss eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion och Rassiste wéi den Thilo Sarrazin alueden an hinnen eng Plattform ginn. Dir frot iech lo vläit: Mä wisou ginn net zum Beispill Refugees agelueden, déi zanter Wochen zu Idomeni am Bulli setzen? Huet dat vläit eppes mat hirer Hautfaarf oder hirer Relioun ze dinn? Ech kann dozou just soen: Iwwerloosst d‘Denke leiwer den Päerd an dem Här Sarrazin, déi hu méi e grousse Kapp.

A well Meenungsfräiheet sou wichteg ass, ass et och een Skandal, datt Leit virum Trifolion protestéiert hunn. An et wier jo okay gewiescht, wann se dat lues, net verkleed, ouni Schëlder an ouni Flyere gemaach hätten. Mä sou!

Dir hutt nom leschte Mëttwoch sou ähnlech „Argumenter“ wahrscheinlech gelies oder héieren. An dat ass eng komesch Aart a Weis ze denken. Nämlech, datt een Leit virschreiwe kéint, wéi si hir Meenung auszedrécken hätten. Et ass absolut legitim, géint den Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze protestéieren. Et stellt een domadder net d‘Meenungsfräiheet an Fro, et hëlt een kengem eppes wech, et ass just eng weider Stëmm, déi an den Discours kënnt. Wisou also lo déi Oflehnung? Dat geschitt natierlech virun allem aus soit-disant „formelle“ Grënn: Demonstratioune sinn haart, gesi chaotesch aus an um Flyer war och een Schreiffeeler.

An et ass schonn ironesch, wann déi Leit, déi zanter Dezember gekrasch hunn, dem aarmen Thilo Sarrazin, dee just der BILD muss uruffe wann en een Text well ofgedréckt hunn, géif d‘Meenungsfräiheet geholl ginn. Zum Beispill doduerch, datt een oppene Bréif géint säin Optrëtt geschriwwe ginn ass. An elo sinn déi Leit op ee mol géint d‘Meenungsfräiheet vun den Demonstrant*innen. Sou fënnt zum Beispill den ehemolegen sowjeteschen Doubelagent Fernand Kartheiser, datt et „aarmséileg“ wier seng Meenung géigeniwwer vum Här Sarrazin auszedrécken, wéi dat geschitt ass.

Dat schéngt och de Recht vum Sall sou gesinn hunn: Am Wort war ze liesen, datt eng kritesch Fro mat Buh-Ruffen ënnerdréckt ginn ass. Souvill zu der geliefter Meenungsfräiheet vun den Thilo-Fans.

An da ginn et Stëmmen, déi der Meenung sinn, datt et eben net gutt wier, sou ze demonstréieren, wéi demonstréiert gouf. Et misst een nämlech mat de Leit schwätzen. An et dierft een net sou dacks „Rassismus“ soen. Dat géif d‘Leit nämlech ofschrecken. An zu Rassiste maachen.

Wësst der wat?

Féckt iech.
An de Knéi
.
Wéinst dem Hippiekacka à la „Mir mussen eis all just un der Hand huelen an eis gären hunn an da gëtt alles gutt“ si mir nämlech do, wou mir sinn.
Well keen de Baak opkritt, wa Chrëschtdag de Monni voll seng rassistesch Geschichten iwwer Roma a Sinti zielt.
Well „Verkleedenter“ anscheinend een ganz normalen Ausdrock fir Leit mat engem Niqab ginn ass, obwuel deen Ausdrock absolut net okay ass.
Well dir leiwer bei de Witzen iwwert „Giessen“ mat laacht, amplaz ze soen, datt dat rassistesche Bulli a net okay ass.

Ech kéint lo sou viru fueren, mä ech hoffen et ass kloer: Mir hunn zu Lëtzebuerg, wéi och am Recht vun op mannst der westlecher Welt, e fatzege Problem mat Rassismus.

Et ass fir ze katzen.

Wa Leit am Eescht der Meenung sinn, et wier een Fakt, datt „Türken an Araber“ an Däitschland just Geméis géife verkafen, dann ass den Zuch am Fong scho längst fort. An jo, et ass och Rassismus wann dir net an wäisse Kaputze Kräizer ufänkt oder de Leit mam Baseballschléier d‘Zänn ausschléit.

De Problem ass net, datt mir ze wéineg mat Rassist*innen géife schwätzen.
De Problem ass, datt mir ze vill fein mat hinne schwätzen.
Mir sou drop beuecht sinn, ëmmer een Konsens ze fannen, kee Sträit ze sichen, datt rassistesch Positiounen normal ginn. Wann et iech méi wichteg ass, datt dir owes roueg schlofe kënnt, well dir iech net mat engem gestridden hutt, wéi deem ze soen, wat dir vu sengem friemefeindlechen Bulli haalt, da sidd dir een Deel vum Problem.

Mir hunn all déi Momenter, wou et méi einfach ass, lo mol eng Kéier näischt ze soen. Mä et gëtt kee Grond, wisou een fein mat Rassist*innen a Faschist*innen si sollt.

Bottom Line: Loosst iech net arieden, d‘Form vun ärem Protest wier sou onheemlech wichteg. Sidd sou haart oder lues wéi der Loscht hutt. Mä sidd kloer an zitt een Cordon sanitaire zu deenen, déi eng Gesellschaft op Haass, Spaltung an Oflehnung vun „dem aaneren“ opbaue wëllen. Dat nennt een nämlech Faschismus.

Dës Episod vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gouf iech präsentéiert vun der Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême! D‘Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême ass een de Produit vun engem Start-Up ass dem „Silicon Luxembourg“ an hëlleft bei akkuter a chronescher kognitiver Dissosanz. Dir fannt Meenungsfräiheet super, mä wann déi lénk Chaoten demonstréieren hätt dir gären türkesch Zoustänn? Dir hutt eppes géint Auslänner*innen, mä dir géift gären een bestueden? Dir sidd der Meenung, datt Wëssenschaft wichteg aus, ausser bei Klimawandel, Atomkraaft an de Sozialwëssenschaften? Kee Problem! Schmiert iech einfach een mol den Dag e bëssi vun der Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême op d‘Stir an scho sinn är Problemer geléist! D‘Dr. Weideg Anti-Kognitiv-Dissonanz Crême ass een Produit made in Luxembourg.
Lëtzebuerg: oppen, dynamesch zouverlässeg.

photo cc-by-nc bjoernsens

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: