Angscht a Schrecken op enger kaaler an dekadenter Praisiwerreechung an op enger net manner dekadenter mee vill méi waarmhäreger Privatparty zu Téiteng

Wann een bei Gewennspiller matmescht, sou muss en och domadder rechnen, se ze gewannen.


Daat ass natirlech meeschtens eng flott Saach, besonnesch wann een Geldgeschenker kritt. An der heiteger Zait hellt alles esou rapid un Wärt oof, daat een et zwar am beschten an Liewensmettel unleet, déi sech laang haalen, mee Souen sinn emmer een Ufank. An fir 65 Euro kann een schon e puer Bechsen Ravioli oder e bessi Alkohol kaafen, deen an sechs Méint wahrscheinlech och nach méi oder weinger den selweschten Wärt huet.
Wann een daat ganzt an Aktien géif investéiren, wier en an 6 Méint wahrscheinlech em 618 Euro méi aarm an kéint sech mat den Aktien just nach den Arsch ofbotzen. Et ged jo och déi berühmten Rechnung vun denen Leit, déi an d’Telekom-Aktie investéiert hunn an méi Souen als Vidange eremkritt hätten, wann se déi Souen an Béier investéiert hätten.

D’Börse ass eng gewalteg Lotterie, en gigantesche Casino, an dem stänneg russescht-Roulett gespillt ged. Mee ech haat duerch Zoufall an vill vill Gléck déi 10. Plaatz bei dem sougenannten „Planspiel Börse“ gewonnen. 65 ganzer Euro. Net immens vill, mee waat soll en vun enger Bank erwaarden, an enger Zait, wou een Banken wahrscheinlech fir en Apel en ee Steck Brout um Schwaarzmaarkt kaafen kann. Lehman Brothers, anyone?

An esou souz ech also an engem bequemen Auto an hunn mech duerch de Ree Richtung Stadt féieren geloss. Et huet riicht rann gereent. Een Mier ass op Lëtzebuerg gefall, Dreps fir Dreps.
Haat et e puer Wochen virdrun nach esou ausgesinn, wéi wann d’Land géif angeschneit ginn, esou waar et elo un der Sinnflut, fir den Grand-Duché ze bedréihen. Angscht a Schrecken sinn mat dem Reen vum Himmel gefall. Ouni Fallschirm, mee dofir duebel esou séier.

Trotzdem hunn mir et gepackt, eisen zwee-Auto-Konvoi mat Gewenner relativ secher duerch d’Stadt ze manövréiren an eng Parkplaatz an dem secherlech ziemlech iwerfellten Parkhaus um Rousegärtchen ze kréien. Direkt nirwt den Rennmaschinnen vun den ArcelorMittalbonzen. Ech waar jo eigentlech der Meenung, mir hätten Weltwirtschaftskrise, d’Welt géif ennergoen, d’Polen géifen schmelzen, et wieren keng Souen do an allgemenge Konsens, fir spuersam Autoen ze bauen an ze fueren.
Ech haat mech giert.
Mee leider haat ech keen Messer dobai.

Mir also an d’Bank ran. Ech wosst wou et géif hingoen, op den dretten Stack, an irgendeen Festsall. Esou haat et op der Anluedung gestaanen.
Mee an enger Bank geht daat net esou einfach. Et kann een zwar ouni Problemer e puer Millionen respektiv Milliarden aus der Fenster werfen an dann haard „Upppsss“ ruffen, mee et kennt een net esou einfach op den dretten Stack.
No kuerzer Erklärung waaren mer am Lift an hunn probéiert, op een héi konnt Tricken aus Dokumentationsfilmer wéi „Ocean’s Eleven“ unwenden. Resultat: Wann eist Ziel um véierten Stack gewierscht wier, hätten mer genuch Zait gehaat.

Mir sinn also aus dem Lift geklommen an vun zwou frendlechen Dammen no eisem Gruppennumm gefroot ginn an kruuten direkt mol eis „Trouschtpraiser“, d’Geldpraiser géif et méi speit ginn. En Sack mam Logo vun der Jugendsektioun vun der Bank, en Buedduch an en Kulturbeutel. Ech sinn schon méi schlecht ausgerüst op gonzojournalistesch Reesen gaangen.

Un der Garderobe hunn mir daat an eis Jacketen dann alles hänken geloss. Virsechtshalber hunn ech main Portmonnaie matgeholl. Hey, mir befannen eis an der Finanzkris, do kann een kengem an enger Bank trauen.

Cocktails géif et ginn, huet d’Madame gesoot.
Cocktails! Daat huet esou wonnerbar an mengen Ouren geklong, ech hunn mech haard sangend, lallend an torkelnd schon vun mengen Begleeder gestaipt aus der Bank eraustrellen gesinn.
Ech hunn den Stand gesin, mat engem Aiskiwwel, op dem grouß „HAVANNA CLUB“ stoung. Herrlech! Ech wollt schon „En groußen Cuba Libre, awer zack zack!“ blären, wéi mir erklärt kruuten, daat et sech em net-alkoholesch Cocktails gehandelt huet.

Angscht a Schrecken waaren also och op deser Praisiwerreechung. Trotzdem hunn ech mir een vun denen „Cocktails“ geholl. Esou schlecht hunn se net geschmaacht. Trotzdem hätt ech se direkt géint een groußen Cuba Libre angetosch.

Mir sinn dunn och direkt mat Pain Surprise verwinnt ginn. Am Takt vun ongeféiher 2 Minuten ass en Garcon bei eis komm an huet eis mat Pain Surprise traktéiert. Mir sinn richteg gestoppt ginn. Wahrscheinlech och just, well baal iwerhaat keng Leit do waaren. Wann ech daat richteg gesinn hunn, waaren ausser den 10 Gewennergruppen just e puer Bankleit an Journalisten.

Nodeems se eis dann gudd eng hallew Stonn all 2 Minuten mat Pain Surprise an Cocktails genervt haaten, ass d’Zeremonie dann och ungaangen. Eng Fraa huet eis all geluewt, daat mir et iwerhaat färdeg bruecht hätten, an Krisenzaiten nach e bessen Profit ze schloen. Am Fong misst een eis direkt all anstellen.
Ech hunn mech schon op der letztebuerger Bourse gesinn, mat engem Stéier an engem Bier aus Gosseisen op mengem Schreiwdesch. Waat eng schrecklech Virstellung! Ech géif wahrscheinlech esou ennen wéi den Patrick Bateman aus dem Bret Easton Ellis sengem Roman „American Psycho“, den jo bekanntlech Ratten an divers Kierperöffnungen vun Fraaen krabbelen geloss huet.

Et huet immens kaal gewierkt. Vilaischt konnt ech och net méi richteg nolauschtren, well ech gudd 2 Litter gemixte Jus an en hallewt Pond Schnitterscher an mir dran haat. No e puer Minuten waar déi Ried och schon erem riwer an d’Gewenner sinn een nom aaneren opgeruff ginn. Eng schrecklech Foto ass gemaach ginn, bei der een huet missen onnatirlech laachen. Angscht a Schrecken sinn méi grouss ginn. Waat wier, wann elo irgendeen mir bekannten Journalist, waat natirlech alles notoresch Seffer sinn, géif erankommen? Ech wollt leiwer net drun denken an hunn mer leiwer nach en Schnittchen geholl, während een Mann vun der Bank onmotivéiert den ganzen Krom opgesoot huet.

Finanzkris hin oder hier, esou schlemm kann et engem net goen, wann een 5 Garcoen an ongeféiher 20 Pain Surprisen an 3 Fudder Cocktailen servéieren kann. Do kéint en dach och bessi méi motivéiert schwätzen. Hunn ech ob manst fonnt. Mee daat ganzt waar wéi den ganzen Bankesystem: kaal an dekadent. Sech vollstoppen bis et engem aus den Ouren rauskennt an sech dann wonneren, wann et engem schlecht ged. Oder, nach méi schlemm, sech vollstoppen lossen!

Nodems dann och déi beschten Grupp, zu menger Verwonnerung net déi dauergrinsend op „Indie“-gestylte Lackaafen, déi rondremstolzéiert sinn, wéi wann sie gewonnen hätten, mee 3 onscheinbar brav Jongen, hiren Scheck (gedreckt op Glitzerpabéier!) iwerreescht kruuten, huet den Bankheini ungekennegt, et géif lo nach eng Iwerraschung ginn.
Ech hunn op Cocktails mat Alkohol gehofft.
Zu mengem Erschrecken hunn se d’Queen-Dauerschlaiw, déi sait gudd enger Stonn gelaaf ass, gestoppt an Happy Birthday gespillt.
Zwee Leit hunn en giganteschen Kuch ranbruecht, den dunn an mini-Portionen verdeelt ginn ass.
D’Leit vun der Bank hunn eis nach en schéinen Owend gewenscht an sinn einfach esou gaangen.

Zur Erennerung: Daat léi waar HIER Bank, HIER Party, HIEREN Sall, HIER dekadent Völlerei. An sie sinn einfach gaangen! Wei waar daat méiglech?
Angscht a Schrecken sinn méi an méi grous ginn. Virun eis stoung, Iwerraschung!, a be mol nach en Pain Surprise. Mir hunn missen goen. Am Süden sinn mir souwiesou schon erwaard ginn.

Mir hunn also d’Flucht ungetrueden aus der Bank, an d’Parkhaus. Ereischt wéi mir aus dem Auto rausgefuer sinn, ass mir angefall, daat ech nach Souen misst ophiwen. Mir bleiwen also matzen an der Stross stoen, ech rennen bei den Bankomat, kréien zum Gleck schnell meng Souen an sprangen erem an den Auto.

Erem Reen.
Angscht a Schrecken.
Mir hunn missen fort aus deser Stadt, fort vun deser dekadenter Bank, esouwait wech wéi meiglech vun desem Kapitalismustempel.
Also Gas ginn, bis an d’Hollerescher Stross. Do dann Alkohol angkaaft. Et geht een net op eng Party, ouni eppes matzebrengen. An wann et nemmen en ungefaangen Fläsch Pastis ass, déi een herno erem mat heem hellt an aus der keen eppes drenkt. Den Geste zielt.

Op der Autobunn: Reen, Stau, Schreckensmeldungen.
Mir hunn eis verfuer. An ouni et ze wessen, esou dem Stau entkomm. Mee net fir laang, well wéi mir bei Feiz rausgefuer sinn, fir op eng aaner Autobunn, hunn mir gesinn, daat do alles zou waar. Kilometerwait just eng Schlang aus Karrosserien an rouden Reckluuchten. Angscht a Schrecken waaren an hirem Element.

Ech hunn aus der Fenster gekuckt an een Mier gesinn. Ech wosst net, waat fir en Gewässer soss do waar, op daat en groussen Floss wier oder nemmen eng kleng Baach, mee elo waar just en Mier do, daat bis un d’Stross erungereecht huet. Total verreckt an absolut schrecklech.

Dunn hunn mir deen zweeten Auto wéinst schlechter Beschelderung verlueren. Mir sinn irgendwou duerch Kaell gefuer an hunn de Wee fir op Teiteng net fonnt, den Auto ass iwert d’Autobunn gefuer an huet eis net méi fonnt. Angscht a Schrecken sinn méi an méi grouss ginn. Waat sollt deen ganzen Reen? Firwaat ass am Süden guer naischt méi gelaaf?
Ech hunn domadder gerechent, daat all Moment den Rastamann géif op d’Stross sprangen an wéi well mat den Aarm wedelen, well irgendwelch Drogenverreckter hanner him hier wieren.

Irgendwéi hunn mir dunn de Wee fonnt. Lo waaren mer unkomm, zu Téiteng, an engem Haus, an dem et vill ze drenken gouf. Den Owend sollt nach laang ginn. Mee Angscht a Schrecken wollten net goen. Je méi Ethanol gefloss ass, emsou méi leschteg ass d’Stemmung ginn.
Iwer Telefon waaren komesch Geraischer ze héiren, engem Bier ähnlech. Angscht a Schrecken deluxe. Se souzen och an dem Haus an hunn sech un menger Angscht geniert.

Leit sinn gaangen, dofir sin aaner Leit komm an hunn einfach ugefaangen, an dem ganzen Chaos zweschen komeschen Telefonsuriff, Bierengraischer an Ritterschléi Poker ze spillen.
Irgendwann waar et esouwait.

Et ged en Punkt, wou een als Gaschtgeber wees, daat d’Party kippt. Daat ass den Zaitpunkt, wann déi meescht Leit gaangen sinn, an déi puer mell, déi nach do sinn, mat engem Whiskey-Cola an der Hand probéiren, eng Omlett ze broden.
Vue daat den Gaaschtgeber Velo fier, hunn ech ennert déi Omlett net nemmen Paprikapolver an vill ze vill gemuelen Knueweleg gereiert, mee och nach d’Wonnermettel Superbiomin. Superbiomin, daat sinn gemuehlen Steng mat engem lächerlechen Numm, déi anscheinend iwerhaat net wierken, mee ech waat sollt et? Ech waar voll an wollt eng Monsteromlett.
Angscht a Schrecken haaten mech. D’Omlett huet vill ze vill no Knueweleck geschmaacht an den Superbiomin huet ass mir net gudd bekomm. Mat engem Schlach waar eis alleguerten bewosst, daat et elo just nach eng méiglechkeet géif ginn: D’Flucht.

An d’Flucht virun dekadenten Bankenpartyen, dem allesopwaischenden Reen an Superbiomin an der Omlett kann just duerch eng Meiglechkeet bedriwen ginn: Schloof.